“Lëtzebuerg ass keng Insel, a mir hunn an deene leschte Joren eng Rei Illusioune verluer, déi mer emol haten iwwer eist Land, well et e Land ass, wat am Kader vu méi engem grousse Kader, deen Europa an deen d’Welt ass, eng Rei vu Schwieregkeeten a Problematiken huet, déi et fréier net hat”, sou de Chef vun der gréisster Fraktioun an der Châmber
M. Michel Wolter (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Lëtzebuerg ass keng Insel, a mir hunn an deene leschte Joren eng Rei Illusioune verluer, déi mer emol haten iwwer eist Land, well et e Land ass, wat am Kader vu méi engem grousse Kader, deen Europa an deen d’Welt ass, eng Rei vu Schwieregkeeten a Problematiken huet, déi et fréier net hat. Ech erënneren un de Geiseldrama vu Waasserbëlleg, ech erënneren un de Fligeraccident vun der Luxair, déi, jiddfereen op seng Aart a Weis, eis gewisen hunn, dass mer och zu Lëtzebuerg keng Insel méi sinn.
Ech géif awer och erënneren un den Doud vun engem Pompjee am Asaz d’lescht Woch zu Esch. Och do hu mer eis jorelaang a Sécherheet gewogen, gemengt et kéint eis näischt passéieren. Et ass besonnesch tragesch, well et sech bei de Pompjeeën, bei de Leit aus den zivilen Hëllefsdéngschter ëm Leit handelt, déi onentgeltlech den Asaz fir eis Gesellschaft aginn.
Duerfir wollt ech meng Ried haut dem Arthur Majerus widmen, deen d’lescht Woch am Asaz verscheet ass.
Ouni Iwwergank, mä well et och eng Illusioun ass, déi mer eis ganz oft gemaach hunn, kommen ech dann op de Lëtzebuerger Budget eriwwer. Och do, a bis haut en fin de compte, maache vill Leit sech d’Illusioun, dass dat, wat an Europa scho säit Jore gang und gäbe ass, iergendwéi laanscht Lëtzebuerg géif goen. Dat si Realitéiten, déi mer aus eisen Nopeschlänner kennen, déi eis Leit Dag fir Dag op der Televisioun an an de Medien novollzéien, dass déi duerch iergendee glécklechen Zoufall vun der Fügung net op Lëtzebuerg géifen iwwergoen.
Wien déi lescht Woche gesinn huet wat an Däitschland lass ass, wéi eng Regierung Aschnëtt muss huelen, zum Deel dramatesch Aschnëtt muss huelen; wann dee bedenkt, dass a Frankräich de véierten Null-Budget, wat d’Augmentatioun ubelaangt, hannertenee wäert gestëmmt ginn, an dass an der Belsch e ganzt Land amgaangen ass, an der zweeter Generatioun d’Feeler vun enger Generatioun ze bezuelen, dee weess iwwer wat dass mer diskutéieren.
E Wuert zur Budgetsprozedur. Mir hunn d’lescht Joer eng nei Budgetsprozedur agefouert. Et ass eng Budgetsprozedur, déi méi stramm ass, eng Budgetsprozedur, déi engem manner Zäit léisst, eng Budgetsprozedur, déi annoncéiert ginn ass mat der Ausso, dass een doduerch méi verlässlech Chiffere géif kréien an dass een a méi enger geraffter Form d’Diskussioun kéint op bessere Chiffere féieren. D’Diskussiounen déi lescht 14 Deeg hei zu Lëtzebuerg hunn eis an der Budgetskommissioun, an der Finanzkommissioun zur Konklusioun komme gelooss, dass mer no der zweete Kéier, a besonnesch an engem Moment wou d’Ziffere méi komplizéiert ginn a wou een also méi e genaut A op dat Ganzt muss halen, iwwert déi Budgetsprozedur do mussen diskutéieren.
Ech soen dat besonnesch dann, wann ech – wéi de Moien – nach en Tableau correctif vum Budgetsrapporteur, deen Der alleguerten och kritt hutt, kréien, deen eis weist, dass déi Chifferen, déi den 19. Oktober aus der deemoleger Siicht richteg der Chamber am Fong virgeluecht gi sinn, fir d’Begutachtung vum Budget, annerhallwe Mount drop, an zwar d’lescht Woch an enger Notifikatioun am Kader vun der siwenter Aktualiséierung vum Stabilitéitsprogramm, schonn net méi déiselwecht sinn.
Mir liewen an enger schneller Zäit, d’Chifferen ännere sech, si ännere sech Woch fir Woch, esou dass ee sech muss Froe stellen, ob een déi Prozedur do, déi d’ailleurs och a ganz villen Avisën als eng Prozedur ugesinn ass, déi extrem rapid muss verlafen an déi och der Chamber – dat muss ee ganz éierlech zouginn – kaum d’Méiglechkeet gëtt, fir op iergendeng Aart a Weis eng Korrektur kënne virzehuelen, net misst dee Moment diskutéieren.
En drëtt Wuert iwwert déi wirtschaftlech Perspektive vun eisem Land. Et ass richteg, an ech stëmme mam Budgetsminister honnertprozenteg op deem Punkt iwwereneen, dass d’Situatioun zu Lëtzebuerg besser ass wéi se ronderëm eis ass. Mir hu gutt wirtschaftlech Perspektive fir d’Joer 2006, mir gesinn e Wuesstum vu ronn 4% vum PIB fir dat Joer op eis zoukommen, woubäi dat ganz verschiddenaarteg ass jee nodeem, dat geet vun 3,6 bis 4,4%, also an enger Fourchette vun iwwer 1% hin an hier. Mä et bleift, dass mer, wa mer eis am internationale Kontext kucken, wäit iwwert deem si wat fir d’Joer 2006 an der Eurozon prognostizéiert ginn ass, eng Eurozon, fir déi 1,8% virgesi gëtt. Et gëtt fir Frankräich 1,8%, fir Däitschland 1,6%, fir Lëtzebuerg – wéi gesot – 4% Wirtschaftswuesstum virausgesot, an enger Fourchette vun 3,6 bis 4,4%, e Budget, deen opgestallt ginn ass mat enger Progressioun vun 3,8%.
Eis Einnahmen am Budget gi weider erop. 6% steigen d’Einnahmen am Budget vum Joer 2006 zum Joer 2005. Allerdéngs – an de Budgetsminister huet et den 19. Oktober gesot – ass do en Deel Effet unique iwwer eng Steier, déi am Joer 2006 vun engem Betrib soll bezuelt ginn, esou dass sech déi reell, déi wierklech Augmentatioun vum Budget, berengegt duerch dësen Effet, iergendwou bei 3,5% wäert usidelen.
Mir hunn déi klengste Verschëldung an der Europäescher Unioun. Eis Statsschold, konsolidéiert, ass bei 6% vum PIB, wann een alles dat, wat haut an der europäescher Aart a Weis ass fir d’Statsschold ze definéieren, mat a Betracht zitt. Et bleiwen eis och nach fir zwee Exercicer Reserven an de Fongen. Dëst ass d’Resultat vun enger virsiichteger Politik a gudden Zäiten, wou Suen op d’Säit geluecht gi sinn, do wou mer se konnten op d’Säit leeë fir déi manner gutt Zäiten, dat heescht déi Zäiten, wou mer manner Recettë wéi Ausgaben hunn, fir se op der Säit ze hunn.
Oh, wéi vill ass dat kritiséiert ginn an de Joren 2000, 2001, 2002, och hei an der Chamber, wou et verschiddene Leit net séier genuch gaangen ass mam Ausdeele vun den Excédenten, déi mer als Wirtschaft erspuert hunn! A wéi frou si mer en fin de compte haut, dass mer op jidde Fall fir d’Joren 2006-2007 an Deeler vum Joer 2008 nach Reserven hunn, déi eis et elo erlaben awer net eréischt am Joer 2008 déi Réadaptatioune virzehuelen, déi noutwendeg sinn, fir dass eise Budget mëttelfristeg op der gesonder Schinn ka bleiwen.
