Den aussepolitesche Spriecher vun der CSV-Fraktioun bezitt zu enger Reih Themen Stellung, déi sech an der Haaptsaach op d’Europäesch Unioun, den Terrorismus, d’EU-Erweiderung an déi kommend lëtzebuerger EU-Présidence konzentréiren.
M. Claude Wiseler (CSV).- Merci, Här President. Dir Dammen an Dir Hären et sinn esou an der Geschicht Momenter wou een d’Impressioun huet, dass d’Welt méi séier dréit, dass d’Geschicht sech e wéineg iwwerschléit, dass och d’Wouerechten, déi vläicht virun enger Rei Joren nach richteg waren, haut amgaange sinn ze changéieren, haut amgaange sinn anescht ze ginn. Et si Momenter wou een och d’Evenementer, déi een op den Teleeë gesäit, déi een ëmmer wäit ewech gefillt huet, méi no spiert, d’Répercussiounen direkt op sech selwer spiert. Et sinn och Momenter wou een d’Impressioun huet, wéi wann d’Geschicht géing kënnen en Hick kréien, wéi zum Beispill an der europäescher Geschicht, déi an deene leschte Jore gelaf ass, déi awer bei der leschter CIG gehickt huet. An et si Momenter wou een eppes wat gëschter wouer war, haut vläicht och aneschters gesäit; déi ganz Sécherheetssituatioun vun der Welt ass net méi dat, wéi se nach virun zwee, dräi Joer war – an ech denken, dass mer an esou engem Moment liewen.
Elo kann ee soen, d’Aussepolitik bleift spannent. Mä ech denken, dass deen éischter schlecht gewieltenen Terme an dësem Fall awer probéiert d’Komplexitéit vun der Situatioun an der Welt erëm ze ginn, en ënnersträicht dach, wéi och 15 Joer nom Fall vun der Berliner Mauer d’Geschicht sech dynamesch an onberechenbar weiderentwéckelt. Déi, déi 1989, an an de Joren duerno, d’Enn vun der Geschicht nom Fall vum gréissten Deel vum Kommunismus ausgeruff haten, goufen einfach Lige gestrooft. Geschicht fënnt och 2004 nach all Dag statt queesch uechter d’Welt – an dat wäert och esou bleiwen. E perspektivesche Bléck iwwer eise Planéit a sengem aktuelle politeschen Zoustand, beleet dëst op däitlech Manéier.
A Spuenien hunn den 11. Mäerz bal 200 Leit hiert Liewe wahrscheinlech duerch den islamisteschen Terrorismus verluer. Deen Terrorismus, dee sech elo och um ale Kontinent mat sengem schreckleche Gesiicht ageschlach huet, mécht néierens Halt. En ass zu enger dominanter Gréisst an der Ausriichtung vun aussepoliteschem Handle ginn, an Europa, an Amerika, an Asien, an Australien. Den Ausmooss vun dësem Phenomeen ass nach net vollstänneg kloer, mä tëschent New York, Bali a Madrid iwwer ongezielten aner Statioune vu Mord an Zerstéierung uechter d’Welt, léist déi bluddeg Spuer, déi en hannerléisst, op e formidabele Géigner schléissen, deen déi ziviliséiert Welt sech vis-à-vis gesäit.
Op enger anerer Plaz, an Israel, huet d’Arméi hir Vernichtungsschléi géint d’Leadere vun der Hamasbewegung fortgesat; wéi och ëmmer een zu dëse Schléi vun Israel steet, muss ee wuel festhalen, dass se als Retorsioun wäerten neien Terrorismus no sech zéien an den noen Oste kënnt net zur Rou. Dat kann Europa net egal sinn, also kann et och Lëtzebuerg net egal sinn. Et geet hei och ëm eis Sécherheet an de Fridde vum ale Kontinent.
An Taiwan huet déi gelueden Atmosphär, an där d’Presidentewahl stattfonnt huet, zu enger Radikaliséierung vum politeschen Discours gefouert. De status quo, wéi mer en zënter Jore kennen, riskéiert an nächster Zäit a Fro gestallt ze sinn. Dëst géif bedeiten, dass Reaktioune méiglech wären – d’EU-Chinapolitik gëtt deemno net manner komplizéiert.
