D’CSV-Zentrumsdéputéiert Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen ass der Meenung daat de neie Lycée en Experiment ass, daat d’Chance vun der Réussite a sech dréit
Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,
Mir setzen haut mam Gesetzprojet 5434 iwwert de Lycée-Pilote sëcherlech een vun de wichtegsten Projeten aus dem Koalitiounsprogramm vum August 2004 em. Et ass och ouni Zweifel een vun dene wichtegsten Projeten an der “Post-PISA-Ära”, well et en Text ass, deen eng Reih nei Elementer emfaasst, déi an der besotener Etüd gefuerdert goufen. Ewech vum Frontalunterrecht, hin zu enger verständnisbaséierter Wëssensvermëttlung ass zum Beispill esou e Punkt, deen der Philosophie vum sougenannten Neien Lycée an engem besonneschen Mooss entsprëcht.
Et geet also drem fir mam heitegen Vote engem neien Schoulmodell, matt engem neien pädagogeschen Konzept op d’Spréng ze hëllefen, an ze kucken, matt Hëllef vun enger déifgräifender Evaluatioun, waat mer als politesch Verantwortlech kënnen aus desem Pilotprojet fir eise gesamten Schoulsystem erausdrainéiren kënnen. Fir eis als Fraktioun ass et kloer, daat dese Projet e wichtegt Element ass an engem Reformprozess deen mer matt deser Débatt net ôfgeschloss hun. PISA I an PISA II an d’Recommandatiounen vun der OECD huelen eis do an d’Flicht.
Och ech wëll dem honorablen Här Diederich mäin Merci ausschwätzen fir seng gudd Arbecht, déi en an der Kommissioun geleescht huet, an vun der Gelégenheet profitéieren fir e puer weiderféirend Gedankengäng zu denen vu mengem Fraktiounskollég Frunnes Maroldt matt an des Débatt eranzebréngen.
Léiw Kollégen a Kolléginnen
De Pilotprojet vun der Ganzdaagsschoul am Secondaire ass e Projet, deen en innovativt Konzept als Zielsetzung huet, an d’Ganzdaagesschoul ass d’Mëttel dohinner. Sou steet et am Regierungsaccord. D’Ganzdaagesschoul, sou wéi se an der Öffentlechkeet wouer geholl gëtt, ass eng ganzdeeglech Betreiung matt engem aneren Schoulmodell, matt engem Numm “Neie Lycée” waat dobaussen zu allerhand Confusioun gefouert huet, well un sech misst dem Projet den Numm “den aneren Lycée” ginn.
Schon säit Joeren schwätzen mer iwwert d’Reformen am Enseignement, daat heescht an enger Matière, déi sech iwwert Joerzéngten zu engem immobilen, opaquen Konstrukt entwéckelt huet. Et ass dëst net nëmmen eng Entwécklung an eng falsch Richtung. Mais, c’est par la force des choses, wou eise Bildungssystem haut am 21.Joerhonnert, no PISA I an II un seng Grenzen gestouss ass, an wou een sech déifgräifend Gedanken maachen muss iwwert d’Zukunftsfähegkeet vun eisem Bildungssystem.
Wann mer wëllen reforméiren, daat heescht wann een eiser Schoul eng aner Form well ginn, dann muss een sech iwwert d’Form eens sinn. Meng Fraktioun an ech gesinn dese Projet als Reaktioun op e Schoulsystem, deen zevill uniform ass, deen ze vertikal strukturéiert ass, an wou d’Wëssen am Frontalunterrecht triichterweis an ze saucissonnéiert vermëttelt gëtt, a wou jidfer Prof op sech selwer gestallt ass.
Dëst innovativt Konzept gëtt dem “neien Lycée” eng horizontal Struktur, an daat esou wuel bei den Inhalter, wéi bei de Méthoden. Mir gesinn dese Projet net als Reform, mee éischter als en Experiment. Zu Lëtzebuerg kenne mer déi experimentell Schoul net, am Ausland gëtt et se wuel. All Experiment dréit un sech emmer de Risiko vum Echec, awer och d’Chance vun der Réussite. Réusséiren, kann een awer nëmmen wann een de Courage huet fir ze probéiren.