Ech wëll d’Regierung an ech wëll virun allem de Minister Frieden dofir félicitéieren, datt hie sech net huele gelooss huet an deene Joren, dass hien haart bliwwen ass par rapport zu alle Velléitéiten, fir en fin de compte méi Suen an de Konsum ze stiechen an domadder auszeginn, an dass hien ëmmer dorop higewisen huet, dass et noutwendeg ass, dass mer als Lëtzebuerger Land eis déi Reserve schafen, wa mer eis se kënne schafen, déi noutwendeg sinn, fir déi Situatioun ze iwwerbrécken, déi mer elo amgaange sinn iwwerbrécken ze mussen.
Wann een also de Fazit kuckt, da stellt ee fest, dass eis Finanzsituatioun besser do steet wéi déi vun eisen Nopeschlänner. Allerdéngs – an ech géing mengen, dat huet een déi lescht zwou, dräi Wochen awer och ganz däitlech héieren, net nëmmen an der Chamber an aus der Chamber, mä virun allem an enger ganzer Rei Kommentare ronderëm – heefe sech d’Wolleken um Himmel, ass eng schläichend Verschlechterung ze gesinn, ze spieren an eisem Budget, déi riskéiert eis a schlecht Gewässer ze féieren.
Eis mécht eng héich, eng ze héich Inflatioun ze schafen. Fir d’Joer 2006 huet de Budgetsminister vu 4% geschwat, vill Observateure schwätze vun 3% an enger Fourchette vun 2,5 bis 3,2; op jiddfer Fall eng wesentlech méi héich Inflatioun, wéi se an der Eurozon auszemaachen ass, déi sech bei 2 bis 2,2 % usidelt.
Wann ee weess, et sinn 3% Inflatioun, dann huele mer déi fir d’Joer 2006 emol als Grondbasis vun eisen Iwwerleeungen, an et weess een och, dass 3% Inflatioun also eng Indextranche ausüben oder ausexerzéiere wäerten; a wann ee weess, dass eng Indextranche am Lëtzebuerger Budget 125 Milliounen Euro Surcoût mat sech bréngt vu sech selwer; a wann ee weess, dass déi Inflatiounsindextranchen en Autoallumage nees vun Inflatiounsindextranchë mat sech bréngen, da gesäit een dee ganzen Défi, deen op eis läit als Gesellschaft, fir ze probéieren, déi Froe vun Inflatioun an de Grëff ze kréien.
De Budget vum Joer 2005 ass mat engem Defizit vun 90 Millioune presentéiert ginn. De Budget vum Joer 2006 gëtt mat engem Defizit vun 300 Millioune presentéiert. Et ass virgesinn, en Emprunt vu 500 Milliounen opzehuelen. Gëtt deen Emprunt vu 500 Milliounen opgeholl, deen zum Deel an de Fonds des routes, zum Deel an de Fonds des rails an zum Deel als Konsolidatioun vun dem Excédent vun den Dépensen ze gesinn ass, da wäert sech eis Statsschold op 9,6% konsolidéiert erhéijen.
Mir hoffen, an dat war een Deel vum But vun eiser Démarche, dass mer deen Emprunt net brauchen opzehuelen, dass mer duerch eng Exécution budgétaire, déi rigouréis ass, an déi d’Responsabilitéit vu jiddferengem no sech zitt, vläicht och nach am Joer 2006 op d’Ophuele vun deem Emprunt kënne verzichten, an domadder ee Beitrag zur Gesondbleiwung vun eisen öffentleche Finanze kënne leeschten.
Well, eis Reserve ginn dem Enn zou. Enn 2008 si se op null, an da si mer, falls mer net nei Recettë schafen, wa mer net een neien, haut awer net sichtbare wirtschaftlechen Opschwonk erliewen, dee sech och duerch eng ganz substanziell Plus-value um Niveau vun de Recettë widderspigelt, wann dat net erëmkënnt, da musse mir wéi am Ausland eis Investitiounspolitik an Zukunft iwwer Friemfinanzéierung gestalten, mat all deem, wat dat mat sech bréngt.
Et kënnt dobäi – a mäi Kolleeg, de Lucien Thiel, wäert a sengem Beitrag zum Budget op deen dote Phenomeen agoen -, dass eng Erhéijung vum PIB vu 4% net wéi an der Vergaangenheet automatesch an noutwendegerweis eng Erhéijung vu 4% vun de Recettë vum Stat no sech zéie wäert. Zum Beispill gesäit een an der Kierperschaftssteier, déi strukturell stagnéiert, héchstwahrscheinlech réckleefeg ass, dass eng Augmentatioun vum Wirtschaftswuesstum, déi zu Lëtzebuerg haaptsächlech duerch eng Rei vu Secteuren engendréiert gëtt, net méi eent zu eent och eng automatesch an an därselwechter Héicht sech erzilend Augmentatioun vun de Recettë vum Stat wäert bréngen.
Et bleift, dass d’Ausgaben am Budget vum Joer 2006 méi héich sinn, e gutt Stéck méi héich si wéi d’Einnahmen, déi mer am Joer 2006 am Budget kréien. Mir kréie Méiausgaben, déi projetéiert sinn, vun 9% par rapport zum Joer 2005. Den Zentralstat gëtt a senger Gesamtheet an där neier Welt, wou mer de Budget musse kucken, 1,2 Milliarden Euro am Joer 2006 méi aus wéi mer erakréien.
Et bleift, dass de Wuesstum vun den Automatismen an eisem Budget bedréckend ass. De Budgetsminister huet eis d’lescht Woch hei nach eng Kéier bestätegt, dass de Budget vum Joer 2006 eleng duerch d’Automatismen ëm 5,1% steigt: 2,3% Inflatioun, 2% Cotisatiounen, 0,8% Gehältermass. Domat si mer am Fong, wa mer eis selwer seriö huelen, um Enn vun eise Potenzialitéiten ukomm.
Domat misst een am Fong soen dat, wat den honorabelen – neen net méi honorabel, well hien elo an der Regierung ass, pardon -, de Minister Di Bartolomeo d’lescht Woch op enger Televisiounsusprooch, an engem Televisioun-s-Face-à-face gesot huet, domat wiere mer am Fong an der Situatioun, dass mer e Zero-based-Budget fir de ganze Rescht vun eisem Budget misste presentéieren, well iwwert d’Automatismen eraus een am Fong keng zousätzlech, nei Dépensen am Budget méi däerft tätegen, wa mer an deem bleiwen, wat mer eis selwer als Zil ginn hunn, nämlech dass mer mëttelfristeg d’Ausgabe vum Stat net iwwert dat uwuesse loossen, wat mer als Einnahmen dobäikréien.
Dës Diskussioun, Dir Dammen an Dir Hären, ass an deene leschte Jore gefouert ginn. Si hëlt haut un Intensitéit zou. An et ass dat, wat eng Reflexioun an der Fraktioun vun der CSV ausgeléist huet an deene leschte Wochen. Notamment d’Avisë vun de Beruffschamberen an d’Avisë vun deem, wat ech nenne falsch (???) d’«Corps constitués», dat heescht de Statsrot, dat heescht d’Banque Centrale, dat heescht d’Cour des Comptes, dat heescht déi, déi net Vertrieder si vum Salariat oder Patronat an déi eis hir Avisën zum Budget solle ginn.
Waren dës Avisën an deene leschte Jore warnend, da si se haut alarmant. A si net eleng. Och de Budgetsrapporter huet souwuel a sengem schrëftleche wéi a sengem mëndlechen Avis eng ganz Rei vu Saache gesot, déi, mengen ech, an där Däitlechkeet hei an der Chamber an deene leschte Joren nach net gesot si ginn.
Ech wëll vun der Geleeënheet profitéieren, fir dem Här Negri Merci ze soe fir déi Aarbecht, déi hie gemaach huet. Well ech selwer zweemol Budgetsrapporter war, am Joer 1994 a 1995, weess ech, dass Budgetsrapporter ze sinn eng extrem interessant awer och schwéier Aufgab ass, dass et eng Aufgab ass, an där een extrem vill bäiléiert. An ee Budgetsrapport an enger Situatioun ze presentéieren, déi sech net méi esou roseg duerstellt, wéi dat vläicht an deene vergaangene Joren war, dat bedéngt och e gewëssene Courage.
