De Laurent Mosar zur Entwecklungspolitik vun der Regierung

De Laurent Mosar bezeechent d’lëtzebuerger Coopérationspolitik als eng “Success Story”.
Intervention de Laurent MOSAR (PCS) sur la politique de coopération et de développement du Luxembourg

Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

Mäin éischten Merci geet am Numm vun menger Fraktioun un de Kooperatiounsminister, deen eis gëschter op déi gewinnt engagéiert Art a Weis en kompletten, mä virun allem en impressionanten Iwwerbléck ginn huet iwwert eis Entwécklungspolitik. Seng Déklaratioun déngt eis haut als interessanten Ophänker fir des Débatt ze féiren. Doriwwer eraus läit eis en détailléierten Aktivitéitsrapport vir, wou ech allerdéngs bedaueren, daat mer deen elo réischt débattéiren, wou mer en schon am Summer haten. Wuelwëssend daat dëst net an d’Responsabilitéit vum Minister fällt, denken ech daat mer déi nächste Kéier um Niveau vun der parlamentarescher Arbecht besser organiséiert mussen sinn.

D’Entwécklungspolitik ass en Thema wouriwwer et zu Lëtzebuerg e breden Konsens gëtt, och wann et am Détail sëcherlech zu desem oder zum aneren Deelaspekt aner Usiichten an den eenzelnen Fraktiounen bei der konkreter Emsetzung bestinn. Och wann mer um Niveau vun den eenzelnen Parteien e groussen Konsens virfannen, sou mussen mer awer feststellen, daat daat kloërt Bekenntnis zur Entwécklungshëllef net vun allen Schichten aus eiser Gesellschaft gedroen gëtt, virun allem an Zäiten wou eis Wirtschaft net méi an deem Mooss dréit. Et gëllt deemno och de Stamminet ze iwwerzeegen, daat mer en Eegennotz aus eiser Entwécklungshëllef zéien. Daat muss virun allem duerch Sensibiliéirung an Opklärung geschéien, wéi daat schon vum Ministère gemaach gouf am Cader vun senger Campagne déi 2003 lancéiert gouf.

Här Präsident,

Eis Entwécklungshëllef ass haut zu engem festen an wichtegen Bestanddeel vun eiser Aussenpolitik erungewuess. Op wäiten Punkten sinn mer eisen Objectiver an den läschten Joeren vun 1999 bis 2003 méi no komm. Eis Entwécklungshëllef ass duervir aus zwee Grënn zur ?Success Story” ginn: Zum engen, well mer en net onwésentlechen Prozentsaaz vun eisem PIB fir d’Coopératioun consacréiren, an zum aneren, well eist Land iwwert en unerkanntent Know-How an dësem Domän verfügt, waat sech virun allem bei der professionneller Exécutioun vun den Projeten bemierkbar mëcht.

Den Erfolleg vun eiser Coopératioun huet virun allem dozou gefouert, daat eist Land haut an dësem Domaine eng Virreiderroll spillt, un deem sech aner Länner e Beispill huelen. D’Stëmm vun Lëtzebuerg gëtt haut an de concernéierten internationalen Gremien gelauschtert, well mer eis um Gebidd vun der Coopératioun näischt mussen soen loossen.

Den Erfolleg vun deser Politik wier net denkbar ouni den Engagement vun den politesch Responsabel, mä och vun den etlechen ONG’en déi op dësem Gebidd schon säit Joëren aktiv sinn. En Engagement, daat haut an enger Welt, déi emmer méi vun de Wäerter wéi Egoismus an Materialismus geprägt ass, net selbstverständlech ass. Och un des Leit, déi onermiddlech daagan, daagaus am Déngscht vun der gudder Saach stinn, geet de Mëtteg e groussen Merci. Zu den ONG’en selwer wéilt ech awer réischt zum Schluss vun menger Interventioun agoen.

