Den Députéierten Fred Sunnen ennersträicht an senger Interventioun den innovativen Charakter vum « Galileo »
– Seule la parole prononcée fait foi –
Här Präsident,
Dir Dammen an Hären,
Eng Fahrt mam Taxi zu Paräis oder eng Segelfahrt um Atlantik hunn op den éischte Bléck näischt Gemeinsames, mä et gëtt awer eppes wat si verbënnt.
De Taxichauffer gëtt d’Fahrtziel vu sengem Client a säi Navigatiounssystem an. De Segler orientéiert sech mat sengem Navigatiounssystem um Mier.
Denen zwee hire Navigatiounssystem baséieren um GPS, engem amerikaneschen System, déi fir déi amerikanesch Arméi konzipéiert gouf. A Krichzäiten kennen d’Amerikaner ouni Problemer hire System ausschalten oder op mannst stéieren, esou datt eise Paräiser Taxichauffer an eise Segler um Atlantik op emol hir Problemer hunn.
Haut si mir opgeruff, fir eisen Accord ze ginn zu engem alternativen System, dee net a Krichszäiten gestéiert gëtt an deen esou Garantie gëtt, datt en ëmmer fonctionnéiert.
Här Präsident,
de Galileo ass keng Visioun méi, mä schons eng Réalitéit. Déi éischt Satelliten goufen um Ufank vun dësem Joër mat Succès an de Weltraum geschéckt.
Wat mécht den innovativen Charakter vum Galileo aus?
1. Et ass den éischten groussen industrielle Projet, deen vun der EU gesteiert gëtt. Bis elo huet d’Unioun zwar d’Fuerschung duerch hir verschidden Kaderprogrammer an der Weltraumpolitik ënnerstëtzt, mä selwer hat si kee Projet lancéiert oder gesteiert. D’Europäesch Kommissioun huet bäim Galileo de Gestaltungsspillraum définéiert a si huet sech selwer ëm d’Weiderdreiwen vun dëser Iddi an hir Verwaltung gekëmmert.
Dat Ganzt spillt sech an engem Spëtzensecteur of, deen e wichtege Bausteen an der Lissabon-Agenda ass.
De weltwäite Marché vun der Satellitennavigatioun huet sech tëschent 2002 a 2003 verduebelt, nämlech von 10 Milliarden Euros op 20 Milliarden Euro. Bis zum Joër 2030 gëtt mat 300 Milliarden Euros gerechent, dat bäi 3 Milliarden Récepteurs vun de Satellitenstrahlen.
De Galileo soll 150.000 Aarbechtsplazen schafen.
2. De Galileo ass den éischten, weltwäit exklusiven zivilen Navigatiounssystem. Am Ablack existéieren zwee Systemer, den amerikaneschen GPS an de russeschen Glonass. Déi zwee goufen fir d’Militär konzipéiert a sinn fir d’éischt emol eng militäresch Infrastruktur. Konkret heescht dat, datt dës Systemer zwar zivil genotzt ginn, mä esou bal militäresch Intressien dominéieren, datt dann zivil Benotzung ageschränkt oder ausgesat ka ginn. Dës Drohung ass net eng Fiktioun, mä esou guer eng Réalitéit. Sou haten d’Amerikaner am leschten Golfkrich d’Leeschtung vum GPS ageschränkt.
De Galileo bitt déi juristesch Garantie, datt en onënnerbrach a kontinuéierlech fonctionnéiert. Dat mécht der Satellitennavigatioun nei Secteuren op. Bis elo hunn d’zivil Loftfahrt an d’Schëfffahrt gezéckt, fir sech op d’Satellitennavigatioun ze verloossen.
3. D’Finanzéierung vum Galileo ass och innovativ. Et ass nämlech den éischten europäeschen Projet, deen an engem Public-Private-Partnership finanzéiert gouf. Also ee Modell vun deem mir léieren kënnen, wëll mir wëllen jo bekanntlech fir eis Schoulbauprojeten hei zu Lëtzebuerg och op dëse Finanzéierungswee goen.
4. De Galileo ass déi éischt strategisch Infrastruktur, déi der europäescher Unioun gehéiert an ënnert hire Contrôle gestallt gëtt.
