Kannerrechter, d’Familljeministesch am Interview

D’Familljeministesch Marie-Josée Jacobs am Interview op RTL 92,5 iwwer de Joeresrapport vum Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand

Corinne Folscheid: Mir hunn et grad héieren, d’Kanneraarmut ass dëst Joer de grousse Sujet am Joeresrapport vum Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand. 14% vun de Kanner hei am Land si vu sozialer Aarmut betraff. Ganz dacks läit dat dorun, well d’Familljen iwwerverschëlt sinn. Wéi kann een deem entgéint wierken?

Marie-Josée Jacobs: Also, éischtens muss ee soen, datt dat 14% sinn, déi am Risiko si fir an d’Aarmut ze kommen, net Kanner déi an der Aarmut dra sinn, well dat ëmmer erëm eng Rechnung ass, mä dat géing hei ze wäit féieren. Mir gesinn och, datt et net onbedéngt nëmme Famillje sinn, déi iwwerverschëlt sinn, mä Famillje mat klengen Akommes, wou et schwéier ass, ouni datt se aussergewéinlech Feeler gemaach hunn, oder Saache kaaft hätten, déi se net hätte sollen, fir mat den Enner beieneen ze kommen.

Duefir hu mir och am Viraus, iert och dee Rapport do war, well mir dat jo wossten, eng ganz Partie vun Initiativen déi ergraff gi sinn, déi der kennt, eng Kéier de Kannerbonus, dann déi Steiervergënschtegungen déi komme fir déi Familljen alleguer, an awer och en anert Element, wou mir gesot hunn, et geet net nëmmen duer fir ëmmer Suen auszedeelen, mä et ass och wichteg, datt ee Saachleeschtunge gëtt, an duefir wëlle mir d’Chèques service aféieren, vum 1. Mäerz un. Net nëmme fir Kanner déi aarm sinn, well mir och gären hätten, datt d’Kanner aus alle Milieue beienee kommen, d’Kanner selwer eent vill vun deem anere léiert, also et wichteg ass, datt mir net Ghettoë maachen, wou nëmmen aarm Kanner beienee sinn, mä wou d’Kanner all beienee sinn.

An domat och erreechen, datt Elteren, déi och am Risiko vun der Aarmut sinn, déi vläicht am RMG sinn, oder déi och vläicht keng Aarbecht hunn, och domat d’Méiglechkeet kréien, fir schaffen ze goen.

Corinne Folscheid: Elo huet se d’Presidentin vum ORK och kritiséiert, datt d’Offer vun de Maisons relais nach ëmmer net iwwer dat ganzt Land geet. Och um Niveau vun de Betreiungszäite bleift nach ganz vill ze maachen. Firwat dauert dat esou laang, datt do näischt geschitt, oder net esou séier?

Marie-Josée Jacobs: Also et muss ee soen, datt mir zënter 2000 am gaange si mat de Gemengen dat alles iwwer d’Land ze generaliséieren.

Et huet sech an deene leschten zwee Joer ganz villes changéiert an eiser Gesellschaft. Bis virun zwee Joer ass een nach ëmmer schlecht bekuckt ginn, wann ee gesot huet, mir brauchen dat, well ëmmer gesot gouf, neen, neen, neen, zu Lëtzebuerg bräichte mir dat net, et ass ëmmer een, besonnesch jo d’Mamm déi kann doheem bleiwen, an déi no hire Kanner kuckt.

Dat hu mir gemierkt, datt dat net méi de Fall haut ass. Mir gesinn an alle Gemengen, a mëttlerweil sinn och all Gemengen, déi déi eng oder déi aner Leeschtung ubidden, quitte datt se net alles zur Verfügung hunn, mä datt awer do e groussen Ëmdenkungsprozess och vun de Gemenge komm ass, an deen och selbstverständlech muss viru goen.

Mir gi jo elo kritiséiert, well mir soen, datt vum 1. Mäerz un déi Chèques service fir all Kand zur Verfügung stinn, a mir domat géingen d’Gemengen ënner Drock setzen. Ech denken, datt mer no zwee Joer awer eng méi eng grouss Offer misst kréien. Ech sinn och dovun iwwerzeegt, datt mir mat de Gemengen zesummen et fäerdeg kréien, datt dat vill méi séier ka goen, an datt een dat dann och an enger Iwwergangszäit, net dann an deene Gebaier, déi d’Madame Rodesch beschreift, a seet, dat wieren ze vill dacks Luxusbauten. Op där anerer Säit géing ech awer och drop opmierksam maachen, quitte datt een dat wéi gesot, elo an enger Iwwerganksphase ka maachen, datt dat net alles da separat Gebaier sinn, mä datt awer trotzdem och d’Infrastruktur eng Roll spillt, an datt een awer och net ëmmer erëm soll viru fueren, fir d’Kanner a Containeren ze setzen, oder an ähnlech Strukturen.

Corinne Folscheid: D’Adoptiounsgesetz, en anere wichtege Schwéierpunkt aus dem Joeresrapport. Den ORK schwätzt sech duefir aus, datt déi zwou Zorte vun Adoptioune solle bäibehale ginn, dat heescht, d’Adoption pléniaire an d’Adoption simple. Wou ass déi Reform drun?

