Am Kader vun enger Pressekonferenz huet d’CSV hier Positioun suite „aux votes à la Chambre des Députés du 19 février quant au projet de loi sur les soins palliatifs et à la proposition de loi de Mme Lydie Err et de M. Jean Huss sur le droit de mourir en dignité“ presentéiert a präziséiert. Hei déi prinzipiell Aussoen an Iwwerleeungen, déi de Parteipesident François Biltgen a senger Interventioun virun der Press développéiert huet. Ausgehend vun de prinzipielle Positiounen, iwwer nei Momenter ass eng Konklusioun no Berodung an den CSV Gremien Nationalkomitee, Fraktioun an Exekutivkomitee festgehal ginn.