E gewëssene Courage, deen ech an enger Rei vun Äusserungen erëmfannen, déi Dir d’lescht Woch hei gemaach hutt, wéi Dir gesot hutt, notamment, ech zitéieren Iech: “Mir musse méi kuerz trieden (…) Mir liewen iwwer eis Verhältnisser, net eréischt säit gëschter (…) Mir mussen e rigouréise Spuercours fueren (…) Mir brauche strukturell Reforme vun eise Statsfinanzen.” – an, a virun allem – “Mir mussen eng Culture de la contestabilité verinhaltlechen; all Projet, all Acquis muss permanent a Fro gestallt ginn.”
Dat sinn Aussoen, deene sech eis Fraktioun honnertprozenteg kann uschléissen, soss hätte se och net kënnen an där Form am Budgetsrapport vun der Finanzkommissioun eriwwerkommen.
Mä et sinn, Dir Dammen an Dir Hären, awer och d’Aussoen, déi an deenen eenzelnen Avisë waren, déi sech däitlech ofhiewe par rapport zu deem, wat mer déi lescht Joren héieren hunn: Souwuel beim Conseil d’État, deen der Meenung ass, dass d’Discipline budgétaire eleng net den Développement vum Land méi kéint garantéieren; der Cour des Comptes, déi seet, dass een eng Prudence budgétaire net nëmme bei der Opstellung vum Budget, mä och virun allem an der Exekutioun vum Budget misst geltend maachen; der Banque Centrale, déi gesot huet, dass dee Budget, deen elo fir d’Joer 2006 déposéiert ginn ass, net susceptibel wier, fir eng budgetär Amélioratioun vun der Administration centrale ze bréngen.
All déi Avisën, wéi déi vun der Chambre des Métiers, wéi déi vun der Chambre de Commerce, déi op eng Rei vu Problematiken hiweisen, hunn an eiser Fraktioun en Denkprocessus ausgeléist, en Denkprocessus, deen d’autant méi – Wéi soll ech soen? – hefteg ginn ass, well ee festgestallt huet, dass et op där anerer Säit Avisë gi sinn, an haaptsächlech vun de Salariatskummeren, déi exakt praktesch de Konträr vun deem gesot hunn, wat zum engen d’Patronatskummeren – dat ass en fin de compte manner gravéierend, well dat ass iergendwou am Spill normal – gesot hunn, mä virun allem déi extrem staark divergéiert hunn zu den Avisë vun der Cour des Comptes, vum Statsrot an och vun der Banque Centrale.
1402AwolmiaH
Ech zitéieren e Passage aus dem Avis vun der Chambre des Employés privés an hire Konklusiounen, wou se seet: «En ce qui concerne la situation budgétaire et financière de l’État, il est évident qu’elle n’est plus aussi favorable qu’il y a quelques années encore. Elle n’est toutefois en rien alarmante et ne justifie pas une politique d’austérité ou un recours aveugle à de nouveaux modes de financement. Par ailleurs, les avoirs des fonds de réserve restent considérables.»
Ech mengen, dat muss een den Aussoe géigeniwwerstellen, déi mer virdrun héieren hunn, déi an der Press hiren Nidderschlag fonnt hunn am Laf vum Mount November: “Warnung vor der Schuldenspirale”; «Peut mieux faire? Non, doit mieux faire!»; “Budget 2006: Rigorose Ratlosigkeit”; «Le budget à côté de la réalité»; “Kritische Analyse der Luxemburger Zentralbank”; “Das budgetäre Klima ist grau und kalt”; “Staat in der Indexfalle”; “Plädoyer für ein rigoroses Sparen”, an esou weider, an esou fort.
Mir hunn also an eiser Fraktioun festgestallt, dass et eng grouss Diskordanz gëtt tëschent de Meenungsäusserungen, wéi se an den Avisë komm sinn, an doriwwer eraus, dass och d’Beuerteelung vun deenen engen an deenen aneren, déi se an der Öffentlechkeet duergestallt hunn, extrem verschiddenaarteg sinn. Ech ginn zwee Beispiller.
Den Här Gramegna, Direkter vun der Handelskummer, huet an där Televisiounsemissioun, déi mer d’lescht Woch haten, gesot, dass an hiren Aen e ganz groussen Déphasage géif bestoen tëschent den Aussoe vum Statsminister vum 12. Oktober, wou en eng Rei vu Mesuren annoncéiert hätt wéi ee kuerz-, mëttel- a laangfristeg d’Gesondung vun eise Statsfinanze kéint erbäiféieren, an der Realitéit vum Budget, wéi en den 19. Oktober déposéiert gi wier.
Den Här Reding, President vun der Privatbeamtekummer an och nach President do derniewent vum OGB-L, deen huet exakt de Contraire gesot. Deen huet gesot: “Iwwer wat schwätzt Der iwwerhaapt? Mir hunn dach 4% Wirtschaftswuesstum zu Lëtzebuerg. De Budget klëmmt weider ëm 6% an den Einnahmen an ëm 9% an den Dépensen. Iwwer wat musse mer iwwerhaapt hei diskutéieren?”
Mir wëllen – an dat soen ech nach eng Kéier, well dat eent jo dat ass, wat ee gären hätt, an dat anert ass dat, wat an der Berichterstattung doraus gemaach gëtt – zwou Saachen als Fraktioun total ausenaner halen: Dat eent ass de Budget 2006 – quitte dass ee se net 100%eg ausenaner hale kann – an dat anert ass d’Diskussioun iwwert d’Perspektiven, déi mer à moyen terme hunn.
D’CSV steet total hannert der Deklaratioun vum Statsminister vum 12. Oktober, wann hie seet, dass et noutwendeg ass am éischten Hallefjoer 2006 no Solutiounen ze sichen, dat am Dialog mat de Sozialpartner an an der Concertatioun mat der Chamber, fir déi mëttelfristeg Erausfuerderunge vun eisem Land op budgetärer, wirtschaftlecher a sozialer Ebene kënnen ze begoen. D’Regierung huet eng Obligation de résultats, well d’Regierung huet déi lescht Woch e Stabilitéitsprogramm op Bréissel notifizéiert, wou se sech bis 2008-2009 zu enger ganzer Rei Saachen engagéiert huet.
Dat Zweet, Dir Dammen an Dir Hären, ass de Budget vum Joer 2006. Et ass kloer, dass eng Prozedur, déi den 19. Oktober ugeet an déi Ufank Dezember am Vote vun der Chamber endegt, net no sech zéie kann, dass d’Chamber gréisser Ännerungen un engem Budget ka virhuelen. Dat ass och net de Sënn vun eiser Initiativ gewiescht. De Sënn vun eiser Initiativ war deen, fir sécherzestellen, dass sech dat géif an der Exekutioun vum Budget erëmspigelen, wat mer eis selwer an de Regierungsprogramm eragesat hunn, nämlech dass mer d’Ausgabe vum Lëtzebuerger Stat mëttelfristeg net iwwert de mëttelfristege Wirtschaftswuesstum vum Stat steige loossen.
Do gëtt et an eisen Aen eng ganz Rei vu Méiglechkeeten, fir dat ze maachen. Do gëtt et eng ganz Rei vun Aspuerméiglechkeeten oder vun Netausgaben-Méiglechkeeten, déi een huet. Et ass net noutwendegerweis esou, dass wann een an engem Budget en Euro zur Verfügung gestallt kritt, dass een deen och muss voll ëmfänglech ausginn. Et ass d’Méiglechkeet, fir sech selwer an d’Flicht ze huelen an ze kucken, fir eng Exekutioun ze maachen, déi konform ass zu deem, wat ee mëttelfristeg och veräntwerte kann.
Et ass also e gemeinsame Reflexiounseffort vun enger gesamter Fraktioun, deen hei an deene leschte Woche stattfonnt huet, deen ausgaangen ass vun de Memberen an der Finanzkommissioun, deen en fin de compte amplifiéiert ginn ass – dat ginn ech zou – duerch d’Avisën, déi an deene leschte Woche komm sinn, a wou mer der Meenung waren, dass et net duergeet fir “A” ze soen, mä dass wann een “A” seet – wann een also gären hätt, dass een en Zil erreecht -, dass een och dee Moment “B” muss soen.
