De CSV-Fraktiounschef Lucien Weiler iwwert de Staatsbudget 2004

De Lucien Weiler schwätzt iwwert en Budget “deen d’Strooss hällt”
M. Lucien Weiler (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de Statsbudget fir d’Joer 2004 steet ënner Virzeechen, déi sech op enger Rei vu Punkten ënnerscheede vun deene vun de leschte Joren.

Op där enger Säit ass et e Budget, deen definitiv gekennzeechent ass duerch dee schwaache Wirtschaftswuesstum, dee mir hei zu Lëtzebuerg kennen, an net nëmmen hei zu Lëtzebuerg mä a vill méi engem groussen Ausmooss an eisen Nopeschlänner. De Budget ass och gekennzeechent duerch déi finanziell Konsequenzen, déi déi wirtschafltech Morositéit onweigerlech mat sech bréngt.

Op där aner Säit ergi sech aus dëse Virzeeche fir de Budget vum nächste Joer eng Rei vu Mierkmoler. Éischtens ass et deen éischte Budget zënter laange Joren, deen net mat engem Iwwerschoss, mä mat engem Defizit ofschléisst, och wann et nëmmen e klengen Defizit ass.

Et ass e Budget, deem säi Volumen, wann een d’Inflatioun erausrechent, praktesch net wiisst. Et ass e Budget, dee begleet ass, fir d’éischt zënter laange Joren, vun engem Emprunt. Et ass e Budget, an dat ass wichteg, deem seng lafend Einnahme géintiwwer dem Virjoer zënter ganz laange Jore réckleefeg ass.

Net zulescht ass et och e Budget, Här President, dee mer dës Woch hei diskutéieren an iwwert dee mer ofstëmmen, dee genee sechs Méint virun de Chamberswahle vum Juni vum nächste Joer iwwert d’Bühn geet. Dëst ass u sech eng Considératioun, déi eigentlech keng Roll dierft spille bei enger objektiver Appréciatioun vun de Statsfinanzen, mä d’Erfahrung léiert eis, an d’Commentairë vun de leschte Méint, esou gutt déi mëndlech wéi déi schrëftlech, beweisen et och, dass éischt Unzeeche vu Wahlféiwer an eenzelne Parteizentralen ausgebrach sinn. Dëst ass ganz sécher enger objektiver a korrekter Analys vun der Finanzsituatioun vum Stat net onbedéngt zouträglech, mä et huet awer op där anerer Säit och eppes Guddes u sech, well d’Leit dobausse kënne sech fréizäiteg e Bild maache vun de Finanz- a Budgetsiwwerleeunge vun deenen engen a vun deenen aneren, vun de Propositiounen, déi de Finanzminister an de Budgetsminister, dat heescht d’Regierung an domat dës Majoritéit, d’CSV/DP-Majoritéit, hei op den Dësch leeë fir d’nächst Joer, a vun de Propositioune vun deenen, déi net mat deenen Iddien, déi an dem Budget fir d’nächst Joer erauskommen, d’accord sinn, virun allem vun der gréisster Oppositiounspartei an der Oppositioun am Allgemengen, well hei ass jo ganz sécher jidderee gefuerdert.

Här President, et kënnt dorop un, wat an dëser schwiereger Zäit d’CSV/DP-Majoritéit virschléit. Wat sinn d’Prioritéite vun der Regierung, a wat sinn déi finanziell Pisten, déi d’Regierung am Budget fir d’nächst Joer proposéiert? Sinn dës Prioritéiten, sinn dës Piste richteg? Si se gangbar? Si se finanziell ofgeséchert?

Et sinn dat, Här President, denken ech, ënner anerem Froen, déi an dëser Debatt musse gestallt an och beäntwert ginn. Wann ee mat de Propositiounen, esou wéi d’Regierung se virgeluecht huet, d’accord ass, da muss een dat soen. A wann een net domat d’accord ass, da muss ee soen, wat een anescht gemaach hätt. Well do stelle sech eng Rei vu Froen op déi ee muss Äntwerte ginn.

D’Recettësäit, d’Steieropkommes, sinn déi richteg ageschat? Ze héich ageschat oder net héich genuch? Mir denken, dass déi Propositioun, déi d’Regierung gemaach huet opgrond vun deenen Zuelen, déi vun de Steierverwaltunge virleien, dass déi Recetten, esou wäit wéi dat méiglech ass, gutt ageschat sinn. Wann een awer der Meenung ass, dass dat net de Fall ass, da muss een et soen, an et muss ee soen, wou ee mengt, dass d’Aschätzung net richteg virgeholl ginn ass. Sinn d’Konsumausgabe vum Stat ze vill héich? Wa jo, a wéi engem konkrete Punkt hätt da kënne signifikativ gespuert ginn? Wou hätt ee kënnen eroffueren?

De sou genannten Astellungsstop, deen et beim Stat gëtt, ass dee berechtegt an där Situatioun, wou mir dra sinn, oder hätt ee solle virufuere wéi dat déi Jore virdrun de Fall war?

Missten d’Kapitalausgaben, d’Dotatiounen un d’Fongen, méi héich sinn, wéi dat wat d’Regierung proposéiert? Wa jo, da muss ee soen, wou een dat noutwendegt Kapital, déi noutwendeg Fongen hiergeholl hätt, fir an d’Fongen ze stiechen, wann ee seet, d’Dotatioune wären net héich genuch. Hätte mir missen, kënnen oder solle méi op Emprunten zréckgräifen? Et ass jo net aussergewéinlech vill, wat d’Regierung un neien Empruntë proposéiert. Hätt een dat solle maachen, oder ass dat, wat proposéiert gëtt, dee richtege Wee?

Hätte mer, wa mer scho vun Aspuerunge schwätzen, da sollen un dat grousst Kapitel vum Sozialbudget erugoen? Wär et noutwenneg gewiescht an dëser Zäit heirunner Ännerunge virzehuelen? Hätte mer méi ee groussen Defizit sollen a Kaf huelen? Doriwwer kann een décemment streiden, well eis Réserve budgétaire esou ausgestallt ass, dass ee gréisseren Defizit ouni Schwieregkeete méiglech gewiescht wär.

Här President, alles dat si Froen, déi entlaang deene Piste ginn, déi d’Regierung an dësem Budget opgestallt huet, a wou ee muss Äntwerten drop ginn. Mir mengen, dass déi Pisten, déi hei ugeluecht gi sinnn, déi Weeër déi proposéiert ginn: e relativ enke Recours op den Emprunt, op där anerer Säit een Defizit, dee sech awer a Grenzen hält, d’Dotatioune vun de Fongen an deem Mooss wéi se virgeholl ginn, dass dat ënnert deene finanzielle Konditiounen a mat deem finanzielle Sputt a Spillraum, dee mir haten, déi richteg Piste sinn.

Ech wëll heirobber insistéieren. Et ass an enger schwiereger Zäit, an dëst ass wierklech eng schwiereg Zäit fir e Statsbudget a fir d’Statsfinanzen, an och nach am Virfeld vu Wahlen. Et soll een dat net verheemlechen. A sechs Méint si Wahlen an dann ass et u jidderengem, un der Majoritéit hei am Haus mä och un der Oppositioun, fir Faarf ze bekennen, fir Kritik ze üben. Dat ass e berechtegt Uleies, mä dann awer och fir Alternativen opzezeechnen. Konkret wat a wat net. Wat, dat seet d’Regierung, dat soe mer. Wat net geet, oder wann ee seet, dat doten, dat wären net déi richteg Weeër an déi richteg Pisten, da muss een an dëser Debatt konkret sinn. Ech hätt dat gäre konkret, well d’Budgetsgesetz, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, dat ass e Gesetz, e grousst Gesetz. Dat ass e Gesetz mat onwahrscheinlech villen Zuelen, wou mer Eckdaten, Weeër a Weiche stellen, wéi mir nächst Joer an deem Land hei viruginn.