Här Präsident,

An Zäiten wou daat konjunkturellt Rad méi lues dréit flaamt d’Diskussioun iwwert d’Opportunitéit vun der Entwécklungshëllef emmer erem gären op. An villen Länner sinn d’Finanz-a Budgetsministeren tentéiert fir an esou Zäiten fir d’éischt bei der Entwécklungshëllef de Spuerstëft unzesetzen. De Gruew zwëschent aarm an räich gëtt awer net méi kléng, an duervir muss d’Entwécklungshëllef an selwëchten Mooss weidergefouert ginn. Et gëllt virun allem fir déi absolut Noutwendegkeet vun der Entwécklungshëllef net aus den Aen ze verléiren. Mir därfen net vergiessen, daat mer alleguerten dovunner profitéiren, wann mer eis matt der Drëtter an der Véierter Welt solidaresch weisen, an dest net nëmmen aus altruisteschen Beweggrënn, mä well et am Intérêt vun eis all ass, daat mer déi betraffenen Länner op hierem Wee an eng besser Zukunft ennerstëtzen. D’Armutt ass d’Ursaach Nummer 1 fir Migratiounsstréim vun der südlëcher an déi nördlech Hallefkugel, wéi mer um Beispill vun Westafrika an Lëtzebuerg selwer matt erliewen. Op de Lien zwëschent der Flüchtlingsproblematik an der Coopératioun kommen ech spéider nach zeréck. De Minister Charel Goerens ass am Détail op d’Eckwerter vun der Lëtzebuerger Entwécklugshëllef agaangen. Et huet deemno keen Wert fir des nach eng Kéier duerzeléen an grouss ze kommentéiren. Ech wëll vun der Gelégenheet profitéiren fir e puer Feststellungen ze maachen an op e puer vereenzelt grouss Volets’en zeréckzekommen, fir duerno eng Partie Froen un de Minister ze riichten. Erlaabt mer duervir, daat ech meng Interventioun a verschidden Voleten andeelen, déi sech an der Haaptsaach op e puer méi generell Iwwerléungen zu eiser Entwécklungshëllef, op den Lien zwëschent der Coopératioun an der Flüchtlingsproblematik, op de Prinzip vun der ?Bonne gouvernance”, op d’Reform vun den internationalen Institutiounen wéi d’Weltbank, d’OMC oder den FMI, op humanitär Actiounen, op d’Entwécklung vun LUX-DEVELOPMENT, souwéi op d’Arbecht vun eisen ONGen konzentréiert.

Här Präsident,

De Koalitiounsaccord vun 1999 hällt fest, daat d’Regiirung gewëllt ass fir den Objectiv vun 0,7 % vum PIB am Joër 2000 op ronn 1 % eropzeschrauwen. Mir sinn haut bei engem Taux vun 0,84 % ukomm, en Taux deen d’Plaz vun eisem Land weltwäit gekuckt am Féirungsquintett matt Dänemark, Holland, Schweden an Norwegen consolidéiert. Dest huet ouni Zweifel och Signalwirkung fir aner Länner. Sou haat de Minister Charel Goerens bei der Déklaratioun vun 2003 ugekënnegt, daat beispillweis EU-Memberlänner wéi Irland, Frankräich an Belgien gewëllt wieren hieren Taux op 0,7% eropzeschrauwen. Ech ginn an deem Kontext och ze bedenken, daat et méiglech wier d’Armutt bis 2015 ganz ze éliminéiren, wann all OECD-Member d’Entwécklungshëllef op 0,7 % vum PIB erop géif schrauwen.

Et ass kloer daat Lëtzebuerg net bei den 0.84% stoen kann bleiwen. Den 1 %, deen am 99ger Koalitiounsaccord festgesat gouf, muss an de kommenden Joëren vun der nächster Regiirung weiderhin am Ae behalen ginn, och wann et an de nächsten Joëren éischter drëm geet fir d’Entwécklungshëllef um heitegen Niveau ze consolidéiren.

Den Impakt vun eiser Entwécklungshëllef ass awer nëmmen begrenzt, wann eis europäesch Partner an der Unioun net mattzéien. Mir stellen matt Besuergnis fest, daat et um Niveau vun aneren EU-Länner zu enger Stagnatioun, oder carrément zu engem Réckgang waat déi finanziell Ressourcen fir d’Coopératioun unbelaangt, komm ass. Et ass duervir un Lëtzebuerg, fir séng Partner ze sensibiliséiren. Meng éischt Frô un de Minister wier déi, iwwert d’Efforts’en vun aneren europäeschen Staaten fir d’Entwécklungshëllef an den nächsten Joeren op dësen mageschen Taux eropzesetzen. Wéi kann déi lëtzebuergesch Regiirung op seng europäesch Partner anwierken, fir deeselwechten Kraaftakt ze vollbréngen? Am selwëchten Otemzuch wëll ech och d’EU-Erweiderung évoquéiren, wou mer bekanntlech ab dem 1.Mé 10 nei Memberlänner kréien. Och si mussen an déi gesamteuropäesch Entwécklungspolitik matt agebonnen ginn. Aus desen Ursaachen stellt sech dann och d’Fro vun der finanzieller Contributioun vun dësen Länner an der Coopératioun. Vläicht kann eis de Minister e puer Prezisiounen zu desem Thema liwweren.

