De Jean-Marie Halsdorf sot an der Chamber, d’NATO-Erweiderung ëm siwe Staaten aus dem europäeschen Osten wir eng historesch Evolutioun an der europäescher Sëcherheetspolitik
Här President,Dir Dammen an dir Hären,
Ech soen am Numm vu menger Fraktioun dem Rapporter, dem Kolleg Emile Calmes, Merci fir säin ausféierleche schrëftlechen a säin atmosphäresch uspriechende mëndleche Rapport. Hien huet den Detail vum Prozess vun der Adhésioun vun dene siwen Staaten duergeluecht, déi Member vun der NATO ginn, wann de Ratifikatiounsprozess ofgeschloss ass. Ech kommen duerfir a menger Interventioun och net méi op dës Elementer zréck. Villméi wëll ech mech mat der Bedeitung an de Konsequenze vun dëser NATO-Erweiderung befaassen – déi zweet zënter dem Enn vum kale Krich – an och e puer Iwerleeungen zu der NATO selwer nom Enn vun der Ost-West-Konfrontatioun hei maachen.
Dacks ass schon am Zesummenhank mat der NATO-Erweiderung d’Adjektiv ?historesch” beméit ginn. Während an anere Kontexter dës Vokabel meeschtens abüsiv benotzt get, fënnt se hei all hir Bedeitung. Dës NATO-Erweiderung ass historesch, si stellt souzesoen den definitiven Ofschloss vun enger Ära duer a laut eng aner an.
Wéi 1999 Polen, Tschechien an Ungarn der Allianz bäigetruede sinn, du war dëst eréischt den Ufank vun engem Prozess, deen der NATO hir Natur dauerhaft wäert veränneren. Hiirt geographescht Anzuchsgebitt get méi grouss, hir Aufgaben änneren, d’Erausfuerderungen, denen se sech muss stellen, gi méi komplex a méi komplizéiert.
D’NATO ass, dat soll een aféirend widderhuelen, d’Konsekratioun vun der transatlantescher Partnerschaft vun de fräiheetlechen Demokratien nom zwete Weltkrich. Si ass entstanen an der Logik vum sech oofzeechnende kale Krich tëschent den atlantesche Partner an dem fréiere Sowjetimperium mat senge sëlleche Satelliten. Déi fräiheetlecht an demokratesch verfaasste Gesellschafte vum sougenannte Westen hu sech an enger militärescher Allianz zesummegeschloss, fir hir Verteidegung géint en eventuellen Ugrëff aus dem Osten ze schützen. Bis 1989 war dëst déi wesentlech Missioun vun der NATO.
Während däer ganzer Säit war et allerdings esou – an et ass haut nach net anescht – datt déi Verenegt Staten dee bäi wäitem iwerweienden Afloss an der NATO haten, opgrond vun hirer militäresch dominanter Kapacitéit, an domat eigentlech ni e wiirklecht Gläichgewiicht tëschent dëser an däer Säit vum Atlantik bestanen huet. Dëst Gläichgewiicht ass haut, am Kontext vun enger Erweiderung vum europäeschen NATO-Territoire, nees eent vun den Themen, déi d’Allianz mussen intresséieren.
Mam Enn vum kale Krich, also spéitstens nom Verschwanne vun der Sowjetunioun vun der Landkaart, um Enn vum Joer 1991, war der NATO hiirt ursprünglecht Feindbild abhande komm. Den ?Ennemi”, wéi mer op Lëtzebuergesch esou schéi soen, war net méi do – oder villméi, et gouf lues a lues an den nonnzeger Joeren en aneren. Dozou spéider méi. Den ale Géigner awer, de kommunistesche Block, huet net méi existéiert.
Et huet e puer Joere gedauert, bis d’NATO och strukturell d’Konsequenzen aus dene neie Rahmenbedingunge gezunn huet. 1994 dunn ass um Sommet zu Bréissel déi éischt Invitatioun u potentiell nei Memberen ausgesprach ginn. Den uviséierte Bäitrëtt vu Polen, Ungarn an Tschechien huet sech schon an enger ganz anerer politescher a militärescher Perspektiv situéiert, wéi den initialen Zesummeschloss, 1949, vis-à-vis vun staatlech organiséierten ideologesche, politeschen a militäresche Géigner.
