De Fraktiounschef vun der CSV Michel Wolter hëllt Stellung zum Resultat vum Referendum vum 10.Juli

De Gruew zwëschent der Politik an der Gesellschaft an iwwert de geschichtlechen Wëssensstand vun eiser Jugend sinn nëmmen zwee Elementer an der Interventioun vum Michel Wolter an der Châmber
Débat au sujet du résultat du référendum du 10 juillet 2005 sur le Traité établissant une Constitution pour l’Europe (12 juillet 2005)

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de leschte Sonnden hunn d’Lëtzebuerger sech an deem éischte Referendum säit 68 Joer zu engem fundamentale Sujet auszedrécke gehat. Et war eng Debatt, déi passionéiert a passionant war. Et war eng Debatt, déi grouss, breet, déif gefouert ginn ass. Fir vill vun eis, déi scho méi laang derbäi sinn, war et déi éischte Kéier, dass iwwer esou e Sujet esou déif eran an eis Gesellschaft esou eng breet Debatt stattfonnt huet.

1. Et war eng Debatt iwwer Europa. Et war eng Debatt iwwert d’Stellung vun eisem Land an Europa. Et war eng Debatt iwwert d’Zukunft vun eisem Land, wéi mer eis se virstellen. Et war also eng gutt Debatt, et war eng positiv Debatt an et war gutt, dass déi Debatt an dësem Stadium an zu dësem Zäitpunkt stattfonnt huet.

Et huet ee mat ville Leit kënnen diskutéieren, déi ee fréier net begéint huet an der Politik. Et ass een ugesprach ginn. Perséinlech huet mech extrem interesséiert, dass wann een op der Strooss stoung, bei Braderien an esou weider, dass et erstmaleg war, dass een net op d’Leit huet missen zougoen, mä dass d’Leit bei ee selwer komm sinn, fir mat engem iwwert d’Politik ze diskutéieren.

Alles an allem war et also ganz interessant, kollektiv an och individuell, fir ze gesinn, wou mer do stinn. Dat d’autant plus well jo net nëmmen iwwer Europa diskutéiert ginn ass a schonn nëmme ganz marginal iwwert den Traité, mä en fin de compte iwwer ganz vill Froen, déi d’Leit hei zu Lëtzebuerg beréieren.

2. Den Ausgank vum Referendum entsprécht dem éischte Vote vun der Chamber. Eng grouss Majoritéit vu Lëtzebuerger huet déiselwecht Meenung ausgedréckt wéi d’Chamber den 28. Juni hei an engem éischte Vote.

D’Lëtzebuerger hunn d’Wichtegkeet vun der Roll vun der Plaz vu Lëtzebuerg an Europa erkannt an hu sech demokratesch ausgedréckt.

3. Et war an eisen Ae wichteg virunzefueren. Dir erënnert Iech un déi Debatt, déi mer virun engem Mount gefouert hunn iwwert déi auslännesch Aflëss, déi mer an eis Debatt erakruten, nom duebelen Nee vu Frankräich a vun Holland, iwwert d’Zécken dat duerch d’Land gaangen ass, duerch d’Bevölkerung, zum Deel och duerch déi eenzel Parteien. Mir hunn zesummen an engem Akt, deen der Chamber zur Éier gereecht, kollektiv décidéiert virunzefueren. An et huet sech gewisen, dass dat déi richteg Décisioun am richtege Moment war.

4. Lëtzebuerg huet en Zeeche gesat. Et ass vun deenen engen a vun deenen anere e bëssen esou lächerlech gemaach ginn, déi leschte Wochen, ob, oder ob net, Lëtzebuerg dann iwwerhaapt nach soll ofstëmme goen; ob eise Vote eng Influenz hätt oder ob e keng Influenz hätt.

Abee, d’Komentaren an der auslännescher Press, net nëmmen an der Lëtzebuerger Press, an deene leschten Deeg hu gewisen, dass dee Vote vu Lëtzebuerg keen inutilë Vote war; dass dat e Vote war, deen an engem Processus stattfënnt; dass elo 13, a virun der grousser Vakanz 15 vun deene 25 Länner den Traité ratifizéiert hunn; an dass mer voll Zouversiicht kënne kucken, wann déi magesch Barrière vun 20 iwwerschratt ass, wou dann d’Problemer sech stelle bei deenen, déi ratifizéiert hunn, oder an deem Fall bei deenen, déi net ratifizéiert hunn.

