Nationalkongress 2007

Invitatioun fir op den uerdentlechen CSV Nationalkongress: „Politik. Am Sënn vum Land.“
Samsdes, de 17. November 2007
am Centre sportif et Culturel zu Moutfort an der Gemeng Contern

Den Oflaf vum Kongress ass folgendermossen programméiert.

8.15 Auer: Aschreiwen an Umeldung vun de Kongressdelegéierten. Mir offréieren Kaffee mat Croissants.

8.45 Auer: Begréissung vun den Delegéierten duerch de Sektiounspresident

• Opmaache vum Kongress duerch de Parteipresident François BILTGEN

• Bezeechnung vum Kongressbüro

• Aktivitéitsrapport vum Generalsekretariat

• Rapport de Caisse vum Generaltrésorier

• Interventioun vun de Keesserevisoren

• Rapport vun der Chamberfraktioun

• Wuertmeldunge vun den Delegéierten an Diskussioun

• Adoptioun vun de Rapporën

• Interventioun vum Fraktiounspresident Michel Wolter
„Lëtzebuerg moderniséieren“

• Interventioun vum CSV-Generalsekretär Marco Schank
„CSV. Eng dreiwend Kraaft.“

• Ried vum Parteipräsident François Biltgen
„Politik. Am Sënn vum Land.“

• Usprooch vum Staatsminister Jean-Claude Juncker

• Eirewäin offréiert vun der Gemeng

• Duerno géint 13.00/13.30 Auer: gemeinsamt Mëttegiessen

 

D’Sektioun Contern zervéiert d’Mëttegiessen
Proposéiert gëtt:
1. Rôti Orloff
mat Geméis a Gromperen / Dessert a Kaffi zum Präis vun 15 €.
oder
2. Boeuf bourguignon
mat Geméis a Gromperen / Dessert a Kaffi zum Präis vun 15 €.

D’Mandatären aus der Exektuiv an dem Comité national partizipéieren un dësem sécherlech nët oninteressanten Rendez-Vous mat de Memberen. Bezuelt gëtt sur place. Merci.
Umeldungen fir d’Iessen ginn am Sekretariat um Telefon 22 57 311
vun der Mme Marie-Jeanne Schauls entgéintgeholl.