Dir Dammen an dir Hären,

Déi lëtzebuergesch Regiirung ass säit 10 Joër op de Wee gaangen fir seng Entwécklungspolitik no der Philosophie vun sougenannten Pays-Ciblen auszeriichten, fir an enger begrenztener Zuel vun Länner an der Welt en Maximum un positiven Retombéen erauszeschloen. Eng Politik an eng Démarche déi vun de spézialiséierten internationalen Gremien unerkannt ass, wéi beispillsweis dem Comité d’aide au développement vun der OECD, an déi an de kommenden bäibehalen soll ginn.

D’CSV-Fraktioun ennerstëtzt des Optioun, mä plädéiert och duervir daat eis Pays-Ciblen eng stänneger Evaluatioun ennerzun ginn. De Coopératiounsminister hat an senger läschter Deklaratioun versëchert, daat et bei deser Politik bleiwen wärt. An huet an deem Kontext bemierkt, daat verschidden Länner besser gestallt wieren wéi anerer. Sou wieren beispillsweis Namibia an El Salvador mëttlerweil an der Laag fir eng gewëss Emverdeelung vum Räichtum, deen natirlech relativ ass, am Land virzehuelen. Aus desem Grond gëtt och vun desen Länner verlaangt sech méi stark un der Finanzéirung vun Projeten ze bedélegen. Op des Art a Weis kéint Lëtzebuerg säin Réckzuch aus den betraffenen Länner organiséiren, fir sech an de kommenden Joëren an aneren Länner ze engagéiren. Eng Fro, déi ech deemno an desem Kontext wollt stellen, betrëfft den Entwécklungsgrad vun déne 10 Pays-Ciblen. Waat fir Länner hun haut en Entwécklungsgrad erreecht, deen et der Regiirung erlaabt sech mëttelfristeg zereckzezéien, an waat fir Länner bleiwen mëttelfristeg op der Lëscht erhalen?

Déi Fro déi sech am selwëchten Kontext opdrängt ass deemno och déi iwwert potentiell nei Ziellänner vun der lëtzebuerger Coopératiounspolitik. An an dëser Fro, Här Präsident, denken meng Fraktioun an ech, daat mer aner Prémissen beim Choix vun den Ziellänner un den Daag mussen léen. Ouni d’Débatt vun de läschten Wochen erem wëllen onnéideg unzeheizen, denken mer, daat mer dëse Choix mussen ennert anerem och en fonction vun der Situatioun vun de Flüchtlingen bei eis hei am Land ausriichten.

Ech ginn nach eng Kéier ze bedenken, daat Armutt, Fehlen vun démokrateschen Strukturen an Perspektivlosegkeet an den Länner an der drëtter an véierter Welt d’Ursaachen sinn, firwaat d’Migratiounsstréim zouhuelen. D’Réckféirung ass aus dësen Grënn schwéier, well déi Déboutéiert hiert Land am selwëchten désastréisen Zoustand eremfannen, wéi se et verlooss hun. Eis Entwécklungspolitik muss an desen Länner unsetzen, an deems mer d’Demokratie matt hëllefen opbauen, an andeems mer Projeten initiéiren, déi et dem Land erlaben och um sozialen an infrastrukturellen Niveau erem den Unschloss ze fannen. Daat kann schon hei bei eis geschéien, an deems mer den Demandeuren eng Formatioun unbidden, déi an hierem Heemechtland zur Uwennung kënnt. Mir kënnen doriwwer eraus awer och Hëllef bei der Existenzgrënnung leeschten, duerch beispillsweis sougenannten Mikrokrediter. Um Terrain aktiv ONGen an déi, déi bei eis aktiv sinn, kënnen an mussen an dësem Domaine zesummenschaffen.

Eis Entwécklungshëllef soll also an Zukunft virun allem an denen Länner wirken, wou mer am meeschten Demandeuren op Asyl hun. Och hei haat de Coopératiounsminister Charel Goerens an senger läschter Deklaratioun, Projeten um westlechen Balkan ervirgehuewen, déi bis op weideres bestoen bleiwen. Grad an esou Régiounen ass et onerlässlech duerch eis Hëllef dozou bäizedroen, fir erem eng politesch an sozial Stabilitéit an der Regioun hierzestellen, an domadden d’Demokratie ze stärken.