D’Aféirung vun enger Ganzdagesschoul entsprëcht un sech enger Fuerderung vun villen Elteren. Daat ass keen Zoufall, wann een den heitegen familiären, sozialen an gesellschaftlechen Kontext méi no betruecht. Aus desem Kontext léisst sech deemno och schléissen, daat de virleienden Projet kéngem kuerzliewegen Zäitgeescht entsprëcht, mee éischter enger réeller gesellschaftlecher Demande. Daat bedeit och eng Emstellen vun den elo bestoenden Gewunneschten. Schoul vun 8 Auer Moies, respektiv 7.30 Auer bis 16.30 Auer, respektiv 18 Auer, an daat 5 Deeg an der Woch während 3, respektiv 4 Joër am Ganzen ass e Schoulmodell, deen d’Kanner an d’Elteren mussen akzeptéiren an sech musse drun gewinnen. De jonke Mënsch brauch doriwwer eraus och e gewëssen Fräiraum an Cader vun sengem 8 bis 10 Stonnen Daag. Deen ze erméiglechen ass och een vun de groussen Défien, deen de “Neie Lycée” muss opgräifen.
Här Präsident,
Ech haat Ufanks d’Iddi opgegraff fir de “neien Lycée” den “aneren Lycée” ze nennen. Duerfir wéilt ech gären vun menger Riednerzäit profitéieren, fir déi 5 wichtegst Elementer an desem Projet ze ennersträichen, déi mir essentiell an deem neien Konzept erschéngen, an wou ech och déi eng oder aner Réserve unzeméllen hun:
1) En éischten wichtegen Aspekt ass deen vum Projektunterrecht an vun der Interdisciplinaritéit. De Projektunterrecht orientéiert sech an aller éischter Ligne um Vécu vum Schüler, Themen ginn an Klassen- an/oder Gruppenarbecht erschafft. D’Interdisziplinaritéit garantéiert déi horizontal Dimensioun vun der Wëssensvermëttlung, daat heescht e sëlwëcht Thema gëtt a verschidden Fächer gläichzäiteg behandelt. Béid Approchen kommen dem Schüler sëcherlech entgéint. Et muss awer Suerg gedroen ginn, daat d’Enseignanten op des Méthod gudd virbereet sinn, an de néidegen Savoir-faire mattbréngen.
2) Déi zweet wichteg interessant Neierung ass de sougenannten “Portfolio”. Et handelt sech hei em en “Journal de bord”, wou wéi en am Artikel 5 beschriwwen an définéiert ass, an deen de schouleschen Parcours vum eenzelnen Schüler dokumentéiert. E wichtegt Element hei bäi ass d’Autoévaluatioun, wou esou muncher een Zweifel huet, ob de Schüler senger Verantwortung vis-à-vis vun sech selwer gerecht gëtt. Ech mengen iewer et soll een de Schüler net ennerschätzen. Hei ass ouni Zweifel eng gewëssen Selbstdisziplin erfuerdert, awer och déi néideg Hëllefstellung vum Personnel encadrant.
3) En drëtten wichtegen Aspekt ass deen vun der Coopératioun zwëschent den eenzelnen Enseignanten. D’Enseignanten schaffen a sougenannten pluridisziplinären Equipen. Während 3, respektiv 4 Joër ginn 4 Klassen vun 7 Enseignanten an 2 Educateuren enseignéiert, respektiv encadréiert. Wann ech eng richteg Lecture vum Text gemaach hun, da sinn déi 4 Klassen esou wuel aus dem Classique, wéi och aus dem Secondaire technique an aus dem Préparatoire. Fir d’Rentrée géif daat folgend Opdeelung erginn:
Eng Equipe fir eng Klass aus dem Secondaire, zwou aus dem Secondaire technique an eng Klass aus dem Préparatoire. Déi aner Equipe ass fir zwou Klassen aus dem Secondaire, eng aus dem Secondaire technique an eng aus dem Préparatoire. Ech gesinn daat als e positivt Signal, woubäi ech mech awer froen, firwaat den Cloisonnement tëschent deenen dräi Enseignementer esou strikt bäibehalen gëtt.
