Den CSV-Ostdéputéierten Lucien Clement äussert sech zum Budget 2004
Här President , Dir Dammen an Dir Hären
Fir d’éischt wëll ech dem Budgetsrapporteur, mengem Fractiounskolleg, dem Jean-Marie Halsdorf, fir säin ganz ausféierlechen schrëftlechen an mëndlechen Rapport félicitéiren.
Obwuel dëse Budget, en vue vun engem schwieregen internationalen ewèi och nationalem Ëmfeld, huet missen opgestallt gin, ass d’Ziel vun enger virsiichtiger an ëmsiichtëger Finanzpolitik och dëst Joer erreecht gin. Fir datt Lëtzebuerg weider konkurrenzfäheg am internationalen Ëmfeld bleift, gin d’Investitiounen weiderhin op engem héige Niveau gehaalen. D’öffentlech Investitiounsausgaben wärte bis 2007 op een Gesamtvolume vun 6.8 Milliarden Euro klamme. Daat , Här President si vill Suen, esou guer ganz vill Suen. Fir all dis Projeten kënnen ze realiséiere woar et schons wichteg datt déi eenzel Fongen dementsprechend a besseren Zeiten gespeist goufen. D’Politik vum Apel fir den Duuscht, vum Tandem Juncker-Frieden erweist sech just haut, obwuel se vun der Oppositioun viru Joaren éischter belächelt gouf, als äusserst richteg. Et as einfach falsch, wann eng LSAP duerch de Mond vum Här Goebbels seet oder schreiwt, d’Investissementer giffen erof goen. Richteg as datt manner Geld iwert de Budget an d’Fongen fléisst daat heescht awer net onbdengt datt manner investéiert gett. Zuelen, déi net léien, beweisen just de Géigendeel. 2,6% vum PIB goufen investéiert 2001. 2,7% 2002 an 2003. Dese Budget fir 2004 geseit 2,9% vum PIB vir. Rechent een de ganzen Secteur Public zesumme, d’Gemengen also derbei komme mir op ee Gesamtinvest vun 5,2% vum PIB. Wann een dann och nach weess, datt d’Moyenne vun öffentlechen Investissioune, an der europäescher Unioun bei 2,3% leit, kann een nun awer wirklech net, léiw Kollegen vun der Oppositioun, vun enger schlechter oder falscher Investpolitik schwetzen. Dis héig Investissementer hun mëttel an och laangfristesch positif Effeketer op Compétitivitéit vun der ganzer lëtzebuerger Economie, ennert aanerem och op déi vill Kleng- a Mëttelbetrieber. Eng Feststellung, oder ee Luef un d’Regirung, dee sech an allen Rapporten vun de Beroufschamberen zum Budget, eremfennt. PME’en stellen, nieft der Finanzplatz den Haaptpilier vun éiser Wirtschaft duer. 14.000 Entreprisen mat 130.000 Arbechtsplaatzen, déi hirerseitz och nach 40% vun éisem Bruttoinlandprodukt erwirtschaften, beweisen d’Gewiicht vun de Kleng- a Mëttelbetrieber an der lëtzebuerger Economie.
Mëttelständeg Betrieber beschäftegen am Duerchschnett eng 10 Mataarbechter a sin staark mat hirem geographeschem a sozialem Emfeld verbonnen.
Fir datt éis Kleng- a Mëttelbetrieber och an Zukunft compétitif bléiwe kënnen, gouffen an deenen leschten Joare verschidden Mesuren en faveur vun den Kleng- a Mëttelbetrieber getraff, et goufen déi richteg Rahmenbedingungen ausgeschafft : Richteg Rahmenbedengungen, dorenner versteet een, de stéirleche an de legislative Kader deen der wirtschaftlecher an technescher Entwecklung Rechnung dréit. Daat sin d’Subventiounen fir Betrieber an der Recherche an am Développement. Daat sin déi néideg Infrastrukturen déi Nidderloosse vun néien Betriiber favoriséiren. Dese Kader soll et erlaben den Développement virunzedréiwen a gläichzäiteg auslännesch Investisseuren op Letzebuerg unzezéien.
