Dem Gilles Roth seng Iwwerleeungen zum néie Nordstadt-Lycée
Den Nordstadlycée as mëttlerweil deen 6. Lycée, zielt een d’Privatschoul Ste Anne zu Ettelbréck derbäi, eigentlech schonns de 7ten Lycée, den op dem Gebitt vun der sougenannter Nordstad geschafe gëtt. De Numm Nordstadlycée maach duerfir an enger éischter Siicht bëschen ier féieren. De Staatsrot huet sech an dem Punkt och kritesch geäussert.
Mat der Bezeechnung Nordstadlycée, geet et awer virun allem ëm e politeschen Message fir der Nordstad eng Identitéit ze ginn.
E sechsten, respektiv siwenten Lycée an der Nordstad mécht virun allem op der Schoulkaart e Sënn. De Nordstadlycée dréit zu enger dezentraler Organisatioun vun der Lycééeslandschaft bäi. Dëst entsprécht de Virgaben vun dem IVL. Den Nordstadlycée gëtt och den Konklusiounen vun dem Plan sectoriel Lycées gerecht.
Gemäss dem IVL, soll d’Nordstad als Zentrum fir den Norden vum Land an hirer Funktioun als Wunn-an Arbechtsplazschwéierpunkt gestärkt ginn, dest niewent der Regioun Süden an der Agglomeratioun an a ronderëm d’Stad Lëtzebuerg.
D’Nordstad soll an dem Sënn eng Lokomotiv an der Nordregioun ginn an domat zu enger gesamter Revalorisatioun vun der Géigend vum Land bäidroen.
Zu dëser Attraktivitéit droen sécherlech gudd Zuchverbindungen, an spéider och d’Fäerdegstellung vun der Nordstrooss bäi. Net zulescht gëtt et an dëser Regioun och nach zum Deel méi erschwenglecht Bauland fir Famillen mat Kanner wéi op verschidden aner Plazen vum Land. D’Zuel vun den Bewunner vun der Nordstad an der Ëmgéigend däerft an den nächsten Joeren deemno an d’Luucht goen.
Den Nordstadlycée ass dofir sécherlech een Stéck vun dem ambitiéisen Projet Nordstad. D’Schouloffer gëtt esouwuel an der Kapazitéit wéi an der Diversitéit dem Projet Nordstad ugepasst.
Dës Iwwerleeungen an dem Beräich IVL, déi mir als CSV-Fraktioun ënnerstëtzen, fannen sech och am Plan sectoriel Lycées erëm, deen de 26. Juli 2005 a Kraaft getrueden ass. Dese Plang seet, datt a puncto Capacitéite bis zum Joer 2010 am Norden am Ganzen iwwert 2.600 Unitéiten feelen, dat opgrond vun statisteschen Zuelen déi doriwwer eraus schonns méi ewéi 5 Joer zréckleien.
Zielt een dovunner de Réidener Lycée mat sengen geplangten 1.200 Schüler wech, feelen nach bal 1.500 Unitéiten.
D’Schafen vun dem Nordstadlycée as duerfir eng Noutwendegkeet, am Sënn vun dem IVL, dem Plan sectoriel Lycées, mä och opgrond vun bestehenden Besoien.
Kuerzfristeg gëtt virun allem den Ettelbrécker Lycée Technique zumindest deelweis entlaascht, dat no joerelaangen Discussiounen an och Petitiounen. Et wärt awer nach daueren bis sech d’Situatioun an der Avenue Salentiny ganz normaliséiert huet: Réischt wann de Neibau vun der Ackerbauschoul zu Gilsdref ofgeschloss ass, gëtt zu Ettelbréck an den heitegen Gebaier vum Lycée technique agricole weideren Schoulraum fräi, deen no Embaumoossnahmen zu Schoulzwecker genotzt kann ginn.
Dass de Nordstadlycée tëschent déi bestehend Strukturen vum Dikkrecher Kolléisch an der Hotelsschoul stoe kënnt, mécht am Kader vun méiglechen Synergien och Sënn.
Fir d’Schoulrentrée vum September 2007, wäerten déi nei Infrastrukturen wuel nëmmen een Provisorium sinn, bestehend aus Container. Si hun de Virdeel, dass se innerhalb kierzester Zäit kennen opgeriicht ginn. Dass Containeren net ëmmer mat Bëllegbauwais ze vergläichen sin, beweist de Lycée technique pour professions educatives et sociales zu Miersch, deen déi lescht Rentrée seng Dieren fir Schüler opgemach huet. Dat selwecht zielt och fir déi provisoresch Struktur bei der Ackerbauschoul déi sech duerch hir holzverkleeten Fassade harmonesch an Staatbild vun Ettelbréck afügt.
Net nëmmen genuch Plaatz ass wichteg, och déi schoulesch Offer muss kontinuéierlech ausgebaut an adaptéiert gin. De neien Nordstadlycée, zesummen mat deenen aneren Lycéen an der Nordstad mussen mat der schoulescher Ausriichtung ënnert anerem derzou bäidroen, dass nei Betriber déi sech am Norden vum Land etabléieren, wëssen dass si op der Plaz och qualifizéiert Leit kënnen virfannen.
D’CSV-Fraktioun begréisst duerfir dass déi schoulesch Offer vun dem Nordstadlycée komplementar ass, zu der postprimairer Offer déi d’Schüler aus dem Norden schonns mat dem Dikrecher Kolléisch, dem Lycée Technique vun Ettelbréck, der Ackerbauschoul an der Hotelsschoul, grad wéi dem Lycée fir Gesondheetsberuffer hun.
D’Schüler aus der Nordregioun kréien d’Meiglechkeet déi ganz Panoplie vun Formatiounen an hirer Géigend ze hunn. Si kënnen also déi Fachrichtung aschloen an daat léieren wou se daat gréisste Potential hunn. Keen muss sech duerfir méi aus dem Norden duerch d’halleft Land déplacéieren.
D’Schouloffer vun dem Nordstadlycée emschléisst nämlech nieft dem klasseschen an dem techneschen Unterrecht och ganz vill Beruffer wéi den Elektriker, de Mécanicien oder den Heizungsinstallateur. Nei ass och den Usträicherberuff, eng Formatioun déi bis haut am Norden vum Land nach net ugebuede gëtt mä wou awer eng grouss Demande besteht. Iwwerhaapt gëtt am Nordstadlycée een groussen Wäert op d’Handwierk geluecht.
Net manner wéi 1.200 Schüler wäerten deemno ab dem Schouljoer 2007/2008 am Nordstadlycée d’Schoulbänk drécken. Dat entsprecht der sougenannter capacité d’accueil optimisé, déi gemäss dem Plan sectoriel, fir e Lycée mat techneschem Unterrecht, an dem klasseschen Unterricht an dem Ënnergrad, bei 1100 bis 1400 Schüler läit.
Et ass gudd, dass Wäert op een Encadrement vun de Schüler ausserhalb vun de Schoulstonnen geluecht gëtt. Vun Moies halwer 8 bis Owes 6 Auer gin Schüler vu qualifizéiertem Personal betreit. Mir begréissen als CSV Fraktioun duerfir ausdrécklech, dass de Gesetzesprojet d’Schaafen vun enger pädagogescher Équipe mat ënnert anerem engem Psycholog, engem Assistant social esou wéi Erzéiher an Éducateur gradué’en virgesäit. Dës Offer un ausserschoulescher Betreiung sollt eigentlech fir all Lycée generaliséiert ginn.
Ech ginn dommader och den Accord vun der CSV Fraktioun zu dësem Projet.