Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de Statsminister an d’Madame Ausseminister hunn an hire jeeweilegen Interventiounen – sou denken ech -, op eng onmëssverständlech Aart a Weis, nach eng Kéier d’Haltung vun der Regierung an där ganzer Irakfro duergeluecht.
Ech wëll virop zwou Bemierkunge maachen. Éischtens. Meng Fraktioun, déi ënnerstëtzt d’Approche vun der Regierung a mir maachen dat, Här President, well et eng Approche ass, déi drop ausgeriicht ass dem Fridden absolut Prioritéit ze ginn, well et eng Approche ass, déi de Géigner vum Fridden, nämlech den Irak, kloer identifizéiert, well et eng Approche ass, déi déi wichtegst Pisten an déi noutwendeg Mëttele proposéiert, fir den Irak zum Alenken ze bréngen, a well et eng Approche ass, déi richtegerweis d’UNO an d’Völkerrecht an de Mëttelpunkt vun där ganzer Fro stellt.
Aus all dëse Grënn, Här President, Grënn zu deenen et an eisen Ae keng Alternativ gëtt, soe mer Jo zur Haltung vun der Regierung.
Meng zweet Bemierkung. D’Deklaratioune vum Statsminister a vun der Ausseministesch haut de moie stelle keng Iwwerraschung duer, well ofgesi vun enger Rei vu Bemierkungen, déi am Beräich vun de Motivatiounen ugesiddelt sinn, an ofgesi vun der Positioun zu deem neie Projet de résolution, dee vun den Amerikaner an den Englänner ervirbruecht ginn ass, hunn ech näischt an der Positioun vun der Regierung héiere wat nei wär, par rapport zu deem wat d’Regierung zënter laange Wochen an dëser Fro erkläert huet.
De Statsminister an d’Madame Polfer haten an deene leschte Méint, Wochen an Deeg bei ville Geleeënheeten, hei am Parlament, op Pressekonferenzen, a Radiossendungen an an Interviewen, d’Positioun vu Lëtzebuerg duergeluecht an erkläert. An ech hunn, wéi gesot, bei deem wat ech haut héieren hunn, keng nei Tounlag, keng nei Approche gesi par rapport zu deem wat mer kannt hunn.
A well ech gesot hunn, Här President, dass meng Fraktioun d’Approche vun der Regierung zu 100% dréit, wëll ech mol nach eng Kéier méi e geneeë Bléck op dës Approche werfen an zur selwechter Zäit versiche fir dat, wat déi zwee Regierungsmemberen haut de moien hei gesot hunn, ze vergläiche mat deem wat se an deene leschte Wochen ëmmer erëm gesot hunn.
Dëse Versuch schéngt mer ëmsou méi wichteg ze sinn, well Eenzelner nach bis an déi leschten Deeg era behaapt hunn, d’Regierung – an domadder wäre jo och d’Majoritéitsparteie gemengt – hätt keng kloer Haltung, si géif en Zickzackkurs fueren, an et gouf jo och hei Leit am Haus déi gemengt hunn, aus Grënn op déi ech am Moment net wëll agoen, si missten d’Regierung areien an déi, déi angeblech nëmmen op e Krich auswieren.
Dofir wëll ech nach eng Kéier eis Haltung däitlech maachen, fir dass och déi, déi se bis elo nach net sollten héieren hunn, oder déi se net wollten héieren, oder déi sou gemaach hu wéi wa se net héieren hätten, wësse wou se dru sinn.
Punkt 1. Kee Mënsch wëllt e Krich, weder heibannen nach dobaussen. E verstännege Mënsch wëllt ni Krich, net géint den Irak, net am Noen Osten, néierens op der Welt. De Statsminister huet virdrun op dëser Tribün hei gesot: “De Konflikt muss friddlech geléist ginn.” An de Statsminister huet virun zwou Wochen op dëser Tribün wuertwiertlech gesot, ech zitéieren: “Egal wou mer hei sëtzen, op lénks vum President oder riets, op de Still vun den Deputéierten oder op der Regierungsbänk, ech sinn iwwerzeegt dovun, datt mer alleguer eng diplomatesch, eng politesch an eng friddlech Léisung fir den Irakkonflikt wëllen…”, an hien ass weidergefuer, andeems hie gesot huet: “?den Irak muss entwaffnet ginn, e muss mat friddleche Mëttelen entwaffnet ginn.”