Zënter dem Ufank vun den nonnzeger Joere vollzitt d’NATO e Wandel vun enger renger Verteidegungs- a Richtung vun enger Sëcherheetsallianz. Natiirlech huet de Begrëff vun der Sëcherheet an hirer ganzer Geschicht eng prägend Roll gespillt, mee et ass eréischt nom Wechfall vum kommunistesche Block, wou e prädominant gouf. Och am Kontext vun der Erweiderung vun der Allianz ass et de Begrëff vun der Sëcherheet, deen de Prozess conditionnéiert.
Zënter 1999 erweidert sech d’NATO a Richtung Osten. All hir nei Memberen, déi vu 1999 an déi zukünfteg Siwen, louche fréier am kommunisteschen Anzochsgebitt – vläicht mat enger Nüance fir Slowenien, well dat fréiert Jugoslawien net am eigentleche Sënn zu irgend engem Block gehéiert huet. Verschiddener vun dëse Staten existéieren och eréischt zënter dem Enn vum kale Krich. Tschechien an d’Slowakei get et zënter der friddlecher Opléisung vun der aller Tschechoslowakei 1993. Slowenien existéiert zënter 1991 als souveräne Staat, grad esou wéi déi dräi baltesch Staaten Estland, Lettland a Litauen, déi sech nach mat Blutt an Doudegen hu missen aus der Sowjetunioun erausléisen, ier dës marod Unioun definitiv kollabéiert ass. Vun denen zeng neie Memberen, déi d’Allianz also zënter dem Enn vun den ideologesche Bléck opgeholl huet, gouf et der 1989 just véier: Polen, Ungarn, Rumänien a Bulgarien.
D’Bedeitung speziell vun der zweter Erweiderung, iwer déi mer haut diskutéieren, ass gewalteg. Déi éischt war signifikant, well fréier kommunistesch Staten et waren, déi der fréier westlecher Allianz bäigetruede sinn – a sech schon eng immens Evolutioun. Mee déi zweet ass ëmsou méi bedeitend, well sech elo d’NATO bis op den Territoire vum fréieren Haaptgéigner ausdehnt: d’Sowjetunioun. Estland, Lettland a Litauen ware Sowjetrepublike bis 1991. Mat hirem Bäitrëtt streckt sech d’Allianz elo erop bis bal op St Petersburg. Déi Leaderen, déi fir déi dräi baltesch Republiken de NATO-Bäitrëtt verhandelt an hir Ënnerschrëften op d’Bäitrëttsprotokolle gesat hunn, sinn als Sowjetbiirger op d’Welt komm, a kruten an hirer Schoulzäit nach d’NATO, déi sougenannte westlech Welt iwerhaapt, als hiren Doudfeind beschriwen. Datt elo gutt siwe Millioune Leit, Biirger vun denen dräi baltesche Staaten, fréier Besëtzer vun engem sowjetesche Pass, sech mat Begeeschterung ënner de Sëcherheetsschiirm vun der atlantescher Allianz beginn, dat ass am eigentleche Sënn vum Wuert eng historesch Entwécklung. D’Linne vun der europäescher Delung, wéi se 1945 zu Yalta festgeluecht goufen, gi mam baltesche NATO-Bäitrëtt definitiv verwëscht. Si existéiere net méi, a kommen esou och ni méi erëm.
All déi Staten awer, déi elo bäitriede, maachen dat aus der authentescher Iwerzegung eraus, datt se wëllen Deel vun der atlantescher Wertegemeinschaft ginn. Si glewen drunn – an dat zu Recht – datt d’NATO méi ass wéi e renge militäreschen Zweckverband, datt dës Allianz och e Bündnis vu Gläichgesënnten ass, déi d’Welt, d’Gesellschaft, d’Mënscherechter d’selwecht gesinn an déi zesummen hir Opfaassung vu staatlecher Organisatioun a gesellschaftlecher Fräiheet verteidegen.