Wann ee mengt, et sollt een, et misst een aus Iwwerzeegungsgrënn hei oder do ëmännere goen, ëmschichte goen, dann denken ech, da muss een dat och konkret maachen. Et muss ee konkret Propositioune maachen, a konkret Propositiounen hei am Parlament, déi drécke sech normalerweis an Amendementer aus. Dofir sinn ech gespaant wann d’Oppositioun hei mat Kriticke kënnt, wat jo selbstverständlech hiert gutt Recht ass.

(Interruption)

Här Di Bartolomeo, ech wär frou, wa mir eis kënnten driwwer eens maachen, ier ech richteg amgaang sinn, dass Dir Iech e wéineg géift zréckhalen an emol d’Leit hei schwätze loosse géift. Dir hutt eng ganz Woch vill Zäit fir Iech ze mellen, fir op d’Tribün ze kommen, an da kënnt Dir hei Är Propositioune maachen. Ech wär elo frou, wann ech e bëssen Zäit an e bësse Rou hätt. Ech sinn net béis, wann Der mer net wëllt nolauschteren, ech sinn och net beleidegt, wann Der erausgitt, mä ech géif awer gären a Rou hei kënne meng Ausféierunge maachen.

(Interruptions diverses)

M. le Président.- Also, Dir Dammen an Dir Hären, ech géing mech deem uschléissen. Ech géif ëm e bësse méi Opmierksamkeet bieden, well et ass näischt méi penibel wann ee muss schwätzen an et gëtt dertëschent Zwiegespréicher gefouert. Ech mengen, kee Riedner kann dat ausstoen. Et ass och kee frou wann e selwer eng Ried hält, wann déi aner schwätze mateneen, an dofir mengen ech, dee Respekt soll een och deenen aneren entgéintbréngen. Also mir fänken elo un. Kolleegen, loosst mer eis virhuelen, dass mer mat Disziplin de Riedner nolauschteren an herno hu mer jo d’Geleeënheet, jiddfereen ass jo ageschriwwen, dee wëllt an dee kann da Stellung huelen, wann en eppes huet wat him net geet. Här Weiler, fuert elo virun.

M. Lucien Weiler (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech wëll am Numm vun der CSV-Fraktioun dem Jean-Marie Halsdorf, dem Budgetsrapporteur vun dësem Joer, am Numm vun eiser Fraktioun, awer och am perséinlechen Numm, e ganz häerzleche Merci soen an hin ausdrécklech félicitéiere fir dee Rapport, esou gutt dee mëndleche wéi dee schrëftlechen, deen hien eis hei virgeluecht huet. Et ass en zolitten, e couragéierte Rapport, deen hie gemaach huet, an ech weess, ech kann Iech dat soen, wann een zéng Joer am Amt ass, a mäi Kolleeg hei op där anerer Säit weess dat och, datt et keng einfach Aufgab ass fir e Budgetsrapporteur, par rapport zu deem, wat eng Regierung proposéiert, do e Rapport ze maachen, deen och eng Plus-value duerstellt an dee sech net nëmmen an theoreteschen Iwwerleeungen zu deem engen oder zu deem anere Problem ergeet, mä wou een och selwer Iddie vu sech mat erabréngt. Dat ass net evident an der Majoritéit. Dat war dëst Joer sécherlech net méi einfach wéi déi Jore virdrun, an dofir nach eng Kéier vun dëser Säit aus dem honorabelen Här Halsdorf e ganz häerzleche Merci.

Här President, de Budgetsrapporteur, de Finanzminister an de Budgetsminister hunn d’lescht Woch am Detail hei déi grouss Linne vum Statsbudget fir d’Joer 2004 duergeluecht, erkläert an och kommentéiert. D’Recetten: 6,3 Milliarden, d’Dépensen: 6,4 Milliarden, eng ganz kleng real Augmentatioun vum Budget. En Defizit vun 80 Milliounen Euro. Öffentlech Investissementer an der Héicht vun 1,4 Milliarden. En Emprunt vun 120 Milliounen Euro. Eng Neiverschëldung déi ënnert dem Stréch, trotz dem Emprunt, d’Neiverschëldung, an ech leeën den Akzent op nei, null ass.

Här President, mir halen drop als Fraktioun fir der Regierung, dem Finanz- an dem Budgetsminister ze félicitéieren, dass si et fäerdeg bruecht hunn an enger ganz, ganz schwiereger Zäit, an enger Zäit wéi mer se zënter laangen, laange Joren net méi kannt hunn, e Budget virzeleeën, deen an eisen Aen d’Strooss hält. E Budget, deen an Zäite vu wirtschaftlecher Bedrängnis Onrou vermeit, e Budget, deen den Équiliber fënnt tëschent deem wat muss sinn an deem wat net geet, deem wat net ka sinn. Dat ass ee vun deene wichtegen Elementer vun dësem Budget. Et ass den Équiliber tëschent deem wat dëst Land brauch, wat mer an dësen Zäite kënne maachen, wat muss gemaach ginn, mä awer och nëmmen deem wat muss sinn an den Ënnerscheed mécht par rapport zu deem wat net geet.

An da versicht en och eisen Handlungsspillraum mëttelfristeg ze garantéieren. Wann Der mer erlaabt, ech wëllt op e Bild zréckgräife wat e grousse Gewerkschaftler, deen Der alleguerten hei am Haus kennt an op deen ech herno nach zréckkommen, deen dëse Budget beschriwwen huet als eng?

(Interruption)

Neen, et ass een, Här Bodry, dee steet Iech méi no, well en ass en eminente Kandidat. Här President, wann den Här Bodry et net sollt verstanen hunn, ech schwätze vum Här Castegnaro, en eminente Kandidat vun der Lëtzebuerger sozialistescher Partei am Süden, deen huet gesot, Här President, fir dëse Budget: Et wär eng intelligent Kombinatioun tëschent Ausgaben, tëschent Aspuerungen an tëschent Notzung vun eise Reserven. Méi ee schéint Kompliment kann een dach net maachen, an et ka jo keen dem Här Castegnaro ënnerstellen, datt e grad just eis als Partei oder dëser Majoritéit esou extrem géif no stoen. E steet jo anere politesche Borde méi no. Wann deen hei de Budget beschreift, an et ass dat och eis Meenung a mir deelen d’Meenung vum Här Castegnaro, déi intelligent Kombinatioun tëschent Ausgaben, Aspuerungen an der Notzung vun eise Reserven. An ech sinn, Här President, frou festzestellen, dass mir zesumme mam Här Castegnaro net eleng do stinn.

Zënter datt d’Regierung am Juli d’Eckdate fir de Budget fir d’nächst Joer virgeluecht huet, hu jo vill Leit sech hei am Land zu Wuert gemellt: d’Gewerkschaften, d’Patronatsorganisatiounen, eenzel Acteuren aus der Zivilgesellschaft, d’Chambres professionnelles an d’politesch Parteien. An ofgesi vun der politescher Oppositioun, Här President, muss ech feststellen, datt mer bei all deenen aneren Acteuren, déi sech zu Wuert gemellt hunn, am Fong geholl eng ganz breet Zoustëmmung fonnt hunn zu deene Pisten, déi d’Regierung an dësem Budget ugeluecht huet, wou ech virdrun driwwer geschwat hunn. An ech wëll Iech soen, dat ass jo awer net näischt.

