Rentrée bei der CSV

Mat der Rentrée an de Schoulen kritt och d’Politik erëm méi Visibilitéit an di lescht Chambersessioun virun de Walen am Juni d’nächst Joer steet virun der Dir. Eng Fräi Tribune vum CSV Generalsekretär Marco Schank

Haut ass d’Schoulrentrée a fir d’aller éischt wëll ech d’Geleeënheet notzen, all eise Schülerinnen a Schüler fir dat neit Schouljoer all Guddes ze wënschen.

Mat der Rentrée an de Schoulen kritt och d’Politik erëm méi Visibilitéit an di lescht Chambersessioun virun de Walen am Juni d’nächst Joer steet virun der Dir.

Nieft der Preparatioun vum Budgetsprojet 2009, dëst an engem ganz schwieregen internationale Konjunkturëmfeld, mussen nach eng Partie Reformprojeten an der Chamber gestëmmt ginn, ënner aanerem dat neit Schoulgesetz, wou et och drëm geet méi individuell mat de Stäerkten a Schwächten vun eise Kanner ëmzegoen.

Och d’Reform vum Staatsbiergerschaftsrecht, d’Aféierung vum duebele Pass, de Gesetzesprojet iwwer d’Integratioun an d’Reduzéierung vun den Aschreiwungsfristen vun eisen auslännesche Matbierger op d’Wallëschten mussen duerch d’Chamber. Dat aktiivt Mateneen vu Lëtzebuerger a Nët-Lëtzebuerger ass eng Chance fir eis all. D’CSV leet grousse Wäert op di besonnesch Roll déi dem Lëtzebuergeschen dobäi als Integratiouns- a Kommunikatiounsinstrument zoukënnt.

D’CSV steet mir méi sozial Kohesioun, an domatt fir eng progressiv Neiorientéierung an der Sozial- a Familljepolitik. Stéchwuert Kannerbonus. Dës Neiausriichtung ass sozial gerecht a notzt besonnesch deene Famillen, déi mat engem verstäerkten Aarmutsrisiko konfrontéiert sinn. Et ass eng Politik, déi kengem eppes ewech hëllt, mais déi cibléiert hëlleft, do wou et am néidegsten ass.

Mir, d’CSV, stinn fir den Ofbau vun Ausgrenzung, Perspektivlosigkeet a sozialem Konfliktpotential.

Iwwregens, een Dauerwalkampf de wichteg Reformprojeten blockéiert, kënnt fir d’CSV net a Fro. Mir schaffe bis zum Schluss. Réicht dann maache mir Walkampf.

Moderniséierung, Innovatioun, Transformatioun an Integratioun, dat sinn d’Begrëffer un denen de Premier Jean-Claude Juncker di néideg Reformschrëtt beim Untrëtt vun der CSV-LSAP Regierung am August 2004 festgemach huet.

Mir, d’CSV, wëllen datt dës Reformschrëtt erfollegräich ofgeschloss ginn.

An da wëll ech d’Geleeënheet och notzen, Iech, léif Nolauschterinnen a Nolauschterer op eis CSV Hierschtfester ze invitéieren. Fir Ennerhaalung ass gesuergt, genauso wéi fir e gudde Maufel an e gudde Patt.

Eis CSV-Mandatären, Deputéiert, Ministeren an Gemengeréit freeë sech, fir Iech ze begéinen. Di nächst Rendez-Vous’ën sinn de 19. September zu Téiteng, den 21. zu Lëlz um Séi an de 4. Oktober zu Welleschten. Weider Infoen op csv.lu

Mir freeën eis op Äre Besuch.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauchteren!

Marco Schank, CSV Generalsekretär, 15. September 2008, RTL 92,5