Den virleienden Gesetzesprojet, deen haut am Plenum zur Diskussioun steet, setzt d’Konklusiounen vun der Tripartite vum 28. Abrëll vun dësem Joër ëm. D’genee Analyse vun der wirtschaftlecher, der finanzieller an der sozialer Lag vum Land, déi an deem Kader vun der Regiirung an den Sozialpartner erstallt gouf, huet op déi verschidden Deséquiliber’en higewisen déi d’Konkurrenzfähegkeet vun eisem Standort a Gefor bréngt an domat d’Zukunft vum Land op d’Spill setzt. Dräi grouss Felder, wou Handlungsbedarf besteet, konnten definéiert gin: den Aarbechtsmaart, den Staatsbudget an d’Inflatioun. Ob Basis vun dëser Analyse huet de Gremium eng Reih vun Méiglechkeeten virgeschloën, déi dozou beidroën méi Aarbechtsplaatzen ze schaafen, d’Inflatioun besser an de Grëff ze kréien an d’Staatsfinanzen ze sëcheren. Dës Virschléi dréien sech méi spezifesch ëm sechs Axen, an zwar :
- d’Maîtrise vun der Inflatioun ;
- den Retablissement vum budgetären Equiliber an der Situatioun um Aarbechtsmaart ;
- d’Asetzen vun zousätzlechen Dispositiounen fir d’Wettbewerbsfähegkeet vun den Betriiber nach weider auszebauen ;
- d’Aféierung vum Statut unique;
an schliesslech
- d’Asetzen vun bestëmmten Moosnahmen am Bereich vun der Sécurité sociale.
D’Regiirung huet fir hiren Deel, via dem Statsminister séng Ried zur Lag vun der Natioun, Ufang Mee eng Reih vun Initiativen ugekënnegt. Zu dëser Geleenheet huet se och op den noutwendegen finanziellen Spillraum higewisen.
Eng éischt Reih vun Mesuren sin schon virun der Summervakanz emgesaat gin. Et handelt sech dobai ëm d’Gesetz vum 27. Juni 2006 iwwert d’Adaptatioun vun der automatescher Indextranch, der “Net-méi-Indexéierung” vun den Familienzoulagen an dem Congé parental an och der Neutraliséierung vun verschidden Praiserhéijungen.
Den virleienden Gesetzesprojet vervollständegt dëst éischt Serie vun Reformen an deems en Mossnahmen virgesäit, déi zum Ziel hun, den Equiliber esouwuehl um Niveau vum Aarbechtsmaart wéi vun den Staatsfinanzen ze restauréieren an d’Finanzéierung vun bestëmmten ëmweltpoliteschen Mossnahmen, déi dozou bäidroen sollen d’Kyotosobjektiver ëmzesetzen, ze erméiglegen.
Ier ech iech méi am Detail d’Elementer vum Gesetzesprojet 5611 virstellen, virun allem d’Elementer vum éischten Volet deen vun der Aarbechtspolitik – déi zwee aaner Volet’en vum Projet, an zwar de Volet Sécurité sociale an Environnement, wärten iech vum Co-Rapporteur, dem Romain Schneider, virgestallt gin – gin ech kurz op den legislativen Werdegang vum virleienden Projet an.
Den 18. September 2006 huet den Staatsminister Jean-Claude Juncker der Chamber den virleienden Gesetzesentworf ënnerbreet.
Dësen Projet de loi as an der Spezialkommissioun “Tripartite”, déi den 25. Oktober vun dësem Joër fir d’alleréischt zesummenkomm as, ënnert der Leedung vum Michel Wolter diskutéiert an analyséiert gin. An der Sëtzung vum 15. Oktober goufen den honorablen Romain Schneider an ech selwer als Rapporteur’en vun dësem Projet genannt.
Den Gesetzesentworf as vun den Berufschamberen an dem Staatsrot relativ schnell aviséiert gin. Vun dëser Plaatz aus e ganz groussen Merci un Berufschamberen an den Staatsrot. Et wor bestëmmt net einfach esou schnell en esou komplexen Projet ze aviséieren. E weideren Merci all deenen, déi mat hirer konstruktiver Kritik an Diskussionsfreed, an awer och hirer aktiver Mataarbecht, dozou beigedroën hun, datt den Romain Schneider an ech dësen Projet de loi haut kënnen virstellen. E groussen Merci un all déi Beamten an den Ministären, un den Sekretär vun der Spezialkommissioun an alle Mataarbechter aus der Fraktioun ouni déi dëst net méiglech gewiecht wär.
D’Kommissioun huet 10x getagt fir iwwert déi verschidden Volet’en an Präsenz vun den zoustännegen Ministeren ze schwätzen, d’Avis’en vun den Berufschamberen an vum Conseil d’Etat ze analyséieren, den initialen Text ze amendéieren an den schrëftlechen Rapport mam koordinéierten Text vum Projet unzehuelen.
Waat déi parlamentaresch Amendementer ugin, wéilt ech präziséieren, datt zwee Serien vun Amendementer vun der Spezialkommissioun ugehol goufen. Déi éischt Serie vun Amendementer, déi vum 20. November, sin adoptéiert gin ier d’Kommissioun d’Avis’en vun den Berufschamberen analyséiert huet an dëst fir dem Staatsrot ze erlaaben d’Amendementer direkt ze aviséieren am Kader vun séngem éischten méi generellen Avis.
Den 4. Dezember as eng zweet Serie vun Amendementer adoptéiert gin an daat op Gronn vun den Bemiirkungen an Suggestiounen vum Staatsrot. An dëser Sëtzung as och den Avant-Projet vun engem groussherzogleschen Reglement iwwert d’Konventioun, déi teschent der ADEM an dem Demandeur d’emploi ofgeschloss soll gin, virgestallt gin. Ech kommen op dësen Punkt spéider zerëck.
Här Präsident,
Et as prioritär d’Situatioun um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart nees hirzestellen. An dëst besonnesch ënnert dem Aspekt, datt ëmmer méi Léit riskéieren an den Chômage structurel eran ze rutschen. D’Haapterausfuederung vun der aktueller Aarbechtspolitik as et, d’Beschäftegungschancen vun deenen Leit, déi keng Aarbecht hun, ze verstärken an deems een hinnen déi néideg Kompetenzen an Qualifikatiounen vermëttelt fir sech kënnen um Aarbechtsmaart ze behaapten, souwéi d’Betribber ureegen op déi einheimesch oder lokal Aarbechtskraaft zerëck ze greifen.
D’Situatioun vun eisem Aarbechtsmaart as atypesch. Dëst as näischt Neies : D’zënter Joëren stellt ee fest, datt e groussen Deel, wann net esouguer den gréissten Deel, vun den neien Aarbechtsplaatzen déi geschaaf gin, vun Frontalier’en besaat gin. 65% vun deenen 11.492 Aarbechtsplaatzen, déi tëschend dem 1. Januar 2005 an dem 1. Januar 2006 nei entstanen sin, kommen den Frontalier’en ze gudd an dëst haaptsächlech well sie oft besser qualifizéiert sin respectiv hir Qualifikatiounen besser deenen um Aarbechtsmaart entspriechen. Dëst as e Phänomen, den een besonnesch bei deenen Jonken feststellen kann. 3 vun 4 jonk Chômeur’en, déi sech bei der ADEM ageschriwen hun, hun keen Schoulofschloss. Eng Situatioun mat trageschen Konsequenzen wann een wees, datt an eiser aktueller Informatiounsgesellschaft e Fehlen oder e Mangel un Qualifikatiounen – leider – mat sozialer Exclusioun gleichzesetzen as. Et as dowéinst extrem wichteg dofir ze suergen, datt déi, déi eng Aarbecht sichen eng reel Chance kréien sech um Aarbechtsmaart z’inseréieren oder ze réinseréieren.
Derniewt as et wichteg an engem wirtschaftlechen Kontext – gezeechnet duerch Fakteur’en wéi d’Globalisatioun an déi dorausfolgend Délocalisatiounen, d’Fusiounen an Restrukturatiounen vun Betribber – der Politik vum “maintien dans l’emploi” eng wesentlech Plaatz ze verschaafen.
Den virleienden Gesetzesprojet greift esouwuel um Niveau vun den Moosnahmen géint den Chômage wéi um Niveau vun der Aarbechtsplaatzofsëcherung an. En dréit esou den neien Erausfuederungen vun der Aarbechtspolitik Rechnung an spiegelt iwwerdeems d’Evolutioun an der Approche vun der Aarbechtslosegkeet ërem. En reiht sech an der Wull vun Gesetzer an, déi zënter méi wéi 30 Joër gestëmmt gin mam Objet d’Moosnahmen an d’Instrumenter andauerend un den wirtschaftlechen an sozialen Kontext unzepassen.
Ech wärt hei net all Gesetz, daat zënter 1970 gestëmmt gin as, respektiv all Moosnahm, déi gehol gouf, opzielen. Et wieren der vill, waat beweist, datt d’Politik sénger Verantwortung nogeet andeems der Aarbechtslosenentwëcklung net einfach nogekuckt gët. Mir hun en exzellenten legislativen Kader, deen et heescht op deem engem oder aneren Punkt ze verbessern, daat och d’Ziel vum virleienden Projet as. Et geet awer net duer e gudden gesetzlechen Kader ze schaafen. All Nobesserung respektiv all Verbesserung bréngen net vill, wann déi betraffen Acteuren net déi legislativ Moosnahmen an d’ Praxis ëmsetzen.
Der ADEM wärt an Zukunft eng méi grouss an eng méi spezialiséiert Aufgab zoukommen. Den Aarbechtsminister huet sech an der Kommissioun engagéiert fir d’Mëttelen vun der ADEM esou ze erhéichen, datt d’ADEM séngen neien Aufgaben och gewues wärt sin. Momentan rekrutéiert d’ADEM massiv. Daat as och gudd, mee mat enger Personalopstockung as de Problem nach net geléist. Eng grondleeënd Reform vun der ADEM, an méi spezifesch vum « Service Emploi des Jeunes » drängt sech op. Dës soll esou schnell wéi méigleg emgesaat gin.
D’Responsabilitéit leit net nëmmen beim Aarbechtsminister. Den Wirtschafts- an den Mëttelstandsminister mussen sech an Zukunft méi an der Sensibiliséierung vun den Employeurs’en implizéieren fir dat d’Betribber méi systematesch op déi bestoënd aarbechtspolitesch Instrumenter och zerëckgreifen. D’Situatioun um Aarbechtsmaart wärt sech eréicht dann verbesseren wann d’Betribber reel Stage- an Aarbechtsperspektiven ubidden.
Léiw Kolleginnen an Kollegen,
Den virleienden Gesetzesprojet gesäit eng Interventioun op verschiddenen Niveau’en fir, an zwar esouwuehl um Niveau vum Dispositif « maintien dans l’emploi », wéi och um Niveau vun den Dispositiounen iwwert den Chômage oder den Beschäftegungsmossnammen fir déi Jonk.
