Den Deputéierten Gilles Roth bezitt Stellung zum Fonctionnementsgesetz iwwert den neien Lycée zu Dummeldeng
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Den honorabelen Deputéierten Fernand Diederich, huet eis en excellenten Rapport virgeluecht, souwuel schrëftlech wéi och mëndlech. Ech soen him duerfir am Numm vun der CSV-Fraktioun Merci.
Den neien Lycée zu Dummeldeng war ursprénglech als Annexe vun dem Lycée Technique du Centre geduecht. Schons den 20. Januar 2003 gouf den entspriechenden Bauteprojet an der Chamber gestëmmt. Mat dem Gesetzesprojet vun haut gëtt déi Dummeldenger Annex en eegestännege Lycée. Um Niveau vun der Organisatioun an dem pädagogeschem Konzept geet dësen Lycée nei Weeër, déi mir als CSV Fraktioun begréissen.
Dat flott a modernt Schoulgebai läit no bei der Dummeldenger-Gare. Et wäert de Lycée de proximité fir d’Schüler aus dem Uelzechtdall ginn. Domat wäert d’Gebai och de Numm Uelzechtlycée net gestuel hunn.
De Lycée huet ausschliisslech Schüler aus dem sougenannten Ënnergrad. D’Schülerzuel ass op 800 limitéiert. Dat ass eng nei Experienz. Si huet duerchaus positiv Säiten. Eng méi kleng Schülerzuel dréit sécherlech zu enger méi grousser Integratioun vun der Schülercommunitéit bäi.
Eng individuell Betreiung vun de Schüler während dem Unterrecht, mä och eng ausserschoulecher Begleedung ass domat méiglech. De Bezuch tëschent dem Léierpersonal an enger méi klenger Schülerzuel ass méi enk. Et wier ubruecht an dësem méi klengen Lycée de sougenannten peer teaching anzeféieren, dat heescht wou Schüler aneren Schüler bei den Schoulaufgaben hëllefen.
An dem neien Uelzecht-Lycée sinn d’Schüler vum Préparatoire, dem Technique an dem Classique zesummen. De Lycée erméiglecht deemno de Schüler während den éischten Lycéesjoeren den Ordre d’Enseignement ze wiesselen, ouni mussen an eng aner Schoul ze goen.
De Préparatoire, de Classique an den Technique ënnert engem Daach, fuerdert och déi sozial Mixitéit. Et ass e Lycée vun der Integratioun. Spannungen bleiwen awer do sécherlech net aus. Dofir muss déi Schülercommunautéit mat vill Geschéck a Fangerspëtzegefill geleet ginn.
Dat verlaangt e Konzept wat sech net eleng op d’Wëssensvermëttelung reduzéiert. Dat Konzept ass wuel net direkt an dem Exposé des Motifs vun dem Gesetzesprojet beschriwwen. Indikatiounen goufen et dogéint vun enger provisorescher Direktioun de leschten Samschdeg an enger grousser lëtzebuerger Dageszeitung.
Wäert gëtt dobäi geluecht op een individuellen Encadrement vun de Schüler ausserhalb vun de Schoulstonnen. Dat ass eng gudd Saach. Grad wéi d’Schafen vun enger sougenannter Classe-relais déi virgesinn ass fir verhalensobfälleg Schüler zäitweis opzefänken an duerno an hier normal Classe erëm ze integréieren. De Schüler kritt dobäi eng zweet Chance. Duerch d’Classe-Relais gëtt de Schüler zäitweileg individuell an pädagogesch betreit fir en duerno erëm an den normalen schouleschen Parcours anzeféieren.
Mir begréissen duerfir als CSV Fraktioun ausdrécklech, dass de Gesetzesprojet d’Schafen vun enger pädagogescher Équipe mat ënnert anerem engem Psycholog, engem Assistant social esou wéi Erzéiher an Éducateur gradué’en virgesäit.