5. De Galileo ass och e neie Bausteen vun der internationaler Zesummenaarbecht. Esou gouf den 26. Juni 2004 mat den Amerikaner e Kooperatiounsaccord ënnerschriwwen, deen d’Kompatibilitéit an d’Interoperatibilitéit vum amerikaneschen GPS an dem europäeschen System erméiglecht. Et gëtt net géint d’Amerikaner geschafft, mä zesummen mat eisen amerikaneschen Frënn a Partner.
Mä et gëtt net nëmmen mat Amerika zesummengeschafft. Och mat groussen Industrie-Staaten ewéi China, Israel oder Indien. Awer och Drëttstaaten ginn net ausser Uecht gelooss. Ech ernimmen hei nëmmen e puer: Südkorea, Marokko, Ukraine, Argentinien. Domadder bleiwt deen vun eisem Bausseminister Jean Asselborn propagéierten Begrëff Multilateralismus net nëmmen Theorie, mä e gëtt mat Liewen gefëllt.
Et bleiwt ze präziséieren, datt d’Kooperatioun mat dësen Drëttstaaten sech net eleng op d’Notzen vun der Technologie limitéiert, mä datt eis Partner encouragéiert ginn, fir selwer innovativ ze sinn a fir nei praktesch Uwendungsméiglechkeiten vum Galileo ze entwéckelen.
Wat fir Servicer soll de Galileo elo ubidden?
1. Den “Open Service” ass fräi a gratis zougänglech. E liffert Donnée’en iwwer déi eegen Positioun mat enger Präzisioun vu wéinegen Meteren an e liffert d’Auerzäit mat der Präzisioun vun enger Atomauer. Wëll den Open Service zwou Sendefrequenzen benotzt, ass d’Positiounsbestëmmung bäim Galileo méi präzis wéi bäim GPS. Déi méi héich Uzuel vu Satelliten bäim Galileo, nämlech 27, par rapport zu den 24 vum GPS garantéiert eng Empfangsofdeckung an de Stied vu bis 95 Prozent, besser also wéi déi 50 Prozent vum GPS.
2. De kommerziellen Dingscht, “Commercial Service”, erméiglecht déi zousätzlech Iwwerdroung vu käschtenpflichtegen Navigatiounsdonnéeen, zum Beispill nach méi präzis Donnéeen zur eegener Positioun.
3. Den Safety-of-Life-Dingscht steet sécherheetskriteschen Beräicher zur Verfügung, zum Beispill fir d’Loftfahrt an de Schëffverkéier. E warnt d’Notzer bannen sechs Sekonnen, wann de System wéinst Positiounéierungsfeeler net genotzt ka ginn.
4. De staatlechen Dingscht, och Public Regulated Service genannt, ass exklusiv zur Dispositioun vun de staatlechen Dingschter, also Polizei, Garde vun de Côten an dem Geheimdingscht.
5. Schlussendlech gëtt et nach de Such- a Rettungsdingscht, Search and Rescue genannt. Dëse Service erlaabt déi weltwäit Lokaliséierung vun Hëllefsufroen, z.B. vu Schëffer, déi a Schwieregkeeten sinn. Och en einfachen Dialog mat der Asazzentral soll méiglech sinn. Op dës Manéier kann de Galileo Menschenliewen retten.
Här Präsident,
de Galileo ass en exemplaresch Beispill wéi de Weltraum fir d’Menschheet intelligent genotzt ka ginn. Lëtzebuerg huet all Intérêt drun, fir un dësem europäesche Projet matzemaachen. Der Lëtzebuerger Economie maachen mir heimadder nei Marché’en op.
D’Ratifikatioun vum Galileo duerch d’Chamber ass e weidere Meilesteen an der neier Lëtzebuerger Weltraumpolitik. Ech erënneren drun, datt mir viru kuerzem schons der ESA, der Europäescher Weltraumagence, bäigetrueden sinn.
D’CSV-Fraktioun begréisst dës Politik vun eiser Regierung an dofir ginn ech och heimadder den Accord vun eiser Fraktioun zu den 3 Gesetzesprojeten.
Ech soen Iech merci fir d’Nolauschteren.