Integratioun a Sozial Kohesioun si Prioritéiten fir d’CSV

Fir d’CSV spillt d’Sozial Kohesioun a ville politeschen a soziale Beräicher. Et geet dorëms zesummen ze liewen an zesummen ze wuessen. De Jean-Claude Juncker huet a senger Ried iwwer den Etat de la Nation ënnerstrach, datt dës Koalitioun, d’sozial Kohesioun an eisem Land bis elo gestäerkt huet an hien huet betount, an dat ass fir d’CSV eng Prioritéit, datt d’Sozial Kohesioun och weiderhin am Mëttelpunkt wäert stoen. Fräi Tribune vum Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint

Hei ass d’Ëmsetzen vum Statut Unique op den éischte Januar sécherlech eng immens Erausfuerderung, mee awer och an der Steierpolitik vun dëser Regierung gesäit ee kloer de Wëllen fir méi sozial Kohesioun, doduerch datt eng Rei vu Steierfräibeträg an Abattementen a Steierkrediter ëmgewandelt ginn. Méi Sozial Kohesioun och duerch de Renten- a Pensiounsajustement genau so wei d’Upassung vum Mindestloun un di allgemeng Lounentwécklung déi och fir den 1. Januar wäerte kommen. 

D’Inflatioun belaascht besonnesch d’Leit an d’Famille mat klengen Akommes. Mat der Schafung vu Steierkrediter hëlleft d’Regierung hei konkret a sozial cibléiert. Méi Kaafkraaft bedeit och di zweet Adaptatioun vun der Steiertabell un d’Inflatioun. Di zolidd Steiererliichterungen vum 1. Januar 2008 ginn den 1. Januar 2009 widderholl. Grad an wiertschaftlech méi schwéieren Zäiten sinn all dës Moossnamen e staark Zeechen. 

Méi sozial Kohesioun duerch eng volontaristesch Integratiounspolitik. Dat neit Gesetz iwwer d’Integratioun vum Marie-Josée Jacobs bedeit eng Verdéiwung vun der Integratioun vun de Net-Lëtzebuerger. Den Gesetzesprojet vum Aarbechtsminister an CSV-President François Biltgen iwwert d’Aféierung vum Congé Linguistique an och dem Inneminister Jean-Marie Halsdorf säi Gesetzesprojet fir d’Aschreiwungsfristen vun den Net-Lëtzebuerger Wieler bei den Europa- a Gemengewalen op dräi Méint ze reduzéieren, droen zu méi sozialer Kohesioun hei am Land bei. 

En staark Zeechen fir e Méi un sozialer Kohesioun bedeit d’Reform vum Nationalitéitegesetz mat der Aféierung vum Prinzip vun der Duebeler Nationalitéit. Hei bei dëser Reform, déi vum Luc Frieden ugestouss ginn ass, wei och bei allen aneren Efforten, déi op méi Integratioun of zielen, ass et d’Lëtzebuerger Sprooch, déi et erlaabt, d’Saache beieneen ze bréngen. 

Fir all déi Leit déi net oder nach net Lëtzebuergesch schwätzen, huet d’CSV eng nei an zousätzlech Offer geschafen. Eng nei Struktur mam Numm CSV International gouf gegrënnt an adresséiert sech un all Mënsch, de net oder net esou gutt Lëtzebuergesch schwätzt oder awer un jidder Eenzelen den interesséiert ass, hei matzeschaffen. D’Ziel vun der CSV International ass et, Net-Lëtzebuerger d’Integratioun an der CSV an esou och am politeschen Liewen zu Lëtzebuerg ze erliichteren. D’CSV ass di éischt Partei zu Lëtzebuerg, di op dësen Wee geet an esou den Net-Lëtzebuerger d’Méiglechkeet gëtt, sech besser kennen an d’Aarbechten vun der Partei anzebréngen. 

Wann Dir also selwer interesséiert sidd oder soss Leit kennt, déi interesséiert sinn, fir am CSV International matzeschaffen oder och zu all aneren politeschen Sujeten Informatioune sichen, fannt Dir dës op www.csv.lu.

Fir d’CSV ass a bleiwen Zesumme liewen an Zesumme wuessen hei an eisem Land absolut Prioritéiten. 

Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint