Dir hutt eng Suerg, mir hëllefen

D’CSV am Déngscht vun hire Memberen: d’Sozialsekretariat vun der CSV

D’CSV versicht zanter laangem, hire Memberen ze hëllefen a wäert och weiderhi probéieren, sech dëser Verantwortung unzehuelen am Déngscht vun hiren Memberen, woubäi och net ëmmer eng Léisung fonnt ka ginn, mee dacks och en oppent Ouer schonns eng Hëllef duerstellt.

Ewéi de Fall vun enger Famill, di eng Demande fir Lëtzebuerger ze ginn, refuséiert krut. Mir hunn eis du mat hinnen zesummegesat an hu probéiert erauszefannen, wei eng weider Méiglechkeeten der Famill nach bleiwen. Hei hu mir drop higewisen, datt et fir d’Famill interessant gëtt, wann geschwënn mat dem neie Gesetz iwwert d’Nationalitéit en neie Moment kënnt, wou d’Famill op een Neits wäert kënne probéieren, déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, wa si d’Konditioune respektéiert. Duerch dat neit Gesetz ass et och fir d’Famill wichteg ze wëssen, dass mat dem neie Gesetz den Demandeur d’Méiglechkeet huet, fir en eventuelle Refus vun der Demande vun engem Geriicht iwwerpréiwen ze loossen, wat am Moment net méiglech ass, well di Décisioune vun der Chamber geholl ginn. Hei konnte mer hëllefen, respektiv duerch e Gespréich nei Perspektiven opzezeechnen.

E Member huet sech un eist Sozialsekretariat gewannt, well hie vill Problemer an senger Co-Propriétéit hat, wou ee Propriétaire sech zënter laangem dernieft beholl huet. Hei goung et an éischter Linn drëms, dem Member ze hëllefe beim Opsetze vun engem Bréif, am Numm vun allen Awunner aus der Residenz, un de schëllege Propriétaire, fir esou Remedur ze schafen. Hei konnt eist Sozialsekretariat dem Member hëllefen, dëse Bréif opzesetzen, wat et hei glécklecherweis erlaabt huet, weidere Schued a Sträit ze verhënneren.

Mir hunn ënner anerem och enger ganzer Rei Frae konnten hëllefen, di eng konkret Fro haten iwwert hir perséinlech Situatioun, wat hir Pensiounsrechter betrëfft. Hei goung et ëm d‘Problemer an d‘Froe vu Witfraen, oder Fraen dei hir Carrière opginn hunn, fir sech ëm d’Erzéiung vun hire Kanner ze këmmeren oder awer Bauerefraen, di Präzisioune wollten hunn, wei si sech solle verhalen an dëser Situatioun.

Un Hand vun dëse konkrete Situatioune kann ee gesinn, datt d’Palette vun Problemer oder Froen, déi an eisem Sozialsekretariat behandelt goufen, immens breet ass an dat weist d’Noutwennegkeet vun dësem Service an Zäiten, wou et gëllt, Solidaritéit no bannen an no baussen ze garantéieren.

Mir wäerten op alle Fall probéieren, op dësem Wee zesumme mat a fir eis Membere weiderzefueren.

Wann Dir eng Fro oder e Problem hutt, wou Dir mengt, datt mir Iech kënnen hëllefen, dann mellt Iech bei eis am Generalsekretariat vun der CSV (Telefon 22 57 31-1, E-Mail: [email protected])

Maurice Bauer
CSV-Generalsekretär adjoint