Begréissungsmessage

Léif Visiteuren op eiser Homepage

Léif Visiteuren op eiser Homepage

D’CSV ass eng Vollekspartei, eng echt Vollekspartei; an alle Schichte vun der Populatioun, an alle Bezierker a Sektiounen. Mir sinn emmer nees bestrieft de Mensch a seng Suergen, Uleiës a Besoinen an de Mëttelpunkt ze stellen.

Mir maachen eist Bescht, fir datt dëst och geléngt, no bannen a no baussen. Et ass dofir wichteg, dat mir matenee schwätzen, mateneen an d’Gespréich kommen, matenee kommunizéieren. Dat maachen mir an den interne Réuniounen, op regionalen a lokale Versammlungen, mat eise Membere a mat eise Wieler. Dës Form vun Austausch ass wichteg a noutwenneg. Och an Zukunft steet dës Kommunuikatioun am Mëttelpunkt bei “CSV on Tour”, bei de Regionalversammlungen, bei de Réuniounen a Gespréicher mat eise Sektiounen a Memberen.

Eng ergänzend Form ass hei eist Sozialsekretariat, de Rendez-vous fir eis Memberen, wa sozialrechtlech Problemer do sinn oder soss Suergen gekläert musse ginn, wou mir als CSV Hëllef ubidde kënnen.

D’CSV, eng echt Vollekspartei, muss am Alldag dem Bierger no sinn. Dofir muss geschafft ginn, dofir muss e mir eis engagéieren, als Regierungsmember, als Deputéierten, als Mandatär an der Gemeng, als Member vun engem CSV-Comité oder als Mataarbechter am CSV-Sekretariat.

Datselwescht gëllt fir eis Internet, deen emmer méi eng Plattform gëtt fir den Austausch an d’Gespréich tëschent de Leit dobaussen an deenen, déi an der politescher Responsabilitéit sinn. Et ass e Wee fir méi Proximitéit. No beim Bierger däerf keng eidel Floskel sinn, besonnesch och um Internet. Mir sinn eis dëser digitaler Revolutioun mat hire Méiglechkeete fir den interaktiven Dialog bewosst. Duerch Forumen iwwert aktuell Themen, duerch den Chat mat Politiker, duerch Videos-Sequenze mat Aussoen an Informatiounen zu aktuellen Froen an Dossieren, welle mir d’Gespréich an der Partei a mat de Leit dobaussen zousätzlech verstäerken. Kommunizéieren ass nolauschteren an äntwerten.

Mir wärten eis also regelmässeg Rendez-vous ginn fir Iech no ze lauschteren, sou wéi mir dat schonns méi laang duerch eisen “CSV on tour” maachen.

Är Meenung zielt a mat dësen neie Méiglechkeeten, déi eis den Internet elo ubitt, gëtt d’CSV Iech d’Wuert a schaaft domadder eng zousätzlech Kommunikatioun tëschent Iech an eiser Partei.

Elo schons e Merci fir deen “Input”, deen Dir eis wäert bréngen a mir freeën äis op dës nei Experienz!

François Biltgen

Parteipräsiden