E wichtégt Standbéen vun der lëtzebuerger Wirtschaft

Den CSV Deputéierten Marcel Oberweis iwwert d’Ëmwelttechnologien. Fräi Tribune op RTL 92,5, Meindes, den 9. Mäerz 2009

Am Ablack gëtt eis Gesellschaft duerch d’Finanzkriis an d’Wirtschaftskriis schwéier belaascht. Mat vill Engagement wäerte mir se awer meeschteren.

D’Krise ëm de Klimawiessel mat hiren negativen Konsequenzen wäert eis awer nach laang an Otem halen.

D’Europäesch Unioun huet déi Geforen erkannt an e wäitsiichtegen Programm bis 2020 virgeluecht.

E wichtegen Punkt ass sécherlech d’Fuerderung, d’Energie ëm 20 % besser ze notzen an d’Emissiounen vun den Dreiwhausgasen ëm 20 % bis 2020 ze reduzéieren.

An dém Zesummenhang get de Secteur vun den Emwelttechnologien als e wichtegt Standbéen vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ugesinn.

Bis elo hu mir schon 190 Entreprisen mat ronn 14.000 Mënschen an dësem Succès verspriechende Secteur.

Hei gëllt dë folgende Sproch: “Manner verbrauchen duerch e cleveren Energiemanagement“.

Fir dass dës Iddien ëmgesat ginn, mussen de Staat, d’Gemengen, d’Betriber an d’Stéit erkennen, dass mir mat den Energien méi efficace a spuersam ëmgoen mussen – och wann déi aktuell Präiser keng Aluedung duerzou sinn.

Dat bréngt och Virdeeler fir déi Kleng- a Mëttelbetriber, d’Handwierk an de Commerce.

Ganz besonnesch elo wou eis d’Aarbechtsplazen ewechbriechen, mécht et Sënn, d’Mënschen emzeschoulen an hinnen eng nei an dauerhaft Aarbechtsplaz an dësem Beräich unzebidden.

A sécherlech wäerten sech och jonk Mënschen an de Schoulen erëm fir déi technesch Beruffer interesséieren.

Fir dass eis Matbierger dës Ëmwelttechnologien och an hiren Haiser asetzen kennen, brauchen si eng gudd Berodung.

Mir hunn eis eng ganz Rei vun Förderreglementer fir den efficacen Energieverbrauch e.a. den Energiepass ginn. An doriwwer eraus ënnerstëtzt de Staat d’Notzung vun den erneierbaren Energien esou z.B. iwwer den Asaz vun der Wärmepompel.

Dës Investitiounen an d’Gebaier an d’Haiser spueren vill an deier Energien an de kommende Joeren.

Niewent der Berodung sollte mir eis och nei Weeër vum Finanzement vun dëse Mesuren ausdenken, an do gutt Beispiller aus dem Ausland iwwerhuelen.

Nëmmen duerch e responsabelt Verhalen géint iwwer den dräi Liewensressourcen: Buedem, Waasser an Loft ruffen mir eng nohalteg Opbrochstëmmung ervir.

Mir kennen d’Erausfuerderung am Dossier Klimawiessel awer nëmmen dann seriéis ugoen, wa mir all gewellt sinn, eist Verhalen am Energieverbrauch ze änneren.

Dës Ëmwelttechnologien sinn e wichtegt Stéck aus der Geschirkëscht fir d’Wirtschaftskrise ze meeschteren an sinn och e starke Partner op dem nohaltege Wé.

Mat hinnen kenne mir d’Energie méi effizient notzen, eis Ëmwelt méi konsequent beschützen an der Wirtschaft eng adequat Stäip fir den Opschwong bereetstellen.

D’CSV huet dat kloer erkannt a geet dës Aufgabe mat vill Courage un.

Merci fir d’Nolauschtern.

Dr.-Ing. Marcel Oberweis, RTL 92,5, Meindes 9. Mäerz 2009