Waat den « maintien dans l’emploi » ugeet, setzt de virleienden Text op eng Optimiséierung vun den bestoënden Instrumenter, déi net oft genug oder net adequat agesaat gin, obschons se zum Deel d’Aarbechtslosegkeet verhënneren kéinten.
Den virleienden Text verfollegt en ambiziéist Ziel : d’Konsequenzen vun enger schwiereger ökonomescher Situatioun fir den Betribb besser viraus ze gesin an an de Grëff ze kréien. Dëst Ziel entsprëcht esouwuel der Approche vun der Tripartite wéi och der vum Koalitiounsaccord vun 2004.
Déi zwee wichtegest Innovatiounen an dësem Kontext sin :
- D’Zentraliséierung vun all den Informatiounen iwwert d’Entloossungen wirtschaftlecher Natur an den Hänn vum Comité de Conjoncture, deen iwwregens och all Mount en Relevé vun sämtlechen ökonomeschen Entloossungen opstellen wärt. Fir kënnen d’Konsequenzen vun enger finanzieller oder ökonomescher Sackgasse viraus ze gesin, bréicht een als alleréischt den Feed Back vun dësen Schwiergekeeten. Daat wärt an Zukunft de Fall sin, vu datt den virleienden Gesetzesentworf eng obligatoresch Notificatioun fir ökonomesch Entlossungen virgesäit wann am Betriib, wou méi wéi 15 Salarié’en schaffen, entlooss gët.
- D’Asetzen vun engem « plan de maintien dans l’emploi » als Alternative zum « plan social » an zum Chômage. Et muss mat allen Mëttelen verhënnert gin, datt Léit, déi entlooss gin, an den Chômage faalen. Den Comité de Conjoncture soll dowéinst d’Méiglegkeet kréien zu all Moment, an spéitstens wann eng gewëss Zuel vun Salarié’en während enger bestëmmter Zeitspann entlooss gi sin, d’Sozialpartner opzefuederen mam Betriib en « plan de maintien dans l’emploi » auszeschaffen. Am Kader vun den Diskussiounen iwwert dësen Plang soll ënnert anerem gekuckt gin ob d’Entloossungen noutwendeg sin oder ob et net d’Méiglegkeet besteet fir déi betraffen Salarié’en hallefdags ze beschäftegen oder sie intern respektiv extern ze reklasséieren. Fir datt d’Betriiber op dëst Instrument och zeréckgreifen, gesäit den Projet de Loi veschidden finanziell Ureizer fir. Ausserdem as virgesin, datt am Fall wou en « plan social » négociéiert gët ouni datt virdun en « plan de maintien dans l’emploi » ausgehandelt an vum Minister homologéiert gin as, d’Diskussiounen zum « plan social » noutgedrongen déi Sujet’en traitéieren, déi normalerweise am Kader vun engem « plan de maintien dans l’emploi » diskutéiert gin.
D’Initiativ en « plan de maintien dans l’emploi » auszehandelen gehéiert net nëmmen dem Comité de Conjoncture, mee och den Sozialpartner, déi zu all Moment esou e Plang kënnen ausschafen, wann sie der Meenung sin dat e Betriib an finanziellen Schwieregkeeten stëcht.
Waat dësen Volet ugeet, kann een erfir sträichen, datt d’Berufschamberen aner Positiounen verdeedegen, je nodeems et sech ëm d’Berufschamberen vun der Salariats- oder Patronatssait handelt. Fir déi eng geet den virleienden Projet net weit genug an kéint méi en obligatoreschen Karakter hun. Dëst as beispielsweis d’Positioun vun der Privatbeamtenkummer, déi bedauert, datt d’Notificatiounsprozedur vun den Entloossungen wirtschaftlecher Natur nëmmen fir Betriiber iwert 15 Salarié’en gëllen soll. An hiren Aa gin heimat d’Salarié’en aus klengen Betriiber benodeelegt, wëll se net an den Genoss vun dësem schützenden Mechanismus, deen d’Notifikatioun duerstellt, kommen.
Fir déi aner Berufsschamberen, déi éischter d’Positioun vum Patronat verdeedegen, schränkt den virleienden Projet de Spillraum vun den Betriiber vill ze vill an. Sie kritiséieren virun allem de Fait, datt de Projet zousätzleg Prozeduren virgesäit, déi fir sie – an notamment fir d’Chambre des Métiers – kaum vun Notzen wieren. Viséiert as hei virun allem den « plan de maintien dans l’emploi ».
Am Kader vun der Tripartite gouf versiicht, d’Positiounen säitens den Gewerkschaften an dem Patronat mateneen ze verbannen. Waat net richteg gelongen as, wëll d’Positiounen vun deenen zwee vill ze weit auserneen luchen. Den virleienden Gesetzesentworf stellt esou ze soën eng Approche intermédiaire duer. Vu datt een net kann an engem wirtschaftlechen Kontext, den duerch d’Globaliséierung gekënntzeechent as, Restrukturatiounen vermeiden, as et immens wichteg d’Evenementer ze anticipéieren an domat kollektiv Entloossungen, esou weit et méigleg as, ze vermeiden. Et as ëmmer hin besser e « plan de maintien dans l’emploi » ze negociéieren wéi e « plan social ». Den Dispositif, deen den virleienden Text op d’Been stellt, ass flexibel an zur gleicher Zäit op engem gewëssenen Grad zwéngend. Den Text gesäit net vir, wéi d’Negociatiounen gehandhabt sollen gin. Dës Negociatiounen mussen iwregens net ipso facto zu engem Accord féieren. Ob der anerer Säit, as et awer och esou, datt falls keen Accord zoustannen kënnt, den Employeur am Kader vun engem « plan social » eng Reih vun finanziellen Hëllefen net méi accordéiert wärt kréien. Et as also schon am Intérêt vum Employeur iwwert de Wee vun engem « plan de maintien dans l’emploi » ze fueren wann d’Situatioun et verlaangt.