D’Stéierreform dréit den Exigencen vum Plan d’action en faveur des PME dee vum Mettelstandsminister Fernand Boden ausgeschafft gouf, Rechnung : si stimuléiert d’Investissementer vun den Entreprisen durch eng zolid Reduzéierung vun de Steierchargen. Déi gutt duerchduechten an konsequent realiséiert Stéierpolitik haat net nemmen positiv Auswirkungen fir Privatpersounen mä also och fir éis Kleng- a Mëttelbetrieber. Chambre de Commerce gesäit daat a sengem Avis zum Staatbudget och sou. Duerch des virgezugen Stéierreform an den Joaren 2001 an 2002 konnten Betrieber 322 Milliounen Euro, privat Haushalter souguer 433,8 Milliounen Euro aspueren. Des Stéierermässigungen hun et den Betrieber erlaabt néi Investitiounen fir Zukunft ze finanzéiren. De Bugetsminister Luc Frieden huet daat och d’lescht Woch hei op der Tribune bestätegt, datt just an de PME’en am leschte Joar aussergewéinlech vill investéiert gouf.
Dofir kann ech d’Kritik, des Steierreform wier ze weit gaange, eng Formuléierung vun där grenger Fractioun, net esou gëlle loossen. Den Här Bausch huet sein Theorie geschter hei op der Tribune erklärt, mee ech Kann se net ganz deelen. Stéierreform huet Wirtschaft néi ugedriwwen, huet mat Secherheet de Konsum stimuléiert, an huet mat Secherheet verhënnert dat Lëtzebuerg net an eng ähnlech prekär Wirtschaftslag verfällt, wéi daat bei eisen 3 direkten Nooperen haut de Fall ass. De Beweis dat dis Steierreform déi richteg Mesure woar, as also erbruecht. Bei éisen Noperen, déi daat net gemacht hun oder net an deem Mooss gemacht hun, esou wéi den Här Bausch daat hätt welle hei machen, wann hien d’Soen gehaat hätt, as d’Wirtschaftslag wesentlech méi schlecht ewéi hei zu Letzbuerg. Eis Entreprisen hun keen Konkurrenznodeel par Rapport zum Ausland : net nemmen eisen kompetitiven Fiskalkader an daat gutt sozialt Emfeld mä och déi niddreg Lounniewekäschten sin niewt der politescher Stabilitéit, par rapport zu éisen Noopeschlänner een Atout fir de Standort Letzebuerg.
Des Mesuren elleng gin aawer nett duer fir längerfristeg Compétitivitéit vun eisen Kleng- a Mëttelbetrieber ze assuréiren. De Secteur vun den Kleng- a Mëttelbetrieber muss och an d’Zukunft wéider ausgebaut gin, a muss och an d’Zukunft op d’Ennerstetzung vun der Politik ziele kënne. D’Erhaalung an d’Entwecklung vum Wuesstumspotenzial vun den Kleng- a Mëttelbetrieber muss iwwert Diversificatioun an Créatioun vun néien Entreprisen féiren. De Mëttelstandsminister Fernand Boden an de Wirtschaftsminister bedreiwen an disem Kontext seit Joaren eng konsequent Förderungspoltik. Eleng am Mettelstandsministere gin Demandes d’autorisations en matière d’établissement seit 1999 bis haut konstant erop. 1999?7335 ugefroot der 4604 accordéiert2000—7174 (4470 )2001— 7648 (4579 )2002— 7954 ( 4859 ) accordéiert
Wa mir vu wirtschaftlecher Diversifikatioun schwätzen, da besteet éischt Prioritéit doranner fir d’Situatioun vun deenen Betrieber déi héi am Land sin, ze festegen. Secher as vill Promotioun am Ausland gemaach gin vir néi Investisseuren ze fannen, si muss och konsequent weider gefouert gin. Duerch déi aktiv Förderungspolitik vun der Regierung hun sech seit dem Joer 2000 eng 47 néi Betrieber an Aktivitéiten implantéiert mat engem Gesamtinvestitiounsvolumen vun iwwer 500 Milliounen Euro. Dis Betriber hunn ennert aanerem nach eng 1500 néi Aarbechtsplaatzen geschaafen hun. Des Entreprisen brëngen néi Technologien mat sech oder erlaben et déi bestehend Strukturen ze verbesseren. Duerch eng aktiv Förderungspolitik ass et gelongen, déi wirtschaftlech Diversifikatioun an éisem Land no viir ze brëngen. Mat Amazone, mat A O L, mat Microsoft, loosse sech 3 international wirtschaftlech Riesen hei zu Letzebuerg nidder. Och daat ass ewéi de Staatsminister daat d’lescht Woch hei op der Tribune gesoot huet , net vum selwe gaagen, et as Letzebuerg net einfach esou an de Schouss gefall, et woare schwiereg a virun allem laang Verhandlungen bis et souweit woar.