Ech hunn et scho gesot, d’NATO get méi a méi zu enger Sëcherheetsallianz. Net méi géint e staatleche militäresche Géigner muss sech haut verdedegt ginn, mee géint diffus, awer duerfir net manner gutt organiséiert an determinéiert Géigner, virun allem den internationalen Terrorismus, reliéis motivéiert oder net. Natiirlech spillen a verschiddene Staten, déi der NATO wäerte bäitrieden, nach méi perséinlech Motiver an hirem Entschloss eng Roll. Am Baltikum virun allem bleiwt och haut d’Bedürfnis, fir sech definitiv vu Russland lasszeléisen, an dat och strukturell ze ënnermaueren, grouss. Dës Länner goufen als deemols onofhängeg demokratesch Republiken 1940 vun der Sowjetunioun annexéiert. D’Annektioun gouf zwar vëlkerrechtlech ni unerkannt, mee déi faktesch Besetzung vun hirem Territoire war no 1940 grad esou wéineg ze leegnen, wéi déi hefteg russesch Betriewungen, fir déi baltesch Identitéit ze iwerlageren. A Lettland si bal 40% vun der Populatioun eigentlech Russen, an der lettescher Haaptstad Riga sin d’net-Letten an der Majoritéit, an dat si natiirlech virun allem Russen. Si ware 1940 nach net do, mee goufen duerno vu Moskau ëmgesiddelt. Datt ënner denen Ëmstänn d’Letten, awer och d’Esten an d’Litauer, e grousse Besoin hunn, fir sech op all Manéieren an definitiv vu Russland ze distanzéieren a lasszeléisen, ass novollzéibar.
Vun esou Spezificitéiten ofgesinn, delen alle Kandidaten de Wëlle, fir Deel vun der atlantescher Wertegemeinschaft ze ginn, un der Identitéit vun der NATO ze participéieren. Si rëselen domat hir Vergaangenheet of – eng Vergaangenheet, déi se zum gudden Deel net selwer bestëmmt hunn. Elo trieden se aus egenem Wëllen an aus fräie Stécker der NATO bäi. Enger NATO, däer hir Roll an hir Aufgaben zwar net direkt duerch d’Erweiderung, awer och mat der Erweiderung, anerer ginn.
Här President,et ass nom Enn vum kale Krich vum Enn vun der Geschicht geschwat ginn. Dësen a sech topege Begrëff ass zwar no relativ kuerzer Zäit rëm aus den Diskussiounen ëm déi nei Weltuerdnung verschwonnen, mee d’Fro nom weidere Sënn an Zweck vun der NATO ass bliwwen. Duerfir wëll ech mech och net derlaascht drécken, zu dëser Fro e puer Wierder ze soen.
D’NATO wéi mer se kannt hunn, brauche mer net méi, an et get se och schon et méi. Déi Allianz géint de fréiere Warschauer Pakt, déi tëschent 1949 a 1989 funktionéiert huet, ass net méi néideg, well se kee Géigner méi huet. Konkret bedeit dat, datt d’NATO haut keng militäresch Allianz géint eng géigneresch staatlech gedroe militäresch Allianz méi ass. An de NATO-Memberstate si keng Rakéite méi op russesch Stied geriicht, an an der fréierer Sowjetunioun kucke keng Rakéitekäpp méi op Paräis, London, New York oder suguer Lëtzebuerg.