Loosst mer emol iwwert d’Grenze kucken. Wat ass da lass an eisen Nopeschlänner, bei eisen Nopeschregierungen, déi amgaange si Budgeten ze ficeléieren, déi amgaange si Reformen duerchzeféieren? D’Gewerkschafte streiken, d’Patronatsorganisatioune maachen net mat. Eenzel Regierungen hunn an hiren eegene Majoritéite keng Majoritéite streckeweis méi fir dat wat se proposéieren. D’Leit stinn zum Deel Kapp an eisen Nopeschlänner fir dat wat d’Regierungen hinnen zoumudden. A wa mir dann hei am Land et fäerdeg bréngen, ofgesinn emol vun deem politesche Bord, well deen ass jo ëmmer e bësse méi gefierft, datt déi dobaussen an der Gesellschaft, d’Sozialkräften, d’wirtschaftlech Kräften, datt déi hei am Land soen, an der Regierung soen: Mir deelen net all Är Approchen – an et si jo och vereenzelt Kriticken derbäi -, mä déi Grondpisten, déi Der ugeluecht hutt, déi stëmmen. Dir féiert déi Statsfinanzen hei op deem richtege Wee an enger schwiereger Zäit an d’Joer 2004 eran. Dir Dammen an Dir Hären, ech muss Iech soen, dann ass dat eng Zensur, déi hei ausgestallt gëtt vun de Kräften dobaussen, aus der Gesellschaft, vun deenen ee jo kann ausgoen, datt se méi eng neutral Approche zu där ganzer Politik hu wéi mir dat alleguerten heibannen hunn, déi sech weise léisst.

Dir verstitt, datt ech mer de Pleséier haut de Mëtten net huele loossen, deen een oder deen anere vun dëse Kommentaren hei ze zitéieren. Ech zitéieren den OGB-L, dee geschriwwen huet, et wär e konjunkturgerechte Budget, deen e verantwortlechen Ëmgank mat de Statsfinanzen ënnersträicht. Konjunkturgerecht, verantwortlechen Ëmgank mat de Statsfinanzen, an da wëll ech de Kolleege vun der sozialistescher Säit et net undoe fir nach eng Kéier d’Affär vun der Kombinatioun ze zitéieren. Ech hunn dat jo virdru schonn zweemol gemaach, dofir: Dat war Originaltoun vum OGB-L. Den LCGB schwätzt vun engem verantwortungsvollen Iwwerganksbudget, verweist op déi iwwerduerchschnëttlech Steigerung vum Sozialbudget. Souguer den NGL, Här President, souguer den NGL beschäinegt der Regierung, virsiichteg a verantwortlech beim Budget fir d’nächst Joer gehandelt ze hunn.

D’CGFP hëlt de Budget mat Satisfaktioun op, ënnersträicht, datt déi traditionell virsiichteg Budgetspolitik sech haut bezuelt mécht. Et ass dat jo ee vun de Créneauen oder eng vun den Iddien, déi mir hei eis op de Fändel geschriwwen hunn, wou mer soen: Et war opgrond vun der Politik, déi mer an deene leschte Jore gemaach hunn, wou mer haut esou iwwert d’Ronne kommen. Dat gëtt vun der CGFP ënnerstrach. An dann d’Patronatsorganisatiounen, Här President, ech kënnt der nach vill hei zitéieren. Ech gräifen nëmmen eng eraus, d’Fédération des Artisans, déi begléckwënscht d’Regierung, datt se e Budget ficeléiert huet, deen den Ufuerderunge vun der heiteger Zäit entsprécht.

Dat, Här President, zu den Zitater vun deene vun dobaussen iwwert de Budget, an déi, mengen ech, e bësse méi eng neutral Approche zu där ganzer Finanzproblematik hu wéi mir heibannen: Ech muss soen, bei allem wat ee jo all Regierung ëmmer erëm ka virwerfen, well et gëtt keng déi perfekt ass, weder dës nach déi lescht nach déi nächst, datt mer frou an zefridde sinn, datt déi Approche, déi d’Regierung bei der Opstellung vum Budget fir d’nächst Joer gewielt huet, esou vill Zoustëmmung dobausse fënnt.

Här President, et gëtt jo awer net nëmmen Zoustëmmung, et gëtt jo awer och nach politesch Parteien, an do gëtt et natierlech méi en nuancéiert Bild. Dir wäert vu mengem Kolleeg vun der Demokratescher Partei, dem Jean-Paul Rippinger, a vu mir vläicht déi eng oder aner punktuell Kritik hei héieren, mä Dir wäert eis net héieren, datt mer d’Grondtendenze vun dësem Budget a Fro stellen.

M. Jean Asselborn (LSAP).- Ass dat verbueden?

M. Lucien Weiler (CSV).- Neen, dat ass net verbueden. Ech kommen direkt, Här Asselborn, well Der Iech zu Wuert gemellt hutt, ech komme gläich zu Iech. Neen, Dir braucht net ze fäerten. Mä et wäert jo awer erlaabt sinn e Wuert ze soen. Dir hutt jo herno och länger Zäit hei fir Är Approche duerzeleeën. D’Kriticke vun der Oppositioun, Här President, dat ass normal, dat gehéiert zur Demokratie. Wann d’Oppositioun net eng Regierung géif kontrolléieren a se géif kritiséieren, da géif se hirer Roll net gerecht ginn. Dofir sinn d’Kriticken normal.

Dëst Joer muss ech awer soen, Här President, bei dësem Budget do ass villes, wann ech esou d’Oppositioun ukucken, normal. Mä et ass awer och e Punkt deen ech als net ganz normal emfannen, an ech komme gläich drop zréck. Déi Gréng, déi sinn an hirem Rôle wa se hei d’Budgets- a virun allem d’Steierpolitik vun der Regierung kritiséieren. Si hunn d’lescht an d’virlescht Joer, wéi mer déi Steierreforme gemaach hunn, gesot, speziell wat d’Steierreduktioune fir d’Privatpersounen ugeet, datt dat hinne géif ze wäit goen. Si emfannen dat als eng onglécklech Steierreform a soen, wann eng Steierreform no gréngem Muster hei gestréckt gi wär, da wäre mer haut net an deene finanziellen Enkpäss, déi mer elo hätten.

Ech muss Iech soen, Här President, mat där Propositioun vun deenen etheschen Investissementsfongen, déi déi Gréng proposéiert hunn, domat hätte mer awer och nach hei net definitiv de Budget gestréckt.

M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Déi hunn ech net gemengt, Här Weiler, awer?

M. Lucien Weiler (CSV).- Jo, mä Konzepter fir sozialverträglech ekologesch Steierreformen, där hunn ech am Detail keng gesinn, an ech hunn och keng Proposition de loi gesinn,?

(Interruption)

?wéi een dann esou eng Steierreform géif iwwert d’Bünn kréien.

Här President, Lëtzebuerg ass jo mol en eegenaartegt Land. Iwwerall an Europa fuerderen, notamment och d’Oppositioun a ville vun eisen Nopeschlänner, d’Regierung op, Steierreformen, Steiererliichterungen ze maachen, déi déi Regierungen iwwerhaapt net à même sinn ze maachen. A bei eis ass et just ëmgedréint, bei eis sinn Deeler vun der Oppositioun déi d’Regierung kritiséieren, dass se ze vill wäit gaangen ass an hire Steierpropositiounen, déi se gemaach huet an déi noutwendeg waren. Et ass schonn u sech e bëssen eng verréckte Welt, wann ee gesäit, wéi och bei eis dat Spill anescht ass, wéi an eisen Nopeschlänner.

(Interruption)

An da wëll ech soen, Här President, aner Kolleegen hei soe pauschal, ouni an den Detail ze goen an ouni konkret Propositiounen ze maachen, d’Regierung géif mat deem Budget hei nëmmen dem Land eppes virgaukelen, et wär dach alles a Botter an dat déckt Enn kéim eréischt no.

