Iwwert d’Gesetz vun der Geméngeplanung an der Entwécklung vum städteschen Raum

De Fraktiounschef Michel Wolter op enger Fräier Tribüne vun RTL Radio Lëtzebuerg iwwert d’Gesetz vun der Geméngeplanung an der Entwécklung vum städteschen Raum. Den CSV-Fraktiounschef seet daat d’Gesetz vum 19.Juli 2004 e gudd Gesetz ass an d’Strooss hällt.

Dir Dammen an Dir Hären,

D’Gesetz iwer den Aménagement vun de Gemengen, daat den 19. Juli 2004 a Kraaft getrueden ass, suergt fir Opregung.

Et ass e wichtegt Gesetz, well et reegelt, wéi an ënner waat fir engen Konditiounen zu Lëtzebuerg gebaut kann gin.

Et ass en innovativt Gesetz, well et den Akteuren vill nei Méiglechkeeten gët, fir zukunftsorientéierten Städtebau ze maachen.

Et ass awer och e komplext an komplizéiert Gesetz, well et eng komplex an komplizéiert Matière ass.

Nët alles um Gesetz ass richteg verstaanen gin, mueneches schéngt awer och net jiddereen ze verstoen wëllen. Dësen Emstand ass déi lescht Woch alt nees deitlech gin, no engem Urteel vum Verwaltungsgeriicht, duerch daat eng Baugenehmegung, déi de Buergermeeschter vun der Staat gin haat, annuléiert gouf.

Et ass deemno interessant, eng Kéier ze kucken, em waat et bei deem Urteel gaangen ass, an em waat net.

Fir d’éischt stellt een fest, dass d’Verwaltungsgeriicht a sengem Urteel festhällt, datt d’Aménagementsgesetz absolut uwendbar ass, an datt een sech net méi kann op Bestëmmungen vum aale Gesetz beruffen, fir seng Dispositiounen ze ëmgoen.

Zweetens hällt d’Urteel fest, dass de Buergermeeschter vun der Staat e kloeren Fehler gemaach huet. Hien huet d’Dispositiounen vum Gesetz net agehaalen, an huet dowéinst de Prozess verluer. Kokass ass et awer ze gesin, dass d’Staat dëse Prozess Ees ewéi Ees verluer Hätt, well och an deem aalen Gesetz stoung deitlech, dass bei engem Morcellement vun Terräiën e PAP hätt missen gemaach gin. De Buergermeeschter vun der Staat war deemno am Onrecht, wéi hien ouni wieder Prozedur eng Baugenehmegung ausgestallt huet. Daat ganzt huet, fir et emol vereinfacht ze soen, iwerhaapt näischt mam neie Gesetz ze din.

Drëttens, an och daat ass interessant, hällt d’Urteel vun de Verwaltungsriichter fest, datt een sech och net kann derhannert verstoppen, datt keng Lëscht mat deene Persounen virläit, déi e PAP däerfen aussschaffen, fir einfach keen viirzeléen. D’Riichter hu fonnt, datt an esou enger Situatioun weiderhin all qualifizéierten Architekt oder Ingénieur kann e PAP ausschaffen, an datt dee kann viirgeluegt gin, fir eng Baugenehmegung ze kréien. Domat ass de Beweis derfir erbruecht, datt et eigentlech kee Blocage beim Bau diirft gin.

Daat Urteel weist, datt déi ganz Diskussioun iwer daat neit Amenagementsgesetz am Fong jhust eng steril Polemik ass. Et gët kee Mënsch zu Lëtzebuerg um Baue geh¨nnert. Et muss een sech jhust un d’Regelen vum neie Gesetz haalen. Daat Gesetz ass uwendbar, och wann et net perfekt ass. Et sin zu dësem Moment Ännerungen um Instanzewee, déi besonnesch een Artikel méi kloer a méi einfach ze handhaben maachen. Esou oder esou: daat neit Gesetz huet d’Verantwortung vun de Gemengen am Beräich vum Urbanismus verstärkt. Sie mussen dës Verantwortung iwerhuelen. Fir datt d’Gemengen mam neie Gesetz eens gin, huet d’Verwaltungsreiicht hinnen elo eng Lieshëllef gin. Ech géif mer wënschen, datt domat eng Polemik, mat daer jhust ville Leit onnéideg Angscht gemaach get, endlech vum Dësch kënnt.

Michel Wolter
RTL Radio “Fräi Tribün”