Mee et ass jo net esou, wéi wann alles friddlech a frëndlech wir an der neier Welt. Wie gemengt hat, no 1989 géife mer an en Zäitalter vun ëmfaassende globale Fridden a weltwäiter Kooperatioun antrieden, deen hat sech geiirt. Et ginn an dësem Joer weltwäit net manner Kricher gefouert, wéi zum Beispill 1980, um Héichpunkt vun der Blockkonfrontatioun. D’Bedrohung vun eiser Gesellschaftsuerdnung, jo vun de Fundamenter vun eise Gesellschaften an eiser Staatlechkeet, duerch internationalen Terrorismus ass eng Realitéit. Kriminell Gruppéirungen, de an de Besëtz vu Massevernichtungswaffe kënne kommen, sinn och keng Veräiner vu Massendinger, denen ee geloosse a berouegt ka begéinen. Doriwer eraus stellt reliéise Fanatismus, virun allem deen islameschen, e wichtegen Onsëcherheetsfacteur an der Welt duer, dees ee sech musst bewosst sinn, an deen ee muss am A behalen. All dës Elementer fléissen zu engem Bild vu globale Risike a Geforemomenter zesummen, déi sech virun allem un Europa a Nordamerika adresséieren, och wann hir primär Effekter fir d’éischt an anere Géigende vun der Welt un den Dag trieden.
An dësem Kontext ass och déi erweidert atlantesch Allianz ze betruechten. Natiirlech huet se keng deklaréiert staatlech Géigner méi. Mee hir Membere sinn haut am Effort gëeent, d’Grondfeste vun hire Gesellschaften a staatlecher Uerdnung ze verdedegen. An duerfir brauche mer d’NATO, duerfir brauche mer d’Partnerschaft mat de Verenegte Staten, an duerfir brauche mer en europäesche NATO-Pilier, deen op eisem Kontinent selwer handlungsfäheg get.
No den Attentater vum 11. September 2001 ass fir d’éischt an der Geschicht den Artikel 5 vum NATO-Vertrag aktivéiert ginn. Dat war bal zing Joer nom Enn vun der Sowjetunioun, an an engem Kontext, dee kee Feindesstaat implizéiert huet. 40 Joer laang ass dësen Artikel, deen de sougenannte Bäistandsfall no enger Attack op ee Memberstaat definéiert, NI benotz ginn. Während dem ganze Kale Krich huet ni e Bäistandsfall brauchen deklaréiert ze ginn. No den terroristeschen Attacken op déi Verenegt Staaten ass en deklaréiert ginn – well d’Membere sech eens waren, datt dës Ugrëffer op d’USA däitlech ausgesoot hunn, datt mer all betraff si vun der terroristescher Menace, datt se eis all kann treffen, an datt mer en face vun däer Bedrohung all am selwechte Boot setzen. D’NATO huet deemols fonnt, hei wiren déi Wäerter an déi fundamental Uerdnung a Fro gestallt, déi déi amerikanesch an déi europäesch Demokrati begrënnen, an dat géif de Recours op den Artikel 5 rechtfäerdegen. D’NATO huet sech am Hierscht 2001 als veritabel Wertegemeinschaft ausgewisen, déi engem vun hire Memberen zur Säit steet, wann dee vu bausse bedroht get.
D’Aktivéirung vum Artikl 5 vum Atlantesche Vertrag am Joer 2001 huet däitlech ënnerstrach, wéi néideg a wéi wichteg d’NATO als sëcherheetspolitesch Wertegemeinschaft och nom kale Krich nach ass. Et gi vill Individuen, Organisatiounen, Gruppéirungen an Zesummeschlëss op dëser Welt, déi mat der westlecher staatlecher a gesellschaftlecher Uerdnung strictement näischt kënnen ufänken, an déi hir Zerrüttung an Zerstéirung uviséieren. Fir d’Verteidegung vun deem, wat mer sinn, an deem, wat eis als Gesellschaften ausmecht, brauche mer haut, vläicht méi wéi jee, eng effikass, eng handlungsfäheg, eng grouss NATO, bannent däer mer eis Efforten fir eis staatlech Sëcherheet kënne bündelen. En europäesche Pilier vun der NATO ass heibäi eng absolut Noutwennegkeet. Déi, déi mengen, eis Verteidegung géint äusser Feinden wir bei den Amerikaner besser opgehuewen, déi iren sech. Dat wëllen d’Amerikaner nämlech net, a fir eis ass et net op Dauer ze rechtfäerdegen, datt mer si d’Investitiounen an d’Aarbecht maache loossen, a mir leeën eis zréck a loossen eis schützen. D’NATO brauch en amerikaneschen an en europäesche Pilier, déi enk zesummeschaffen, an déi strukturell matenee verzahnt sinn. Op der europäescher Säit heescht dat, datt mer déi gemeinsam Sëcherheets- a Verteidegungspolitik dringend brauchen, datt mer hir musse Kierper a Gesiicht ginn, an se dann bannent der atlantescher Allianz als Kontribution zu eiser gemeinsamer Entrerprise mat den amerikanesche Memberstaaten abréngen. Mer mussen Europa, denen europäesche NATO-Memberstaaten, déi iwer kuerz oder laang och all wäerte Membere vun der Europäescher Unioun sinn, eng gemeinsam verteidegungspolitesch Démarche verschreiwen, a Kooperatioun mat eisen amerikanesche Partner, awer mat egene Mëttelen, egene Konzepter an egenen Initiativen. Ouni dësen europäeschen NATO-Pilier verléiert de Begrëff vun der atlantescher Partnerschaft seng Bedeitung. A genee déi partnerschaftlech Dimensioun ass an enger Zäit, wou mer gemeinsam Werter, Fräiheeten an Institutioune verteidegen, besonnesch wichteg.