Mir sinn op jiddfer Fall frou an zefridden, dass Lëtzebuerg a seng Leit sech op déi richteg Säit an där Debatt geschloen hunn an dass mir am Camp vun deene Länner sinn, déi am éischten Tour vun der Froestellung direkt mat Jo geäntwert hunn.

5. Als CSV, an dat huet een de Moien och an de Presseanalyse gesinn, si mer selbstverständlech net onzefridden driwwer, dass besonnesch bei de Wieler och vun eiser Partei e ganz gudde Report vun de Stëmme koum. Dass déi Argumenter, déi mer développéiert hunn, bei eise Wieler akzeptéiert gi sinn. Dass déi Campagne, déi mer als Partei iwwer Woche gemaach hunn, hir Friichte par rapport zu deem Deel vun der Bevölkerung, déi mir kënnen erreechen als Partei, och gedroen huet.

6. Et bleiwen nach selbstverständlech eng Rei vu Froen. Et ass elo schwiereg an zéng Minutten déi ganz Panoplie vu Froen duerchzegoen, déi sech stellen, vun Interrogatiounen, vu Bémolen, déi een an déi ganz Diskussioun muss setzen. Duerfir just stéchwuertaarteg, an, en attendant dass mer méi eng fundamental Analys vun der ganzer Situatioun maachen, vläicht zwee, dräi Punkten.

Éischtens huet ee festgestallt, dass, jee méi wäit mer an där ganzer Debatt komm sinn, jee méi wäit mer en fin de compte vun der initialer Fro ewechkomm sinn. Wou sech am Ufank drop konzentréiert ginn ass, besonnesch vum Camp vum “Oui”, fir ze probéieren de Leit ze explizéieren, wat an deem Verfassungsvertrag stoung, hu mer am Laf vun der Debatt misse mierken, dass d’Froen, déi d’Leit sech gestallt hunn, wäit iwwert dee Verfassungsvertrag erausgaange sinn, an dass se sech en fin de compte haaptsächlech artikuléiert hu mat der Fro, wéi deen eenzelne Bierger sech a seng Positioun an der Gesellschaft, sech a seng Positioun hei zu Lëtzebuerg a sech a seng Positioun iwwer Lëtzebuerg an Europa virstellt.

Mir hu vill Perséinleches héieren an all deene Debatten, déi mer gefouert hunn. Dat ass eppes, wat eis interpelléiert a wat mer sécher och wäerte vum Hierscht un an déi nationalpolitesch Diskussiounen, déi mer zwar seit Jore scho gefouert hunn a wou mer och net näischt gemaach hunn an deene leschte Joren, mä wou mer trotzdeem deen een oder aneren Aspekt dovun an d’Nationalpolitik musse mat iwwerhuelen.

Zweetens bleiwen ech derbäi wat ech schonn e puermol gesot hunn, dass d’Froestellung vun dësem Referendum extrem problematesch war. Duerch de Fait, dass een de Leit keng Alternativ ginn huet, dass een en Text virgeluecht huet, dee just mat Jo a mat Neen ze beäntwerte war, doduerch dass een en fin de compte gemengt huet, dass ee sech hei an enger akademescher Sëtzung mat de Leit géif erëmfannen, sinn eng Rei vu Mechanismen déclenchéiert ginn, déi zu där Diskussioun gefouert hunn, wéi mer se kennen.

Drëttens, vill vun eis sinn iwwerrascht, anerer manner, iwwer verschidden Aussoen, déi mer an där Diskussioun héieren hunn: Elargissement, Türkei, d’Fro vun den Auslänner hei zu Lëtzebuerg, d’Fro vun den Auslänner, déi eise Lëtzebuerger géifen hir Aarbechtsplazen ewechhuelen, sinn an enger Däitlechkeet, an enger Intensitéit gestallt ginn, déi Verschiddener vun eis net erwaart hunn. Och dee Phenomeen mussen a wäerte mer analyséieren an op dee musse mer Äntwerte fannen.