Nach eng Remarque waat den Comité de conjoncture ugeet. An séngem Avis vum 28. November 2006 huet den Staatsrot d’Fro vun enger Reform vun dësem Organ opgeworf. D’Spezialkommissioun as der Meenung, datt esou eng Reforme net vun Mutwëll as. Speziell d’Kompositiounen vun dësem Organ as ze iwerdenken. Fir komplet ze sin, muss een dobei soën, datt den Aarbechtsminister der Meenung ass, et kéint een de Comité de Conjoncture am Kader vun engem Reglement enger Reform ënnerzéien. Et as virgesin, d’Struktur vum Office national de conciliation an virun allem d’Compositioun vun dësem Office op den Comité de conjoncture ze iwwerhuelen. An Zukunft sollen drei grouss Gruppen den Comité zesummensetzen, an zwar e Grupp deen d’Regiirung, een deen d’Patronat an een deen d’Salariat vertrieden.
Um Niveau vum Dispositif vum « maintien dans l’emploi » kann een nach erfirstraichen, datt bestëmmt Texter, wéi zum Beispill deen iwwert d’Préretraite oder deen iwwert den Chômage partiel oder involontaire, adaptéiert gin, fir datt och sie déi nei Philosophie vum « maintien dans l’emploi » ërem gin. Ech kommen kurz op dës Punkten spéider zerëck.
Um Niveau vun der Gesetzgebung iwwert de Chômage setzt den virleienden Projet de loi den Akzent op déi schnellstméigleg Aktiviéierung respectiv Reaktivéierung vun den Demandeurs d’emploi. E féiert déi sougennanten « convention d’activation individualisée » an, déi tëschend der ADEM an dem Demandeur d’emploi ënnerschriewen gët. Dës Konventioun spillt eng zentral Roll am neien Dispositif vun Moosnahmen. Sie as sou ze soën den A an O vun deenen Reformen, déi virgesin sin. Wëll se op déi individuell Besoin’en vun den Demandeurs d’Emploi ausgeriicht as, gehéiert dës Konventioun zweifelslos zu de Moosnahmen, déi d’Integratioun respectiv d’Réintegratioun vun den Demandeurs d’emploi op den Aarbechtsmaart wärten esou schnell wéi méigleg förderen. D’Obligatiounen an d’Rechter esouwuel vun der ADEM, wéi och vun den Demandeurs d’Emploi gin am Kader vun dëser Konventioun definéiert. Den Inhalt wärt iwwert de Wee vun engem groussherzoglechen Reglement präziséiert gin. Wéi ech daat schon am Ufank vun ménger Ried ugedéit hun, as déi éischt Ebauche vun dësem Reglement vum Aarbechtsminister Biltgen an der Spezialkommissioun virgestalt gin. Esou eng Konventioun soll ënnert anerem Informatiounen iwwert den Schoulgang oder déi beruflech Formatioun an Experienz vun der betraffener Persoun enthaalen. Sie soll och iwwert die aktuell Situatioun vum Demandeur d’emploi Auskunft gin an genee festleeën waat d’Virstellungen vum Demandeur d’emploi sin. Doriwwer eraus soll dës Konventioun och d’Recommandatiounen vun der ADEM, iwert d’Moosnahmen déi ze huelen wieren, enthaalen, wéi och déi verschidden Hëllefen, déi d’ADEM bereed ass ze accordéieren, informéieren.
Den Gesetzesprojet, deen haut diskutéiert gët, setzt ganz besonnesch den Akzent op d’Aktivatioun vun den Jonken. Daat sougenannten PAN-Gesetz vun 1999 huet verschidden Instrumenter agefouert mam Ziel d’Beschäftegungsfähegkeet vun de jonken Demandeurs d’emploi ze verbesseren. Dräi Beschäftegungsmoosnahmen huet dëst Gesetz agefouert, den CAT am privaten an am öffentlechen Sekteur an den Stage d’insertion fir d’Privatbetriiber. D’Wirksamkeet vun verschiddenen Moosnahmen as zënter enger rezenter Etüde vum CEPS a Fro gestalt. Dës Etude weisst, datt wann den Stage d’insertion fonktionnéiert – ronn 70% vun deenen Jonken, déi an den Genoss vun esou engem Stage komm sin, och eng fest Plaatz fond hun -. Waat de CAT ugeet esou gesait d’Saach e bësschen aanescht aus. Virun allem den CAT am öffentlechen Secteur as ganz oft an der Praxis vun sénger Finalitéit ofbruecht gin, ënert anerem fir d’Aschräkungen vum budgétairen Numerus Clausus ze ëmgoen. En huet och oft falsch Hoffnungen bei den betraffenen Jonken erfir geruff, déi geméngt hun domat definitiv agestalt ze gin.
Op Basis vun der Etüde vum CEPS as décidéiert gin den Stage d’insertioun auszeschaffen mam Ziel en ze optimiséieren, an den CAT duerch en anert, méi effizient, Instrument ze ersetzen, deen méi d’Finalitéit vun dëser Moosnahm zur Geltung bréngt.
Den Stage d’insertion gët duerch den CIE ersaat, den « contrat d’initiation à l’emploi », deen fir den privaten Secteur bestëmmt as, während den CAE, den « contrat d’appui-emploi », den CAT am öffentlechen Sekteur ersetzt.