D’Reaktiounen op dës Initiativ weisen alt nees op e puer Phenomeener hin:
Éischtens – dat wäert Iech net erstaunen -, d’Schwieregkeeten am Lëtzebuerger politesche System fir eng Majoritéitsfraktioun, sech am politeschen Débat ze placéieren. E System, deen et mat sech bréngt oder deen an deene leschte Joren ëmmer méi an déi Richtung gaangen ass, dass et eng Oppositioun an der Chamber gëtt an eng Regierung an dass et relativ schwéier ass – doriwwer huet sech och de Jean-Paul Rippinger an engem Gespréich, wat ech rezent mat em hat, ganz staark beklot -, wann een eng Majortiéitsfraktioun ass, fir am Débat politique iwwerhaapt déi Plaz ze fannen, déi ee brauch, besonnesch dann, wann een emol eng Kéier eng Meenung äussert, déi vläicht net 100%eg op der Linn läit vun deem, wat aner Leit soen.
Wann s de also eppes sees, bass de an der Situatioun, dass gesot gëtt: Et ka jo net sinn! A wann s de näischt sees, da si mer an der typescher Kopfnickermajoritéit-Diskussioun, déi mer par ailleurs awer och ganz gären zu Lëtzebuerg féieren.
Zweetens, huet dës Diskussioun de Manktum u sachbezunnener Ausenanersetzung op en Neits gewisen, déi een an der Lëtzebuerger Politik kennt. Et gëtt mat ganz vill Freed iwwert déi sou genannte Form diskutéiert. Et gëtt sech ausenaner gesat mat all méigleche Punkten, déi sech niewent a laanscht dem Sujet ofspillen, an et gëtt ganz wéineg en fin de compte sachbezunn iwwert de Fong vun der Problematik diskutéiert.
Drëttens, soen ech, dass villes eng Saach vun der Betruechtung ass. Et ass jo hei heftegst kommentéiert ginn, ob oder ob net d’CSV-Fraktioun, ech weess net wiem an de Frack getratt wier, duerch de Fait, dass se dës oder déi Äusserung gemaach hätt. Et sinn awer och Leit a Meenungen am Land, déi soen, dass et noutwendeg ass vun Zäit zu Zäit, dass esou eng Äusserung kënnt.
Ech géif et un engem oder zwee Beispiller aus der leschter Woch wëlle festmaachen, fir ze weisen, wéi schwiereg déi Diskussiounen zu Lëtzebuerg sinn, wann een de Fong an d’Form net auserneen hält. D’lescht Woch huet de Mëttelstandsminister Boden, net aus Eegeninitiativ, mä am Kader vun enger Konferenz, no der Konferenz vun engem Participant d’Fro gestallt kritt, ob en dann net der Meenung wier, dass duerch de Fait, dass d’Ufanksgehälter am öffentlechen Déngscht e gewëssenen Niveau hätten, eng Schwieregkeet an de mëttelstännege Lëtzebuerger Betriber géif opdauchen.
Hien huet dat gesot, wat ganz vill Leit heibannen och soen, nämlech dat, dass dat e reelle Problem ass, dass d’Betriber zu Lëtzebuerg d’Leit ausbilden, dass wann se hir Ausbildung hunn, dass se dann esou séier wéi méiglech kucke beim Stat oder de Gemengen – wat hiert gutt Recht ass – ënnerzekommen, wat awer als Konsequenz huet, dass an eise mëttelstännegen an an eisen industrielle Betriber ëmmer manner Lëtzebuerger, ëmmer manner zu Lëtzebuerg usässeg Leit schaffen, an dass déi zentral Plazen, déi en fin de compte an deene Betriber décidéiere wien dann eng Plaz kritt, wann eng fräi gëtt, vun Auslänner besat ginn.
Et kann een et esou kommentéieren. Et kann een et allerdéngs och kommentéieren an eng Richtung, dass ee seet: Ma, dat ass e Schoss an de Knéi vum Minister vun der Fonction publique, well wéi kann dat da sinn, dass ee Minister deem anere Minister a säi Ressort erandiskutéiert? Wéi kann e Mëttelstandsminister iwwerhaapt eng Diskussioun iwwert deen dote Sujet ugoen? Esou einfach kann ee sech d’Liewe maachen.
Wann ech mer d’Ausenanersetzung dëser Deeg an an der leschter Woch tëschent de Ministere Lux a Krecké ukucken, da kann een och eng Betrachtung maachen, wou ee seet: Majo, wat ass da lass Här Bodry? Wat ass da lass an där LSAP, dass déi sech esou wéi Biischtebënner do zerklappen?
Et kann een allerdéngs – well Der d’lescht Woch jo déi Fro gestallt hutt, a well Der se nëmmen zum Deel beäntwert hutt – sech awer och d’Fro stellen, ob an där Ausenanersetzung, déi et do offensichtlech ginn ass, en fin de compte net och eng Reflexioun um Fong ass tëschent zwou verschiddenen Aart a Weisen, wéi ee Politik gesäit, a wou selbstverständlech deen een an deen anere muss kucken, en fonction vun där Plaz op där en ass, ze probéieren, déi – wéi soll ech soen – Part de marché oder déi Positioun ze verteidegen an där en ass.
Wa mer also emol méi oft géife probéieren op de Fong vun der Diskussioun anzegoen, ouni dass mer permanent an heftegst ëmmer nëmmen iwwert d’Form vun der Ausenanersetzung diskutéieren, mengen ech, géife mer och inhaltlech a ganz villen Domäner vun der Lëtzebuerger Politik e gutt Stéck méi wäit kommen.
Interessant ass et an deem Kontext, Dir Dammen an Dir Hären, och d’Reaktiounen dann ze gesi vun der parlamentarescher Oppositioun.
D’Demokratesch Partei zum Beispill – déi jo an enger ganz interessanter Situatioun ass, nodeem se en Drëttel vun hire Leit zur Gestioun vun hirer Bastioun Stad hei aus der Chamber ofgezunn huet, an en aneren Drëttel vun der Fraktioun schonn annoncéiert huet, dass e sech am Stadium vun der Préretraite en fin de compte befënnt – huet jo eng Erneierung duerchgesat.
Här Meisch, ech wollt Iech soen – hors sujet hei -, dass, wann dat richteg ass, wat Dir am Gemengerot vun Déifferdeng der Deeg soi-disant gesot hutt, dass Dir probéiert am Déifferdenger Spidol, d’Schold op eng Fra ofzewälzen, déi elo e Joer – net méi wéi ee Joer! – an deem Spidol ass,…
(Interruption)
Ma, ech wollt him dat just soen, well ech direkt dorobber kommen.
…dann – soen ech – sidd Dir um falsche Wee. Well an deem Spidol begéine mir eis elo erëm, a mir musse kucken…
(Interruption)
…inhaltlech Politik ze maachen. Wann Är Strategie déi ass, fir jorelaang Politik mat anere Partner ze maachen, a wann déi bis den éischten Dag net méi do sinn, dann iwwert déi hierzefalen op eng Aart a Weis, déi net an der Rei ass – déi net an der Rei ass, Här Meisch! – da soen ech Iech, da gitt Der schwéieren Zäiten entgéint.
Une voix.- De Kapitän ass als Éischte vum Boot gaang!
M. Michel Wolter (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, d’DP huet dunn op Grond vun eiser Interventioun e sou genannten Oppositiounsbriefing ageruff. De Punkt 1 vun deem Oppositiounsbriefing war, datt se gesot hunn als DP net derlaanscht ze kommen, um Fong der CSV-Fraktioun Recht ze ginn, an deem, wat se seet.
Am Fong hätt domadder d’Diskussioun jo kënnen eriwwer sinn. De Punkt hätt kënne fäerdeg sinn an et hätt op en anere Punkt kënnen iwwergoen. Mä domat mécht ee jo keng Schlagzeilen! Et mécht ee jo keng Schlagzeilen domadder, dass ee seet, um Fong si mer mat enger anerer Fraktioun d’accord. D’Schlagzeil…
(Interruption)
D’Schlagzeil kann nëmme geschéien, wann ee seet, mä op der Form – op der Form, haha! -; de Fong war an der Rei, mä op der Form, do musse mer Iech awer soen, do ass et…
An da kucke mer, Dir Dammen an Dir Hären, déi dräi Argumenter, déi de Parteipresident vun der DP bruecht huet. Fir d’éischt seet hien, am Numm vu senger Partei, et wier de falsche Moment gewiescht, fir déi Diskussioun hei virzebréngen.
Ech froen Iech: Wéini, wann net am Kader vun enger Budgetsdebatt, soll een iwwert de Budget vum Lëtzebuerger Land diskutéieren?