Punkt 2. Mir sinn der Meenung, dass d’UNO-Inspektioune musse weidergoen an dass den Irak hei muss kollaboréieren a méi aktiv matschaffe wéi dat bis elo de Fall war. Den Irak huet elo wéinstens an engem prezise Beräich, nämlech an deem vun den Al-Samoud-Rakéiten, d’Méiglechkeet seng aktiv Kollaboratioun ënner Bewäis ze stellen. Et geet hei net drëm fir dës Rakéiten ze zerstéieren, well se 20 oder 30 Kilometer ze wäit fléie wéi dat erlaabt ass, mä et geet ëm d’Glafwierdegkeet an et geet ëm d’Eeschhaftegkeet mat där mer mat den UN-Virschrëften a mat den UN-Resolutiounen ëmginn.
De Statsminister huet virun zwou Wochen op dëser Tribün gesot: “Dofir si mer, zesumme mat villen aneren, fir d’Verstäerkung vun den UNO-Inspektiounen, zuelméisseg a materiell, dofir si mer dofir, dem Irak eng lescht Chance ze ginn, fir seng Positioun ze iwwerpréiwen an d’Viraussetzung fir eng friddlech Léisung ze schafen.” Haut huet hie gesot: “Mir sinn der Meenung, dass d’Missioune vun den Inspektere musse weidergoen. Et ass keng Ursaach do fir muer Krich unzefänken?”, an hien huet hei nach eng Kéier développéiert wéi d’Regierung mengt dass déi Inspektiounen an der Breet, an der Déift an an der Zäit hir Chance musse kréien, fir hei zu enger friddlecher Solutioun ze kommen.
Punkt 3. Mir stinn hannert dem Décisiouns- a Gewaltmonopol vun der UNO a vum Weltsécherheetsrot. Och heizou huet d’Regierung virun zwou Wochen hei am Haus gesot, d’Sanktioune mussen am Kader vun der UNO a vum Weltsécherheetsrot getraff ginn, déi näischt däerfen onversicht loosse fir déi ultim Sanktioun vum Krich net mussen ze ergräifen.
Mir mussen der Ëmsetzung vun der Resolutioun 1441 all hir Chancë ginn. Wa se vum Saddam Hussein net ergraff ginn, da muss de Weltsécherheetsrot décidéieren.
Dir Dammen an Dir Hären, wann een e bëssen d’Deklaratiounen, déi d’Regierung an deene leschte Méint gemaach huet, kuckt, da gouf et ënner anerem och en Interview vum Statsminister um Enn vum Joer, wou hie sech däitlech zu där Fro positionéiert huet. Kee Mënsch wëllt dat héieren oder gesinn oder geet dat noliesen, mä ech wëll emol zitéieren, wat den 20. Dezember de Statsminister an engem RTL-Interview gesot huet.
Hien huet gesot, dass den Irak dofir suerge muss, dass d’Viraussetzunge geschafe ginn, fir dass déi international Communautéit – net d’Amerikaner eleng, mä déi international Communautéit – net zu deem Schrëtt komme muss. Dat war am Dezember, wou déi dote Positioun kloer an däitlech formuléiert ginn ass, wou gesot ginn ass: “Et kann net eng eesäiteg Approche vu Säite vun de Vereenegte State ginn. Et muss eng Solutioun am Kader vum Conseil de sécurité vun der UNO, vun der internationaler Communautéit getraff ginn.” Dat ass am Dezember gesot ginn.
Kee Mënsch hëlt dovunner Kenntnis. Dat war eng kloer an eng däitlech Positionéierung wat déi ganz Problematik ubelaangt, déi mer hei diskutéiert hunn. Hien huet deemools gesot: “Il faut détester la guerre. Dat ass eppes wat mer net sollte maachen. Mir maachen dee butzegen Afloss, dee mer hunn, do geltend, wou et drëm geet dass d’Stëmm vun der Verhandlung eng Lëtzebuerger Stëmmche kritt.” Och dat war eng däitlech Positioun. Et war eng däitlech an eng kloer Ausso a weist wéi eng Approche dass dës Regierung par rapport zu dësem Konflikt huet. Eng Ausso, déi méi wéi zwee Méint zréckläit, déi awer anscheinend kee Mënsch méi wëllt héieren oder kee Mënsch méi wëllt zur Kenntnis huelen. De Statsminister huet haut de Moien hei gesot, ech zitéieren hien: “De Weltsécherheetsrot muss den Dréi- an den Aangelpunkt bleiwen.”
