Zukunft vun eiser Verfassung

Eng Fräi Tribün vum Fraktiounssekretär Fränk Engel zum Verfassungs-Referendum




Vun dësem Méindeg u kënnen d’Wieler sech op de Gemengen aschreiwen, wa se den ugefrote Referendum iwer d’Ännerung vum Artikel 34 vun der Verfassung wëllen ënnerstëtzen. Komme bis den 11. Februar 25.000 Ënnerschrëfte beieneen, muss esou e Referendum ofgehale ginn. Deen ze organiséieren, ass komplizéiert – an et géif vill méi Problemer opwerfen a nei schafen, wéi d’Initiatore vum Biergerkomitee mengen, datt et der kéint léisen.

D’Ännerung vum Artikel 34 ass eng technesch Modifikatioun. Nach nie huet zu Lëtzebuerg e Monarch gemengt, e kéint alleng engem Gesetz säi Veto opposéieren, wat vun de gewielte Vertrieder vun der Natioun gestëmmt gouf. Och de Grand Duc Henri wëllt dat net. Duerfir huet hie selwer gefrot, an d’Regierung an d’Chamber si mat op dee Wee gaangen, fir an Zukunft Gesetzer kënnen duerch seng Ënnerschrëft ze verkënnegen, ouni se formell mussen inhaltlech guttzeheeschen. Em näischt anescht geet bei der Ännerung vum Artikel 34.

An deenen allermeeschte Länner gi Gesetzer duerch d’Ënnerschrëft vum Staatschef de Bierger bekanntgemaach. Mat dëser Ënnerschrëft fuerdert de Staatschef d’Leit op, sech un dat neit Gesetz ze halen. Gülteg ass e Gesetz duerch de Vote vun den Deputéierten. Si üben déi Souveränitéit aus, déi d’Verfassung der Natioun ginn huet. Zu Lëtzebuerg kenne mer de Prinzip vun der Vollekssouveränitéit elo zënter ronn 90 Joer.

Eis Verfassung muss awer enger méi emfaassender Neigestaltung ënnerworf ginn. D’Pläng fir esou eng Revisioun sinn zum gudden Deel fäerdeg. D‘Konstitutioun muss an enger Rei vu wichtege Punkten däer institutioneller Realitéit vun eiser Zäit ugepasst ginn. Déi Punkte betreffen d’Organisatioun vum exekutive Pouvoir – dat ass d’Regierung an de Grand Duc – an déi vun der Legislativ, also vum Parlament. Etlech Artikelen a Formulatiounen, déi eis Konstitutioun nach huet, stamen aus dem 19. Joerhonnert a beschreiwen eng Institutiounswelt, déi et net méi gëtt. Déi allermeescht Parteien am Land si sech eens, datt d’Verfassung elo soll op eis modern Wierklechkeet zougeschnidde ginn. Doduerch ännert sech vill um Bustaf, awer am Fong näischt un der Saach. Mir hunn zënter laangem schon eng sougenannte Verfassungspraxis, déi net méi de Wierder vun der Konstitutioun entsprécht. Zu däer Praxis, déi elo och soll zur offizieller Formulatioun gemaach ginn, stinn all Institutioune vu Lëtzebuerg – de Staatschef, d’Parlament, an d’Regierung.

D’CSV wäert an hirem Walprogramm beschreiwen, wéi se sech eng modern Verfassung virstellt. Aner Parteie maachen dat och. D’Wieler kréien esou Geleeënheet, sech mat de Parteien hire Verfassungsiddien ausernaner ze setzen, an d’Wal vun der neier Chamber ass also de Moment, wou kloer gëtt, wéi d’Konstitutioun soll geännert ginn. Duerfir brauche mer elo kee Referendum iwer een eenzegen Artikel zur Prozedur vum Akraafttriede vu Gesetzer. Mir brauchen eng politesch Diskussioun iwer déi grouss Linne vun enger ëmfaassender Neiausriichtung vun Deeler vun der Konstitutioun. Déi wëlle mer an deene kommende Méint mat de Bierger féieren.

D’Verfassung ëmmer nees an ëmmer erëm op eenzelne Pinktercher unzepassen, geet net méi duer. Si brauch souzesoen eng grouss Revisioun. Déi wëlle mer maachen, an da soll et och fir eng ganz Zäit gedoe si mat Verfassungsännerungen. Duerfir: mir brauche kee Referendum iwer den Artikel 34, mee an der nächster Chamber eng gréisser Verfassungsreform fir d’Zukunft. Wann déi bis gestëmmt ass, kéint et Sënn maachen, dem Vollek seng Zoustëmmung zu däer ganzer Reform an engem Referendum ze froen.

Fränk Engel

Fraktiounssekretär