Une voix.- Da kommt elo emol dozou!
M. Michel Wolter (CSV).- Mir waren an enger Televisiounsdebatt d’lescht Woch mateneen. Dir hutt déi doten Argumentatioun an där Televisiounsdebatt keng zéng Minutte gepackt. Keng zéng Minutten! Well no zéng Minutte ware mer in medias res; no zéng Minutte ware mer an der Diskussioun, wéi mer et fäerdeg bréngen, de Budget mëttelfristeg op eng gutt Linn ze bréngen.
D’zweet Argument, wat Der gesot hutt, ass, d’Aussoe vun der CSV an hirem Fraktiounspresident wieren eng Gefor fir de Konsum zu Lëtzebuerg, well duerch déi Aussoen, déi elo géife gemaach ginn, d’Leit manner géife consomméieren.
Dir sidd net méi spéit wéi de 7. Dezember vun der CLC, dat heescht der Confédération Luxembourgeoise de Commerce – dat ware Leit, déi an der Zäit der DP ganz no stoungen -, widdersprach ginn, well déi hunn eng Pressekonferenz gemaach, andeem se gesot hunn, wat d’Grënn sinn, firwat mer en Abroch am Konsum hunn:
Éischtens, d’Saturatioun vun den Haushalter. Et kënnt an engem Land ewéi Lëtzebuerg de Punkt, wou ee bal alles huet a wou een net méi nach Progressiounsrate ka fueren, déi enorm sinn.
Zweetens, déi regional Akafstendenzen, dat heescht, duerch eng Politik, déi mer an deene leschte Jore gemaach hunn, hu sech an der Peripherie vum Lëtzebuerger Land eng ganz Rei vun Akafszentren ugesidelt, an déi e ganzen Deel vun der Akafskraaft vun de Lëtzebuerger amgaangen ass sech ze déplacéieren. Ech hunn d’lescht Woch gelies, dass zu Tréier en neien Akafszentrum vun zéngdausende vu Meter carréën an d’Zentrum soll kommen, an déi Haaptkliantell, déi Haaptchalandise, vun där se ausginn, si Lëtzebuerger Clienten, well se dovunner ausginn, dass bis zu 100.000 Lëtzebuerger dohinner kafe ginn.
Déi drëtt Ursaach, déi d’CLC gesot huet, ass den Internethandel. Et ginn am Internethandel duerch Billiganbieter ëmmer méi Aktiounen, Transaktiounen iwwer Internet getätegt, lafen also iwwerhaapt net méi duerch Lëtzebuerger Anbieter a bréngen doduerch och keng Rentréeë méi fir de Lëtzebuerger Stat.
Ech géif zu deenen dräi do nach eng véiert dobäifügen. Déi véiert ass déi, dass d’Leit en fin de compte eng ganz Rei vu Mouvementer anticipéieren. Wa während Joer an Dag iwwert d’Lëtzebuerger Televisioun an iwwert de Lëtzebuerger Radio Neiegkeeten aus dem Ausland erakommen, wann ee gesäit, wat an Däitschland, a Frankräich an an der Belsch lass ass, dann ass et dach net verwonnerlech, dass iergendwou den normale Lëtzebuerger sech seet: “Dat do wäert och net bei eis virun der Dier stallhalen, a léiwer maachen ech dat, wat de Minister Frieden a sengem Budget ëmmer gäre mécht, nämlech, ech leeën e Frang op d’Säit, fir datt ech en hunn, wann et mer manner gutt geet, wéi wann ech deen och elo nach ausginn, vläicht fir eppes, wat ech net brauch.”
Leschtens – an elo komme mer awer nees e bësse méi an de Fong vun der Fro – seet d’DP: “Uh, déi Initiativ do vun der CSV, dat ass en Ausschalte vun der Chamber, wann et ëm d’Diskussioun vun de Strukturreforme geet.”
Éischtens, Här President, wëll ech dem Här Meisch soen, dass dat eng falsch Duerstellung ass vun der Positioun vun der CSV, déi ech nach eng Kéier duerleeën: Mir sinn der Meenung, dass dat, wat de Statsminister den 12. Oktober hei gesot huet, soll duerchgezu ginn.
Mä zweetens erkennen ech doranner eng Frontalattack vun der Demokratescher Partei op d’Tripartite. Wann dat esou ass, da froen ech mech, firwat d’DP net den 12. Oktober oder nom 12. Oktober, no den Äusserunge vum Statsminister hei an der Chamber gesot hutt, datt se net domat d’accord wär, dass ähnlech wéi déi lescht 30 Joer d’Diskussioun mat de Sozialpartner an duerno an der Chamber soll gefouert ginn.
Firwat waarden? Et ass op jiddfer Fall esou, wéi Der zitéiert gi sidd, datt Der gesot hutt, de Virschlag vun der CSV wär en fin de compte eng Aushielechung vun der Chamber an d’Chamber géif an deenen Diskussioune vun deenen nächste Joren ausgeschalt ginn.
Même son de cloche bei Äre Kolleege vun der grénger Fraktioun. Och do fält, Dir Dammen an Dir Hären, lues a lues de Lack erof no de Gemengewahle vum Joer 2005, well déi Partei, déi déi lescht Joer ausgezunn ass, fir jiddferengem ze soen, dass, wa si eemol an der Majoritéit wier, alles zu Lëtzebuerg ganz aneschters géif ginn um Niveau vun der Demokratie, vun der Biergerbedeelegung an esou weider, déi weist jo elo dëser Deeg am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, wéi séier, wa se an der Majoritéit ass, wéi séier se en fin de compte hir eege Prinzipien iwwer Bord werfe wëllt.
M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Gedëllegt Iech, d’Oppositioun kënnt och nach un d’Pult, da wäert et héich hiergoen.
M. Michel Wolter (CSV).- D’Oppositioun kënnt un d’Pult an da musst Dir, Här Bausch, dem Land soen,…
M. le Président.- Här Wolter, adresséiert Iech un d’Chamber!
M. Michel Wolter (CSV).- …ob Der oder ob Der net der Meenung sidd, dat, wat Der gesot hutt, datt duerch de Vote vun dësem Budget an duerch déi Diskussiounen, déi an deenen nächste Méint stattfannen, d’Chamber eng Kaz am Sak géif kafen, an Der am Fong der Meenung sidd, dass de Budget vum Joer 2006 kenger Realitéit géif entspriechen, well an der Tripartite eng Rei vun Diskussiounen…
(Interruptions diverses)
Jo, doriwwer schwätze mer!
Och Iech froen ech, Här Bausch: “Wou waart Dir den 12. Oktober?”
M. le Président.- Här Wolter!
M. Michel Wolter (CSV).- Här President, ech wëll dem Här Bausch soen…
M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Den 12. Oktober war ech hei an der Chamber.
Une voix.- Excellent!
M. Michel Wolter (CSV).- Här President, ech wëll dem Här Bausch soen, datt mir gären hätten, dass och déi gréng Fraktioun seet, kloer an däitlech, ob se am Kader vun deem, wat de Statsminister den 12. Oktober annoncéiert huet, deen Timing akzeptéiert oder net. Och Dir…
(Interruptions)
Och Dir maacht d’Vermëschung, déi permanent Vermëschung…
(Interruptions diverses et coups de cloche de la Présidence)
M. le Président.- Kommt, den Här Wolter ass jo nach net fäerdeg. Loosst hien elo emol schwätzen, da komme mer derzou.
(Interruptions diverses et hilarité)
(Coups de cloche de la Présidence)
Lauschtert dem Riedner no! Här Wolter, fuert Dir weider.
M. Michel Wolter (CSV).- Jo, et ass net einfach, well et net einfach ass, mä et ass net einfach, Här Grethen…
(Interruptions et hilarité)
Une voix.- Très bien!
Une autre voix.- Loosst Iech net aus der Rou bréngen!
M. Michel Wolter (CSV).- Neen! Oh mei!
Et ass net einfach , well probéiert gëtt – ouni Succès! – zwou Saache mateneneen ze vermëschen, déi net mateneen ze vermësche sinn. Dat eent ass d’Exekutioun vum Budget vum Joer 2006, an dat anert sinn déi mëttelfristeg, laangfristeg an och zum Deel – wéi de Minister et gesot huet – scho vläicht fir d’Joer 2006 unzebréngend Korrekturen an der Grondausriichtung vum Lëtzebuerger Budget. An et ass sécher net duerch déi Diskussioun vun de leschte Wochen, wou sech en neit Element an deem Punkt erabruecht huet.