Marie-Josée Jacobs: Mir haten an der Chamber, zesumme mam Justizminister, dem Luc Frieden, zwou Kommissiounen déi beienee waren, fir doriwwer ze diskutéieren, a mir haten an deem Moment eis eigentlech drop geeenegt, fir ze soen, op där enger Säit schafe mir nëmme méi eng eenzeg Adoptioun, mir schafen also d’Adoption simple of, a mir kucken, datt mir, esou wéi am Ausland, och wéinst den Accouchements anonymes, Elementer kënnen an d’Gesetz aschreiwen, wou d’Kanner herno och kënnen erausfannen, wien awer hir Mamm war, wéinstens hir Mamm war, an natierlech och ze kucken, wann et geet, ween hire Papp ass.

Elo mierke mir op Grond vun deem Rapport, fir deen ech wierklech enorm dankbar sinn, an deen Avis, deen de Kannerrechtscomité geschriwwen huet, datt dat alles vill méi komplizéiert ass, datt ee gesäit, wéi schwiereg datt et ass, fir ze soen, mir maache keng Adoption simple méi. Datt domat erëm eng ganz Partie nei Schwieregkeete sech stellen, oder nei Problemer opkommen, datt op där anerer Säit ëmmer méi Kanner wëlle wëssen, wien ass mäi Papp, wien ass meng Mamm.

Da stelle sech all déi Froe mat der kënstlecher Befruchtung, mat den anomyme Samenspender. Wann ee weess wie seng Mamm ass, dann huet een och d’Recht ze wëssen, wie säi Papp ass.

An duefir mengen ech och, datt fir mech eigentlech haaptsächlech an deem Avis erausgeet, datt ee ganz virsiichteg soll sinn, an datt een net ëmmer muss mengen, elo géing mat engem liichte Fierderstréch, esou wéi dat heiansdo gefrot gëtt, wier een déi Problemer do alleguer lass.

Corinne Folscheid: Elo och eng aner Revendicatioun nach vum ORK ass déi, datt net bestuete Koppelen dierfe Kanner adoptéieren. Wéi stitt Dir dozou, och d’Fro vun homosexuelle Koppelen?

Marie-Josée Jacobs: Och do gesitt Dir, datt de Comité bei der Adoptioun vun net bestuetene Koppelen jo éischter do duefir ass. Dat ass eng Fro, wann et eng stabel Situatioun ass, well et muss ee jo ëmmer kucken, datt dat Kand awer éierens muss hikommen, wou wéinstens dee Moment, mä dat kann een haut jo net méi soen, och bei bestuetene Koppelen, op dat alles fir 100 Joer ass, mä datt een awer kuckt, an duefir si jo déi Rapports sociaux déi virausgemaach ginn, awer enorm wichteg.

Ganz virsiichteg, fir net ze soen, eigentlech negativ, ass den Avis vum Ombudscomité vis-à-vis vun Adoptioune vun Homosexuellen, well e seet, dat ass eppes, wat bei eis an der Gesellschaft net unerkannt ass, an domat entsti Problemer fir d’Kand, wat riskéiert ausgegrenzt ze ginn, oder wat riskéiert do drënner ze leiden. Et ass also alles vill méi komplizéiert wéi ze soen, mir si moderner, a mir si fir d’Bestiednis a fir d’Adoptioune vun Homosexueller.

Also mir waarden och elo nach op den Avis vun der Ethikskommissioun, an da géing ech proposéieren, ech hunn der Chamber dat och gesot, datt mir eis nach eng Kéier géingen zesummesetzen, a kucken, wat dann an deenen nächste Joere ka geschéien.

Corinne Folscheid: Gëscht war e symboleschen Dag, net nëmmen, datt den ORK säi Rapport virgestallt huet, mä och well um internationale Kannerdag an der Chamber e Gesetz gestëmmt gouf, wat déi sozio-edukativ Hëllef fir Kanner a Jugendlecher hei zu Lëtzebuerg fundamental reforméiert. Dat neit Kannerhëllefsgesetz gouf mat 52 Jo géint 8 Nee Stëmmen ugeholl. Eent vun de wichtegsten Elementer aus dem neie Gesetz ass d’Schafe vum Office national de l’enfance (ONE), doduerch soll evitéiert ginn, datt d’Jugendlecher déi Hëllef brauchen, praktesch automatesch virun de Jugendriichter kommen. Wéi soll déi Hëllef och herno konkret um Terrain ausgesinn, d’CSV-Deputéiert Sylvie Andrich-Duval huet zum Beispill gëscht drop higewisen, datt eventuell kéint e Muechtkampf tëscht dem ONE an de sozialen Institutioune opkommen?

Marie-Josée Jacobs: Dat gesinn ech net, well den ONE ass jo selwer kee Prestataire. Den ONE ass do fir ze soen, dat do sinn déi verschidde Leeschtungen, déi e Kand brauch, dat musse jo net nëmme Kanner sinn, déi musse placéiert ginn, mä dann awer ze soen, de Wee vun de Prestatairen ass deen, deen dat kann ubidden. Et ass also d’Roll vun dem ONE fir ze koordinéieren, fir ze proposéieren, a fir dann ze kucke mat dem Secteur, wien dann dee richtegen Ubidder ass, deen de Kanner kann hëllefen.

Corinne Folscheid: Madame Jacobs, ech soen Iech Merci fir de Besuch am Studio.

Marie-Josée Jacobs: Merci och.

Source: RTL 92,5 a gouvernement.lu, 21. November 2008