De Bilan vun där wirtschaftlecher Diversificatioun vun diser Regirung, hällt de Vergleich mat deem vun där leschter Regirung largement aus. Pluspunkte muss een där jetzdeger Regirung gin, einfach dowéinst well daat wirtschaftlecht Emfeld ufangs 2000 dach wesentlech méi schwiereg woar an haut och nach as, ewéi et daat zum Enn vun de 90er Joare woar. De Plan d’Action en faveur des PME vum Fernand Boden as weitestgehend emgesaat
Dorenner fallen och d’Efforten vun der Promotion de l’Esprit d’Entreprise. Promotiounsinstrumenter sin den Besoinen vun den Kleng- a Mëttelbetrieber ugepasst. Technologieparker an Pépinières d’entreprises gin an deem Kontext geschaafen. Sou kann een zum Beispill Kreatioun vun Empfangsstrukturen fir néi Activitéiten oder Entreprisen en phase de démarrage zitéiren : de Projet Ecostart an Belval-Ouest, den concours 1.2.3 go.
Finanziell Ennerstëtzung an Beihëllefen zu Gonschten vun den Kleng- a Mëttelbetrieber goufen a gin och nach renforcéiert. Am Kader vum soutien à la création et la reprise d’entreprises huet de d’ S N C I Moossnahmen getraff déi deenen jonken Betriebsgrënner den Zougang zum Startkapital vereinfachen. Duerfir gouff een régime spécifique de renforcement de fonds propres ou quasi-fonds propres geschaffen. Dest Instrument daat den Numm ” Prêt de démarrage ” dréit, as mat Secherheet nach erweiderungsfäheg, mee complétéiert déi vill aaner Mesuren déi d’Kreatioun an d’Reprise vu bestehenden Entreprisen am Mëttelstand ennerstetzen. Hei bleiwt awer nach ze machen, et gett hei nach Méiglechkeeten, a mein Fractiounskolleg, de Marcel Sauber wàrt méi am Détail doropper agoen.
Am disem Context wollt ech och kuerz op Reform vun der Loi-Cadre vum Mëttelstand agoen. Déi actuell Législatioun vun der Loi-Cadre huet derzou gefouert datt déi Investissementer vum Mëttelstand déi iwwert d’Hellefe vun der loi-cadre generéiert gin d’läscht Joer ëm 58 Prozent gewues sinn. Eenzel Wirtschaftssekteuren hei am Land hu Schwieregkeeten ze dréien, de Mëttelsstand ass am gaang ze investéiren.
D’Reform vun dësem Gesetz soll Législatioun erem nei un déi wirtschaftlech Réalitéiten upassen an d’Kompétitivitéit vun den Kleng- a Mëttelbetrieber nach weider verstärken. Reform gesäit fir, fir net nemmen korporell Investissementer, mee och Breveten, Lizenzen an net brevetéiert Wësse fir d’Ënnerstëtzungshëllefen eligibel ze maachen. Sie encouragéiert och déi rational Notzung vun der Energie an begleet d’Recherche-Ustrengungen. Eng Verstärkung vun der finanzieller Ennerstëtzung, duerch d’Reform vun der Loi-Cadre erlaabt et mettel- an laangfristeg d’Kréatioun vun néien Entreprisen, souwéi d’Entwecklung vun bestehenden Betrieber, ze stimuléieren. Doduerch soll hir Kompétitivitéit verstärkt gin. An Entreprisen investéiren, an notamment an Kleng- a Mëttelbetrieber, heescht, sech Mëttele gin vir ee grousse Deel vum Reichtum vun der zukunfteger Gesellschaft ze schaafen. De Fait dass des Reform an engem Moment réaliséiert gett wou éis Economie conjoncturelle Schwierigkeeten ausgesaat ass gett och vun der Chambre des Métiers begréisst. Daat neit Kadergesetz dréit mat Secherheet derzou bei, fir Investissementer laangfristeg ze stimuléiren an viséiert all Entreprisen mä haaptsächlech déi Kleng- a Mëttelbetrieber.