Et handelt sech ëm zwee ganz verschidden Instrumenter, déi zwee ganz verschidden Zieler verfollegen , während den CAE op eng Verbesserung vun der Beschäftegungsfähegkeet vun de jonken Demandeurs d’emploi zielt, an hinnen dowéinst d’Méiglegkeet gët éischt Berufserfahrungen ze sammelen, strebt den CIE op d’Integratioun vum Demandeur d’emploi an eng definitiv Ustellung.
Et bleiwt, datt die initial Formatioun an der Schoul nach ëmmer déi ass déi bei weitem de jonken Mensch et erlaabt sech um Aarbechtsmaart ze behaapten. D’Erzéihungsministech muss hei ganz kloër Prioritéiten setzen an Alternativen zum aktuellen System sichen wou all Kand, all Jugendlechen d’Chance kritt seng Fähegkeeten ze entwëckelen, déi och spéiderhin um Aarbechtsmaart Uwand fannen.
E Punkt deen een nach an dësem Kontext erfirstraichen kann, as d’Aféierung vun engem Formatiounsplang am Kader vum CIE. Dëse Plang steet esou ze soën fir d’Effizienz vun dësem Instrument, deen iwwert de Wee vun engem groussherzoglechen Reglement präciséiert wärt gin. Den CAE gët fir minimal 3 an maximal9 Méint ënnerschriwwen, während den CIE am Prinzip fir 12 Méint ofgesschloss gët, woubei Verlängerungen méigleg sin. Dës différenzéiert Behandelung berouht op de Fait, datt d’Finalitéit vun dësen Instrumenter net déi Selwescht as.
Et sin och déi verschidden Objektiver vun dësen Moosnahmen, déi erklären, datt d’Aarbechtsdauer am Kader vum CAE nëmmen 32 Stonnen d’Woch bedréit, déi aner 8 Stonnen sollen vun Jonken genotzt gin fir bei enger Formatioun mat ze maachen oder fir sech op aner Plazen virstellen ze goën.
Den virleienden Text ënnersträicht a béiden Fäll, also esouwuel am Kader vum CAE wéi och vum CIE, die wichteg Roll, déi dem Tuteur, deen den Jonken begleet an enkadréiert, zousteet.
Waat d’Remunératioun ugeet, kréien d’Beneficiäiren vun engem CAE an vun engem CIE 80 % vum Sozialmindestloun, déi engem net qualifizéierten Aarbechter ze gudd stin. Am Kader vum CIE kann nach eng Prime ausbezuelt gin, mee déi as à discrétion vum Employeur.
Här Präsident,
D’Reformen am Bereich vun den Beschäftegungsmoosnahmen fir déi Jonk hun an deenen léschten Wochen fir vill Diskussiounsstoff gesuergt. Diskussiounen an Kritiküben kënnen engersaits konstruktiv sin, mee daat setzt allerdéngs eng gewëssen intellektuel Eierlegkeet viraus.
Ech erënneren iech drun, datt d’Reformen um Niveau vun den Beschäftegungsmoosnahmen fir die Jonk am Ufank am Projet de loi 5501 integréiert woren, Projet deen virun der Summervakanz ofgestëmmt gouf. Deemols huet d’Regiirung, mam Accord vun der Chamber, decidéiert dësen Volet aus dem Projet 5501 eraus ze huelen, wëll nach deen een oder deen aneren Punkt am Kader vun der Tripartite diskutéiert gouf. Wou den Gesetzesprojet 5501 deponéiert an an der Aarbechtskommissioun virgestalt an examinéiert gouf, huet keen, net een, den Text kritiséiert, au contraire, den Text krutt eng breed Zoustémmung. E puer Méint méi spéit, soll daat waat nach am Juni gudd wor opeemol net méi gudd genug sin ? Ech stellen mer meng Froën.
Ausserdem wéi kann een Mossnammen, déi zum Ziel hun, jonk Léit d’Chance ze gin sech op den Aarbechtsmaart, op den regulären Aarbechtsmaart, z’intégréieren als eng « détérioration inadmissble » vun hirer Situatioun gesin ? Wann ech aus der Schoul kommen an mech bei der ADEM aschreiwen, déi sech verpflicht mir eng Aarbecht ze vermëttelen respectiv mir anhand vun mengem Profil eng Beschäftegungsmoosnahm ubidd, wou ech d’Méiglegkeet kréien méng éischt Erfahrungen ze sammelen an niewenbäi eppes ze verdéngen, as daat an mengen Aen nach ëmmer besser wéi mech anzeschreiwen, inaktiv doheem ze setzen an eréischt no 26 Wochen den Chomage ze kréien, deen – no der aktueller Législatioun – 70% vum SSM ausmëcht !
Ech wollt och hei Geleenheet notzen fir kloër ze stellen waat ech mol an der Presse geliess hun, de Jonken, deen aus der Schoul kënnt oder mat der Schoul ophält, kënnt net ipso facto an eng Beschäftegungsmoosnahm. D’ADEM huet d’Obligatioun, wann et net méigleg wor dem Jonken vun Ufang un eng fest Plaatz ze vermëttelen, him eng Moosnahm drei Méint no sénger Aschreiwung unzebidden. Daat zielt iwwregens fir all Demandeur d’emploi.
Wann mir schons bei den Kritiken sin, zwee weider Punkten hun fir vill Wirbel gesuergt, an zwar d’Aféierung vun enger Karenzzäit vun sechs Méint an d’Ofschaafung vum Chômage fir die Jonk.