Ech muss Iech soen, Här President, wann ee wierklech der Meenung ass, dass d’Situatioun sou schlecht ass an dass deemnächst en déckt Enn usteet, da muss een och soen, firwat dass ee mengt, dass dat sou wär, da muss een dat déckt Enn beschreiwen an da muss ee soe wéi ee verhënnert, dass et zu sou engem décken Enn géif kommen. Mir mengen net – et ass dat, wat hei ënnerstallt gëtt -, dass no de Wahlen dat déckt Enn kënnt. Mir mengen dat ganz sécher net an d’Donnéeën, déi mer hunn, weisen et aus, dass dat fundamental net stëmmt. Mä wann een där Meenung ass, qu’on vienne ici, an da soll een hei soen, wat een dann dorënner versteet.

An da wëll ech soen, Här President, ech hu vill Reaktioune vun der Lëtzebuerger sozialistescher Partei zu dësem Budget gelies. De Parteipresident, dee jo bekannt ass, dass e gäre schéisst – an dat ass och fir en Oppositiounschef noutwendeg, dee muss schéissen -, vill schéisst a besonnesch vill wann en am Kulturkampf ass, mä hei si mir jo net am Kulturkampf, hei si mer bei den alldeegleche Froen, déi eng Regierung, déi e Land bewegen an do muss ech soen, hat den Här Asselborn scho geschoss éier d’Juegd op war. Hien hat de Budget scho kritiséiert éier en iwwerhaapt bekannt war.

(Interruption)

Hien hat scho gewosst, dass d’Regierung de beschte Service misst verkafen, fir iwwerhaapt nach hei d’Enner zesummen ze kréien. Och alles dat, wat den Här Asselborn do sot – wéi sou oft senger Zäit e bësselche viraus, en hat e bëssen ze schnell geschoss -, leeë mer elo ad acta.

Dat war och nach normal, mä ech muss awer soen, Här President an dat war dat, wat ech virdru gemengt hu mat normal a mat net normal. Wat mer awer net normal geschéngt huet dat ass, dass wann hei e Statsbudget virgeluecht gëtt, de Finanzspezialist vun der Lëtzebuerger sozialistescher Partei – an dat ass jo awer emol hei am Parlament den Här Krecké, de Fraktiounschef, deen unerkannterweis eppes vu Statsfinanze kennt, an dat soen ech guer net ironesch, dat mengen ech wierklech sou, well dat ass effektiv sou -,?

(Interruptions)

?dann oftaucht, d’Seegele sträicht, sech während Woche wann net Méint praktesch iwwerhaapt net zu deem Budget, deen an esou enger schwiereger Situatioun hei vun enger Regierung virgeluecht gëtt, zu Wuert mellt.

Ech muss Iech soen, Här President, dann ass dat net normal. A wann ech dat als net normal emfannen, dann interpretéieren ech dat, wéi wann den Här Krecké trotzdeem géif mengen, dass den Här Castegnaro mat senger Appréciatioun net esou Onrecht hätt well wann hei villes schief gelaf wär, dann hätte mir den Här Krecké héieren, a mir hätten e ganz haart héieren, a mir hätten en op Pressekonferenzen héieren, mä mir hunn e während Wochen a Méint net héieren, bis an de spéiden Hierscht, an de ganz spéiden Hierscht, do huet e sech fir d’éischt zu Wuert gemellt an déi éischt Kriticke si komm.

Ech muss Iech hei soen, do klappt eppes net. Wann den Här Krecké gemengt huet, dass dee Statsbudget hei net d’Strooss géif halen, keng zolitt Pisten ugeluecht wären, da wär hien do gewiescht. A mir kennen e gutt genuch, e mécht seng Aarbecht jo normalerweis ganz seriö a ganz intensiv, an et däerf ee sech net vun him erwësche loossen.

(Interruption)

Or, wann en hei net reagéiert huet dann denken ech, dass hie schonns mat eiser Appréciatioun an och der Appréciatioun vum Här Castegnaro – et ass keng sou eng schlecht Propos, déi hei virläit, et ass eng intelligent Kombinatioun – d’accord ass.

Ech wëll dann, Här President, op e puer Beräicher ze schwätze kommen, déi direkt an indirekt mat de Statsfinanzen ze doen hunn.

Fir d’éischt d’Wirtschaftspolitik, déi eng zentral Roll spillt an doduerch vill Politikberäicher uschneit. Et muss een heiansdo mol fundamental Wourechten an Erënnerung ruffen: Éier aus engem Statsbuget eppes ka rausfléissen, muss emol eppes eragefloss sinn! An dat muss emol fir d’éischt erwirtschaft ginn an dofir ass nun eben emol eis Ekonomie zoustänneg. A wann d’Politik och am Beräich vun der Wirtschaft villes ka maachen, dann ass et awer sou, dass d’Wirtschaft – eng Fräiwirtschaft, sou wéi mer se hunn – och duerch eng Villzuel vun aneren, konditionéierenden Elementer, déi näischt direkt mat der Politik ze doen hunn, bestëmmt gëtt. An dat ännert awer näischt un der Tatsaach, dass d’Wirtschaftspolitik selbstverständlech muss dee beschtméigleche Kader fir déi ekonomesch Aktivitéite schafen; an dat mécht een iwwer Steierpolitik, iwwer Betribspolitik an iwwer Infrastrukturpolitik, och d’Accessibilitéit vum Land, sou wéi de Budgetsrapporteur se hei ugeschnidden huet. Et ginn also eng ganz Rei vu Piste wou een hei kann handelen.

De Moment geet et eiser Wirtschaft net esou gutt an da muss een, Här President, hannerfroen, ob d’Regierung dat, wat hir Hausaufgabe waren, gemaach huet. Als eng oppen an eng exportorientéiert Ekonomie, déi op déi auslännesch Mäert ugewisen ass, ass den Handlungsspillraum vun enger Regierung nun ebe mol begrenzt. An et kann ee vill schéi Pabeiere maache wou ee Rucke fir d’Land proposéiert – an ech muss soen, ech hunn dee Pabeier vun der sozialistescher Partei gelies, do sinn eng ganz Rei vu gudden Iddien dran, déi d’ailleurs zum Deel amgaang sinn ëmgesat ze ginn an déi een net soll einfach esou bei d’Säit leeën -, mä ech wëll awer soen, et geet net duer, fir hei mat engem theoretesche Pabeier ze wibbelen, fir dass eis Wirtschaft op d’Been an op d’Spréng kënnt; dat ruckt do net sou séier wéi ee sech dat emol heiansdo kéint virstellen.

(Interruption)

Dofir brauch et ënner anerem och eng Reprise sou laang eng exportorientéiert Wirtschaft, wéi eis, déi auslännesch Mäert brauch a sou laang wéi déi auslännesch Mäert – dat ass dat, wat den Här Gramegna virun e puer Deeg gesot huet – an Europa, wéi a breeden Deeler an Däitschland an a Frankräich, d’Ekonomie net uspréngt ass d’Morositéit bei eisen Entrepreneuren grouss an de Geescht, fir ze investéiere kënnt eréischt, wann och hei sech weist, dass Erhuelungstendenzen do sinn.

Ech muss soen, Här President, ech hunn déi Fro virdru gestallt: Huet d’Regierung hir Hausaufgabe gemaach? Wann eng Ekonomie de Schnapp huet, da gëtt et eng éischt Aufgab déi muss gemaach ginn, et muss een déi richteg Steierpolitik maachen. An ech denke souguer, dass mat Ausnahm vu vereenzelte Kriticken déi heibanne waren, déi Steierpolitik, déi jo hei am Joer 2001 an 2002 gemaach ginn ass, begréisst ginn ass.