Den Irak-Krich ass ouni d’NATO auskomm. Ech wëll och hei net nach eng Kéier op d’Mérite vun den Argumenter vun de Krichsbefürworter, senge Géigner an de Friddensdemonstranten agoen, dat ass hei net ubruecht. Tatsaach ass awer, an dat muss een hei soen, datt dat, wat haut am Irak geschitt, net noutwennegerweis geschitt wir, wann d’NATO-Memberen sech iwer eng Démarche eens gi wiren. Do hätt den europäesche Pilier, wann et en da ginn hätt, zesumme mat deem amerikanesche Pilier, sollen eng gemeinsam Perspektiv entwéckelen, an un däer hirer Realisatioun schaffen. Datt déi Verenegt Staaten alleng mat der irakescher Arméi eens gi sinn, an och nach zimlech séier, dorunner konnt kee verstännege Mënsch zweiwelen, an et hätt duerfir och d’Briten, an déi puer honnert Australier a Polen net gebraucht. Datt awer haut am Fong e Guerilla-Krich amgaang ass, datt elo bal all Dag amerikanesch Zaldoten ugegraff an ëmbruecht ginn, dat ass op eng felend Nokrichsplanung zréckzeféieren. Och fir esou Saachen ass d’NATO awer do. Hätt eng eng atlantesch Démarche am Irak ginn, wire mer vläicht och laascht d’Kris an den tiirkesch-amerikanesche Relatioune komm, an op eisem Kontinent hätte mer manner déif Rëss ze kitten, tëschent eis selwer, an tëschent eis selwer an den Amerikaner.
All dëst seet a weist eis, datt mer Strukture wéi d’NATO brauchen, an datt mer alleguer méi effikass a méi zielsëcher sinn, wa mer se notzen. D’NATO huet sech net iwerliewt, am Géigendeel. An déi erweidert NATO, eng Allianz, an däer all Memberen sech wuelfillen, an déi aus engem amerikaneschen an engem europäesche Pilier besteet, ass en Instrument, dat mer am Joer 2003 an duerno alleguer brauchen, fir eis wiirksam géint Bedrohunge vu baussen ze schützen, a fir eis gemeinsam Sëcherheet ze garantéieren.
Här President,D’Aufgabe vun der NATO änneren sech, mee hiirt Aufgabegebitt get net méi kleng. Well dat esou ass, mussen och militäresch Effore gemaach ginn, an alle Memberstaaten, fir d’Allianz fit ze maache fir d’Erausfuerderungen, denen se an dëser Zäit géigeniwersteet. Vun de neie Membere get verlaangt, datt se 2 Prozent vun hirem PIB an d’Verdedegung investéieren. Zu Lëtzebuerg sinn et grad emol 0,7 bis 0,8 Prozent.