Mä des Politik kann sech net nëmmen op Südosteuropa bezéien. Mir verzeechnen am Moment en Zouwuess vun Asyldemandeuren aus dem wéstlechen Afrika. Och hei gëllt et fir déi politesch an sozial Situatioun an dene Länner ze analyséiren, fir eventuell do den Hiewel unzesetzen fir nei Projeten an dëse Länner ze initiéiren, an fir läschten Ends eventuell grad des Länner an de Kreess vun den Pays-Ciblen opzehuelen. Esou eng Koopératioun besteet och schon mam Cap-Vert, wou mer mëttlerweil eng Communautéit bei eis am Land hun; et ass dest eng Koopératioun wou ech dovunner iwwerzeecht sinn, daat se der Integratioun vun kapverdianeschen Biirger zoudräglech war.

De Justizminister Luc Frieden huet d’läscht Woch an der Débatt iwwert d’Immigratioun de Verglach matt Schweden gezunn, wou de Minister vun der Entwécklungshëllef och dee Minister ass, deen fir Immigratiounsfroen zoustänneg ass. Och wann de Minister d’Iddi vun engem eegestännegen Staatssekretariat fir Immigratiounsfroen net grondsätzlech ausgeschloss huet, sou denken mer awer daat d’Unsiedlung vun der Immigratioun am Coopératiounsministère eng aner Optioun duerstellt, déi ze exploréiren wier, well des zwee Volets’en, zesummen matt der Asylpolitik, gemeinsam Schnëttstellen hun.

Här Präsident,

Dëse Punkt erlabt mer op anere wichtege Punkt iwwerzegoen, deen onmëttelbar matt der virecht beschriwwener Situatioun zesummenhänkt. Et geet em d’Conditiounen, déi eng staatlech Struktur muss mattbréngen oder garantéiren, fir déi ékonomesch Ressourcen ze verwalten an gerecht ze verdelen. Ech schwätzen an dësem Kontext vum Konzept vun der ?Bonne gouvernance”, déi laut dem Programme des Nations Unies pour le Développement, kuerz PNUD genannt, folgendermoossen emschriwwen ass:

” La gouvernance peut être considérée comme l’exercice des pouvoirs économique, politique et administratif pour gérer les affaires des pays à tous les niveaux. Elle comprend les mécanismes, procédés et institutions par lesquels les citoyens et leurs groupes articulent leurs intérêts, exercent leurs droits légaux, remplissent leurs obligations et gèrent leurs différences. La bonne gouvernance est, parmi d’autres choses, participative, transparente et responsable. Elle est aussi efficace et équitable. Et elle fait la promotion du cadre de la loi. La gouvernance a trois piliers: économique, politique et administratif. Elle englobe l’Etat, mais le transcende en incluant le secteur privé et les organisations de la société civile. “

Ech denken, daat des Définitioun kloer duerleet waat gemengt ass. Fir daat eis Hëllef kann effektiv sinn, mussen an den betraffenen Pays-Ciblen stabil Strukturen bestoen. Mir mengen, daat mer kengem Land desen Imperativ kënnen opdrängen, d’Völkerrecht verbidd eis daat. Mä mir mussen eis Entwécklungshëllef verstärkt op déi Länner ausriichten, déi d’Konzept vun der ?Bonne Gouvernance” an hieren Strukturen verënnerlecht hun. Do wou dëst net de Fall sollt sinn, mussen mer kucken wéi an waat fir eng Projeten zur politescher Stabilitéit vun engem Land bäidroen. Eis Coopératioun ass zum Scheiteren verurteelt, wann d’ Prinzipien vun der ?Bonne gouvernance” an eisen Ziellänner net respektéiert ginn. Fir d’CSV-Fraktioun daat de Respekt vun desen Critèren déi fundamental Basis vun all Entwécklungszesummenarbecht duerstellt.

Dir Dammen an dir Hären,

Entwécklungshëllef steet a fällt matt der Politik vun den groussen internationalen Gremien wéi d’Weltbank, de Fonds Monétaire International (FMI) oder der Organisation Mondiale du Commerce, kuerz OMC, genannt. Des Organisatiounen sinn an de läschten Joëren zu régelrechten Mammutorganisatiounen erungewuess, déi duerch hier Ontransparenz an hier Bureaucratie, un Handlungsspillraum souwéi un Flexibilitéit agebéisst hun. Eng grondlégend Reform vun dësen Organisatiounen ass de kommenden Joëren drengend noutwendeg, an et ass kloer daat dës eenzel Reformen parallel mussen verlafen. Well déi generell Ausriichtung vun der Politik am Cader vun desen Organisatiounen entsprëcht net de Besoins’en vun de Länner an der Drëtter Welt.

