E Kadergesetz fir d’Jugendhëllef

Dësen Donneschdeg ass an der Chamber ee Projet de loi mam Titel : « aide à l’enfance et à la famille » diskutéiert an ofgestëmmt ginn. Eis Familljeministerin Marie-Josée Jacobs huet dëse Projet ausgeschafft, mat der Zilsetzung niewend dem Jugendschutzgesetz vun 1992 (d‘protection de la Jeunesse) dem Land lo och e Kadergesetz fir d‘Jugendhëllef ze ginn. Eng Fräi Tribune vum Jean-Paul Schaaf, CSV Deputéierten a Rapporter vum Gesetzesprojet

Mat dësem Gesetz kritt d’aide à l’enfance zu Lëtzebuerg e juristeschen Kader, deen Zilsetzungen kloer formuléiert, Prozeduren nei definéiert an d’Rechter vun de Kanner an hiren Erzéiungsberechtegten stäerkt.

Wann haut zu Lëtzebuerg ronn 880 Kanner a Flegefamilljen oder Heimer, hei am Land oder am Ausland ënnerbruecht sinn, dann ass dat zu ronn 80% duercht Gericht esou decidéiert ginn.

Dacks ginn haut Hëllefsmoossnamen fir Kanner a Jugendlech vum Jugendriichter ordonnéiert, well mir och keng Struktur hunn, déi den Optrag huet vun der Mediatioun, der Motivatioun, dem Erstellen vun engem Hëllefsprogramm am Partenariat mat de Betraffenen, der Kontroll an der Revisioun.

Dat neit Gesetz vun der Jugend- a Familjenhëllef schaft eng nei Insitutioun, den ONE (Office National de l’Enfance). Dësen neien Service vum Familljeministère gëtt déi zentral Ulafplaz fir all Kanner, Jugendlech, Famillen oder sozial Servicer, déi fir sech oder e Kand eng Hëllef am erzéiereschen Beräich brauchen.

Jidereen kritt e Recht den ONE ze befaassen. Den ONE muss och all Demande no goen.

Et gëtt dann mat de Betraffenen zesummen en Hëllefsprogramm erstallt, dëse Programm gëtt vun den Elteren, Erzéiungsberechtegten an de Kanner selwer wann se al genuch sinn, ënnerschriwwen an dann och aus gefouert.

An dësem Programm ginn aus engem Katalog vun 25 Moossnamen, déi all eng professionell Ënnerstëtzung beschreiwen, déijéineg aus gewielt, déi an der betreffender Situatioun noutwenneg sinn.

Den ONE organiséiert di néideg Hëllefsmoossnamen, nennt en Koordinateur ënnert den sozialen Servicer déi kënnen beméit ginn. Schliisslech féiert dëst neit Gesetz individuell Finanzéierungsbestëmmungen an fir eben och déi Leeschtungen déi am Eenzelfall noutwenneg sinn, och vu staatlecher Säit ze bezuelen.

De System vum aktuellen Bezuelen iwwer eng Konventioun mat festen Posten gëtt also ersat duerch e System vun leeschtungsbezunnener Tarifikatioun. Wann eng Institutioun an engem Hëllefsplang engagéiert ass, oder e ganz aus féiert, dann stellt si do no déi Leeschtungen a Rechnung. Dëst huet de Virdeel, dass d’Institutioun flexibel kann ob eng Demande reagéieren an net méi begrenzt ass wéi bis elo duerch hiren Personalschlëssel. En Träger kann bei Bedarf zousätzlecht Personal engagéieren, wat besonnesch fir eenzel speziell Situatiounen vu grousser Wichtegkeet ass. Sou kann z.B. och e Logopäd stonneweis rugezunn ginn, wann dëst esou virgesinn ass.

Di nei Koordinatiounsstell, den Office National de l’Enfance, iwerhëllt awer net d’Roll vum Jugendriichter. D’Jugendgeriicht bleift ëmmer prioritär a steet iwwer der Aarbecht ob fräiwëlleger Basis.

D’Relatioun Justiz – soziale Secteur gëtt méi kloer, a villes wat haut iwwer d’Gericht leeft, ka muer ob fräiwëlleger Basis enger Léisung zougefouert ginn.

Mat dësem Gesetz gëtt d’Matsproocherecht vun de Kanner an d’Responsabiliséierung vun den Elteren grouss geschriwwen, well si mat entscheeden, wéi eng Effort’en fir si, an och vun hinnen, mussen geleescht ginn.

Ëmmer muss den héieren Interessi vum Kand all Entscheedung léden.

Och gëtt d’Gewalt géint Kanner, ob physesch, psychesch oder sexuell Gewalt kloer verbueden.

D’CSV ënnerstëtzt dëst Gesetz vun eiser Regierung voll a ganz. E stellt den sozialen Secteur, deen eng excellent Aarbecht opweises huet, virun nei Erausfuerderungen. An e stellt konsequent d’Kanner an de Mëttelpunkt, stäerkt hir Rechter, a verbessert den Hëllefskader ob deen si zielen kënnen.

Et ass e konkret Stéck vu qualitativer Famillje- a Sozialpolitik, déi der CSV ganz besonnesch um Häerz läit. 

Jean-Paul Schaaf, RTL 92,5, Radio 100,7, November 2008