1404AwolmijH
Ech wollt soen, dass mer am System vun der klassescher Reaktioun sinn. Mir hunn e Problème de fond a mir reagéieren op der Form. Op der Form ass et einfach ze reagéieren, well et kann ee vum Fong oflenken.
M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Firwat hutt Dir da gewaart bis et esou wäit war?
Une voix.- Jo! Elo ass hie schockéiert, virdru war net eng Spur vun deem do, net eng Spur!
(Interruptions diverses et coups de cloche de la Présidence)
M. le Président.- Jo, mä da loosst hien emol virufueren a gedëllegt Iech e bëssen!
M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Hie schwätzt elo scho 37 Minutten, et kënnt awer näischt!
Une voix.- Här Bausch, den Här Wolter huet awer méi Zäit zegutt gehat.
(Brouhaha général et coups de cloche de la Présidence)
M. le Président.- Da berouegt Iech emol alleguerten an da loosst Der… Et huet keen dem Här Wolter virzeschreiwen, wat en hei ze soen huet! Hie behandelt de Budget esou wéi hien dat gesäit.
(Brouhaha général et hilarité)
Une voix.- Dat do ass eng Excuse!
M. le Président.- Majo, natierlech! An duerfir géif ech Iech bieden, Iech ze berouegen an den Här Wolter schwätzen ze loossen!
M. Michel Wolter (CSV).- Ech loossen d’Jongen an d’Meedercher…
(Hilarité)
Une voix.- Eng richteg Arroganz! Voilà!
(Brouhaha général et coups de cloche de la Présidence)
M. le Président.- Wann ech gelift, da berouegt Iech dach elo emol, fir dass den Här Wolter ka seng Ried weiderféieren!
(Interruptions)
M. Michel Wolter (CSV).- Här President, ech hunn absolut kee Problem, dass d’Kolleegen aus deene verschiddene Fraktioune sech nach fënnef Minutten hei excitéieren! Dat ännert näischt un der Grondausriichtung vun der Ausso, nämlech där, dass, wéi esou oft, an enger Situatioun, wou een iwwert de Fond soll diskutéieren, probéiert gëtt iwwer all méiglech Klippe vun der Form laanscht d’Diskussioun ze kommen.
Ech hunn, wéi den Här Bausch richteg gesot huet, praktesch elo 39 Minutte gebraucht, fir op de Fong ze kommen. Dat ass d’Zäit, déi een, wann een déi gesammelt Stellungnahme vun deenen engen an deenen aneren, déi gesammelt Kommentaren an der geschriwwener, an der geschwatener, an der gewisener Press kuckt, brauch, fir en fin de compte op dat zréckzekommen, ëm wat dass et geet.
Mä et ass eng klassesch Prozedur. Et muss een d’Klippe vun der Form ëmsegelen, et muss een all méiglech Froen am Fong laanscht goe loossen, déi sech op der Form weisen, fir dann op dat ze kommen, ëm wat dass et geet. An et ass wéi esou oft an der Lëtzebuerger Politik: Et kann ee sech dréinen a kéiere wéi ee wëllt, et kann ee sech diebele wéi een et gären hätt, laanscht de Fong vun der Diskussioun kënnt een net.
Dee gesi mir en fin de compte an zwee Phenomeener:
Deen éischte Phenomeen ass d’Uwuesse vun den Ausgaben iwwert déi mëttelfristeg wirtschaftlech Entwécklung eraus. Mir kréie fir de Budget 2006 eng Augmentatioun vun den Dépensë vun 9%, bei enger Augmentatioun vun de Recettë vun nëmme 6%. Mir ginn am Joer 2006 am Zentralstat 1,2 Milliarde méi aus wéi mer erakréien, nodeem mer am Joer 2005 1,1 Milliarde méi ausginn hu wéi mer erakritt hunn. Mir stelle fest, dass d’Schéier tëschent den Ausgaben an den Einnahmen amgaangen ass méi grouss ze ginn, dass déi budgetär Reserv erofgeet an dass och d’Reserve vun de Fonds d’investissement am Joer 2008 op null tendéieren.
Et muss een also – an dat war den Ausgangspunkt vun eiser Démarche, an domat si mer total online mat deem, wat op anere Plaze gesot ginn ass – am Joer 2006 déi néideg Korrekture virhuelen, déi mer brauchen.
D’Regierung ass, Dir Dammen an Dir Hären, déi lescht Woch eng ganz Rei vun Engagementer agaangen, andeem se op Bréissel déi siwent Aktualiséierung vum Stabilitéitsprogramm geschéckt huet. Et ass dëst eng nei global Approche, déi niewent der traditioneller Budgetspresentatioun ëmmer méi an de Vierdergrond réckelt, well se niewent dem Zentralstat och d’Gemengen an och d’Sécurité sociale beinhalt, well se am Zentralstat net nëmmen de Budget, mä och d’Friemfinanzéierung an och den Delta vun den Einnahmen an den Ausgaben an de Fonge beinhalt.
Ech erënnere mech drun, virun zwee, dräi Joer, wéi déi Berechnung fir d’éischt gemaach ginn ass, ass se nach vun alle Säite kritiséiert ginn. Si ass vun der deemoleger Regierung, si ass an der Chamber kritiséiert ginn an huet sech elo lues a lues hire Wee gebahnt, à tel point, dass et an der Ried vum Budgetsminister am Fong deen Haapttableau war, deen Haaptkritär war, op deen eng mëttelfristeg Budgetspolitik achséiert gëtt.
Wann een dat kuckt, wat d’Regierung op Bréissel geschéckt huet, dann huet se sech engagéiert, fir d’Joer 2006 en Defizit vun 1,8%, fir d’Joer 2007 en Defizit vun 1,0% a fir d’Joer 2008 en Defizit vun 0,2% ze hunn. Dat heescht, dass mer am Zentralstat vum Joer 2007 u Reduktioune vum Defizit vun 250 Milliounen Euro pro Joer mussen tätege par rapport zu deene Budgeten, déi mer haut kennen.
2006 hu mer en Unhale vum Defizit. Mir ware bei 1,1, mir komme bei 1,150. Vum Joer 2007 u musse mer all Joer 250 Milliounen à politique constante derbäileeën. Wann ech soen 250 Milliounen, da sinn et 250 Milliounen dat éischt Joer, 500 Milliounen dat zweet Joer a 750 Milliounen dat drëtt Joer. Et ass net 250 Milliounen eng Kéier an domadder wär de Problem geléist.
Ech hunn – dat ass richteg – viru 14 Deeg gesot, dass de Budget vum Joer 2006 op Bréissel notifizéiert gëtt mat engem Defizit vun 1,8%, deen en hallwe Prozent ënnert deem läit wat fir d’Joer 2005 prognostizéiert gëtt, ouni dass mer nei Engagementer an eisem Budget fir d’Joer 2006 géifen tätegen. Ech hunn an deem Kontext op d’Eisebunnstripartite higewisen, wou mer net géife wëssen, wat d’Engagementer wieren, a wann Engagementer géife kommen, da misst een en fin de compte de Budget vum Joer 2006 schonn an enger anerer Perspektiv liesen, wéi dat haut de Fall ass.
De Budgetsrapporteur huet dat an engem Interview de 6. Dezember am “Lëtzebuerger Wort” als Populismus duergestallt. Hien huet gesot, et kéint jo absolut net sinn, dass déi Tripartite iergendwellech Influenz op de Budget vum Joer 2006 hätt. Abee, an enger Woch hu mer jo Rendez-vous hei, wa mer gewuer ginn, wat bei der Tripartite erauskënnt, an da kucke mer, ob sech aus der Eisebunnstripartite eraus Influenzen op d’Budgeten 2006, 2007 oder 2008 erginn. Et wär op jidde Fall an deenen 22 Joer, wou ech d’Éier hunn an der Lëtzebuerger Politik ze sinn, déi éischte Kéier, dass eng Tripartitesronn ouni Engagement fir de Statsbudget iwwert d’Bühn géif goen.
