D’Familljeministesch Marie-Josée Jacobw am Interview op RTL Telé iwwert d’Chèques Services, Donneschdes, 12. Februar 2009
Mariette Zenners: A bei mir am Studio begréissen ech elo d’Familljeministesch Marie-Josée Jacobs. Gudden Owend.
Marie-Josée Jacobs: Gudden Owend.
Mariette Zenners: A gutt zwou Woche soll dat Ganzt also ulafen. Mä déi mat Haaptconcernéiert, d’Gemengepersonal, dat gëtt elo emol e Méindeg an en Dënschdeg a Formatiounscoursen informéiert. Ass dat net awer e bësse spéit?
Marie-Josée Jacobs: Ma Dir musst gesinn, datt mir hei eppes maache wat total nei ass, a vläicht hate mir eis och zevill virgeholl an där kuerzer Zäit, mä vu datt de Staatsminister dat d’lescht Jor ugekënnegt hat – am État de la nation hat hien dat jo gemaach well mir dovun iwwerzeegt waren, an hien och, datt mir dat géinge fäerdeg kréien – mengen ech och nach ëmmer, datt mir dat kënne maachen.
Datt dat awer mat Schwieregkeete verbonnen ass, esou gutt op de Gemenge wéi och vläicht an de Structures d’accueil, dat ass eppes dorunner hunn ech ni gezweiwelt. Mä ech mengen och net, datt dat géif eppes ännere wann dat eréischt am Oktober oder d’nächst Jor wier. Vun dohier hu mir gesot, mir probéieren, mir fänken un, a wa Schwieregkeeten do sinn da kucke mir, datt mir se geléist kréien.
An ech wëll och dem Dan Kersch soen, datt déi Flexibilitéit, déi mir eis virgeholl hunn, ech wëll jo wahrhafteg net – wa mir gären hätten, datt méiglechst vill Kanner dovu kënne profitéieren – datt alles esou komplizéiert gemaach gëtt, oder esou onflexibel ass, datt herno schliisslech d’Kanner an d’Familljen déi Leidtragend dobäi sinn.
Ech wëll awer soen, ech wollt dem Gemengepersonal wierklech och net ze no triede fir ze mengen, déi wéilten hir Aarbecht net maachen, oder si géinge se net gutt maachen. Wann also eppes schif geet den 1. Mäerz, da sinn ech de Responsabelen, a keen aneren [gëtt ënnerbrach]
Mariette Zenners: Mä grad deem Personal, wat sot Dir deenen dann den Owend? Et si jo déi, wou d’Leit elo uruffen, Froe stellen, déi soen, mir wëssen nach näischt. Si sinn awer e bësse schlecht drun.
Marie-Josée Jacobs: Mir hate jo déi Réuniounen elo, mam SYVICOL zesummen, op dräi Plazen, wou ech selwer dobäi war, wou zwar de Prinzip virgestallt ginn ass, mä awer och eng ganz Partie praktesch Froe gestallt si ginn. Mä elo kënnt den Outil, an dat ass ebe just dat, wat se den nächste Méindeg virgestallt kréien, wou ech gesot kréien, dat wier eppes ganz einfaches fir Leit déi mat Internet a mat deene Saache gewinnt wieren ze schaffen, do wier dat iwwerhaapt kee Problem.
Mariette Zenners: Dat heescht, och deen Délai vum 1. Abrëll, do sidd Dir awer flexibel?
Marie-Josée Jacobs: Ah jo, selbstverständlech.
Mariette Zenners: Eng aner Ausso vum stader Buergermeeschter hat gëschter fir e bëssen Opreegung gesuergt. Dat ass och am Reportage deels erklärt ginn, datt hie sot, um Enn kann et ee méi deier ginn, wann een déi Kaart net huet. An et kéint jo och elo esou sinn, datt Eltere mat héigem Revenu, wa se bis elo an enger Gemeng gewunnt hunn déi en nidderegen Taux hat, wou elo awer déi 7,5€ ugewand gi fir déi Stonnen, déi net rembourséiert ginn, datt déi méi schlecht dobäi ewech kommen?
Marie-Josée Jacobs: Also mir hunn eng Staffelung vun annerhallef mol de Mindestloun, all Kéier mat enger Tranche vun enger Halschent, wou da jeeweils de Präis ugepasst gëtt, bis dann op 4,5 mol de Mindestloun. Een dee méi wéi 4,5 mol de Mindestloun verdéngt, muss 7,5€ bezuele fir dat éischt Kand. Da gëtt et awer nach eng Reduktioun fir dat zweet Kand, fir dat drëtt Kand, an dat véiert Kand, an doriwwer eraus sinn d’Kanner alleguer gratis.
