D’CSV-Ostdéputéiert Françoise Hetto-Gaasch hëllt fir d’Fraktioun Stellung am Châmberplénum
Här Präsident , dir Dammen an dir Hären
Haut, baal 4 ½ Joer nom Dépôt an der Chamber, ass daat sougenannten Sportgesetz op der Ziellinn ukomm. De Werdegang vum Gesetzesprojet iwwert deen mer den Metten oofstemmen ass bekannt an gouf jo lo graat och nach eng Kéier vum Rapporter dem honorabelen Här Alex Bodry beschriwwen, deen ech op deser Plaatz am Numm vu menger Fraktioun dann och well félicitéiren fir säin kompletten an excellenten schreftlechen an mëndlechen Rapport.
Här Präsident
Och wann Léit schons am leschten Johrhonnert sportlech aktiv waaren, sou ass de Stellewert vum Sport an eiser héiteger Gesellschaft een ganz aaneren . Gouf virun honnert Joer den Sport nach méi als eng « Fräizäitbeschäftigung » ugesin, sou ass Sport vun haut méi wéi nemmen Zeitverdréif an Amusement. Sport ass haut een Uert vun sozialer Kommunikatioun an Interaktioun, Ausdrock vun engem modernen Liewensstiel, een Zeechen vun Liewensqualitéit an aawer virun allem een Faktor vun engem präventivem Gesondheetssystem.
Wéi mer alleguerten wessen, léiden ganz vill Léit an eiser moderner schnellieweger Gesellschaft, op jonk oder aal, un verschiddenen Zivilisatiounkrankheeten wéi zb. Härz- Kreeslaafkrankheeten, Bluthéigdrock oder chronescht Iwwergewiicht. Et ass erschreckent festzestellen dass am Moment uerschtert Welt, méi Menschen duerch verschidden Krankheeten stierwen, déi eng direkt Konsequenz vu Fettléibegkeet sin, wéi Menschen déi duerch Ennerernierung em d’Liéwe kommen. Falsch Ernährung op der enger Säit an e Mangel u Bewegung op der aanerer Säit droen secherlech derzou bäi dass eis Gesellschaft emmer méi zu enger kranker Gesellschaft verkennt, eng krank Gesellschaft déi emmer méi zur Laascht vun eisem Gesondheetssystem an onseren Krankekeese gett. Vir deem entgéintzewierken gett z.b. an Däitschland zenter dem Abrëll 2003 d’Initiative « Deutschland bewegt sich für ein gesünderes und längeres Leben ». Dess Initiative gett eenert aanerem vun der BARMER, der gréisster däitscher Krankekees gedroen an huet als kloert Ziel Gesondheetspräventioun an de Käpp vun der Bevölkerung ze verankeren. Duerch Fernsehspotten an Reklamen an der geschriwwener Presse gin Léit iwwert verschidden einfach Sportarten wéi Walking oder Velofueren informéiert an opgeklärt an nierwebäi derzou opgeruf sech méi ze bewegen, daat ganzt mam Hannergedanken vun enger aktiver Gesondheetspräventioun. Dass hannert deser Initiative déi gréissten däitsch Krankekees steht verwonnert net, well och si wärte rausfonnt hun, dass se duerch de Sport eng ganz Staang u Geld kennen aspueren. Ech mengen dass mer och héi zu Letzebuerg sou eng ähnlech Initiative misste starten, daat ganzt an enger enker Zesummenaarbescht mat eisen Sportsfédératiounen, dem Sportsministär an dem Gesondheetsministère. Et wier mol op mannst eng Iwwerleeung wärt.
Här President,
Menger Meenung no ass de Sport ENG, wann net DEI Äntwert vir eiser emmer méi kranker Gesellschaft ze hellefen.Well d’Léit oft réischt sportlech aktiv gin wann se gesondheetlech Problemer verspieren, musse mer präventiv handelen an dervir suergen dass si sech emmer méi, an emmer méi fréi sportlech betätegen. Daat zielt och vir eis Kanner a Jugendlecher. Deser Revendicatioun, wéi se och am Coalitiounsaccord vum Juni 2004 festgehaalen gouf, geet duerch daat néit Sportgesetz Rechnung gedroen : Gesondheetserzéiung fänkt duervir net wéi et fréier de Fall waar réischt am Préscolaire un mä gett ausgewäit op den Préococe. Et geet awer net dremms dass déi kleng Debbessen elo Sport oder aaner schwiereg Bewegungsübunge maachen mussen, neen et geet éischters doremms déi motoresch Bewegungsooleef ze verfeineren an hinnen Freed un der Bewegung ze vermëttelen. D’Mesure den Sport och schons am Précoce unzebidden ass eng Taatsaach di och den Staatsroot ganz staark begréisst huet.