Dass een nach weider Efforten am Beräich vun der wirtschaftlecher Diversificatioun muss maachen ass allgemeng bekannt, hun ech och schons agangs gesoot. Wann een Diversifikatioun seet, dann seet een och Innovatioun. D’Innovatioun stellt haut een Facteur de réussite fir all Entreprise duer, wëll d’Inovatioun erlaabt et d’Kompétitivitéit ze stéigeren an Präsenz op nationalem an internationalem Plang ze secheren. D’Innovatioun an den Transfert vun neien Technologien souwéi d’Rechereche an den Développement gin an Zukunft strategesch Elementer vir all Kleng- a Mëttelbetrieber. Eng Politik déi Kompétitivitéit vun sengen Entreprisen wëll förderen, muss demno seng Efforten am Beraäich vun der Recherche verstärken. Duerfir wëlle mir , trotz budgetären Zwäng, 0.3 Prozent vun eisem PIB fir Fuerschung reservéieren. D’Regirung as ausserdem gewellt bis 2010, 3% vum PIB an d’Recherche an an de Développement ze investéieren. Een Drettel soll vum Secteur Public finanzéiert gin, déi aaner zwee Drettel vum Secteur Privé.
An desem Kontext wëll ech och kuerz Schaafung vun der Universitéit Lëtzebuerg ernimmen. Si wärt an Zukunft eng primordial Roll an der Koordinatioun vun der Recherche spillen. Wa mer et färdeg brengen eng parfaite Interaktioun zweschent der Recherche an dem Betriebsliewen hierzestellen da mache mer vill fir eis Wirtschaft an hir Diversificatioun. Déi finanziell Beihëllefen fir d’Recherche an den Développement hun d’läscht Joer ee Rekordniveau vun iwwer 74 Milliounen Euros erréecht. 8 vun denen 15 neie Projeten gouffen vun Kleng- a Mëttelbetrieber élaboréiert.
Fir d’Kompétitivitéit vum Mëttelstand ze stärken, geheiert och d’Entlaaschtung an Vereinfachung vun den administrativen Chargen. Vill Kleng- a Mettelbetrieber kritiséiren emmerem Quantitéit an Komplexitéit vun dene verschiddenen administrativen Formalitéiten. Vill Betrieber consacréiren vill Zäit an Energie mam Ausfëllen vu Formulairen, mam Suivi vun Procéduren, mam Weiderleeden vun Informatiounen iwwert d’Entreprise, mam déclaréiren vu Changementer innerhalb vun der Entreprise. Verschidden Regelen an Procéduren sin derart complexe oder inadaptéiert datt se onnéideg Käschte mat sech brengen.
Eng Etude vun der Chambre des Métiers iwwert Charges Administratives am Handwierk huet festgestallt dass Käschten vun den Charges Administratives 1.02 % vum Chiffres d’Affaire vun den Entreprisen duerstellen. Dis, zu engem grousse Prozentsatz onnéide Käschte, muss een als Investissiounsbrems ugesin. Duerfir muss et zu engem Oofbau vum Verwaltungsobwand fir d’Entreprisen an den iwwerlaangen Beaarbechtungsprozedure kommen . Uniform Moosnahmen mussen getraff gin.
Wann een Betrieb sech wéinst administrativen Formalitéiten un d’Verwaltung riicht, dann muss en eigentlech un enger Plaatz usetzen kennen. Vun diser Platz aus misst dem Betrieb säin Uleies, Délai gebonnen, durch sämtlech konzerneiert Verwaltungen weidergeleet an traîtéiert gin.