Am Iran huet d’Reaktioun nees zougeschloen, wéi de Wiechterrot der grousser Majoritéit vun de Reform-orientéierte Kandidate fir d’Parlamentswahl d’Kandidatur verbueden huet. Dat neit Parlament representéiert domat a kengster Weis dee wierklech geeschtegen Zoustand vum Land. Dës Tatsaach ass am Kontext vun de weidere Relatioune mam Iran am Kader vum kriteschen Dialog ze berücksichtegen.
Australien ass amgaang säi Verteidegungsbudget am grousse Mooss ze erhéijen. Déi militäresch Capacitéit, déi Canberra amgaangen ass opzebauen, entsprécht net méi där éischter neutralistescher a pazifistescher Haltung an der Weltpolitik, déi de fënnefte Kontinent zënter dem Enn vum dem Vietnamkrich ageholl huet. Australie fillt sech bedroht a reagéiert op déi ambiante Menace. Japan praktizéiert de Moment Ähnleches, d’Zäite vum quasi institutionaliséierte Pazifismus op der westlecher Säit vun dem Ozean schéngen eriwwer ze sinn.
Dësen Tour iwwert de Globus weist, dass d’Weltpolitik am Mäerz 2004 net gemittlech iwwer roueg Welle gleet, mä sech méisam iwwer Bockelpisten amgaangen ass ze quälen. Dee globale Fridden, dee viller sech nom Enn vum sowjetesche Kommunismus erhofft haten, aus ausbliwwen. De Géigener vun der Zivilisatioun, der Demokratie an der Toleranz ass haut kee staatleche méi, mä e konzeptuellen. Nach besser gesot, sinn et e puer konzeptuell Feinden, deene mer géigeniwwer stinn a well se net méi kënnen um Territoire vun dësem oder deem Stat festgemaach ginn, si se terribel schwéier ze lokaliséieren an ze erfaassen. Mir hunn ze di mat Terrorismus, an éischter Linn mat deem islamisteschem; mir hunn ze di mat ëmmer schlëmmerer Aarmut a wäiten Deeler vun der Welt, a virun allem a Schwaarzafrika, wou sech en humanen Drama vun engem Ausmooss ofspillt, dat et nach net gouf; a mir hunn ze di mat enger zouhuelender Konfliktualiséierung vu verschiddenen tëschestaatleche Relatiounen. Et ass och de Véiereck Aarmut-Perspektivlosegkeet-Haass-Terrorismus, deen d’Weltpolitik an hire prägenden Elementer zu dësem Zäitpunkt encadréiert.
Här President, ech wäert mech spéider a menger Ried nach méi agoend mat de Virgäng an der Welt, an dem lëtzebuergeschen Ëmgang domat, beschäftegen. Deen Tour duerch déi spezifesch lëtzebuergesch Aussepolitik, dee mer all Joer an der Chamber maachen, fänkt awer klassecherweis an Europa un. Ech wëll mech och dëst Joer un déi Regel halen, net zulescht, well d’Lëtzebuerger Aussepolitik e Phenomeen ass, dat sech an éischter Linn duerch Europa artikuléiert.
Den 1. Mee empfänkt d’Europäesch Unioun zéng nei Memberen. Datt d’Erweiderung vun 2004 eng historesch ass, gouf esou dachs gesot, dass dës Formule scho bal eng Platitude ginn ass. Den inflationäre Gebrauch vum Terme “historesch” a völleg onhistoreschen, fir net ze soe banalen, Kontexter, huet dozou gefouert, dass mer allem, wat soll historesch a sengen Ausmoossen oder senger Bedeitung sinn, éischter skeptesch géigeniwwer stinn. Mä d’Erweiderung no Osten, bis op den Territoire vun der fréierer Sowjetunioun, ass en historesche Moment, esou eppes kënnt nëmmen eng Kéier an der Geschicht vir an et geet am Fong op den Usproch vun de Begrënner vun der Europäescher Unioun zréck, déi de ganze Kontinent wollten a Fridden a Fräiheet eenen.
Iwwert d’Bedeitung vun der Osterweiderung ass scho vill geschwat ginn, an och ech selwer hu mech zu deem Thema jo schonn e puer Mol hei op dëser Plaz exhaustiv ausgelooss, sou dass ech dat haut emol ausklammeren. Net ausklammeren – well dat net kann ausgeklammert ginn- wëll ech awer d’Regierungskonferenz an de konstitutionelle Prozess vun der Unioun, deen duerch d’Erweiderung op 25 Memberen, dréngend noutwendeg gouf.