Mariette Zenners: Bon, dat Ganzt leeft eben no de Revenuë gestaffelt, dat ass gesot ginn. Wéi leeft dat dann elo praktesch of? Mussen d’Leit mat hire Steierkaarten oder mat hire Paiziedelen op d’Gemeng pilgeren?
Marie-Josée Jacobs: Mir hunn déi 25 oder 24 Stonne jo esou gewielt, besonnesch och well d’Gemengen dat gefrot hunn, fir ze soen, dat ass am Fong dat, wat d’Majoritéit vun den Elteren a vun de Kanner gebrauchen. Dat ass net méi wéi 25 Stonnen, oder 24 Stonnen an de Maisons relais.
All déi Leit, déi net méi wéi dat brauchen, brauche weder eng Steierkaart nach soss iergend eppes, déi kréie jo dee festen Tarif. Dat wat dann do driwwer geet, an wann Dir wéilt gären dovunner profitéieren, da musst Dir awer entweder Äre Steierziedel matbréngen oder dann d’Paiziedele vun deene leschten dräi Méint.
Mariette Zenners: An dat kréien d’Leit op der Gemeng dann erklärt, wann déi da bis Bescheed wëssen.
Marie-Josée Jacobs: Jo, mä dat do wësse se, well dat hu se an där Circulaire, déi se geschéckt kritt hunn, awer matgedeelt kritt.
Mariette Zenners: Bei eng aner Fro, et war jo och gefuerdert gi vun Associatioune wéi „Famill 2000“ oder esou, datt dat e bëssen ongerecht ass. Fraen déi doheem bleiwen hunn näischt dovunner. Gëtt dat iergendwéi ausgebaut, vläicht, fir déi Chèquë fir Kanner mat an Aktivitéiten ze huelen, oder wat weess ech, Kannerschong ze kafen?
Marie-Josée Jacobs: De Moment hu mir dat hei elo emol gemaach, a mir si frou wa mir dat fäerdeg kréien. A wann Dir sot, et bleiwen nach vill Froen ze klären, da kënne mir net direkt elo ewell soen, als nächst kann een elo Kannerschong domat kafen.
Mä dat wat mir awer wëlles hunn, a besonnesch och fir eben Elteren déi net dovu Gebrauch maachen, ass zum Beispill, datt mir vum nächste Jor un normalerweis mat de Museksschoulen en Accord hunn, wou mir da participéiere bei de Fraisen an der Museksschoul. Datt mir kucken, wann zum Beispill Sportschoulen do sinn, zum Beispill mat der LASEP oder mat aneren Organisatiounen déi bestinn, da kritt een dofir Chèques service. Mä déi mussen en Agrément hu vun hirem jeeweilege Ministère. Et geet net duer, datt iergendee seet, hei elo maachen ech eng Aktivitéit, an da geet dat automatesch.
Mä de Chèque service ass fir mech eng vun deene wonnerbarsten Instrumenter, wat wierklech de Kanner zegutt kënnt, a wou ech och wierklech frou si fir kënnen ze soen, hei geet et drëm de Kanner ze hëllefen, d’Integratioun ze maachen, net-lëtzebuerger Kanner, Kanner virun der Aarmutt ze bewahren, datt mir virun allem och elo net vu lauter Suerg déi mir hunn, datt et net fonctionéiert, datt d’Haaptzil verpasst géif ginn.
Mariette Zenners: Ganz kuerz nach just. Wat sot Dir elo den Elteren den Owend? Wéi eng Démarchë musse si kuerzfristeg huelen, datt dat kloer ass?
Marie-Josée Jacobs: Mä si sollen op hir Gemeng goen, a si sollen hire Steierziedel mathuelen, respektiv hir dräi lescht Paiziedelen, an da misst dat normalerweis fonctionéieren. Ech soen natierlech, mat Ausnam vun deene Gemengen déi net genuch Plazen hunn, an dat steet och do, datt een dann net kann opgeholl ginn.
Mariette Zenners: Ech soen Iech Merci, Madame Ministesch.
Marie-Josée Jacobs: Merci och.
Source: RTL, gouvernement.lu, 12. Februar 2009