Dir Dammen an Dir Hären, ech mengen déi dote Punkte si kloer an däitlech, an aus deene ganze Positiounen eraus kënnt eng lescht Haltung, an dat ass déi vun der ultimer Sanktioun, esou wéi se an der Resolutioun vun der Europäescher Unioun duergeluecht ginn ass. Gewaltuwendung ass déi allerlescht vun den Optiounen, net déi nächsten, mä déi allerlescht vun den Optiounen. Et ass dat eng Formulatioun, déi den däitschen Ausseminister, den Här Fischer, gebraucht huet. Eng Optioun, déi bis ganz zum Schluss net däerf zur Uwendung kommen, déi awer net komplett ausgeschloss gi kann.
Dat ass d’Positioun déi dës Regierung an dës Majoritéitsfraktiounen, déi dës Regierung ënnerstëtzen, an där ganzer Debatt hunn, haten an zënter Méint hunn. A well dat eis Positioun ass, a well wierklech all d’Méiglechkeeten – esou wéi dat haut de Moie vun dem Statsminister an der Madame Ausseminister hei ënnerstrach ginn ass – bis dee leschte Moment sollen ergraff gi fir zu enger friddlecher Léisung ze kommen, gesi mer d’Utilitéit vun där neier Resolutioun, déi vun den Amerikaner a vun den Englänner abruecht ginn ass, net an. Mir denken dass déi Approche, déi mer développéiert hunn an déi och vun Däitschland a Frankräich an hirem Memorandum ënnerstëtzt gëtt, fir den Inspekteren all, mä awer och wierklech all, hir Chancen ze ginn, déi richteg Approche ass, an dofir denke mer dass esou eng Resolutioun an dësem Moment net a Fro kënnt.
An dann, Här President, wat jo awer trotzdeem glécklech ass, a wou ech fannen dass eist Land, eis Regierung dach awer extrem gutt do steet, dat ass dass déi Positioun, déi hei iwwer Wochen definéiert ginn ass an iwwer Woche kloer an däitlech war – och wa verschidde Leit dat net esou wollten héieren a gesinn -, dach deckungsgläich ass mat deem wat déi Europäesch Unioun an hirer Resolutioun virun zéng Deeg, wéi d’Stats- a Regierungschefen zesumme waren, festgehalen huet. Si stëmmt praktesch wuertwiertlech mat deem iwwereneen, wat d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung war. Do kënne mer dach net dernieft geleeën hunn. Do kënne mer net, wéi gesot ginn ass, tëschent de Still gesiess hunn.
Eis Positioun ass ganz genee déi Positioun, déi déi Europäesch Unioun festgehalen huet. Mir hu keng Ofstrécher bei där europäescher Resolutioun vun eiser Positioun misse maachen. Aner Länner hunn dat musse maachen. Groussbritannien huet mussen en Deel vu senger Krichsrhetorik ofréckelen, fir déi europäesch Positioun kënne mat ze droen. Den däitsche Bundeskanzler huet musse vu senger fundamentalistescher Positioun e Stéckelchen ofréckelen, fir dat dote kënne mat ze droen. Hien huet sech ëmmer mat alle Mëttele gewiert géint de Krich. Hien huet awer hei d’Gewaltuwendung als lescht Mëttel, als Ultima ratio an där dote Resolutioun mat gedroen. Anerer hu musse vun hirer Positioun ofgoen. D’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung war kloer an däitlech. Mir hunn net brauche vun eiser Positioun ofzegoen a mir hunn eis zu 100% an der Positioun vun den Europäer erëmfonnt.
Här President, wann een d’Debatten zréckkuckt, déi mer elo an deene leschte Wochen hei am Parlament iwwert déi ganz Problematik gefouert hunn, da gesäit ee bei der Beschreiwung vun der Irakfro – hei am Parlament wéinstens -, dass ganz vill op d’Haltung vun de Vereenegte Staten an op d’Intérête vun de Vereenegte Staten insistéiert gouf. Et gouf villes kritiséiert an net alles, wat do kritiséiert gouf, gouf zu Onrecht kritiséiert. Et goufen awer och vill Ënnerstellunge gemaach, déi ech a kenger Hinsicht kann droen, mä et gouf ganz wéineg vum Irak selwer geschwat. Et gouf ëmmer gesot de Saddam Hussein ass en Diktator, et ass e Schlëmmen a mir sinn net frou mat him, an dann ass erëm ofgewach ginn an et ass sech erëm fokusséiert ginn op d’Haltung vun den Amerikaner.