(Interruption)

Jo, ech ginn dat ganz gären zou. Ëmmerhin hu mir Steierreforme gemaach zu engem Zäitpunkt wou mir eis et konnte leeschten a wou haut eis Ekonomie a Positioun bruecht ginn ass fir kënnen, wann d’Reprise kënnt, an de Startlächer ze sinn a fir vun deene beschte Konditiounen ze profitéieren, fir Investissementer, déi mir eis alleguerte wënschen. D’Steierlaascht fir d’Betriber 2001-2002 sinn erofgesat gi fir d’Investissementer ze encouragéieren, d’Steiere fir d’Privatleit sinn erofgesat gi fir de Konsum unzereegen an öffentlech Investissementer héich ze halen. Här President, dat ass fréizäiteg gemaach ginn an dat ass gemaach gi wéi mir eis et nach konnte leeschten.

Wa mer an d’Ausland kucken, an notamment an Däitschland, a wéi enger Kränkt, dass déi leie fir hir Steierreformen op de Wee ze kréien, da muss ech soen, an deem Punkt do, huet d’Regierung hir Aarbecht gemaach. Ouni dës Steierreduktioune géif et eiser Ekonomie méi schlecht goen, déi finanziell Enkpäss, déi de Stat hätt, wäre méi grouss an nach manner gutt opgestallt, fir d’Konkurrenz mat eisen Noperen unzegoen.

Här President, de Statsminister, mä och verschidde Chambres professionnelles, hu sech d’Méi ginn an hiren Avisen ze analyséieren, wat dann den Impakt war vun de Steiererliichterungen op d’Entwécklung zum Beispill vum Konsum vun de Ménagen hei zu Lëtzebuerg, op d’Entwécklung vum Gesamtcommerce, domadder schlussendlech och op de PIB an domadder op d’Steierrecetten. A si hunn nogewisen, dass de Konsum, duerch d’Kombinatioun, déi gemaach ginn ass vu Steierpolitik a vu Sozialpolitik, och an de Krisejoren 2002-2003 gewuess ass, an domadder e positiven Impakt hat op de Wuesstum allgemeng an op d’Steierrecetten op där anerer Säit.

Ouni déi Steierreformen, Här President – mir haten 2002 an dëst Joer 2003 e Wuesstum vu ronn 1,5% -, hätt eist Wuesstum, net liicht iwwert der Nullgrenz , mä no un der Gefréiergrenz geleeën. Et war wichteg, et war noutwendeg an et war richteg, dass déi Steierreforme gemaach gi sinn an datt se an deem Ausmooss gemaach gi si wéi se gemaach gi sinn.

An dann d’wirtschaftlech Diversifikatiounen, e Steckenpferd an en Hobby, l’objet des critiques vun der versammelter Oppositioun. Ech, Här President, bleiwen derbäi, an d’Chiffere beweisen et, a wien d’Chiffere korrekt kuckt an d’Chiffere korrekt interpretéiert, dee gesäit, datt d’Resultater vun der wirtschaftlecher Diversifikatioun vun dëser Regierung sech op d’mannst mat de Resultater vun där leschter an där virleschter Regierung vergläiche loossen, esou gutt wat dat investéiert Kapital, wéi och wat d’Kreatioun vun Aarbechtsplazen ubelaangt.

D’Regierung huet, contrairement zu deem wat ëmmer erëm behaapt ginn ass, ugefaange mam Wirtschaftsminister, mat dem Statsminister zesumme mam Grand-Duc hir Promotiounsreese gemaach, dee Wirtschaftsminister, dee vum President vun der FEDIL am Mee vun dësem Joer gesot krut: ?Il a défendu au cours des années passées avec fermeté et compétence les intérêts des entreprises”, dëse selwechte Wirtschaftsminister ass gereest an déi fënnef Kontinenter. En ass vun Oslo op Santiago, vun Tokio op Ottawa a vu Peking op Mailand gereest. En huet alles gemaach an engem Moment, Här President, wou et vill méi schwiereg war fir Promotioun ze maachen a fir Betriber unzezéien, wéi dat nach an der leschter Legislaturperiod de Fall war, well d’Situatioun vill méi schwiereg ginn ass a well d’Konkurrenz net schléift an d’Konkurrenz vill méi haart ginn ass. Och en considération vun deenen Elementer sinn déi Efforten, déi gemaach gi sinn an déi Resultater, déi opzeweise sinn, loossen déi sech largement weise par rapport zu deem wat fréier de Fall war.

Wann de President vun der LSAP, Här President, sech moquéiert huet iwwer eng vun de Visitë vum Statsminister a China, ech zitéieren hei aus engem Artikel, deen hie geschriwwen huet: ?Lëtzebuerg brauch keng eegestänneg Chinapolitik”, da goung et net drëm, datt de Statsminister wollt fir Lëtzebuerg eng eegestänneg Chinapolitik développéieren, mä et goung drëm fir Kontakter, nei Kontakter a bestoend Kontakter op deem grousse chineseschen, dem zukunftsträchtegste Maart vun der Welt, hierzestellen. Dofir ass a China gereest ginn. Dofir war de Wirtschaftsminister do an net fir eng eegestänneg Chinapolitik ze développéieren.

A propos Diversifikatioun, Här President : AOL, Amazon a Microsoft, dat si Beispiller vu réusséierter Diversifikatiounspolitik. An dat ass fir eis eng ganz wichteg Affär, och wann d’Sozialisten dat net wëlle wouer hunn. A punkto Steiereinnahmen, a punkto Aarbechtsplazen, Amazon huet an der Tëschenzäit 30 Aarbechtsplazen, 30 Leit hei zu Lëtzebuerg agestallt. Dat ass net dramatesch vill par rapport zu deem wat sech um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart an deene leschte Woche gedoen huet. Mä ëmmerhin ass et awer dat an ëmmerhi bréngen déi Firmen hei an dësem an am nächste Joer Milliarden, Här President, eran u Recetten an et kënnt dem Lëtzebuerger Stat nu wierklech an där Situatioun wou mer dra sinn an de Lëtzebuerger Statsfinanzen zegutt, datt dat doten eis gegléckt ass an dofir hunn ech gesot, ass dat eng wichteg an ass et eng grouss Affär an ech kommen net derlaanscht, well och elo schonn erëm Remarken oder Téin op dëser Säit ze héiere sinn, fir ze soen, datt mer onverständlech, fir net ze soen aarmséileg fannen d’Haltung, déi d’Sozialisten an dëser Affär un den Dag geluecht hunn. AOL an Amazon dat ass jo näischt, keng Aarbechtsplaze bréngen se, héchstens e puer Frang an d’Keess a souwisou si se an de Schouss gefall.

Ech muss soen, Här President, ech fannen dat eng ganz, ganz aarmséileg Haltung. Amplaz unzeerkennen, datt der Regierung a virun allem och dem Investissement vum Statsminister hei ze verdanken ass, dass eis e grousse Coup gegléckt ass, motzen d’Sozialiste wéi kleng, bockeg Kanner. Dat kann net sinn. Fréier, wann den Här Goebbels gereest ass an hien huet e Betrib mat op Lëtzebuerg bruecht, dann hu mer dat unerkannt an et goufe Pressekonferenze gehalen an et gouf dat dohinnergestallt als dat wat et war. Haut kann d’Regierung Betriber bréngen an deene schwieregsten Zäiten an dann heescht et vu Säite vun de Sozialisten, dat do ass jo an de Schouss gefall a souwisou ass et net vill.

Ech hoffen, Här President, datt dat Ganzt en Ausrutscher war vu Säite vun de Sozialisten an datt se an dëser Debatt déi doten Argumentatioun net méi ophalen, déi kleng karéiert Jalousien, déi hei un den Dag kommen, well der Regierung wierklech e grousse Coup gegléckt ass, dat steet enger Partei wéi de Sozialisten net esou gutt zu Gesiicht. An an deem Kontext erlaben ech mer nach eng Kéier, Här President, de Statsminister hat et zwar gemaach, mä ech wëll et nach eng Kéier maache, well et esou schéin ass, de Fraktiounschef vun de Sozialisten, dee jo vill monéiert ëmmer iwwer alles dat wat sech deet am Beräich vum E-Commerce, vum Internet, wat Microsoft an hirem Communiqué gesot huet, dee se geschriwwen hu wéi se heihinner komm sinn, an net nëmmen Microsoft, och schonn AOL oder war et Amazon, ech weess et net méi, déi haten, wéi se sech décidéiert hunn sech hei ze etabléieren, en ähnleche Communiqué erausginn.