Ech konnt mëch vun der Noutwendegkeet vun enger grondlégender Reform vun dësen Institutiounen, um Beispill vun der OMC, op der läschter Interministerieller Konferenz zu Cancun, selwer iwwerzeegen. Den Haaptobjet vun deser Konferenz war d’Ouverture vum weltwäiten Handel matt de Besoins’en an Méiglechkeeten vun den Entwécklungslänner an Aklang ze bréngen. Eng Léisung am Beräich vun de Subventiounspraktiken an der gemeinsamer Agrarpolitik oder den verbesserten Zougang zu pharmazeutëschen Produits’en fir déi ärmst vun den ärmsten Länner an der drëtter an der véierter Welt waren wichteg Verhandlungsfroen, déi op eng Léisung geward hun. Ouni an de Credo vun den Anti-Mondialisatiounsgéigner anzefalen, muss een feststellen, daat dës Konferenz monumental échouéiert ass, well an de groussen wichtegen Dossiers’en keng zefriddenstellend Léisungen fonnt goufen. Mangel un Transparenz souwéi ondemokratesch an veralten Verhandlungspraktiken sinn d’Haaptursachen vun desem Echec.

Ech wëll de Notzen vun enger Organisatioun wéi d’OMC net grondsätzlech a Fro stellen. Bilateral Verhandlungen féiren zu Chaos an droen de Berdierfnisser an den Méiglechkeeten vun den eenzelnen Memberstaaten keng Rechnung an stellen deemno keng seriös Alternativ zur WTO duer. D’Welthandelsorganisatioun bleiwt duervir den eenzegen valablen Wee fir op engem multilateralem Niveau d’Ouverture vum Welthandel ze régelen. Mä Lëtzebuerg, e Land daat mëttlerweil e Poids an der Entwécklungshëllef erlaangt huet, muss sech och am Cader vun sengen Méiglechkeeten fir eng grondlégend Reform vun esou enger Mammutorganisatioun stark maachen.

Ech si frou daat mer Enn Januar eng Débatt an der Châmber haten, wou sech eng Reih interessant Pisten opgedoen hun, op déi ech net méi wéilt am Détail zeréckkommen. Et geet drem d’Verhandlungsmechanismen virun allem méi transparent ze maachen, andeems besonnesch déi national Parlamenter besser an d’Verhandlungen agebonnen ginn. Des Verhandlungen mussen sech an der Haaptsaach op déi dräi Piliers’en vun der Equitéit, der Solidaritéit an der Justiz konzentréiren. Ech haat an menger Interventioun vum 29.Januar virgeschloen fir den Entwécklungslänner dee sougenannten asymétresche Benefiss vun de Négociatiounen zouzestoen. Et muss een sech hei d’Fro stellen, ob een an de Verhandlungen des Entwécklungslänner onbedéngt zwéngen wëll hier Mäert fir Produkter aus den industrialiséierten Länner opzemaachen, wann ee weess daat de Poids vun esou Länner nëmmen en onwésentlechen Deel an der Balance commerciale ausmëcht. D’Verhandlungen kéinten wésentlech vereinfacht ginn, andeems een deenen äermsten Länner einfach emol déi Fortschrëtter zougesteet, déi vun der OMC duerchgesat ginn, ouni vun hinnen ze verlaangen hier Mäert opzemaachen.

Här Präsident,

Ech haat virdrun d’Reform vun der Weltbank oder dem Internationalen Währungsfong ugeschwaat. Den Objektiv muss heibäi einfach sinn, daat mer den Entwécklungslänner déi Infrastrukturen an Equipementer zur Verfügung stellen, déi hinnen et erlaben fir déi primär a wésentlech Besoinë vun hirer Bevölkerung ôfzedecken. Ech haat et an der Débatt iwwert d’OMC schon erwähnt, daat et och fir des Länner wichteg ass, fir selwer e Modell ze développéiren, deen virun allem op hieren eegenen Maart adaptéiert ass an deen primär d’Besoins’en vun hierer Bevölkerung ôfdéckt. An deem Geescht schéngt et mer dann och noutwendeg fir iwwert d’Aféirung vun Sozial- an Emweltklauselen nozedenken, déi vun desen Länner erfëllt musse gin. Och hei ass et schwéier fir sech an d’Staatsgeschäfter vun engem aneren Land anzemëschen. An trotzdem denken ech, daat mer dann mussen e Wee fannen fir dese Länner an bi-wéi multilateralen Gespréicher de Notzen vun esou Klauselen kloer ze maachen.

Well wann mer op d’Aféirung vun esou Klauselen verzichten, stinn mir als Europäer a krassem Widersproch zu eis selwer. Et kann net sinn, daat mer eis selwer en héichen Standard bei der Produktioun vun beispillsweis Liewensmëttelen imposéiren, awer den Länner an der Drëtter Welt fräistellen wéi an matt waat se produzéiren sollen. Ech denken, daat och si sech un en minimalen Produktiounstandard halen mussen, deen sech an éischter Linn aus dësen Emwelt- an Sozialklausen zesummensetzt, fir hier Produiten op eisem Marché ze verkafen.