Dat geet net duer. A ganz egal, op Deler vun der Oppositioun dat appréciéieren oder net, militäresch Ausgabe sinn haut nach net iwerflësseg, mee dringend néideg. Well esou laang net all Mënsch op der Welt just nach de Fridde wëllt, a vun esou engem Zoustand si mer schrecklech wäit ewech, soulaang muss och nach an Arméien a Verteidegungsstrukturen investéiert ginn.
Och zu Lëtzebuerg musse mer an eis Arméi investéieren. All NATO-Partner huet säi Bäitrag zur gemeinsamer Schlagkräftegkeet vun der Allianz ze liweren, och deen zweetklengste Member. An, dir Dammen an dir Hären, dës Investissementer kaschten. Et ass awer fundamental ongerecht an illoyal, vu Staate wéi Rumänien, Bulgarien oder Litauen e Bäitrag ze verlaangen, dee mir selwer absolut net bereet sinn opzebréngen.
Dat heescht net, datt mer mare mussen eis Arméi op 3.000 Mann vergréisseren, esou eng Démarche wir onrealistesch a géif och kengem Mënsch eppes bréngen. Wat mer bräichten, dat sinn eenzel Spezialunitéiten, déi gutt ausgebild an ausgerüst sinn, an déi och Feldmissioune kënnen op Plazen iwerhuelen, wou se aneren Unitéiten eng reell Hëllef sinn. Wann ech elo ?Search and Rescue” soen, da kléngt dat vläicht utopesch, et kann et suguer sinn, mee et ass op d’mannst mol eng Optioun, déi een, zesumme mat aneren, sollt préifen. Zum Nulltarif ass dat alles net ze hunn. Duerfir bräicht een zum Beispill en Helikopter. Fir aner Missioune brauch een aner Ausrüstungselementer. Et get Beräicher, do brauch een Transportschëffer a Fligeren. Alles dëst ass derwäert, fir gepréift ze ginn, alles dëst ass e sichtbaren a spiirbare Bäitrag zum Succès vun der Allianz, an alles dëst géif eis sousätzlech Unerkennung och vu bausse bréngen, déi um Terrain vun der Verteidegung net vu Mutwëll wir.
Här President,dës Debatt iwer d’NATO-Erweiderung ass eng gutt Geleeënheet fir eng Reflektioun iwer eis ege Roll an der Allianz an eis Relevanz innerhalb vun hir. Mir kënnen haut de Bäitrëtt vu siwe neie Membere stëmmen, eis doriwer freeën an dann zur Dagesuerdnung iwergoen. Mir kënnen awer och dëse Bäitrëtt stëmmen an eis da selwer an d’Gebiet huelen doriwer, wat mer vun de neie Membere verlaangen, wat mer selwer bis elo leeschten, a wéi mer eis ege Leeschtung an Adequatioun mat däer kënne bréngen, déi mer vun den osteuropäesche neie Memberstaaten erwaarden.
Ech weess, datt de Verteidegungsminister Goerens do keen einfache Stand huet, wann e verstäerkte Lëzebuergesch Präsenz an der Allianz an an der europäescher Sëcherheets- a Verteidegungspolitik uviséiert, well esou eng Politik, déi Geld kascht, vill Détracteuren huet. Ech wëll awer hei soen, datt meng Fraktioun esou eng Démarche vollinhaltlech ënnerstëtzt. Eis Ausgabe fir Verteidegung sinn net op deem Niveau, op deem se misste sinn, fir datt mer de neie Membere vun der NATO kéinte mat grousser Assurance an d’Ae kucken. Wann dat sech ännert, da fënnt et selbstverständlech d’Zoustëmmung vun der CSV.
Verteidegung geet eis all eppes un, well et geet leschten Enns ëm dee Staat, an deem mer liewen, an ëm déi Gesellschaftsuerdnung, an däer mer eis wuel fillen. Denen hire Schutz verlaangt Efforen. Mir verlaangen esou Efforen vun dene neie Partner an eiser Allianz – loosse mer se selwer och liweren, fir datt mer weiderhinn a Fräiheet an a Sëcherheet kënne liewen!