Sport an der Schoul dengt menger Meenung no net nemmen der Gesondheet vun eise Kanner mä léiert se och wichteg menschlech Wäerter an Normen . De Sport kann dess Roll béi eise Kanner aawer nemmen dann erfëllen wann si een qualitativ héigwärtegen Sportunterrecht ugebueden kréien. Duervir sollten Gemengen am Kader vun hirer Schoulorganisatioun versichen qualifizéiert Personal am Sportunterrecht anzesetzen an Sportunitéiten sou ze groupéiren, dass Kanner beschtens dovunner kennen profitéiren an net dass, duerch zb ze laang Bustrajeten wertvoll Zäit verluere geet.
Här Präsident
Net nemmen eis Kanner, och de Rescht vun eiser Bevölkerung huet Urescht op eng adéquat Sportsoffer an Sportinfrastruktur. Deser emmer méi gruesser Demande an der Bevölkerung gett och lo Rechnung gedroen : am néien Gesetz steet geschriwwe dass Sportinfrastrukturen och dem breede Public mussen zougänglech sin menger Meenung no virun allem ausserhalb vun den Schoulstonnen an de Vakanzen. Ausserdem sollen Gemengen, sou wéi de Staatsrot et och recommandéiert huet, spezifesch Sportsprogrammer vir hiir Bierger ausschaffen an ubidden. Héi sin demno eis Gemengen gefoudert sech déi néideg Mettelen zegin vir den Erwärdungen vun hiren Awunner gerecht ze gin.
Här Präsident, Dir Dammen an dir Hären,
Een aaneren wichtegen Punkt deen ech well ervirhiewen ass d’Ausweitung vun der Assurance Sportive. Néi ass, dass net nemmen d’Sportler an hir Dirigeant Sportifs, mä an Zukunft sämtlech bénévol Collaborateuren vun de Veräiner – och déi déi nemmen geleentlech aushellefen – duerch eng staatlech Assurance oofgesechert gin, déi de Staat mat engem oder méi Assurancenorganismen kann oofschléissen. Ech mengen mir waaren daat eisen villen Bénévolen schëlleg well ouni si kann keen Sportsclub efficace fonctionnéiren, an keng Sportsveranstaltung mat Succès iwwert Bühn bruecht gin. Dest ass ganz kloer eng Unerkennung fir hir wertvoll Aarbescht déi si fir de Veräin Woch vir Woch leeschten. Ech denken an desem Kontext do besonneschen un déi vill Elteren déi sech an de Sportsveräiner engagéiren fir Chauffeur fir d’Equipe vun hirem eegenen an och deenen aaneren Kanner ze spillen. Dess Mesure war iwregens och e Wonsch vum Comité Olympique, déi se an hirem Avis virbruecht haaten.
Och de fait, dass de Staat weiderhin eis Elitesportler ennerstetzt begréisse mir. Eis Spetzesportler vun haut, sief daat de Benoît Joachim, Kim Kirchen, Gebridder Schleck am Cyclicsm, Liz May am Thriatlon, Tessy Scholtes am Karate oder eis Tenniscracken wéi Muller, Kréimer, Schaul a Minella vir mol nemmen si ze nennen, beweisen eis Dag vir Dag, zu wei engen Leeschtungen eng spezifesch an langjähreg Förderung kann féiren.
All eis Elitesportler droen ausserdem duerch hir gutt Leeschtungen derzoubäi eis Land an der Welt ze repräsentéiren an och méi bekannt ze maachen.Si sin aawer net nemmen een positivt Aushängescheld vun eisem Land an der Welt ; héiheem sin a bléiwen si Virbilder, Idoler an Idealer vun eise Kanner, di versichen hinnen et nozemaachen. Duervir gin a mussen si och weiderhin mat de néidegen Mëttelen vum Staat ennerstetzt gin.
Här President,
De Motto “mens sana in corpore sano”, also e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper ass haut an eiser agressiver, schnellieweger a gestresster Gesellschaft méi wi je aktuell, an de Sport verdengt dohir och e besonneschen Stellewert. Net nemmen, dass die Jonk an hiren Veräiner léieren sech matt Gläichaltregen ze mossen an sech ze défouléiere, nee, sie kréien hei och Werter vermettelt wi Toleranz, Respekt, Fair-play, Zesummenhaalen ; Werter ouni déi eng Gesellschaft net kann fonctionnéieren.
Här President, dir Dammen an dir Hären
Dat neit Sportgesetz matt deem laangen Bart ass nit perfekt mä huet vill postiv Aspekter an ass schlussendlech e Schrack an di richteg Richtung. D’Experienz wärt eis secherlech nach weisen wou an op wéi engen präzisen Punkten an Zukunft nach kann oder muss nogebessert gin.
Domadder well ech schléissen, Iech merci soen fir är Opmierksamkeet an brengen heimadder och den Accord vu menger Fractioun.