D’Memberen vun der Spezialkommissioun hun sech an hirer Majoritéit mat der Philosophie, op déi den aktuellen Projet baséiert, d’Accord erklärt. Dës Philosophie dierf awer weder zu neien Sozialfäll nach zu enger Benodeelegung vun deenen Leit féieren, déi sech all Méi gin fir eng Aarbechtsplaatz ze fannen. Aus dësen Grënn huet d’Spezialkommissioun décidéiert :
- den Chômagerégime vun deenen Jonken iwwert de Wee vun Amendementer nees ze retabléieren. Sie sollen, wéi daat elo schon de Fall as, no 26 Wochen d’Recht op den Chômage hun. Et ass awer ganz kloër, an virun allem kohärent mat der Philosophie vum virleienden Projet de loi, datt d’Ausbezuelen vun den Chômageindemnitéiten an Zukunft d’Ausnahm soll duerstellen.
- an d’Karenzzäit, déi den initialen Projet virgesin hat, ze suppriméieren. Nom initialen Text konnt den Bénéficiaire vun enger Beschäftegungsmoosnahm eréischt no enger Karenzzäit vun 6 Méint d’Chômageindemnitéiten ausbezuehlt kréien. No laangen Diskussiounen huet sech eng majoritaire Approche erausgeschielt, déi fir eng differenzéiert Handhabung plaidéiert. Et soll fir all Fall eenzel gekuckt gin firwat d’Insertioun oder d’Réinsertion net geklappt huet. Am Fall wou den Demandeur d’emploi séngen Verpflichtungen net géif nokommen, sollen die allgeméng Sanktiounen ugewandt gin.
Den initialen Text as nach op e puer weider Punkten vun der Spezialkommissioun amendéiert gin. Ouni wëllen hei, aus zäitlechen Grënn, an den Detail vun all den Amendementer anzegoën, as et awer wichteg op deen een oder deen aneren Amendement zerëck ze kommen.
Esou zum Beispill huet d’Spezialkommissioun beschloss, datt den Dispositif iwwert de Chômage eréischt méi spéit, den 1. Juli 2007 fir méi genau ze sin, a Kraaft soll trieden. Dësen Amendement, den iwwregens mam Averständnis vun der Regiirung ugehol gin as, soll der ADEM erlaaben intern Moosnahmen ze ergréifen, fir datt se och kapabel as hiren neien Aufgaben gerecht ze gin. D’Regiirung huet sech an der Kommissioun verpflicht der ADEM die néideg materiell an personnell Moyen’en bis den 1. Juli 2007 zur Verfügung ze stellen.
D’Spezialkommissioun huet och décidéiert den Artikel 5, fréieren Artikel 6, deen sech op den stéierlechen Dispositif bezitt, ze amendéieren.
An sénger initialer Form huet dës Dispositioun virgesin, den Artikel 115-9 an 115-10 vum LIR ëmzeänneren. Den Artikel 115-9 betrëfft d’Exonératioun vun verschidden individuell Indemnitéiten, déi engem Salariés ausbezuelt gin wéi zum Beispill d’Indemnité de départ, während den Artikel 115-10 sech mat der Exonératioun vun den kollektiven Indemnitéiten ofgët.
Den initialen Text hat virgesin déi, déi Recht op eng Fréihrente hun, vun der Exonératioun auszeschléissen. Vu, datt dëst awer, an den Aa vun der Spezialkommissioun, zu enger gewëssener Ongerechtegkeet géif féieren, huet d’Spezialkommissioun dës Ekzeptioun, an enger éischter Phase, via Amendementer, ofgeschaaf.
Dësen Amendement krutt keng Zoustëmmung vum Staatsrot. Au contraire, en as Géigenstand vun enger Opposition formelle gin. Fir dëser Oppositioun formelle Rechnung ze droën huet d’Spezialkommissioun an sénger Sëtzung vum 4. Dezember 2006 décidéiert op den initialen Text zerëck ze kommen.
D’Texter vum Artikel 115-9 an 115-10 vum LIR wärten a Zukunft méi harmoniséiert sin. D’Beträg, déi op Basis vun deenen zwee Texter kënnen ofgesaat gin, sin uniformiséiert. Et kënnen maximal 12 Mol den Sozialmindestloun, deen bei enger onqualifizéierter Aarbecht ausbezuehlt gët, ofgesaat gin. Den virleienden Text präziséiert méi genee an waat fir enger Hypothèse eng Exonératioun méigleg as. Domat wärten a Zukunft eng ganz Reih vun Abus’en verhënnert gin. Ech denken do virun allem un die « Golden hand-shake », déi oft ausbezuelt gin fir d’Prozeduren am Kader vun kollektiv Entloossungen ze ëmgoën.
Den Text vun der Regiirung hat och virgesin, den Artikel 26 vum Gesetz vum 4. September 1990 iwwert d’Reform vum Enseignement secondaire technique an der Formation professionnelle continue ze änneren. D’Alterskonditioun sollt adaptéiert gin. Nom initialen Text soll den « apprentissage des adultes » nëmmen fir Erwuessener iwwert 23 Joër a Fro kommen, die Jonk sollten iwwert den « apprentissage initial » déi néideg Formatioun kréien. Ausnahmen woren virgesin. Leit, die manner wéi 23 Joër aal woren, déi awer mindestens zënter 25 Méint net méi an der Schoul ageschriwwen an déi mindestens zënter 25 Méint als Salarié sozialversëchert woren, konnten un esou enger Formatioun Deel huelen. D’Idee wor ze verhënneren dat jonk Léit sech direkt an d’Formatioun fir Erwuessener géifen aschreiwen ouni fir d’éischt iwwert d’initial Formatioun ze fueren. Or, die zwee Formatiounen hun ganz aner Zweckbestëmmungen. D’Formatioun fir d’Erwuessener soll Leit, déi schon geschafft hun, d’Méiglegkeet gin, zum Beispill, sech professionnell ze reorientéieren, während die initial Formatioun geduecht as, fir deenen Jonken, déi aus der Schoul kommen, eng Formatioun mat op de Wee ze gin, déi hir Insertioun um Aarbechtsmaart soll vereinfachen.