Ech hunn deen net erëmfonnt, wéi ech elo meng Preparatioun hei gemaach hunn, mä dee vu Microsoft ass jo eréischt e puer Deeg al, dofir wëll ech en nach eng Kéier zitéieren: ?La plate-forme grand-ducale avec son infrastructure de pointe, la présence d’acteurs importants des médias, un cadre législatif et réglementaire approprié et une approche volontariste des autorités”, dat sinn d’Elementer, déi Microsoft determinéiert huet fir op Lëtzebuerg ze kommen. Wann d’Oppositioun dat net fir gutt hält, da soll si et weiderhi kontestéieren.

Ech sinn zefridde wann d’Entreprisen, déi kommen, et esou gesinn, wann déi unerkenne wat hei gemaach ginn ass, wéi eng Plate-formen, dass mer hei hunn, wéi eng Infrastructure de pointe, wéi e Cadre législatif et réglementaire, et geet eis duer wann d’Entreprisen dat unerkennen. Mir brauchen dofir d’Oppositioun net. Ech si frou, dass Microsoft an anerer dat esou gesinn a sech deementspriechend fir Lëtzebuerg décidéieren.

Här President, et gouf och der Regierung virgeworf, si hätt ee vun den Haaptpilieren, nämlech de Finanzsecteur, net genügend ënnerstëtzt. An ech hu gelies an den Zeitungen: ?Unter dieser Regierung gingen 50 Banken weg.” Ech muss awer soen, dat doten ass relativ plomp. Datt Banken hei vu Lëtzebuerg fortgaange sinn, kontestéiert jo keen, mä dat huet jo awer nun am allerleschten eppes mat der Regierung ze doen. Dat huet eppes ze doe mat de Fusiounen, mat de Restrukturéierungen, mat de Konzentratiounsefforten, déi sech um internationale Marché, op der internationaler Bankewelt, dinn. Dat ass d’Ursaach, firwat datt eng Rei vu Banken hei fortgaange sinn. Iwwregens ware ganz vill klenger derbäi, déi mat zwee, dräi Leit hei waren, wat een am Kader vu Banke scho bal net méi kann zielen.

Ech stelle just fest, datt d’ABBL zesumme mat der Regierung virun e puer Joer eng Strategie op d’Been gesat huet, fir eis Bankeplazen ze diversifizéieren. Den Här Thiel seet an engem Artikel: ?Le marché est là. La législation est là. Le know-how aussi est là.” Dat sinn d’Schlëssele fir eis Bankplaz weider ze kréien. De Schlëssel, deen heescht eraus aus der Souveränitéitsnisch, eran an d’Kompetenznisch. An der Komptenznisch si mer an der Tëschenzäit ukomm. An där Kompetenznisch musse mer weiderfueren an da brauch eis an engem éischte Stadium oder an engem mëttelfristege Stadium och net Angscht ze sinn, datt eis Bankeplaz an eis Finanzplaz ewechfält.

Här President, d’Mëttelstandspolitik gouf och vill kritiséiert. Ech stelle just fest, datt ënnert der Fiederféierung vum Fernand Boden deen Zéngpunktenaktiounsprogramm duerchgesat ginn ass. Et sinn nach eng Rei Detailelementer, déi mussen ajustéiert ginn an da steet dee Plang. Et ass e Plang, deen dem Mëttelstand op wäite Strecken entgéintkënnt, mat deenen de Mëttelstand gutt ka liewen, mat deenen de Mëttelstand déck zefridden ass, a wa mer déi Projeten, déi ustinn, d’Loi-cadre an den Droit d’établissement deemnächst och nach hei iwwert d’Bühn hunn, dann hu mer e Kader geschaf, dee selbstverständlech ëmmer muss weiderentwéckelt ginn an ëmmer muss perfektionéiert ginn an den Ofbau vun den administrativen Hürden, selbstverständlech muss weider dorunner geschafft ginn, mä dat ass eng Fuerderung un där mer schon zënter 15 Joer an engem permanente Prozess schaffen.

Dann und wann, muss ech soen, stéiert et mech awer, wann da vu Säite vun deene Leit, déi grad just wat déi administrativ Hürden ubelaangt, zum Beispill bei der Betribsgrënnung, Kommodo an Inkommodo, wou gefuerdert ginn ass a wou net genuch reglementaresch Konditioune konnten an e Gesetz ageschriwwe ginn, grad just vun deene Leit gefuerdert gëtt, dass mir missten déi administrativ Hürden ofbauen. Och hei, Här President, muss een oppassen, dass ee glaubwürdeg bleift.

Ech gesinn, datt d’Zäit séier virugeet. Ech wëll nach dräi punktuell Problemer opgräifen. Éischtens de Krankekeesendefizit. Mir droen inhaltlech déi Propositiounen, déi vun der Tripartite gemaach gi sinn. Mir mengen, datt deen Transfert, dee geplangt ass aus de Pensiounskeesen an d’Krankekeesen, gerechtfäertegt ass. Den Invaliditéitsrisiko gehéiert an d’Pensiounskeesen, dee gehéiert net an d’Krankekeesen. Ech hu vereenzelt Kriticke gelies, mä ganz villes huet een zu där doter Problematik nach net héieren. Ech si gespaant wéi am Kader vun dëser Debatt sech eenzel Gruppen zu där doter Fro positionéieren. Ech wëll just soen, mir deelen déi inhaltlech Proposen, och wat déi strukturell Moossnamen ubelaangt, déi hei proposéiert gi sinn. Et bleift, dass ee beim Punkt vun der Lounfortzahlung bei den Aarbechter muss selbstverständlech extrem virsiichteg bleiwen, well hei effektiv eng Rei vu Risikoe besti fir déi kleng Entreprisen. Et däerf net zu enger globaler Méibelaaschtung hei kommen, mä do waarde mer d’Etüden of, déi amgaang si gemaach ze ginn.

Fleegeversécherung: D’Ofsenkung vun der Participatioun vum Stat vu 45 op 40%. Ech muss soen, ech hätt mir och méi Transparenz gewënscht an där Propos, wéi se vun der Regierung gemaach ginn ass. Vun Ufank u méi Däitlechkeet, dass ee gewosst hätt, wou een dru wär. Mir wëssen et elo, an ech gi gären zou, et kann een iwwert déi Moossnam do diskutéieren. Et kann een effektiv driwwer diskutéieren, ob de Stat fir ee Joer soll seng Participatioun vu 45 op 40% erofsetzen oder net. Mä wann hien et net mécht, da muss ee soen, wou een dann de Contre-pas vun deem hierhëlt, wat hei agespuert gëtt. Huele mer dofir méi e groussen Defizit a Kaf, oder gi mir op eng aner Plaz déi Sue sichen, déi gebraucht ginn?

Ech hu kee Problem, dass mer doriwwer diskutéieren, muss awer soen, dass déi onwahrscheinlech Polemik, déi mat där dote Fro gemaach ginn ass, wéi bekannt ginn ass, de Stat géif fir ee Joer seng Participatioun an der Fleegeversécherung ëm 5% erofsetzen, d’Gefill bei de Leit dobausse geschürt ginn ass, elo géingen d’Fleegeleeschtungen erofgesat ginn. Dat war onverantwortlech. Et war jo zu kengem Moment, Här President, dru geduecht, fir d’Fleegeleeschtungen,?