Als Illustratioun wéilt ech kuerz op de sougenannten ?Fräien Handel” agoen. An der drëtter Welt liewen vill Kléngbaueren a gréisster Armutt, well se hier Produits’en um Weltmaart zu Schleiderpräisser verkafen mussen. Schold dorunner sinn d’Strukturen vum Welthandel, déi ech virdrun schon erwähnt hun. Si produzéiren nëmmen an kléngen Quantitéiten an brauchen duervir Intermédiairen, déi hinnen net vill fir hier Wueren ginn.

D’Sensibiliséirung fir den ?Fairen Handel” muss schon an der Schoul unsetzen, duerch eng gezielten Formatioun, déi sech interdisziplinär op all Schoulfach bezitt.

An villen Länner hun sech haut Associatiounen fonnt, déi sech duervir asetzen fir des archaesch an anachronistesch Strukturen ze duerchbriechen. Och zu Lëtzebuerg, an daat e positiven Trend deen mer begréissen, hun sech Organisatiounen zesummenfonnt, fir sech dëser Missioun unzehuelen. Mir méngen awer am Cader vum ?Fairen Handel”, daat virun allem muss versicht ginn, fir méi Produits’en, déi déi uewenzitéiert Emwelt- a Sozialklauselen respektéiren, en Agrément ze ginn.

Léiw Frënn,

Ech wier bei mengen Ausféirungen net komplett, wann ech net den Aspekt, oder besser gesot de Fléau vun der Kannerarbecht géif uschneiden. Laut den Zuelen vun der International Labour Organization, kuerz ILO genannt, sinn 211 Milliounen Kanner enner 15 Joër ékonomesch aktiv, 186 Milliounen dovunner sinn Affer vun Ausbeutung. Déi gréissten Verbredung vun der Kannerarbecht ass südlech der Sahara, wou bal all drëtt Kand schaffen muss. An Asien ass et all fënneft Kand, an Latäinamerika ass et all sechst Kand. Zum Verglach wollt ech jhust préziséiren, daat an Europa nëmmen all 50.Kand eng Arbecht veriichten muss. Erschwéirend kënnt dobäi, daat des Kanner meeschtens am informellen Secteur vun der Wirtschaft beschäftegt sinn, daat heescht an deem Secteur wou et weder Verträeg, nach Sozialleeschtungen ginn. Véier vun fënnef Kanner kréien guer keen Loun fir hier Arbecht, well se entweder fir d’Famill schaffen, oder der Sklaverei ennerleien. D’Haaptursaach läit bei der krasser Armutt, well se hier Elteren doranner mussen doranner ennerstëtzen fir Daag fir Daag iwwert d’Ronnen ze kommen. Och wann sech e Land oder eng Regioun wirtschaftlech erhëllt ass daat net gläichbedeitend matt manner Kannerarbecht.

D’Armutt ass awer net déi eenzeg Ursaach vun Kannerarbecht. Terre des Hommes beispillsweis geet dovunner aus, daat d’Kannerarbecht d’Armutt verschärft, well a villen Régiounen an a villen wirtschaftlechen Secteuren Erwuessener arbechtslos sinn, an wou d’Kanner ansprangen mussen fir zu engem Hongerloun ze schaffen. Dobäi kommen Kanner, déi nie eng Schoul vun bannen gesinn hun, nie d’Chance kréien fir iwwert de Statut vun engem Tagelöhner oder enger Hëllefskraaft eraus ze kommen. Lëtzebuerg muss sech kloer géint d’Kannerarbecht ausschwätzen, an sengen Projeten verstärkt op schoulesch Infrastrukturen an op d’Formatioun fokusséiren, well hei dran d’Chancen leien fir daat dës Kanner besser Zukunftsperspektiven kréien. D’Zuelen aus dem Aktivitéitsrapport schwätzen hei eng däitlech Sprooch, wann een bedenkt, daat bal e Fënneftel vun de Gelder fir d’Coopératioun an Educatiounsinfrastrukturen an an d’Formatiounsprojeten gestach ginn. Mä och um internationalen Plang ass et wichteg, daat eis politesch Responsabel hier Stëmm hiewen fir Kannerarbecht ze condamnéiren.