Deen nächste Punkt ass d’Grondastellung vun deene jonke Leit. Jonk Leit ënner 30 Joer, déi Neen haaptsächlech, déi majoritär Neen zum Verfassungstraité gestëmmt hunn. Et ass net un eis, fir mam erhuewenen Zeigefanger elo duerch d’Land ze lafen an deenen ze soen: Du, du, du, dir hutt elo net déi richteg Décisioun geholl! Mä et muss ee sech d’Fro stellen, wat op der Basis vun där Décisioun war.

Ass et d’Onkenntnis vun der Geschicht, vun de geschichtlechen Zesummenhäng, vun de geschichtleche Realitéiten? Ass et de Fait, dass zu Lëtzebuerg ganz oft d’Geschicht beim Zweete Weltkrich ophéiert an duerno net méi weidergefouert gëtt, och net an der öffentlecher Ausenanersetzung an an der öffentlecher Diskussioun?

Ass et de Fait, dass ee bei ville jonke Leit awer trotzdeem och an der Diskussioun mierkt, dass hinnen d’Basiskenntnisser vum Fonctionnement vun enger Gesellschaft zum Deel net méi esou present sinn, wéi dat vläicht a fréiere Generatiounen de Fall war? Dass een nëmmen dat ka verdeelen, och als Gesellschaft, wat een erakritt, an dass deen Eenzelnen en Effort muss maachen, fir zum Gesamtprodukt vun enger Natioun ze kontribuéieren? Alles dat si Punkten, déi mer an deenen nächste Wochen a Méint zesumme mussen analyséieren.

Ech wéilt schléisse mat engem Punkt, dee mech, fir et fein ze soen, zimlech énervéiert. Dat ass deen een oder deen aneren, deen elo aus deem Deel vum Vollek, déi jo just kommentéieren, dee mengt, elo missen ze soen, et wär en därmoossen déiwe Gruef tëschent der Politik an de Leit, déi sech déi akademesch Fro stellen, ob déi Chamber hei iwwerhaapt nach representativ wär fir d’Lëtzebuerger Vollek.

Ech wëll deene Leit soen, wou deen een oder deen aneren d’ailleurs probéiert hat, emol eng Kéier an dat Haus hei eranzekommen – dat war hinnen net gelongen -, a vläicht ass och deen een oder deen anere méi bëssege Kommentar aus där Liewenssituatioun eraus ze verstoen, dass, wann eng Chamber zu engem Traité eng Décisioun hëlt, an deen eenzelne Politiker an déi eenzel Parteien eng Décisioun mussen huelen, se verflicht sinn, duerch d’Verfassung, déi ze huelen am Intérêt national. Dass ee perséinlech Gedanken an och perséinlech Appréhensiounen op d’Säit muss leeën, dass ee muss kucken, no Ofweiung vun den Argumenter fir de Jo oder fir den Neen, an der Zomm vun deem, wat ee gehéiert huet, eng Décisioun ze huelen.

An déi Décisioun konnt, fir de Gros vun de Lëtzebuerger Deputéierten, nëmme mat engem klore Jo ausgoen, well einfach d’Zomm vun deem, wat deen Traité eis bréngt, par rapport zur Zomm vun deem, wat deen Traité eis net bréngt, eis dozou bruecht huet, iwwer eenzel Bedenken, iwwer eenzel Schwieregkeeten an iwwer eenzel Appréhensiounen eraus e klore Jo fir dës Verfassung ze soen.

Deen eenzelne Bierger, deen de leschte Sonndeg gewielt huet, muss sech net déiselwecht Froestellung nécessairement stellen, deen eenzelne Bierger, dee sech e Sonndeg d’Fro gestallt huet, ganz oft par rapport zu sech selwer räsonnéiert huet, zu senger sozialer Situatioun, zu senger Situatioun an enger Gesellschaft. Déi zwee sinn net ëmmer deckungsgläich. Déi zwee stelle sech déiselwecht Froen. Et ass jo verréckt fir ze mengen, dass d’Politiker, déi ënnert dem Vollek sinn, sech déi Froen net géife stellen. Déi Fro kritt awer net ëmmer déiselwecht Äntwert.

Ech fannen, dass eis Chamber mëtten am Land steet, mëtten ënnert de Bierger steet. Mir wëssen och wou de Schong dréckt, an et ass dorunner wou mer déi nächst Wochen a Méint a Jore wäerte weiderschaffen. Ech soen Iech Merci.