Duerch een konsequenten Oofbau vun denVerwaltungsprozeduren op allen Ebenen, gekoppelt mat enger Vernetzung vun deenen eenzelnen Verwaltungen kann een desem Ziel méi no komme.
Desen Centre de formalités kéint een och Guichet unique généralisé nennen, een Instrument waat och Chambre de Métiers fuerdert en vue vun der Réductioun vun den administrativen Chargen an Procéduren. Wann esou ee Guichet Unique beim Staat giff funktionnéiere kënnt no enger gezielter Durchforstung vun alle Prozeduren, an do ech sin dervun iwerzeecht , déi eng oder aaner Procédure entdeckt gin, déi entweder oofgeschaaft oder reforméiert kënnt gin. Verschidden konkret Moossnahmen sin aawer schons vum Mëttelstandsministär an desem Kontext an deenen leschten Joaren getraff gin : D’Installatioun vun engem Centre de Formalités beim Mëttelstandsministär, Zertifikatioun ISO 9000 vum Service des Autorisations vun dësem Ministär, Reform vum Registre du commerce, Schaafung vun engem harmoniséierten Plan Comptable souwéi vun enger Centrale de bilans, Reform vun der Législatioun am Traitement vun perséinlechen Donnéen a schlussendlech méi een groussen Zougrëff op déi néi Informatiouns- an Kommunikatiounstechnologien. All dis Mesuren sollen den Informatiounsaustausch zweschent deenen eeenzelnen Administratiounen an Entreprisen verbesseren.
Zum leschte Punkt wollt ech iech drop opmierksam maachen dass am Moment verschidden Initiativen am Kader vum Programm ” e-Governement ” élaboréiert gin. Et handelt sech do notamment em Schaafung vun engem portail ” entreprises ” deen all Informatiounen an Formalitéiten vun, a vir d’Entreprisen bereetstelle soll. Dese Portail fir Entreprisen muss schnellstens kommen, e wärt déi administrativ Arbecht vun de Betriber zolid vereinfachen. Daat selwecht gellt fir d’Schaafen vun der uniformer Signature électronique. Ech wees dat do dru geschafft gett, ech wees och dat aner Länner notamment Finland sech dorunner Zänn ausgebass hun a vill Geld an de Sand gesaat hun, mee Här President et as wichteg fir d’Betriber an och fir d’Bierger vum Land, datt se esou schnell ewéi méiglech kennt. Mir hun eng Gesetzgebung iwert d’Signature électronique, mee mir hu keng iwert d’Signature électronique uniforme.
Een aanert Instrument fir déi administrative Prozeduren a Chargen fir Entreprisen ze verklengeren ass méi eng seriös Applicatioun vun den ” fiches d’impact “. De politesche Wellen vun der Regierung ass et fir méi transparent a sengen Entscheedungen ze sin. Duerfir kréien, bei neien Gesetzesprojeten a bei neien groussherzoglechen Reglementer, all direkt concernéiert Parteien eng Fiche beigefügt déi beschréift wéi een Impact des néi législative Mesuren op d’Emfeld vun de Kleng- a Mëttelbetrieber huet. Si soll och de Impakt op d’Verwaltung analyséieren. Des Fiche d’impact soll demno d’Effeten vun den législativen Moosnahmen beschreiwen souwéi déi concernéiert professionnel an öffentlech Milieuen informéiren. Dis Fiches d’Impacten déi vum Ministère des Classes Moyennes a vum Ministère de la Fonction Publique finaliséiert gi sin, gin et schons, mä gin an der Praxis net genuch ugewandt oder besser gesoot guer net ugewandt. Fir d’Ausfellen as net de Ministere des Classes Moyennes zoustänneg, neen hei as d’ganz Regirung gefuerdert, all eenzelne Ministere fir sei Ressort. Den Impakt vun engem Gesetz oder Reglement gett och net eleng op de Mettelstand analyséiert, mee et gett och festgehale, ech hun et schons ugedeit, waat den Impakt vun engem Gesetz as fir den normale Bierger oder fir d’Verwaltung selwer.