Une voix.- Dat huet kee gesot.

M. Lucien Weiler (CSV).- De Sozialofbau huet ugefaangen, de Sozialofbau ass agelaut, ass virprogramméiert, dat hunn ech nach virun e puer Deeg héieren.

(Interruption)

Wa kee Mënsch dat gesot huet, dat froen ech mech, wou bei esou ville Leit dobaussen, déi fleegebedürfteg sinn, d’Gefill an de Gedanke konnt opkommen, dass d’Fleegeleeschtunge géifen erofgesat ginn. Vu Säite vun der Regierung a vun der Majoritéit ass?

M. Lucien Lux (LSAP).- Zitéiert do och emol d’Avisë vun de Chambres professionnelles.

M. Lucien Weiler (CSV).- Dir maacht dat jo.

Här President, fir dass et kloer ass, an dass net dobaussen d’Leit nach ëmmer mengen, et géif un de Fleegeleeschtunge geréckelt ginn: Fir ee Joer gëtt d’Participatioun vum Stat an der Fleegeversécherung erofgesat, well genuch Reserven do sinn. Et brauch un de Fleegeleeschtungen net gedréint a gebastelt ze ginn, keen dee Fleeg noutwendeg huet muss fäerten, dass en deemnächst déi Fleegeleeschtungen, déi en haut huet, net méi kritt. Et geet mer drëm, fir dass dat ee fir allemol kloergestallt ass.

Här President, wa mer iwwert d’Grenzen erauskucken, an d’Belsch, an Däitschland, a Frankräich, a mer gesinn, wat fir eng Ravagen déi wirtschaftlech Morositéit an deene Länner mécht, och d’Rezessioun, déi streckeweis ass, déi riseg Lächer an de Stathaushalter, déi dramatesch Verschëldungssituatiounen, déi Sozialversécherungssystemer, déi op der Kipp stinn, an de Sozialofbau, deen eng ganz grausam Tatsaach ass, wa mir eis dat alles ukucken a mer vergläichen et mat der Situatioun, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, da mengt een awer nach erëm bal mir wären eng Insel, obschonns mer guer keng Insel sinn.

Mir hunn eng Verschëldungscapacitéit vum Stat, déi intakt ass. Mir hunn e Statsdefizit, dee minimal ass, a mir hunn héich staatlech Investitiounen, sou dass mer, wéi dat d’lescht Woch hei beschriwwe ginn ass, déi Duuschtstreck op där mer sinn an déi nach undauert, bis dass eng wirtschaftlech Reprise kënnt, ouni Vollbremsung kënnen duerchhuelen. A wa mir déi kënnen ouni Vollbremsung duerchhuelen, dann ass et awer net esou, dass déi gebroden Dauwen eis an de Mond geflu komm sinn. Dat huet dach och eppes mat Politik ze doen. Dat huet eppes mat der Politik vun der leschter Regierung ze doen, an et huet eppes mat der Politik vun dëser Regierung ze doen.

Den Här Juncker, den Här Frieden, den Här Halsdorf, déi hunn eis d’lescht Woch op impressionant Aart a Weis gewisen, wéi mer versichen iwwert déi Duuschtstreck ze komme mat de Reserven, déi ugeluecht gi sinn, de Reserven, déi an den 90er Joren ugeluecht gi sinn, an deene Reserve wou virun allem d’Halschent während dëser Regierung ugeluecht ginn ass. A wann den Här Goebbels schreift a seet, dës Regierung géif sech iwwert d’Ronne rette mat de Reserven aus den 90er Joren, dann ass dat net richteg. Déi Reserven, déi mir hunn, sinn zur Halschent vun der leschter Regierung an zu Halschent vun dëser Regierung ugeluecht ginn. Et ass deen Apel fir den Duuscht, dee mer hunn, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.

A wann ech dann héieren, Här President, dass gesot gëtt neierdings, net nëmmen AOL, Amazon, a Microsoft sinn der Regierung an de Schouss gefall, mä och d’Reserve sinn hir an de Schouss gefall, si konnt jo iwwerhaapt net derfir, do ginn ech gären zou, dass 1999/2000 opgrond vun der Expansioun vun de Bourssë mer e ganze Koup vu Steieren erakritt hunn iwwer e Wee, wou een net ka soen, dass et direkt den Aktivismus vun der Regierung war, deen déi bruecht huet, mä Fakt ass awer och, Här President, an ech wëll dat hei ënnersträichen, dass vu ville Leit am Parlament an deene leschte Joren eng aner Politik gefrot ginn ass wéi déi, déi mir gemaach hunn. An ech wëll dräi Beispiller erausgräife vun där anerer Politik.

Bei de Steierreformen do erënneren ech mech un déi Propositiounen, déi vun de sozialistesche Kolleege komm sinn. Mir hate jo en Deel dovun opgeholl, mä glécklecherweis net alleguerten, well mir hätten haut Milliarde Steierrecettë manner wa mer d’Propositioune vun de Sozialisten definitiv duerchgezunn hätten. A wann ech un den ADR denken, deen hei fënnef Milliarde supplementar Dépensë vum Statsbudget an eis Rente gefuerdert huet, a wann ech denken un d’Propositioun vun deene Gréngen, fir d’Plus-Valuë vun de Joren 1999 an 2000 an e Fong ze ginn, fir d’Entschëldung?

M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Wou ass déi Propositioun, Här Weiler?

M. Lucien Weiler (CSV).- Här Bausch, ech hu mer geduecht, dass Der d’Fro géift stellen, dofir hunn ech Iech se matbruecht. Et ass d’Motioun, déi am Kader vum Débat iwwert d’Kooperatioun vun der Madame Renée Wagener déposéiert ginn ass de 5. Abrëll 2000, wou no ganz ville Considéranten d’Madame Wagener schreift: ?? à consacrer une part substantielle des excédents des exercices”?

(Interruption)

Här Bausch, lauschtert emol schéin no.

M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Wéi vill waren dann d’Plus-Valuen, Här Weiler? Et ware 40 Milliarden aler Frang. Wann ech dovu soen ?une part substantielle”, da sinn et se net all.

M. Lucien Weiler (CSV).- Här President, den Här Bausch jäizt schonn ier e geschloen ass. Ech wollt mol einfach konkret soen, wat dat bedeit.

Mir haten am Joer 1999 20 Milliarden där aler Frang Plus-Valuen, an am Joer 2000 waren dat der 30.

M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Et waren der 40.

M. Lucien Weiler (CSV).- Da kéime mer op 60 Milliarde Plus-Valuen, déi mir décidéiert hunn, op Propositioun vun der Regierung, fir an eis Investitiounsfongen ze ginn. Dir hat deemools proposéiert, mir sollten ?une part substantielle”…

(Interruption)

Ech muss Iech soen, Här President, Lëtzebuerg brauch sech net ze schumme fir eis Entwécklungspolitik. Mir maache méi wéi déi meescht aner Länner. D’Solidaritéit vu Lëtzebuerg, eis Contributioun fir d’Drëtt Welt, déi huet Ausmoossen, fir déi mir eis net brauchen ze schummen. Mir hunn deemools ofgelehnt, Här President, dat wat den Här Bausch gefuerdert huet, an zwar vun deene 60 Milliarden ?une part substantielle” ze ginn. Wat heescht ?une part substantielle”? Ech denken awer, dass dat d’Halschent wär oder wéi vill dann?

M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Dat heescht am Verhältnis zu deem, wat mir an aner Fonge ginn hunn. Dat ass jo awer evident.