4) E véiert Element ass daat vun der Evaluatioun vum Cycle d’orientation duerch en externen Jury. Och hei denken ech, daat et eng couragéiert Dispositioun ass, déi d’Déterminatioun vun den Initiateuren vum Projet dokumentéiren.
E wichtegen Akzent soll op déi wëssenschaftlech Begleedung vum Projet duerch d’Uni Lëtzbuerg geluecht ginn, sou wéi et beispillsweis vu verschidden Beruffschâmberen an Organisatiounen ugeduecht ginn ass.
5) Et léisst sech driwwer streiden op ët sënnvoll ass Englesch am Secondaire obligatoresch an am Technique fakultativ ze maachen. D’Zukunft wäert eis déi définitif Äntwert ginn. D’Argument, d’englesch Sprooch géif och am Ausland esou fréi agefouert gin dem kann en entgéint haalen datt all eis Kanner an enger Friemsprooch scolariséiert gin, mat 6 Joer Däitsch an mat 7 Joer Franzéisch assimiléieren mussen. Gewëss Englesch ass « in », mais dat geet awer vläicht nët duer fir ët anzeféieren.
Léiw Kollégen a Kolléginnen,
Dëse projet de loi huet ët a sech. E beinhalt eng Hellewull Néierungen, déi d’Kanner an d’Personal mussen verinnerlechen an déi d’Direktioun muss méiglech machen. Et gin aner Denkschemen verlaangt well d’Approch an d’Philosophie eng ganz aaner ass. D’Kooperatioun tëscht Schüler, d’Kooperatioun tëscht Enseignants’en, d’Disponibilitéit vun den Equipes pédagogiques, déi psychologesch a sozial Betreiung wa néideg, d’Orientation scolaire am direkten Kontakt mat der Berufswelt, dat alles kënnt engem gehéiregen Kraaftakt gläich. Mais an desem Fall musse en et mam Sprachwuert halen « le succès n’est pas quelque chose qu’il faille attendre, il faut le rendre possible ».
Dir Dammen an dir Hären,
Ech erlaben mer och drop hinzeweisen dat an villen Lycée’en muenech interessant projets’en duerchgefouert goufen an duerchgefouert gin. Dëse Neie Lycée wäert d’Opmierksamkeet vun der Presse op sech zéien. Ët wier wënschenswäert wann all dat wat ënner dynameschen a wäitsichtegen Direktiounen initiéiert gouf och Beuechtung géing fannen. De virleienden Projet gëtt eis duervir och d’Chance eise Bléck op déi Experienzen a Projeten ze riichten, déi an aneren Lycéen lafen, an vun denen net esou vill diskutéiert. Dat géif d’Diskussioun ëm den Enseignement dynamiséieren an den Dialog tëscht traditionnellen Lycée’en an dem « Neie Lycée » favoriséieren.
Ech kommen zum Schluß.
Ech géif mir wënschen dass mer d’Diskussioun ëm e Projet-pilote mat Ganzdagsschoul méi breet géifen féieren. Ech denken do besonnesch drun fir d’Geméngen weiderhin ze ennerstëtzen bei der Schafung vun Opfankstrukturen fir Schoulkanner. Des Offer huet an eisen Aen w pädagogesch wertvollen Charakter. Bei der Entwécklung vun den édukativen a pädagogeschen Leitlinnen vun esou Ariichtungen muss drop insistéiert ginn, daat et zu enger einwandfräier Coordinatioun matt der Schoul kënnt, fir daat esou wuel de Léier- wéi och den Erzéiungsoptrag als e kohärent Ganzdaageskonzept erunwiisst.
Heimadden schléissen ech méi Credo fir de Neie Lycée, ginn den Accord vun menger Fraktioun zu desem Projet a soen Merci fir Äer Opmierksamkeet.