Och zum Thema Konvent a Verfassung ass scho vill gesot ginn, an och zu deem Thema wëll ech mech elo net selwer widderhuelen. Am Résumé dofir, just dat heiten: D’Viraarbechte vum Konvent a Richtung europäesch Verfassung sinn dat, wat se sinn. D’Regierungskonferenz ënner italienescher Présidence ass gescheitert a mir wëssen zu dësem Zäitpunkt net, wéini an ënner wéi engen Ëmstänn Europa eng Verfassung wäert kréien. Eigentlech e ganz traurege Constat, deen, deen ech elo grad gemaach hunn, zum Zäitpunkt wou mer der Europäescher Unioun territorial eng nei Dimensioun ginn, wou mer also quantitativ e wichtege Sprong no vir maachen, si mer onfäeg, där quantitativer Erweiderung dee qualitative Kader ze ginn, dee se verdéngt. An dat Trauregst un der Geschicht ass, dass och där Staten, déi eréischt den 1. Mee bäitrieden, vill méi dréngend un institutionellem Gerechens interesséiert sinn, wéi un der quantitativer Verdéiwung a Virbereedung vun der Unioun – domat hunn ech net nëmme Pole gemengt, mä virun allem Polen.
Elo huet Spuenien deemnächst eng nei Regierung; an zwar eng sozialistesch. Déi Feststellung huet jo och den Här Asselborn schonn zu rhetoreschen Héichflig inspiréiert – déi mech herno nach wäerte kuerz beschäftegen. Just elo esou vill. Den Här Asselborn sot: “Spuenien?” oder ech wëll dem Här Asselborn soen, Spuenien, wéi hie gesot huet, ass net gefall, wéi Dir op de Welle vu Radio an Tele Lëtzebuerg viru kuerzem verbreet hutt.
(Interruption)
Spuenie war a kengem Krich, Spuenie war net belagert, Spuenien huet keng Invasiounen erlieft.
M. Jean Asselborn (LSAP).- Ech hu gesot, den Här Aznar ass gefall!
M. Claude Wiseler (CSV).- Jo, dat ass datselwecht.
Wat ech wollt soen, dat ass, dass déi Terminologie hei vum Falen eng falsch Terminologie ass. Dir hutt gesot, och Italien mam Här Berlusconi wäert falen, dat ass d’Terminologie an ech zitéieren texto, wann Der wëllt en Text zitéiert kréien: “?och an England – dat hoffen ech -, dass do Labour intern erëm e Prozess duerchleeft, wou politesch Hygiène erëm hiergestallt gëtt.”
Also wann een an der Innepolitik méi ruckelzeg ka sinn, da ginn et, mengen ech, an der internationaler Politik Regelen an e Sproochgebrauch. An dat doten, mengen ech,
?kann een net iwwert auslännesch Premierë soen. Domat disqualifizéiert ee sech, wann ee wëllt um internationale Parquet danzen!
M. Jean Asselborn (LSAP).- Dann huelt Dir den Här Berlusconi a Schutz!
M. Claude Wiseler (CSV).- Ech huelen net den Här Berlusconi a Schutz, Här Asselborn. Ech soen Iech, wat ech iwwert déi Wierder halen, déi Dir gebraucht, wann Der vun auslännesche Premierë schwätzt.
Datt Spuenien eng nei sozialistesch Regierung kritt, bedeit wuel d’Enn vun der Allianz tëschent Madrid a Warschau fir den onbedéngten Erhalt vun der Stëmmegewiichtung an den Ofstëmmungsprozeduren, déi de Vertrag vun Nice virgesäit.
Et ass ze hoffen, wéint der Saach, der europäescher gemeinsamer Saach an net wéint iergendwelleche Parteiaffinitéiten, datt doduerch den Débat sech entkrampft an eng anstänneg produktiv an Europa orientéiert CIG méiglech gëtt, an dat esou séier wéi méiglech.