Dir Dammen an dir Hären,

LUX-DEVELOPMENT ass säit dem März 2002 am Embroch. An deem Mount krut eis Regiirung eng Mise en demeure vun der Europäescher Kommissioun zougestallt, wou dranner monéiert gëtt, daat eis national Entwécklungagence eng Monopolpositioun bei der Auschreiwung vun Projeten bekléd, an deemno de Prinzipien vun engem fräien Bannemaart widerspriechen géif. D’Kommissioun huet d’Regiirung virun d’Alternativ gestallt fir entweder d’Opträg öffentlech an domadden och europawäit auszeschreiwen, oder entweder komplett d’Kontroll iwwert d’Agence ze iwwerhuelen. Den zoustännegen Minister huet sech bekanntlech fir déi zweet Optioun décidéiert. Domadden gëtt net onbedéngt eng nei Ära bei der LUX-DEVELOPMENT agelaud, mä et ass kloer daat et zu Verännerrungen an der Gestioun vun der Agence komm ass, déi sech an der Démissioun vum alen an dem Amtsantrëtt vum neien Direkter eremspigelt. D’Agence huet doriwwer eraus an de läschten zwee Joer strukturell Transformatiounen duerchgefouert, déi sech duerch den Emzuch an de Stadkär vu Lëtzebuerg, souwéi duerch d’Deel-Dezentraliséirung vun hieren Activitéiten an d’Pays-Ciblen, wéi beispillsweis am Cap-Vert, de Vietnam an am Burkina Faso, illustréiren loossen. D’LUX-DEVELOPMENT huet sech an der Vergaangenheet emmer duerch Flexibilitéit an duerch e schnellt Reaktiounsverméigen ausgezeechent. Aus dësem Grond kann een duerchaus verschidden Ängschten novollzéien, déi virun allem duerch eng verstärkten Bürokratiséirung ervirgeruff ginn.

De Minister huet am Mee vum läschten Joer an engem Tageblatt-Interview garantéiert, daat weder d’Flexibilitéit nach d’Reaktiounsfähegkeet duerch des Changementer an eiser nationaler Coopératiounsagence beanträchtegt wieren. Et muss een sech awer an desem Kontext d’Fro stellen, ob déi notoresch personell Ennerbesetzung souwuel um Niveau vun der Agence, wéi och um Niveau vum Ministère, d’Handlungsfähegkeet vun der gesamter Entwécklungspolitik net anschränkt, e Sachverhalt deen bekanntlech och vun eisem Rechnungshaff an sengem Rapport iwwert den Entwécklungsfong épingléiert gouf. Ech hoffen, daat de Minister eis kann Opschloss ginn, iwwert déi zukünfteg Ausriichtung vun der LUX-DEVELOPMENT, an daat déi uewen ugefouert Ängschten kann entkräften, no den Ännerungen déi d’Agence an de läschten Joëren ze verkraften haat.

Léiw Kolléginnen an Kollégen,

Enn vum läschten Joër huet e schrecklecht Erdbiewen déi historesch Stad Bam am Iran dem Erdbuedem gläich gemaacht. Esou Naturkatastrophen maachen eis ëmmer erem drop opmierksam, daat déi international Solidaritéit schnell an effektiv spillen muss, och wann mer um politeschen Plang net emmer enger Meenung sinn. Hellefséquipen aus aller Welt waren op der Plaz, och vun Lëtzebuerg, déi besonnesch duerch hier Kompetenz an hieren Savoir-Faire ervirstach hun. Mir wëllen an desem Kontext nach eng Kéier déi beipillhaft Hëllef op der Plaz ervirhiewen, déi fir Lëtzebuerg eng beispillos Publicity duergestallt huet, an denen Leit Merci déi un dëser Aktioun bedélegt waren. Et war fir si sëcherlech net emmer einfach daat Erliewtent ze verkraften an ze verschaffen. Et sinn si, déi duerno, wann d’Arbecht erfëllt ass, matt hieren Erliewnisser alléng sinn, fir erem einegermoossen an den Alldaag zeréckzefannen.

Wéi esou oft sinn dës Hëllefsmoossnahmen während enger knapper Woch iwwert déi international Fernsehchaînen iwwerdroen ginn. Wéi CNN, FOX an BBC bis ofgezunn waren, bloufen d’Affer hierem Schicksal iwwerlooss. Och RTL huet déi lëtzebuerger Coopératioun während e puer Deeg an de Nôrichten beliicht. Aus dësem Grond ass et wichteg, daat op internationalem Plang d’Solidaritéit oprecht erhalen gëtt andeems gekuckt muss ginn, wéi een den Eremopbau vun dëser historescher Stad Bam erem schnell ereechen kann, mä virun allem dem Vollek während der Zäit vum Eremopbau kann hëllefen.

