Dat neit Immigratiounsgesetz

Den leschten Mëttwoch huet d’Chamber estëmmeg dat neit Immigratiounsgesetz gestëmmt. Eng fräi Tribune vum CSV Deputéierten Laurent Mosar op RTL 92,5, Meindes de 14. Juli 2008

Méi wéi 36 Joer hat dat virescht Auslännergesetz vum 28. März 1972 um Bockel.

An der Zwëschenzäit huet d’Situatioun vun der Immigratioun weltwäit awer ganz besonnesch an Europa an domat och zu Lëtzebuerg fundamental changéiert. Ëmmer méi Leit schaffen an liewen net méi an dem Land wou se gebuer gi sinn.

Déi international Mobilitéit ass eng wesentlech Facette vun der Mondialisatioun. Si stellt sécherlech eng grouss Chance fir all Gesellschaften duer ënnert der Konditioun, datt dës Gesellschaften dës international Mobilitéit op engem wiertschaftlechen an sozialen Plang geréiert kréien.

D’Virdeeler vun der Immigratioun fir eist Land leien op der Hand : ee méi performanten Wirtschaftswuestum, eng besser Nohaltegkeet vun eisen Gesondheets- an Pensiounrégimer, eng manner schnell Iwweralterung vun eiser Bevëlkerung.

Den permanenten Wuestum op den eist Land an denen leschten Joeren zeréck kucke kann, ass dann sécherlech och op d’Immigratioun zeréckzeféieren ouni déi mer sécherlech haut net esou excellent géiwen do stoen.

D’Immigratioun ass allerdéngs eng Gesellschaftsfro well se eng ganz Rei vun Beräicher beréiert ewéi d’Wirtschaft, den Aarbechtsmaart, d’Educatioun and d’Forschung fir nëmmen déi wichtegst opzezielen.

Fir datt dës Immigratioun reusséiert ass et imminent wichteg datt se sech an en Gesamtkontext vun sozialer Kohesioun aschreiwt.

Wann ech vu sozialer Kohesioun schwätzen dann fir ze ënnersträichen, datt d’Gesetz iwwert d’Immigratioun nëmmen eent wann och e wichtegt Element vun engem gesamten Pëssel duerstellt zou dem niewend dem Asylgesetz awer och nach d’Gesetz iwwert Dbe Nationalitéit an dat iwwert d’Integratioun gehéieren déi mer an deenen nächsten Méint och nach wäerten an der Chamber ofstëmmen.

All dës Gesetzer zesummen geholl wäerten eist Land fit machen fir 21er Joerhonnert. 

Europa brauch d’Immigratioun an Lëtzebuerg brauch se besonnesch a siew et nëmmen fir eis demographesch Defiziter obzefänken. Allerdéngs gëtt et net nëmmen eng Zort vun Immigratioun mee et gëtt der vill an dat neit Gesetz soll Äntwerten op all Typen vun Immigratioun ginn. An dem Sënn ass d’Gesetz een oppent Gesetz, dat keng Mauer ëm eist Land baut mee d’Immigratioun esou organiséiert, datt se an geregelten Bunnen verléift, dat ganz besonnesch och am Aklang mat den Besoinen vun eisem Aarbechtsmaart op den d’Lëtzebuerger an d’EU Auslänner nach ëmmer een virrangegen Zougank hunn par rapport zum net EU Auslänner.

An dem Sënn stellt dann och d’Gesetz een quasi perfekten Equiliber tëschent Immigratioun an Integratioun duer an entsprecht och an dem Sënn denen Uspréch, déi een un en Awanderungsland ewéi Lëtzebuerg kann an muss stellen.

Mam Vote vum neien Immigratiounsgesetz hunn mer also een wichtegen Schrëtt an Richtung vun méi Kohesioun esou wuel op wiertschaftlechem ewéi op sozialem Plang gemaach an mir fréien eis schon op den nächsten Schrëtt nämlech den Vote vum neien Nationalitéitengesetz den de nächsten Oktober soll iwwert d’Bühn goen.

Ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet.
 
Laurent Mosar, RTL 92,5, 14. Juli 2008