Duerfir soen ech nach eng Kéier dat, wat ech viru 14 Deeg gesot hunn – an ech hunn et dee Moment zu engem Moment gesot, wou nach gesot ginn ass, dass d’Tripartitesdiskussioun Eisebunn den 13. Dezember géif ofgeschloss ginn; et ass jo eréischt duerno wou se eng Woch no hanne geréckelt ginn ass -, dass mer net wéilten an eng Situatioun kommen, dass mer den 13. Dezember an der Tripartite en fin de compte de Budget, deen de 14. Dezember an der Chamber géif gestëmmt ginn, erëm aneschters missten duerleeën.
Et bleift, Dir Dammen an Dir Hären, wann Engagementer kommen – an et ass net un eiser Fraktioun wou dat wäert scheiteren, fir de Fall wou dat zu enger propperer Solutioun mëttel- a laangfristeg am Intérêt vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg féiert a wou mer doduerch eng Survie an eng mëttelfristeg Perspektiv kënne schafen -, dass dat net un eis wäert scheiteren. Et bleift awer och op där anerer Säit, dass mer musse kucken, dass mer all Käschtepunkt, dee mer do generéieren am Budget vun 2006, an der Exekutioun vum Budget 2006, dann op enger anerer Plaz nees erakréien, fir dass mer déi Spiral, an där mer dra sinn, net weider eropdreiwen. An dat ass, Dir Dammen an Dir Häre vun der grénger Fraktioun, den Enjeu vun der Politik, wéi mir se gesinn.
Zweetens: Um Niveau vun de Gemenge steet iwwert déi ganz Period an deem Bericht null – 0,0 iwwer all déi Joren, wéi wann d’Gemengen an engem total équilibréierten Zoustand wären. Ech stelle fest, mir stelle fest an den Diskussiounen, déi mer mat Kolleegen hunn, heibannen, dobaussen, déi Buergermeeschter sinn, dass fir d’Joer 2006 e relativ massive Recours à l’emprunt am Gemengesecteur amgaangen ass sech unzekënnegen.
Wann déi Perspektiven, déi de Budgetsminister d’lescht Joer hei annoncéiert huet, sech bewahrheiten, nämlech dass haaptsächlech déi Steieren, vun deenen d’Gemengen an deene leschte Joren esou gutt gelieft hunn, déi sinn, déi an deenen nächste Jore manner wäerten ausschëdden, wéi dat haut de Fall ass, da wäerte mer gesinn, dass am Budget vum Joer 2007 an am Budget vun 2008, well och d’Gemengen, net nëmmen de Stat, an deene leschte Jore massiv opgerüst hunn a sech nei Aufgaben och ginn hunn an zum Deel och vum Stat iwwerdroe kritt hunn, fir alleguerten déi Politiken ze finanzéieren, dass mer wäerten och do…
Une voix.- Déi wëllen et just net agestoen.
M. Michel Wolter (CSV).- …an eng Friemfinanzéierungsspiral erakommen. Et kann ee sech dann, wéi esou oft, d’Fro stellen, firwat dass mer viru véier oder fënnef Joer, wéi mer do souzen a wéi mer eng Rei Saachen anticipéiert hunn a wéi Propose vun der Regierung um Dësch louchen, fir eng Reorganisatioun vun de Gemengefinanzen ze maachen, an dat an enger Zäit, wou et méiglech gewiescht wier, ouni dass een ënner Drock geschafft hätt, firwat dass mer dat viru véier oder fënnef Joer net gemaach hunn.
1405awolmifH
Dat rejoignéiert eng Ausso, déi den Här Minister Lux d’lescht Woch op der Televisioun gemaach huet, déi ech héieren hunn a wou hie gesot huet: Wéi ass et méiglech, dass zu Lëtzebuerg en fin de compte ëmmer d’Dossieren, wa mer iwwert de Fong schwätzen, esou laang lafe gelooss ginn, bis dass een näischt méi um Fong ka maachen an dass een am allerleschte Moment muss reagéieren? Wéi ass et méiglech, dass mer Kyoto esou laang lafe gelooss hunn? Wéi ass et méiglech, dass mer d’Eisebunnstripartite esou laang lafe gelooss hunn?
Abee, ech mengen, dass ech mat deenen 39 Minutten, wou ech de Kolleege vun der grénger Fraktioun hei e bëssen op den Nerv getrëppelt hunn, bewisen hunn…
(Interruption)
…wéi et zu Lëtzebuerg ass, wann een en fin de compte iwwert d’Problemer wëllt diskutéieren a wéi permanent probéiert gëtt laanscht Problemer ze diskutéieren. Dat ass vläicht eng vu villen Äntwerten, déi een dem Här Lux kann op déi richteg Aussoen, déi hien d’lescht Woch gemaach huet, ginn, dass et ganz schwéier ass, extrem schwéier ass an engem Land wéi eisem, wou ee mat ganz ville Lobbyen ze dinn huet, wou ee mat ganz ville Meenungen ze dinn huet, wou ee mat ganz ville Leit an Organismen ze dinn huet, fir Ännerungen an engem System virzehuelen, déi dann och nach ëmmer am Konsens solle sinn.
Well en drëtten Deel vun deem ganze System, nämlech dee vun der Sécurité sociale, Dir Dammen an Dir Hären, dee jo kuerzfristeg eis Duerstellung zu Bréissel gutt gestalt, ass deen, deen eis am Fong mëttelfristeg déi meeschte Suerge misst maachen.
Déi Diskussioun, déi mer 1995, 1996, 1997 an 1998 zu Lëtzebuerg gefouert hunn an déi déi Zäit jo och esou kommentéiert ginn ass, wéi se kommentéiert ginn ass, huet sech en fin de compte an alle Bits(???)-Etüden hannendrun net ee Jota geännert. Dat wat haut an der europäescher Duerstellung eise gréissten Avantage ass, dat ass an zéng Joer eise gréissten Désavantage a wäert eis dozou bréngen, dass mer am Zentralstat an an den Ausgabe vum Zentralstat nach vill méi Mass musse schafen, vill méi Wach musse schafen, wéi mer mengen, dass dat haut ass, fir en fin de compte opzekomme fir déi Politiken, déi gestalt si ginn.
Et gëtt, well dat jo och dann zum Deel zu der politescher Gestaltung hei zu Lëtzebuerg gehéiert, gesot, gemengt, et géif elo hei den totalen Ugrëff op de Sozialstat stattfannen. Et wär den Ugrëff – wéi huet den Här Bausch gesot? – vun deene vum Joseph Bech géint déi Verstänneg, fir eppes ze verhënneren oder ze erreechen.
(Interruption)
Ech wëll soen, dass et eng falsch Duerstellung ass, fir ze mengen, dass dës Majoritéit en Ugrëff op de Sozialstat wëllt féieren. Mä wat awer richteg ass, dat ass, dass, wa mer nei Politike wëlle maachen, wa mer Politike wëlle maachen, déi eis et erlaben e moderne Stat ze sinn an enger moderner Welt, mer dann – an ënnert de Parameteren, déi de Statsminister definéiert huet, nämlech déi, dass de Sozialbudget net weider ka klammen – musse kucke goen, wou mer dann am Rescht vum Budget déi Sue fannen, fir déi dote Politike kënnen ze maachen.
Ech denken un d’Schoulpolitik, eng vun deene gréissten Erausfuerderungen – ech denken, do si mer eis alleguerten eens -, déi mer zu Lëtzebuerg hunn, wou eng ganz Rei fundamental Ännerungen an deenen nächste Jore musse kommen, wa mer iwwer Chancëgläichheet schwätzen, wa mer iwwer méi individuell Betreiung schwätzen, wa mer driwwer diskutéieren, dass mer gären hätten, dass d’Kanner e méiglechst héije Potenzial kréien, fir kënnen an d’Beruffswelt ze goen, dann däerf ee sech kenger Illusioun higinn, dass dat näischt géif kaschten.
Eise Schoulsystem kascht par ailleurs – wann een dat am internationale Verglach haut kuckt – dat Duebelt wat a Finnland de Schoulsystem kascht. Et gëtt also net eng direkt Relatioun tëschent absolutem Käschtepunkt pro Kand a Resultat, dat een aus enger Schoul erauszitt.