Wéi gesot ass Bam nëmmen e Beispill wou sech humanitär Hëllefsprojeten matt lëtzebuerger Bedeelegung ofgewéckelt hun. Ervirzehiewen wier beispillsweis och nach d’Erdbiewen an Algerien vum läschten Joër. Daat mer eisen Bäitraag leeschten mussen ass selbstverständlech, mä et muss een och kucken, waat fir Critèren een bei der Verdeelung vun Opträg zur Uwénnung bréngt, fir daat all lëtzebuerger Acteur, deen sech op esou spézifësch Missiounen spézialiséiert huet, zum Zuch kënnt. Och kann et net sinn, daat Lëtzebuerg un allen humanitären Aktiounen bedélegt ass. Meng Fraktioun an ech hun heiansdo den Androck, daat an esou Situatioun wou zum engem méi Hektik herrscht an zum aneren schnellt Handelen gefuerdert ass, et nët emmer esou genau geet, wann et gëllt fir deen een oder deen aneren matt engem Optrag ze versinn. Mir mussen hei awer prezis an gerecht Critèren ausschaffen, déi virun allem op déi néideg Qualificatiounen an Equipementer aginn. Vir daat esou Aktiounen nach méi effektiv sollen iwwert d’Bühn goen, muss sech och d’Frô stellen iwwert d’Coopératioun déi um Niveau vum BENELUX, awer och um Niveau vun eisen aneren Nopeschlänner bestinn. Och hei wier ech frou fir eng Reih Explikatiounen vum Coopératiounsminister ze kréien.

Här Präsident,

Ech wëll schléissen mam Kapitel iwwert ONG’en, déi, ech haat et virdrun schon erwähnt eng exemplaresch Arbecht verriichten, ouni déi d’Entwécklungshëllef net daat wier waat se haut ass. Si bréngen och deen néidegen Input bei der Conceptioun vun de Projeten, well si um Terrain aktiv sinn an am béschten gesinn, wou eis Entwecklungshëllef als éischt muss usetzen. Daat maachen se och andeems si an Virwahlkampfzäiten an den eenzelnen Fraktiounen an de Parteisekretariater emfaangen ginn, fir deen eenzelnen Wahlprogrammen hieren Stempel opzedrécken.

Ech froen mech allerdéngs, an daat ass eng Fro, déi ech schon des öfteren am Cader vun der entwécklungspolitescher Débatt an dësem Haus gestallt hun, ob eis Hëllef net nach méi effektiv wier, wann mer déi bal 80 ONGen géifen regroupéiren, fir iwwert dese Wee un administrativem Opwand ze spueren, virun allem am Dräieck Ministère-LUXDEVELOPMENT an ONGen. Ech weess daat dest en delikat Unleies vun eiser Fraktioun ass, geet et dach hei drëm fir gemeinsam Nenneren ze fannen an kengem op d’Féiss ze trëppelen. Et huet een awer an deser Fro och emmer e bëssen den Androck, wéi wann de Ministère net de néidegen Courage hätt, fir emol e Konzept op den Dësch ze léen, wéi een sech der Saach mëttelfristeg kéint unhuelen. Mir méngen awer, daat et am Interessi vun enger erfollegräicher Coopératiounspolitik ass, wann mer versichen op desen Wee ze goen fir d’Kompetenzen an d’Intérêtsen vun de verschiddenen ONGen ze regroupéiren.

Här Präsident,

Ech hun an den läschten Joëren emmer de Round-Up vun der Entwécklungspolitik gemaach. Meng Fraktioun an ech hun awer dest Joër drop verzicht, fir bal um Enn vun dëser Législaturperiod nach eng Kéier déi Froen opzewerfen, déi eis an der Vergaangenheet emmer um Häerz loungen, an wou mer mengen daat och déi kommend Regiirungen Äntwerten drop mussen fannen. Onôfhängeg dovunner, kënnen mer dem Coopératiounsminister awer eng gudd Zensur ausstellen. Eis Entwécklungspolitik ass haut en Aushängescheld vun der lëtzebuerger Aussenpolitik, e Sachverhalt deen net zu läscht op déi gudd Arbecht vum Charel Goerens an dem Lydie Polfer zereckzeféiren ass. Grad an Zäiten vun enger onstabiler an prekärer Weltpolitik, an wou d’Griew zwëschent Arm an Räich méi breed ginn, muss d’Entwécklungshëllef als Instrument vun der internationaler Solidaritéit oprecht erhalen ginn. Ech hoffen daat de Minister mer e puer Äntwerten op meng Froen kann ginn, déi ech an menger Interventioun opgegraff hunn.

Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.

Laurent MOSAR

(18/02/2004)