Hei geet et nämlech ëm d’Wiese vun Europa, Här President. Eng Unioun, déi sech substanziell erweidert, ouni awer fäeg ze sinn, sech zum selwechte Moment och ze constitutionnaliséieren, verkënnt zu enger Luxusfräihandelszon. Et muss Lëtzebuerg dru geleeë sinn an et ass Lëtzebuerg dru geleeën, déi politesch Handlungsfäegkeet vun der Unioun ze erhalen an eigentlech mol fir zerguttst hierzestellen. Institutionnell Blokade kann eng Unioun, déi an Europa an an der Welt wëllt eescht geholl ginn, sech net leeschten, net méi haut wou d’Europaër erwaarden, datt Europa en eppes gëtt, wat hir eenzel Staten net kënne ginn.
Ob mer elo eng duebel Majoritéit mat 60% oder eng mat 55% schafen, wéi déi iresch Présidence suggéréiert huet, ass am Fong net esou séier e Problem fir Lëtzebuerg. Mir sinn an aller éischter Linn drun interesséiert, datt mer virukommen. Datt Europa beschlossfäeg gëtt an et dann och bleift. An datt mer endlech nees zu de politeschen Inhalter kënne kommen, nodeems mer eis méintelaang mat prozeduralen Trivialitéiten opgehalen hunn.
Domat mécht d’Unioun sech bei de Leit lächerlech. An iwwregens net nëmme bei de Leit an Europa, bei den europäesche Bierger, mä och an der Welt. Op jidde Fall, bei deenen déi d’Évolutioun vun der Unioun nach verfollegen an de Sujet net schonn als belanglos ofgehaakt hunn.
Lëtzebuerg ass ee vun deene Staten, déi an der Unioun a mat der Unioun wëllen am politesche Sënn weiderkommen. Wann dat sech mat där ganz aktueller Unioun sollt als onméiglech erweisen, an nëmmen dann, kann een zu verstäerkte Kooperatiounen tëschent deene Memberstate kommen, déi wëlle méi wäit goe wéi de globale Konsens zouléisst. Vun deenen also, déi méi Aussen- a Sécherheetspolitik wëllen, déi méi Sozialpolitik wëllen, déi méi Forschungspolitik wëllen an esou weider.
Ech hunn et schonn e puermol gesot: Fir mech sinn d’Coopérations renforcées keen Idealzoustand, well se féieren zu enger totaler symetresch fonctionnéierender Unioun. Mä wann et wierklech net anescht ass, da sollten awer wéinstens déi Staten, déi den europäesche Projet voll inhaltlech eescht huelen, och entspriechend handelen.
Et gëllt fir mech a meng Fraktioun, datt mer dat net ustriewen, mä datt mer et schlussendlech awer nach ëmmer der definitiver gemeinsamer Handlungsonfäegkeet largement virzéien. Verstäerkt Kooperatioune mussen eng oppen an accessibel Affär sinn. Wa scho kee konzeptuellen Zusammenhalt an der Unioun méi sollt méiglech sinn, da brauche mer och kee geographeschen tëschent deenen, déi sech am konzeptionelle Weiderschreiden eens sinn. Da kënnen dann e puer Grënnerstaten zesumme mat neie Memberen, déi jo net alleguer d’selwecht sinn, just well se nei an der Unioun sinn, sech zesummendi fir weiderzekommen.
Wichteg ass, datt ëmmer déi gréisstméiglech Zuel vu Memberstate bei enger Coopération renforcée derbäi sinn. Datt se fir méi spéit Beruffener weiderhin op bleift an datt hiert Virgoen novollzéibar ass fir déi, déi Intérêt dorunner hunn, ouni vun Ufank u matzemaachen. Nëmmen esou ka vun de Coopérations renforcées déi Signal- a Matzéiwierkung ausgoen, déi mer mussen ustriewen, fir datt dës Kooperatiounen hir Roll als Pionéier kënnen erfëllen. Pionéier déi e Wee weisen, deen zu gudder Lescht awer vun alle Memberstate beschratt gëtt.
Mir brauchen dann och als klengt Land an der Unioun an als Member vun der Benelux-Kooperatiounstruktur, innerhalb vun där mer eis generell och an der Unioun bewegen, nei Alliéierter, fir se mol esou ze nennen. De Benelux geet als allengege Referenzkader zur politescher Ofstëmmung an der erweiderter Unioun net méi duer. Selbstverständlech solle mer a musse mer déi strategesch Kooperatioun mat Belgien an Holland bäibehalen, mä mir sollte parallell mat de Kolleegen aus deenen zwee Länner no neie Konsultatiouns- a strategesche Partner sichen. Dat mussen net ëmmer déiselwecht sinn an et sollen net lauter Klenger sinn. Mä am Sënn vun enger, ech nennen et mol “beneluxianescher” Gestaltung vun der europäescher Politik, sollte mer eis Propositiounskraaft op méi e breede Sockel stellen. Dat déngt Europa an et déngt eis an Europa.