(Interruption)
Mir wëllen den Encadrement vun de Kanner an a ronderëm d’Schoul vergréisseren. Maison relais, dat ass dat, wat elo amgaangen ass ze kommen. Et sinn eng ganz Réi Gemengen, déi et hunn. Et kënnt mer zu Ouer, dass geschwat gëtt vun 30.000 Kanner, déi à terme an deene Maisons relais sollen opgefaange ginn.
Da mécht een eng ganz einfach Rechnung: Et hëlt een 30.000 Kanner, et hëlt een eng Stonn pro Dag, et hëlt een zéng Euro, déi d’Stonn kascht – obschonn et der eelef sinn, mä fir d’Rechebeispill ass et méi einfach – an et hëlt een 200 Deeg am Joer an da kënnt een op e Chiffer vu 60 Millioune fir eng Stonn, bei deem dote Chiffer. Sinn et zwou Stonnen, dann ass et dat Duebelt, sinn et dräi Stonnen, dann ass et dat Dräifacht an et kënnen also bei fënnef Stonnen den Dag bis zu 300 Milliounen Euro sinn.
Mir mussen also wëssen, dass wa mer am Kader vun der Kannerbetréiung deen do Wee wëlle goen a wa mer e Multiple vun enger Stonn fir 30.000 Kanner an de Maison-relaisë wëllen aféieren, da musse mer eis also d’Fro stellen, wou mer op anere Plazen – Kannergeld an aneres, wou mer zum Deel déiselwecht Saache mat finanzéieren – eis d’Fräiraim schafen, fir kënnen esou eng Politik ze bestreiden.
Et ass eng Fro, Dir Dammen an Dir Hären, vu Prioritéiten, ob mer dat eent oder dat anert als Prioritéit gesinn.
D’Universitéit: Mir wëllen eng Universitéit opbauen, eng Recherche bezunnen Universitéit, eng Universitéit, déi eiser Wirtschaft hëlleft mat der Konkurrenz eens ze ginn. Et ass also eng Universitéit, déi eppes kascht, well zum Nulltarif kritt ee keng Universitéit. Berechnungen, déi eis zougänglech sinn, schwätzen an deenen nächste fënnef a sechs Joer, bis mer op de Rythme de croisière kommen, vu 15 bis 20 Millioune pro Joer, déi ee supplementar an all Budget muss erasetzen, fir déi Universitéit op en Niveau an op e Level ze kréien, dass se deenen Erausfuerderunge gerecht gëtt.
D’Regierung huet annoncéiert, wat mer ënnerstëtzen, dass se e Pacte “logement” mécht – ech sinn nach ëmmer an de Kapitele vun der Sozialpolitik -, e Pacte “logement”, fir ze probéieren, dass déi jonk Leit hei zu Lëtzebuerg ënner anstännege Verhältnisser an zu engem Präis, dee räsonnabel ass, kënnen en Terrain kréien a sech en Haus leeschten; duerfir wëllt se mat enger Rei vu Gemengen dee sou genannte Pacte “logement” maachen.
Et war mer net méiglech, fir dat ze budgétiséieren, ech weess awer, dass dat enorm vill Geld wäert kaschten, wann een dat um Terrain wëllt ëmsetzen.
D’Spideeler, eppes mat deem ech mech net gären awer leider muss entre-temps beschäftegen. Et gëtt mer an deenen éischten Ënnerriedungen, déi een dann do esou féiert, bericht, dass d’Käschte vun de Spideeler amgaange sinn all Joer ëm 15% ze klammen, dass mer also iwwer siwen, aacht Joer en Doublement vum Käschtepunkt am Spidolswiesen hunn.
Elo kann ee soen: D’Gesondheet huet kee Präis. Mä si kascht awer eppes a wa se mar dat Duebelt kascht vun deem wat se haut kascht, da musse mer iergendwou Sue fannen, da musse mer also am Budget Fräiraim schafen, fir kënnen dee Käschtepunkt, deen do kënnt, opzehuelen.
A last but not least an der ganzer Sozialpolitik, eppes wat eis enorm um Häerz läit a wat eis Frëndin, d’Marie-Josée Jacobs, eis ëmmer erëm widderhëlt, dat ass d’Politik fir déi Leit, déi wierklech um ënneschte Bord vun eiser Gesellschaft liewen. Och do si ganz vill Moyenen noutwendeg, néideg an deenen nächste Joren, fir Sozialpolitik ze maachen, fir och do an deem Deel vun eiser Gesellschaft déi Politiken ze maachen, déi noutwendeg si fir Chancëgläichheet ze schafen.
A wann ech dat alles kucken – an ech kucke just den Deel Sozialpolitik -, nei sozialpolitesch Akzenter, déi musse geschafe ginn, da kann ee wierklech net dëser Regierung virwerfen, dass se Sozialofbau wëllt schafen, mä si muss dofir suergen – an zwar wa méiglech am Dialog -, fir déi Fräiraim ze schafen.
Ech hunn nach eng aner Rei vu Politikfelder notéiert: d’Dezentralisatioun, den IVL, d’Ëmsetzen also vun der Preparatioun, fir d’Land op 600.000 Leit ze bréngen.
Wa mer, Dir Dammen an Dir Hären, gären hätten, dass am Süden eppes geschitt. Wa mer gären hätten, dass Belval eppes gëtt. Wa mer gäre verhënneren, dass sech déi ganz Wirschaftsaktivitéit weider exklusiv an a ronderëm d’Stad zu Lëtzebuerg développéiert, da muss voluntaristesch Politik gemaach ginn.
Déi Leit, déi den “paperJam” gelies hu vum leschte Mount – dat ass eng Zeitung, déi sech méi u Spezialiste went -, hunn doranner gelies, dass Belval, dass also de Süden, nëmmen en Développement ka kréien, wann eng voluntaristesch Politik vun der Regierung kënnt. Do muss eng Virleeschtung kommen, dass d’Wirtschaft eng Noleeschtung bréngt. An dat ass déi total Differenz zur Stad Lëtzebuerg, wou d’Virleeschtung net brauch bruecht ze ginn, well d’Noleeschtung vun der Wirtschaft en fin de compte schonn do ass, well d’Demande do ass.
Dat kascht enorm vill Geld. Dat ass also eng Politik, déi ee wëllt oder déi een net wëllt. Dat ass eng Politik, déi ee prioritiséiere muss oder déi een hannendru setze muss. Mir hunn an der Zäit de Volet Virleeschtung vum Stat op eng Milliard Euro geschat, dee misst geleescht ginn, ouni Centre de recherche an esou weider, fir dass déi Cité des Sciences géif fonctionnéieren.
Den IVL huet festgehalen, dass wann een déi Épine dorsale vum öffentlechen Transport gären hätt, déi bluttnoutwendeg ass, fir iwwerhaapt eng Kéier an d’Géigend vun engem “modal split” vu 25% ze kommen, da misst eng Linn vun Esch an d’Stad geluecht ginn: Esch-Stad-Ettelbréck als Réckgrat vun engem zukünftege Lëtzebuerger Land. Mir wëssen, oder mir mengen, dass esou eng Linn ronn 1 Milliard Euro wäert kaschten. Déi kënnt bei déi Milliard Euro vu Projeten, déi elo schonn zum Deel vun der Chamber gestëmmt sinn, déi um Instanzewee sinn.
1406AwolmiaH
Wa mer, Dir Dammen an Dir Hären, dann och nach en Tram duerch d’Stad wëlle fuere loossen, an deen och nach eng Kéier mat 1 Milliard Euro veranschlagen, da si mer eleng an deem doten Deel vun eiser Politik bei 4 Milliarden Euro, ouni dass mer fir Ettelbréck eppes gemaach hunn, wat och noutwendeg ass, well och do geet et net vum selwen.
Wa mer gären dem Norde strukturell eng Chance ginn, wa mer gären deen drëtte Pôle de développement hätten, a wa mer gären hätten, dass déi Nordstrooss eng Chance soll kréien, da muss gekuckt ginn, dass do en Investissement getätegt gëtt. Da si mer also bei 4 Milliarden Euro eleng op deem doten Domän. Dat sinn, wann ech et mëttelfristeg kucken, ronn fënnef Investitiounsbudgete vum Stat, wann een et gesäit, wa mer net an d’Verschëldungsspiral wëlle goen, déi mer kënnen ugoen.
Den Innenminister huet eis d’lescht Woch gesot, de Kl