D’Spezialkommissioun huet als alleréischt dës Dispositioun beibehaalen mee den Text liicht ëmgeännert respektiv präziséiert fir all Ongewësheet ze vermeiden. Op Gronn vun deenen villen jonken Leit, déi ouni Ofschloss d’Schoul verloossen, vertrëtt d’Spezialkommissioun d’Meenung dat ee misst all Moossnahm ënnerstëtzen, déi zum Ziel huet, die jonk Leit an die initial Formatiounen ze drainéieren.
Den Staatsrot huet dës Dispositioun schaarfst kritiséiert. Hien vertrëtt d’Meenung, dat dës Dispositioun éischter am Kader vum Projet iwwert d’Formation professionnelle soll stoën kommen. Doriwwer eraus, huet hien och eng Opposition formelle formuléiert waat d’Méiglegkeet ugeet, d’Ausnahmen iwwert en groussherzoglechen Reglement fest ze setzen. An senger initialer Fassung hält den virleienden Text den Ausnahmeprinzip fest, verweist awer fir den Detail op en Reglement grand-ducal.
Aus zäitlechen Grënn, fir net d’Ofstëmmung vum virleienden Text ze verzögeren, huet d’Spezialkommissioun sech dofir entscheed den initialen Artikel 26 aus dem Text vum Projet eraus ze huelen. Dës Entscheedung berouht och op der Deklaratioun vum Aarbechtsminister, dat den Erzéihungsministère dës Approche deelt. Et as och festgehaalen gin, dat den initialen Artikel 26 ënnert enger modifizéierter Form an engem vun deenen zwee Projet’en iwwert d’Formation professionnelle, déi momentan virun der Erzéihungskommissioun unhängleg sin, integréiert soll gin.
Nach eng kleng Bemiirkung waat d’Approche légistique vum Text ugeet. Nom initialen Gesetzesprojet sollt, den Titre 1er vum Livre V vum Code du Travail duerch en neit Kapitel 1 ergänzt gin. An sengem Avis vum 28. November opposéiert sech den Staatsrot formell zu dëser Approche, déi an sengen Aen net compatibel mat der ganzer Konstruktioun vum Code du Travail as. Den Staatsrot huet suggéréiert, d’Dispositiounen vum initialen Artikel 2 nom Artikel L. 512-14 vum Code du travail an engem neien Kapitel 3 z’integréieren. D’Spezialkommissioun wor mat den Iwwerleeungen vum Staatsrot averstaan an huet seng Suggestioun légistique iwwerhol.
Här Präsident,
Erlaabt mir nach kurz op den een oder den aneren Artikel vum virleienden Gesetzestext anzegoën an och, die aner Modifikatiounen kurz ze beliichten, déi Objet vum virleienden Text sin.
Den Artikel 1 betrëfft d’Zentralisatioun vun den Informatiounen iwwert d’Entloossungen ökonomescher Natur, während den Artikel 2 den plan de maintien dans l’emploi aféiert.
Wéi ech schon virdrun erklärt hun, huet ënner anerem den Comité de conjoncture d’Méiglegkeet d’Sozialpartner opzefuederen en « plan de maintien dans l’emploi » ze verhandelen. Fir kënnen dës Entscheedung ze treffen, soll den Comité säin Sekretariat opfuederen kënnen, die finanziell oder ökonomesch Situatioun vum Betriib z’ënnersichen. D’Sekretariat kann op extern Expert’en zerëck greifen. D’Spezialkommissioun as hei net op den Wee gaang, deen vum Staatsrot suggéréiert gouf fir nëmmen agreéiert Expert’en mat der Analyse ze befassen. Daat géif den Choix vill ze vill limitéieren.
Wéi ech ebenfalls schon virdrun gesot hun, sollen am Kader vun den Negociatiounen zum « plan de maintien dans l’emploi » eng Reih vun Froën diskutéiert gin. D’Diskussiounen sollen och wa méigleg die entloossen Salarié’en mat abezéihen. Et handelt sech hei ëm eng Méiglegkeet an net ëm eng Verpflichtnung wéi am Kader vum initialen Text deen op Suggestioun vum Staatsrot amendéiert gouf.
Den Article 3 bezitt sech op d’Dispositiounen vum Code du Travail iwwert den « prêt temporaire de main-d’œuvre » an den Artikel 4 betrëfft d’Préretraite. Waat d’Préretraite ugeet, gesäit den virleienden Gesetzesentworf eng nei Marge fir d’Participatioun vum Employeur fir. Bis elo as et esou, dat den Employeur bis maximal zu 50% sech am Kader vun der Préretraite konnt bedeelegen. Nom virleienden Text, leit dës Participatioun tëschend 30 an 75%. Dës Participatioun kann manner wéi 30% bedroën awer nëmmen am Kader vun engem « plan de maintien dans l’emploi ».
Den Artikel 7, deen sech op den Chômage partiel bezitt, gesäit eng nei Opdeelung vun der Prise en charge vun der Indemnité compensatoire fir. Nom virleienden Text, iwwerhëlt den Employeur, an net méi den Salarié, d’Entschädegung, déi den éischten 16 Stonnen entsprëcht. Die selwescht Léisung as am Kader vum Chômage involontaire en cas d’intempéries oder vum Chômage accidentel ou technique involontaire zerëckbehaalen gin.
