Fir eng prospektiv an aktiv Bautepolitik zu Lëtzebuerg

Op zwou fräien Tribünen op RTL Radio Lëtzebuerg (20. Juni 2005) an um Soziokulturellen Radio 100,7 (22.Juni 2005) plädéiert de Präsident vun der parlamentarescher Bautenkommissioun Lucien Clement fir weider staatlech Investitiounen

Léiw Nolauschterer,

Déi läscht Woch huet d’Châmber zwee wichteg Gesetzprojeten gestëmmt. Et goung zum engen em d’Renovatioun vun der Annexe “Jenker” vum Lycée Technique Mathias Adam zu Déifferdeng, an zum aneren em de Bau vun der Liaison Micheville am Süden vun eisem Land. Domadden gouf e wichtegt Zeechen gesat, nämlech daat, daat de Staat um Niveau vun de Schoulinfrastrukturen weiderhin investéiren wëll an schnell handelen kann, wann et drem geet fir en alen an ramoléierten Schoulkomplex erem a Stand ze setzen.

En anert Signal ass daat, daat des Regierung weiderhin un engem héichen Investitiounsniveau festhällt, fir déi Infrastrukturen ze schafen, déi eist an de kommenden Joeren brauch. Sou gëtt beispillsweis duerch d’Liaison Micheville eisen Autobunnsréseau un de franséischen Réseau ugebonnen, an d’Haaptverkéiersschlagoder duerch d’Frichen vun Esch-Belval geluecht. Domadden gëtt eng wésentlech Viraussetzung geschaf, fir de Site vun den Industriebrochen op Esch-Belval erem ze revaloriséieren an fir weider potentiell Investisseuren op d’Frichen ze lackelen. Et ass grad dese Projet deen verdäitlecht, daat eist Land des Investitiounen muss maachen, fir och um Niveau vun der Compétitivitéit liewensfäheg ze bleiwen.

Domadden net genuch, well nach eng Partie aner wichteg Bauprojeten um politeschen Agenda vu Châmber a Regiirung stinn. Ech denken do un d’Cité judiciaire an un d’Nordstrooss, zwee Projeten déi alle béid an der Aktualitéit stinn, well se méi deier ginn, wéi virausgesinn gouf. Des wieder Käschten entstinn awer net vu Muttwëll, mä erwuessen aus zousätzlechen Etüden, Imprévuen, oder Normen um Niveau vun der Sëcherheet, wéi och um Niveau vum Emweltschutz, déi mussen respektéiert ginn an déi deemno Méikäschten verursaachen. Et ass gewosst, daat des Projeten schon laang gestëmmt sinn, an all Birger gesäit, daat se esou lues awer sëcher Gestalt unhuelen. D’Rockhal op de Frichen an d’Philharmonie um Kirchbierg sinn zwou kulturell Infrastrukturen déi elo jhust färdeggestallt goufen, an déi de Kulturstanduert Lëtzebuerg iwwert d’Grenzen eraus wärten bekannt maachen.
De Bautenminister Claude Wiseler wëll un deser Bautenpolitik festhalen, well se fir eist Land noutwendeg ass. Virun allem am sozialen an am Schoulberäich trëfft daat an engem besonneschen Mooss zou. De Plan pluriannuel des investissements bleiwt deemno d’Riichtschnouer vun den Investitiounen an de kommenden Joeren.

Welle mer déi staatlech Gelder sënnvoll an matt Beduecht ausginn, esou musse mer eis och prozedural aneschtes opstellen. De Minister Wiseler huet eng Partie Moossnahmen virgestallt, wéi een an Zukunft kann budgétaire Dépassementer bei groussen Infrastrukturprojeten vermeiden. Duerch d’Opdeelung vun engem groussen Projet a verschidden Tranchen, nodeems de Käschtenpunkt vun enger Tranche gewosst ass, kann d’Envergure vun de Gesamtkäschten besser ageschaat ginn. Des Prozedur ass bei der Liaison Micheville fir déi éischte Kéier zur Applikatioun komm. Domadden gëtt d’Parlament senger Kontrollfunktioun géigeniwwer der Regiirung besser gerecht.

Mir als CSV ennerstëtzen desen ageschloenen Wee, well e méi Transparenz schaaft, an well en de parlamentareschen Contrôle opwert. Desweideren kënnen mer nëmmen ennersträichen, daat eng aktiv Bautepolitik eise Mëttelstand stärkt an eis Compétivitéit duerch gudd Infrastrukturen verbessert.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Lucien Clement
Juni 2005