Här President, am éischten Hallefjoer 2005, also a gutt néng Méint, iwwerhëlt eist Land d’Présidence vun der Europäescher Unioun. Méiglecherweis fir d’lescht, well esou semestriell Présidencen am Prinzip net wäerte bäibehale ginn an éischter méi stabil Virsëtzer vun deene verschiddene Kompositioune vum Ministerrot wäerten an d’Liewe geruff ginn, wéi de Verfaassungsprojet et einstweilen emol virgesäit. Mir hunn also d’nächst Joer net nëmmen nees eng Kéier d’Présidence, sou wéi och 1985, wéi mer den Acte unique ënner lëtzebuergescher Presidentschaft ausverhandelt hunn, oder 1991, wéi de Vertrag vu Maastricht ficeléiert gouf, an 1997, wéi d’europäesch Beschäftegungsstrategie ënnert Lëtzebuerger Inspiratioun geschloss gouf.
De Succès vun eise vergaangene Presidentschaften, verbonne mat der Tatsaach, datt déi semestriell Rotatioun an dëser Saach méiglecherweis wäert ofgeschaaft ginn, muss eis dozou inspiréieren, nach eng Kéier eng Présidence fäerdeg ze bréngen, déi Spuren hannerléisst; esou wéi Europa dat vu Lëtzebuerg gewinnt ass. Eis Présidence muss deementspriechend eng vun de Propositiounen an eng vun den Inhalter ginn. Net eng vun der Héichglanzrhetorik, obwuel déi näischt schuet, mä eng vun den Héichglanzleeschtungen, an dofir brauche mer Héichglanzleit.
Mir mussen dofir suergen, datt eis Diplomatie an all hiren Dimensiounen, am Ausseministère, an de Vertriedungen dobaussen an och an de Ministerien, déi europäesch Responsabilitéiten hunn, optimal kann agéieren. Dat bedeit net, datt se sollt méiglechst zréckhalend a méiglechst auswäichend handelen, wéi dat dacks vun der Diplomatie am allgemenge gemengt gëtt. Mä et bedeit, datt mer Leit mat Kompetenz, Iwwerzeegungskraaft an eegener Iwwerzeegung op all deene Plaze brauchen, wou d’Présidence ze agéieren huet.
Et ass en Opruff zur qualitativer Optiméierung vun eisem présidentielle Personal, wat muss mat Selbstsécherheet a réckhaltslosem Engagement fir déi europäesch Saach um Kontinent, an doriwwer eraus, optrieden. Besonnesch all déi Leit, déi speziell fir d’Présidence dobäi rekrutéiert ginn, mussen dëse Credo droen. Et geet net drëms just op säin CV kënnen ze schreiwen, et wär een an der leschter Présidence dobäi gewiescht. Et muss ee weisen, datt een dru gleeft, datt ee wëllt während enger bestëmmter Zäit fir e bessert Europa schaffen.
Eng Présidence muss innerhalb vun den Institutioune kënnen esou optrieden, datt se wierkt an hiren Afloss op d’Évolutioun vun der europäescher Saach en déiwen an en dauerhaften ass. Mä eis Présidence soll och eng Geleeënheet sinn, fir iwwer Europa eraus an der Welt d’Idealer vun der Lëtzebuerger Aussepolitik ze populariséieren an d’europäesch Aussepolitik mat engem Lëtzebuerger Touch ze versinn, deen erkennbar a spezifesch ass.
Lëtzebuerg huet nach ëmmer d’Kooperatioun als e wichtegt Mëttel vu senger Aussepolitik betruecht. Eis zéng Zillänner vun der Kooperatioun, déi op dräi Kontinenter verdeelt sinn, si Partner vun eisem Land, och an den internationalen Organisatiounen, do wou de Concert vun alle Länner spillt. Eis Iwwerzeegung, datt Entwécklung déi beschte Preventiounspolitik géigeniwwer vu Krich an Terrorismus ass, an zwar iwwerall op der Welt, ass eng Iwwerzeegung, déi et derwäert ass, mat eisen europäesche Frënn a Partner ze deelen. Eis aner Iwwerzeegung, datt ee muss Sécherheet a Verteidegung am Verbond mat Kooperatioun zur Entwécklung gesinn, ass och e valable Leitfuedem fir eist Handelen un der Spëtzt vun der europäescher Aussepolitik, souwäit wéi se vum Conseil ofhänkt.