Si sinn do fir d’Schüler ausserhalb vun den eigentlechen Schoulstonnen ze ëmginn, sozial Konflikter bannent der Schülercommunautéit ofzefiederen an d’Schüler am Kontakt mat den Elteren op hiren éischten Schrëtt an d’Beruffswelt virzebereeden. Dat ass eng wichteg Aufgab. Dat Partenariat oder dat mateneen vun Schüler-Erzéiher-Léierpersonal an Elteren ass fir CSV- Fraktioun e festen Bestanddeel vun enger moderner Schoul. Dat Partenariat muss generell am Secondaire mä och am Primär ausgebaut ginn.
D’Fro déi sech am konkreten Fall vum Uelzecht-Lycée stellt, ass déi, op déi pädagogesch Équipe vun 8 Leit déi iwwert de Numerus clausus eraus sollt engagéiert ginn, duergeet fir 800 Schüler aus der Ennerstuf vun Préparatoire, Technique a Classique mat zousätzlecher Classe-relais ënnert engem Dach encadréieren? Generell wier et ubruecht no enger Fonctionnementsperiod vun vun 2 bis 3 Joer eng Evaluatioun iwwert dat pädagogescht Konzept vun dem Uelzecht-Lycée ze maachen.
Här President, am Virfeld vun dëser Chambersdebatt, huet virun allem den Artikel 7 aus dësem Gesetzesprojet fir Diskussiounen gesuergt. Hien gesäit eng Ofwäichung zu den allgemengen Bestëmmungen iwwert de Recrutement vun der Direktioun vun engem Lycée fir. Am Speziellen kënnen iwwert de Wee vun dëser Bestëmmung, niewent de Professeren aus der ieweschter Carrière vun dem Enseignement elo och chargés de direction vun dem Régime Préparatoire, Direkter vun engem Lycée ginn, virausgesat dass se bis elo schons méi ewéi 5 Joer Experienz hung an e speziellen Examen en hung.
Déi rezent Diskussiounen hung gewisen dass et am Sënn vun dem Equiliber vun de Staatscarrièren iwwert esou eng Dispositioun gedeelte Meenung gëtt.
An dem Avis vun der Chambre des Fonctionnaires sinn op dem Punkt eng Rei vun Bedenken ausgedréckt ginn. D’Ministesch huet hirersäits an der zoustänneger Chamberkommissioun däitlech erkläert, dass mat dëser Bestëmmung och Leit, déi eng speziell Experienz an dem regime preparatoire hätten, net vun enger Kandidatur op en Direktiounsposten vun engem Lycée sollten ausgeschloss ginn.
Mat dem Vote vun dësem Gesetzesprojet gëtt also net den Direkter bestëmmt. De Choix ënnert de Kandidaten ass ewéi an all Fall am Endeffekt dem zoustännegem Regierungsmember virbehal.
Definitiv, sollt awer d’Fro vun der Qualifikatioun fir den Accès op eng Lycéesdirektioun an firwat net zu den Direktiounsposten vun sämtlechen Staatsverwaltungen eng Kéier an engem méi generellen Kontext geregelt ginn.
An der Chamberskommissioun ass och d’Fro vun der Benennung vun de Lycéeën opkomm. Zënter dem Gesetz vum 25. Juni 2004 gëtt et eng Bestëmmung no där all neigeschafenen Lycée wou de Classique an den Technique ugebueden ginn, mat dem generellen Wuert Lycée benannt gëtt.
Et wier gudd wann dës Bestëmmung och kënnt op déi Lycéeën ugewannt ginn déi virun 2004 geschafen goufen. Dann bräichten mir net méi op deenen engen Plazen vun Lycée an op aner Plazen vun Lycée technique ze schwätzen, obschonns och an den sogenanntenen Lycée technique’n esouwuel den Technique ewéi och den Classique ofgehalen ginn.
Ech kommen elo zum Schluss vun menger Interventioun. Den Uelzechtlycée ass e wichtegen Schrëtt fir dem Manktem un Infrastrukturen am Postprimär entgéintzewierken. Déi aner geplangten Lycéeën uechtert d’Land sollten sou séier wéi méiglech an Ugrëff geholl ginn, virun allem de Lycée op Belval an den Nordstaatlycée déi kuerzfristeg zur Oofstemmung an Chamber wärte kommen.
Ech ginn heimat och den Accord vun eiser Fraktioun zu dësem Gesetzesprojet an soen Iech Merci fir d’Nolauschteren