Mä et muss een dach awer gesi wien hei en fin de compte de Feind ass. Mir däerfen dach awer net d’Amerikaner op d’Uklobänk setzen. Mir mussen dach awer gesinn, datt den irakeschen Diktator deen ass, deen zënter zéng Joer a méi wéi zéng Joer hei mat der Weltgemeinschaft mécht wat hie wëllt. Hie mécht de Geck mat den UN-Resolutiounen. Zënter zéng Joer ginn UN-Resolutioune geholl. Hien huet keng eenzeg mat Energie gehollef ëmzesetzen.
Et ass ëmmer erëm gesot ginn, et si vun den UNO-Inspektere méi Waffe vernicht gi wéi dat am Golfkrich de Fall war. Här President, wann Der kuckt, déi Waffen, déi vernicht gi sinn opgrond vun den UN-Inspektiounen, de Gros dovunner réiert dohier wéi 1997 dem Saddam Hussein seng Eedeme geflücht sinn a verroden hunn, wou dann déi Waffenarsenaler wären. Eréischt doropshi konnt massiv zerstéiert ginn. D’UNO-Inspektere konnten eréischt no siwe Joer, während deene se vum irakesche Regime un der Nues ronderëmmer gefouert gi sinn a wou alles verstoppt ginn ass, déi gréissten Dépôtë fannen, nodeems dat Ganzt duerch dem Saddam Hussein seng eege Famill opgeflu war. Eréischt du konnte se effikass ginn.
Duerfir gesäit een, dass de Problem net deen ass vun Amerika oder vun der internationaler Communautéit, déi hei Drock ausüben. Den Irak gëtt zënter 30 Joer vun engem Diktator regéiert, dee chemesch Waffe géint seng eege Populatioun agesat huet. Den Irak ass de Problem, e Land aus deem Millioune vu Leit an den Exil gaange sinn, well se dem Terror vun dësem Regime wollten aus de Féiss kommen. Véier Milliounen Iraker liewen am Exil. Den Irak, an deem Honnertdausende vu Kanner an deene leschten zéng Joer nom Embargo gestuerwe sinn, well den Embargo den irakeschen Diktator gutt arrangéiert.
Kuckt emol, wéi einfach wär et gewiescht wann et hei zu enger Kollaboratioun komm wär, wann déi Kollaboratioun virun zéng Joer gemaach gi wier wéi d’UNO se verlaangt huet, wéi de Weltsécherheetsrot se verlaangt huet, da wär deen Embargo längst opgehuewen an dann hätte mer déi Dausenden an Dausenden – Här Bausch, Dir kënnt dat jo herno anescht ausféieren – vu Kanner net, déi am Laf vun deene leschte Méint gestuerwe sinn. All Mount stierwen am Irak 5.000 Kanner opgrond an un de Konsequenze vun engem Embargo, dee provozéiert gëtt, an dee systematesch, wëllentlech a wëssentlech vun engem Diktator, deen zu Bagdad sëtzt, gefördert gëtt.
Deen Eenzegen, Här President, deen de Moment Krich féiert, dat ass de Chef vum Irak, an hie féiert Krich géint säin eegent Vollek. Dat ass de Problem an duerfir sollte mer eis net am Géigner ieren.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech wëll ofschléissend nach eng Kéier an e puer Wierder d’Positioun, fir dass se ee fir allemol verstanen ass bei deene Leit, déi se bis elo net wollte verstoen, resüméieren.
Éischtens alles awer och alles ass ze versiche fir zu enger friddlecher Léisung ze kommen. Zweetens d’UNO-Inspektere mussen d’Zäit an d’Méiglechkeete kréie fir hir Aarbecht ze maachen, dat awer mat der proaktiver Mataarbecht vum Irak. Dofir menge mer och, dass an dësem Moment eng nei UNO-Resolutioun net hëllefräich ass, mä d’UNO-Inspektioune sollen an der Breet, an der Déift an an der Zäit déi Méiglechkeete kréien, esou wéi se och vun de Fransousen an den Däitschen déi lescht Deeg proposéiert gi sinn. Drëttens den Décisiounsmonopol muss beim Weltsécherheetsrot bleiwen. D’Völkerrecht muss voll zur Geltung kommen. Gewaltuwendung kann nëmmen déi allerleschte Méiglechkeet sinn a si muss vun der UNO décidéiert ginn. Eng unilateral Approche kann net eis Zoustëmmung fannen.
Ech denken, Här President, datt ënnert deenen Ëmstänn, esou wéi mer se haut kennen, an an där Situatioun, esou wéi se sech haut presentéiert, dat do eng raisonnabel an eng responsabel Approche zu där ganzer Problematik ass.