Während der Présidence, déi kënnt, musse mer eis an der Welt amëschen. Dëst ass eng Konditioun vun der Crédibilitéit vun Europa an der Welt an et ass eng Noutwendegkeet, wa mer wëllen eis europäesch Partner dovun iwwerzeegen, datt Lëtzebuerg och an Zukunft eng Kraaft an Europa ass, mat där ee muss rechnen. Zu enger inhaltlech verdéifter europäescher Politik, an de Beräicher Sozialpolitik a Lisabonprozess zum Beispill, muss also während eiser Présidence eng Rei vun aussepoliteschen Impulser derbäikommen. Notamment deen, an ech breede mech net doriwwer aus, datt dat europäescht Friddensideal eent ass, wat Europa soll an d’Welt ausstrahlen, well et en universell an universal uwendbaren Ideal ass. Eent, wat iwwerall an der Welt ka gëllen a seng Wierkung zum Gudde vun de Leit entfalen.
Dëst Friddensideal léisst sech transportéieren duerch eng Aussepolitik wéi déi Lëtzebuerger eng ass, eng nämlech, déi op Multilateralismus, Kooperatioun, Entwécklung a Friddenssécherung als normal Instrumenter vum aussepolitesche Wierke setzt. Esou zum Beispill mécht Lëtzebuerg den Junktim tëschent Flüchtlingsaccueil an Entwécklungspolitik. Tëschent konkreter Hëllef zur wirtschaftlecher Verbesserung vun der Situatioun, do wou d’Flüchtlingen hierkommen, a Presenz vun eiser Arméi a stabiliséierende Facteur, während déi wirtschaftlech Hëllef soll gräifen. Genee dës Approche begéine mer zum Beispill um Balkan, a si ass do grad sou noutwendeg a praktikabel duerch Lëtzebuerg eleng, wéi se op ongeziilten anere Plazen an der Welt noutwendeg a praktikabel ass duerch d’Europäesch Unioun. Eis Présidence ass eng eenzegaarteg Geleeënheet fir an Europa op esou eng Konzeptioun zu vernetztem Wierken an der Aussepolitik hinzeschaffen. Se ass onbedéngt ze notzen.
Här President, ech mengen och an ech si souguer dovunner iwwerzeegt, datt mer mussen eis Arméi weiderhin an zwar verstäerkt an der Fäegkeet erhalen, sech un europäeschen an internationalen Asätz fir de Fridden ze bedeelegen. Dat setzt um Bierg pro?
Viraus an och d’Vokalisatioun op dës oder déi spezifesch a spezialiséiert militäresch Funktioun, déi de Lëtzebuerger Participatioun eng héich Qualitéit an eng grouss Unerkennung ka verléinen. Well mir un internationale militäresche Strukturen deel huelen, kënnen a musse mir der Participatioun och no Méiglechkeet eng Nues ginn, déi d’Fuarwe vu Lëtzebuerg op militäreschem Plang mat positive Kommunikatioune ka vertrieden. Europa huet aussepolitesch Responsabilitéit, et gëtt vill, an ëmmer méi vun Europa erwaart, am Balkan zum Beispill, wat un eiser Dier läit, a wou mir mussen dës Responsabilitéit iwwerhuelen, am Kosowo zum Beispill, wou d’EU onbedéngt méi Visibilitéit muss hunn, wou se zum Beispill dass d’EU kee Büro zu Pristina huet. Wesentlech ass hei, dass esou schnell wéi méiglech d’Fro vum Status vum Kosowo geléist gëtt. Dës Fro steet 2005 un, en Datum wou ech fir eis fir äusserst sensibel ass. Ee Wuert fir och ze soen, dass eis Jongen dohannen a virechte Konditioune gutt Aarbecht maachen, an dass mir hinnen dofir a sech dankbar sinn. Si representéieren eist Land gutt. Dat ass also de Kader vun enger Politik déi an d’Welt soll ausstrahlen, an déi Lëtzebuerg an de Présidence vun der Europäescher Unioun soll promovéieren, an zu enger Europäescher maachen. Well an der Welt ass nach Villes net esou, wéi mir et gären