M. Lucien Weiler (CSV).- Ah sou, et war keng Part substantielle!

M. François Bausch (DÉI GRÉNG).- Dir hutt elo grad behaapt, et wäre sämtlech Plus-Valuë gewiescht.

M. Lucien Weiler (CSV).- Neen, Här Bausch. Ech hunn net behaapt, et wäre sämtlech Plus-Valuë gewiescht, ech hu just gesot, dass Dir gesot hutt ?une part substantielle” vun de Plus-Valuë misst an de Fong goe fir d’Entschëldung vun?

(Interruption)

Ech wëll soen, Här President, dass mer d’Propositioune vu Säite vun de Sozialisten, d’Propositioune vum ADR, d’Propositioune vun de Gréngen, déi sympathesch an deem Moment waren, awer ofgelehnt hunn, well mer gesot hunn, mir wëllen hei eng voluntaristesch Politik maachen, mir wëllen den Apel fir den Duuscht op d’Säit leeën, mir wëllen eis Fonge fëlle fir deen Dag, wou et net méi esou gutt geet. Dat ass elo de Fall, an haut kënne mer dorobber zréckgräifen. A wa mir déi Politik gemaach hätten, déi hei gefuerdert ginn ass vu ville Bänken, Här President, da wär et esou zum Deel, wéi de Statsminister et lescht Woch hei gesot huet, da séize mer haut am Dreck.

Mir sëtzen net am Dreck, well mir an der Zäit lues gebremst hunn an net alles dat gemaach hunn, wat mir gäre gemaach hätten. Déi Politik, déi mir gemaach hunn, déi erlaabt eis haut iwwert d’Ronnen ze kommen, sou wéi mir dat de Moment kënne maachen.

An da soen ech nach zwee Wierder zum Ofschloss, Här President. Et gëtt ëmmer erëm hei monéiert vun dëser Tribün, an Artikelen an op anere Plazen, d’Regierung hätt d’Kris verschlof an ze spéit reagéiert.

Här President, ech deelen déi Appréciatioun net, och wann den Här Di Bartolomeo mengt, dat wär esou. D’Regierung hat keng aner Date wéi déi, déi mir och haten. Mir haten d’Daten alleguerte gemeinsam vun der Steierverwaltung, mir haten d’Prognosë vun der OECD, vum Statec a vun aneren. Mir haten déi an d’Regierung hat déi. Wann een also géif dovun ausgoen, nëmmen an der Theorie, datt d’Regierung hei eppes verschlof hätt, da muss ech soen, Här President, dann huet awer och dat Parlament hei, virun allem och d’Oppositioun eppes verschlof, an da stëmmt dee Reproche jo awer och fir si.

(Interruptions)

Mir hu virun zwee an engem hallwe Joer, Här President, um Rentendësch gesiess a mir sinn all gemeinsam vun engem mëttelfristege Wirtschaftswuesstum vu 4% ausgaangen. Wa mer elo der Regierung reprochéieren, esou huet awer kee vun eis deemools?

(Interruptions)

Jo, Här Bausch, déi meescht, déi um Rentendësch waren, sinn dovunner ausgaangen. Et war een, deen ëmmer gewarnt huet a gesot huet: Dat doten, dat geet eng Kéier schiif, dat kënne mer esou net huelen.

(Interruptions)

Dat war de Statsminister, am Summer 2002.

Une voix.- Hutt Dir näischt méi mat deem ze dinn, oder wéi?

M. Lucien Weiler (CSV).- Här President, am Summer 2002, et ass annerhalleft Joer hier, ass hei nach vu verschiddene Leit aus dësem Parlament gesot ginn, mir missten eis Wirtschaft bremsen, well gefäert ginn ass, mir kéimen an ee 700.000-Awunner-Stat eran an d’Wirtschaft misst gebremst ginn an e seriöe Coup de frein?

Une voix.- Wie sot dat dann?

M. Lucien Weiler (CSV).- Den Här Gibéryen huet dat gesot. Mir missten eis Wirtschaft bremsen, fir datt mer net esou wäit kéimen. An ech muss Iech soen, Här President, wann een dat dote gesäit, déi Affär vun deem Verschlofen, da muss ech soen, wien am Glashaus sëtzt, soll net mat Steng werfen.

E Leitartikler huet virun e puer Deeg geschriwwen, datt zumindest am Fréijoer 2002 héchst Virsiicht gebuede gi wär. An du schreift en: ?Ein warnender Aufschrei war jedoch aus keinem der politischen Lager zu vernehmen. Kein Abgeordneter, weder von der Mehrheit noch von der Opposition, ergriff die Chance, sich im Parlament mit der Beantragung einer Aktualitätsdebatte, etwa zum Thema: Die Auswirkung des internationalen Börsenmassakers auf die Wohlstandsinsel Luxemburg, zu beschäftigen. Der Weitblick der Luxemburger, auch der LSAP”, deen hätt sech deemools a Grenze gehalen. An esou war et, Här President.

(Interruptions)

Et war den Här Lenert, deen dat dote geschriwwen huet. Ech kënnt Iech awer och vill Artikelen aus dem Tageblatt zitéieren.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de Statsminister huet gesot: D’Situatioun ass eescht, mä si ass net dramatesch. De Budget fir 2004 ass d’Äntwert op eng eescht Situatioun, ouni datt et zu dramateschen Aschnëtter kënnt. An d’nächst Joer, beim Budget 2005, wäerte mer esou wäit wéi een dat haut ka virausgesinn an enger ähnlecher Situatioun sinn. An 2006, wann et dann zu kenger wirtschaftlecher Reprise kënnt, dann ass et ganz sécher esou, dass et da ganz enk gëtt, an da wäerten d’Avoiren an de Fongen, deen Apel, dee mer fir den Duuscht ugeluecht haten, deen hält jo net éiweg. Mir gebrauchen en de Moment. Iergendwann ass deen eriwwer an dann, wann et zu kenger Reprise kënnt, an et kënnt zu kenger Reprise vun de Recetten, da muss gehandelt ginn, an da wäert och gehandelt ginn, an da sinn ech iwwerzeegt, datt déi nächst Regierung, wann et dann iergendwann sollt esou wäit kommen, hir Responsabilitéit iwwerhuele wäert.

(Interruptions)

Haut fir de Budget 2004 gesi mer keng Noutwendegkeet fir iwwert dat erauszegoe wat proposéiert ass. D’finanziell Situatioun vum Stat, eis finanziell Polsteren, zesummen och mat deene wirtschaftleche Perspektiven, vun deene mer an deene leschten Deeg héieren hunn.

Ech kucken d’Chifferen, déi aus Amerika kommen, ech héieren dat wat gëschter an Däitschland vermellt ginn ass, da sinn dat awer Viraussetzungen, déi ee wéinstens kënnen drop hoffe loossen, datt d’Duuschtstreck iergendwann och iwwerwonne gëtt. Et ass un eis fir ze kucken, datt mer hei am Land iwwert d’Ronne kommen. Dëse Budget ass eng Äntwert op eng schwiereg Situatioun. Mir brauchen hei keng schaarf Bewegungen ze maachen, keng Vollbremsungen, esou wéi dat gesot ginn ass, an d’Lëtzebuerger verstinn dat och ganz gutt.

Ech denken, datt d’Leit dobausse wëssen, datt, wann et méi lues geet, d’Bréidercher méi kleng ginn. Si verstinn dat, si akzeptéieren dat. Dat Eenzegt, wat se gären hätten, dat ass, datt den Iwwergank an dat wat de Budgetsrapporteur déi nei Ära genannt huet, datt deen Iwwergank roueg gestalt gëtt, datt en iwwerluecht gestalt gëtt, datt mer ouni Panik handelen, well Ursaach fir Panik gëtt et net, well dee Budget hei, deen eis virläit, dee richtege Wee zu deem Zil ass, wat ech virdru beschriwwen hunn. Här President, dofir wäert meng Fraktioun dee Budget stëmmen.

Ech soen Iech merci.