Den Gesetzesprojet 5611 kompletéiert och d’Dispositiounen vum Code du Travail, déi sech op d’Käschten bezéihen, déi vum Fonds pour l’Emploi iwwerhol gin. Dësen soll an Zukunft all Käschten, déi am Zesummenhang mat der Kollaboratioun tëschend der ADEM an dem Interimssekteur steet, iwwerhuelen. De Fonds pour l’emploi soll och d’Frais’en vun den Moossnahmen, déi am Kader vun engem « plan de maintien dans l’emploi » négociéiert gi sin, droën.
Waat d’Législatioun vum Chômage ugeet, gin d’Konditiounen fir kënnen an de Genoss vum Chômage ze kommen, präziséiert. Nom Artikel 12, deen den Artikel L. 521-3 vum Code du travail ännert, muss een, fir kënnen Chômageindemnitéiten ausbezuelt ze kréien, am Moment vun der Entloossung respectiv die léscht sechs Méint virun der Expiratioun vum CDD zu Lëtzebuerg wunnen. Et wëll een domat verhënneren, dat Leit sech extra zu Lëtzebuerg, kurz ier se entlooss gin oder während dem Préavis, mellen vun eisem generéisen Entschädegungsmodell profitéieren ze kënnen. Et wor der Spezialkommissioun wichteg dës Dispositioun beizebehaalen. D’Stagekonditiounen gin am Kader vum Artikel 13 méi kloër definéiert.
Den Artikel 15 féiert die ominéis « convention d’activation individualisée » an. Et as wichteg drop hinzeweisen, dat dëst Instrument flexibel bleiwen an sech speziell op d’Besoin’en vun den verschiddenen Demandeurs d’emploi riichten soll.
Den Artikel 17 präziséiert, dat den Demandeur d’Emploi, deen sengen Verpflichtungen, déi am Kader vun der « convention d’activation » net no kënnt, säin Recht op d’Ausbezuelen vum Chômage verléiert an dëst entweder definitiv oder fir eng gewëssen Zäitdauer, déi bis zu dräi Méint ka goën. D’Spezialkommissoun huet hei, en méi nuanzéierten Text, deen vum Staatsrot virgeschloën gouf, zerëckbehaalen.
Die Zäit, déi een an Orientéierungs- an Initiatiounscour’en verbréngt soll an Zukunft net méi mat den Inscriptiounsperioden bei der ADEM gläichgestallt gin an soll dowéinst net an der Berechung vum Chômage zielen. Dëst gëlt awer net fir d’Formatiounen déi am Kader vun den CNPFC ugebueden gin.
Den virleienden Text adaptéiert och d’Législatioun iwwert d’ADEM. D’Sanktiounsméiglegkeet vun der ADEM gët verstärkt. D’Dossier’en vun den Demandeurs d’emploi non indemnisés kënnen bis zu sechs Méint suspendéiert gin. Elo as die maximal Suspensiounsdauer zwee Méint. Et gëlt hei e gewëssenen Parallelismus tëschend dem Demandeur d’emploi indemnisé an dem Demandeur d’emploi non indemnisé ze erhaalen.
Bei den Modifikatiounen kann een nach déi, déi zum Ziel hun d’Dispositiounen iwwert d’Erlaabniss vun den Iwwerstonnen ëmzeänneren, zitéieren. Die aktuell Erlaabnisprozedur gët durech eng einfach Notification préalable ersaat.
Här Präsident,
Ech mengen ech hun den Tour vun deenen groussen aarbechtsrechtlechen Innovatiounen vum virleienden Gesetzesprojet gemaach. Ech hun op deen een oder aneren méi kontroverséierten Punkt obmierksam gemaach. Aus zäitlechen Grënn kann ech net méi an den Detail goën, mee deen fannt dir am schrëftlechen Rapport, op deen ech verweisen.
Ech wéilt meng Ried mat engem Zitat vum Spiegel ofschléissen, deen ech an der Editioun vun der léschter Woch geliess hun, an deen perfekt hei hin passt. An engem Artikel vum Spiegel stung, dat d’Armut net eng Fro vun Suen, mee eng Fro vun Bedeelegung wier. Bedeelegung am gesellschaftlechem, sozialem, politeschem, kulturellem an wirtschaftlechem Liewen vun engem Land. Bedeelegung um Aarbechtsmaart. Wann een wees, dat die aktiv Bedeelegung vun den Matbierger vun der Fro vun der Integratioun um Niveau vum Aarbechtsmaart ofhänkt, wann een wees – fir et mol méi krass auszedrécken – datt een näischt as ouni eng Aarbecht, wann een wees dat d’Aarbechtslosegkeet oft den éischten Treppléck zur sozialer Ausgenzung an d’Armut as, dann muss een sech d’Fro stellen op mir weider op de Wee gin fir just de Chômage ze finanzéieren, fir just Indemnitéiten auszebezuelen an der Hoffung dat et dem Chômeur net all ze schlecht geet an datt besser Zäiten wärten kommen oder op mir wëllen, zou mindest probéieren, jidferengem d’Chance ze gin sech um Aarbechtsmaart z’intégréieren. Tëschend enger finanzieller Indemnisatioun oder enger Aarbecht as fir mech kloër, dat ech léiwer eng Aarbecht hätt. Fir mech, fir meng Kanner, fir all die Leit dobaussen déi keng hun.
…