A just do well ech nach eng Kéier anhaaken. De Staatsminister huet d’lescht Woch vun engem Astellungsstop bei der Fonction Publique geschwaat. Als reng Spuermoossnahm kann een daat novollzéien, mee en huet awer och gesoot, ausser wa ka bewise ginn , datt déi Persoun déi a Pensioun geet onbedengt muss ersaat ginn. Gett daat bewisen, gett déi betreffend Persoun ersaat.
Daat scheint mir awer d’ évidence même ze sin, datt een daat esou geseit, mee Här President, awer net nemmen a Spuerzeiten. Et ersetzt een jo Leit déi a Pensioun gin , well een se brauch , a net well do zoufälleg ee Stoul oder eng Platz frei gett. Och hei giff eng richteg ausgefellten Fiche d’Impakt Opschloss doriwwer gin, et as nämlech eng Sparte dofir virgesin, op duerch daat eent oder aaner Gesetz oder Reglement, den Arbechtsvolume vum Ministere oder vun der Verwaltung , méi grouss oder méi kleng giff ginn. Iwert dee Wee kriit een Informatiounen op eng Verwaltung zousätzlech Personnal breicht oder op der zevill do giffe schaffen. Et as séier wichteg dat déi staatlech Stellen goud équipéiert sin, matériell a personnell, fir effikass kënnen ze schaffen, am Senn vun de Betriber an zum Wuel vun de Bierger.
Kompétitivitéit vun eiser Wirtschaft ass ausserdem zu engem groussen Prozentsaatz vun enger motivéierter a virun allem heichqualifizéierter Main-d’oeuvre oofhängeg. Och hei gellt et ewéi a praktesch alle Domäner déi de Mettelstand betreffen, et muss een Situatioun an der Regioun an am noen Ausland am Aa behalen, et muss een d’Mecanismen déi een huet, an daat wirtschaftlech Emfeld, emmer erem nei op hir Tauglechkeet iwerpréiwen. D’Betriber musse sech selwer emmer erem d’Frô stelle, machen och mir alles richteg. Greife all dis Mesuren net anenaner, laafe mir vun haut op muer ganz séier Gefoar, dee richtegen Zuch ze verpasse oder um falsche Gleis op dee falschen Zuch ze woarden.
Ech well awer nach kurz op dee kirzlech erschinnene Papeier vun der LSAP agoe, deen heescht ” Sofortprogramm für unsere Wirtschaft ” Autoren Jeannot Krecké und Robert Goebbels.
Ech hun e gelies, an ech muss soen ech kann baal alles mat ennerschreiwe waat hei dra steet, obschons villes waat dra steet, aus der Mottenkiste staamt, a mir vill, vun hinnen haut nees nei virgeschloe Mesuren, schons viru Joare hei op der Tribune discutéiert hun. Et sin der nach derbei, aus der Zeit wou Sozialisten nach an der Regirungsverantwortung woaren.
Ewéi gesoot déi Mesuren déi hei dra stinn si méi oder wéineger mat ze droen. Mee Här President , elo kennt de sprengende Punkt. D’Kollege vun der LSAP hun eppes vergiess an hire Papeier ze schreiwe, nämlech d’Fuederung no enger 6ter Congéswoch, nämlech d’Fuederung oder d’Aféierung vun der 35 Stonnewoch. Daat si nämlech 2 Mesuren déi och aus sozialistescher Fieder staammen.
2 Mesure déi dem Mettelstand an där jeztdeger Situatioun awer nu guer net giffe op d’Spreng hellefen, au contraire, si giffe richteg wéi doen. Ech kruut wirklech bal e Schreck, wou ech de muergen a mengen Dossieren, nach verschidden Sachen nogeséicht hun, an ech dun festgestallt hun, dat den Här Krecké och nach Co-Auteur vun diser Proposition de Loi as. Här President , wann ech den Här Krecké wier, giff ech op mannst awer eng Ennerschreft zereckzéien. Also léiw Frënn vun der LSAP emmer bei der ganzer Wourecht bleiwen.
