Dat neit Nationalitéitegesetz – eng Chance fir Lëtzebuerg

“Leschten Mëttwoch huet déi zoustänneg Chamberkommissioun den Rapport iwwert den Gesetzesprojet zur lëtzebuergescher Nationalitéit ugeholl, deen den nächsten 15. Oktober am Plenum wäert zur Ofstëmmung kommen.” Eng Fräi Tribune vum Laurent Mosar, Rapporter vum Gesetzesprojet iwwert Reform vum Staatsbiergerschaftsrecht (Duebel Nationalitéit) op RTL 92,5 an um Radio 100,7

Mat der Ofstëmmung iwwer dësen Projet de loi gëtt domadden d’Méiglechkeet geschaaft, datt an Zukunft en auslänneschen Bierger eis Nationalitéit kann kréien ouni datt en dofir seng eegen Nationalitéit muss oftrieden. 

Mat der Aféierung vun der esou genannter duebeler Nationalitéit droen mer dann och der Realitéit an eisem Land Rechnung, wou mer lo schon e puer dausend Bierger hunn, déi dës duebel Nationalitéit hunn.

Dobäi kënnt, datt d’Situatioun vun eisem Land sech an den leschten Joeren staark verännert huet:

Haut liewen an eisem Land schon méi ewéi 40 % Mënschen déi keen lëtzebuergeschen Pass hunn. Dës Bierger schaffen hei, bezuelen hir Steieren an schécken hir Kanner an eis Schoulen, ouni datt se een Matsproocherecht um legislativen Plang hunn.

Dëst ass eng ongesond Situatioun, déi d’sozial Kohesioun vun eisem Land laangfristeg kann a Fro stellen. Dofir ass et wichteg, datt mat der lëtzebuergescher Nationalitéit dat aktiivt an passiivt Walrecht verbonnen ass, sou datt dës nei Lëtzebuerger net nëmmen kënne mat entscheeden, wien iwwer d’Belaanger vun eisem Land decidéiert, mee och selwer kënne Kandidat bei Chamberwalen ginn.

D’lëtzebuergesch Nationalitéit kritt een an Zukunft awer net einfach esou, mee et muss een dofir eng Rei vun Konditiounen erfëllen:

1) Et dierf een net zu enger Prisongsstrof vun méi e wéi engem Joer feste Prisong hei zu Lëtzebuerg oder an engem aneren Land veruerteelt ginn sinn.

2) Et muss een mindestens siwe Joer an eisem Land gelieft hunn.

3) Et ass een gehalen un Kuren iwwert d’Instruction civique deel ze huelen, fir och besser eist Land an seng Institutiounen kennen ze léieren, an
4) et wäert een mussen en Test an der lëtzebuergescher Sprooch maachen.

Besonnesch dësen lëtzebuergeschen Sproochentest ass fir d’ CSV e wesentlecht Element vun dësem neien Gesetz.

Fir eis ass et absolut onerlässlech, datt an Zukunft jiddereen den wëllt Lëtzebuerger ginn gewëssen Sproochkenntnisser an eiser Mammesprooch huet, fir sech am deeglechen Liewen kënnen erëm ze schloen.

Dëst ass fir eis eng ganz normal Saach, well jo och dës Bierger an Zukunft wäerten d’Walrecht kréien an domadden och mussen genuch Sproochkenntnisser hunn, fir dëst auszeüben.

Donieft sinn mir dovun iwwerzeegt, datt eng wesentlech Viraussetzung fir eng gutt Integratioun vun dësen neie Lëtzebuerger d’Verstoen an d’Schwätzen vun eiser Mammesprooch ass.

Schlussendlech wëlle mer heimadden awer och den Stellewäert vun eiser Sprooch als en wesentlecht Element vun eiser nationaler Identitéit verstäerken.

Dat neit Gesetz iwwert d’Nationalitéit ass eent vun deenen wichtegsten Gesetzer vun dëser Legislaturperiod well et der zou bäidreit, d’Integratioun vun eisen auslänneschen Bierger ze erliichteren an domadden d’sozial Kohesioun vun eisem Land verstäerkt. 

Laurent Mosar, September 2008 op RTL 92,5 an Radio 100,7