Daat gesoot Här President well ech awer och nach op d’Situatioun vun der Landwirtschaft hei zu Letzbuerg agoen. D’Landwirtschaft gehéiert meiner Meenung no , duerch déi betriblech Struktur vun disem Secteur, de Weibau inclus, zum Secteur Mettelstand. Et sin zum Deel déi nämlecht Problemer mat deene hei d’Betriber confrontéiert sin. Et sin awer och zum Deel aner Problemer mat deene dise Secteur ze din huet. Ech denken hei besonnesch drun wéi kann ee landwirtschaftleche Betrib zum Beispill seng Fraien, ewéi Salaire, Stroum, Waasser asw. oder eng Augmentatioun vun dise Fraien iwert d’Vente vu seine Produite compenséiere. Daat as an där heiteger globaliséierter Landwirtschaftswelt net denkbar an och net machbar. Dofir as et och an d’Zukunft éis verdammte Pflicht, oder besser gesoot Pflicht vun der Allgemeinheet, d’Landwirtschaft finanziell esou ze ennerstezen, ewéi déi communautaire Reglementer daat an irgend enger Form zoulossen. Durch daat neit Agrargesetz vum Fernand Boden gin hei all Méiglechkeeten ausgeschöpft, fir éise Baueren a Wenzer entgéint ze kommen. De Budgetsminister Luc Frieden huet och d’lescht Woch hei confirméiert datt aussergewéinlech vill am Agrarsecteur investéiert gouf.
Desweideren gellt och hei ewéi och an aanere Secteure , deen administrative Opwand, dee beim Bauer oder Wenzer mat Secherheet net méi kleng as ewéi sos enzwuech, muss op een absolute Minimum reduzéiert gin.
. De landwirtschaftleche Secteur, as mat Secherheet ee Secteur deen och an d’Zukunft, mat ville Problemer wärt konfrontéiert sin. Ech denken hei un d’Problemer déi et bei der CEPAL gett. Ech denken un Strukturreform an de Betriber selwer. Ech denken un nei Gesellschaftsformen vun den Betriber, ech denken un ee weiderdreiwen vum Remembrement, dee zukünftegen Generatiounen, mat Secherheet ze goud kënnt. Schwiereg Discussioune stin an d’Haus, waat d’Emsetzung vun de Reformvirschléi vum Här Fischler ugeet.
Hei muss driwer discutéiert gin, mat allen Acteuren, an ech hun do selbstverständlech vill Confiance an éise Landwirtschaftsminister Fernand Boden.
Mir loossen éis Baueren net am Reen stoen, huet de J-Cl-Juncker hei op diser Tribune gesoot, an dorunner wärt CSV sech haalen.
Waat elo de Weibau betrefft as mat Secherheet luewenswert, datt mir elo endlech eng Commission pour la Promotion des vins et des Cremants luxembourgeois hun. Wann et och nach net dem Idealmodell entsprecht, muss een dach zougestoe, déi eenzel Wenzerorganisatioune hu sech zesumme fond, an hire Modell as mat Secherheet nach ausbaufäheg. Fir d’Qualitéit vun de letzeborger Weiner ze verbesseren , hun éis Wenzer vill esou guer séier vill gemacht. Letzborger Weiner fannen an der ganzer Welt Unerkennung. Duerch en intelligent Conzept huet d’Produktioun vun Nischeprodukter, éischtens dem Konsument vill Freed gemacht , an zweetens dem Wenzer eent zousätzlecht Akommes bruecht.
Zum Schluss Här President, well ech hei nach eng Motioun ofgin, déi nemmen 2 Ennerschreften dréit, well ech nach Plaatz loosse well fir déi aaner Fractiounen, wa si se mat droe wëllen. As daat net de Fall wärte mir 5 Ennerschreften vun der Majoritéit drop sezten. Dis Motioun déi d’Regirung opfuerdert, fir déi Compartimenter vum Laboratoire Vétérinaire wou kenne Synergien mam Laboratoire national de la Santé entstoen, fir déi, esou ewéi Déclaration Gouvernementale vun 1999 et virgeseit, ze regroupéieren.
Daat gesoot soen ech nach just Merci fir d’Nolauschteren.
Lucien Clement