hätten. Ech hu ganz am Ufank en Tour iwwert de Globus gemaach, fir op d’Problemstellung opmierksam ze maachen, déi sech bidden, an déi op politesch Manéier mussen traitéiert ginn, ech ginn net Wierder, ech ginn also net weider dodrobber an, ech wëll awer just op een Thema agoen, deen eis am meeschte muss beschäftegen, well et deen ass, deen d’Leit a sech am meeschte beonrouegt an zwar dee vum internationlen, meeschtens vum islamisteschen Terrorismus. Dësen Terrorismus ébranléiert eis Gesellschaft. An eist Gewëssen, wëll se esou ganz anescht ass. Hien a seng Promoteuren, wéi mir, a wéi dat wouru mir gleewen. Während mir hei an Europa, an Amerika, an Asien, an Afrika an an Australien eng Kultur vu Liewe praktizéieren, tolerant si vis-à-vis vu Leit, déi net ausgesi wéi mir, an net un dee selwechte Gott gleewen, ass den islamisteschen Terrorismus do anescht gebot. Hie praktizéiert eng Antikultur vun Doud, an der Vernichtung, vun der Zerstéierung, vun der Zersetzung. Ech wëll richteg verstane ginn, all Terrorismus ass verwäerflech, héichgradeg verwäerflech , mä et ass den islamisteschen Terrorismus deen zu New York zougeschloen huet, zu Bali, a wahrscheinlech zu Madrid, virdrun an Afrika, bei amerikanesche Botschaften, an op onendlech ville weidere Plazen, war och dësen Terrorismus dee Mord, Brand an Zerstéierung huet, déi Leit déi him unhänken, déi e praktizéieren, denken anescht wéi mir. Si gleewen un den Doud, un zerfatze Kierperen, un ausgebrannte Stroossen a Stied un d’Anihilatioun vun deem wat déi westlech Zivilisatioun ass. Loosse mir hei kee Feeler maachen, mat islamesche Länner, mat enger Milliard friddleche Mosleemesch uerchter d’Welt, ass dat selbstverständlech ze schwätzen, ze verhandelen, Handel ze dreiwen, Entwécklung ze gestalten, fir eng besser méi gerecht a méi friddlech Welt ze schaffen, mat hire Staten och, mat mosleemesche Gleewegen zu Lëtzebuerg och. Ee mat islamisteschen Terroristen net, näischt vun deem elo genannten. Well dës Leit sélectionéiere sech genee hunn an hiren Aen eis mangelhaft Resolutioun fir géint se virzegoen, a ginn dovun aus, dass mir ze schwach sinn, fir se meeschter ze ginn, a genee do, dierfe mir hinnen net Recht ginn. Mir sinn an der Pflicht géigeniwwer eis selwer, eise Matmënschen, eiser Geschicht, an eiser toleranter an oppener demokratescher Gesellschaftsform, fir dësem Terrorismus op entschlosse Manéier entgéint ze trieden. En dierf Europa, d’Vereenegt Staten an Australien wou déi meescht vun deene Leit hierkommen, déi op Bali hiert Liewen un den Terrorismus verluer hunn, net als Geisel huelen. Déi europäesch Justiz- an Inneministeren hunn elo op Pak arrêtéiert, deen de Conseil Affaires générales ugeholl huet, a mat deem op entfassend Manéier den Terrorismus an Europa
soll enttarnt, verfollegt a seng Préparatioune gestrooft ginn. Dëse Pak musse mir ënnerstëtzen, hien huet mat méi Informatiounsaustausch ze dinn, mat enger systematescher Coopératioun tëschent Polizei a Geheimdéngschter, a mat konsequenter europawäiter Terrorpräventioun.
Ech hoffen, dass da wa mir entspriechend europäesch Rechtsnormen ëmsetzen ze kréien hei an dësem Haus, mir och dann nach drun denken, wat mir nom 11. September an nom 11. Mäerz gefillt hunn. De President vun der sozialistescher Partei, ech kommen nach eng Kéier op en zréck, mat deem ech mech eigentlech net wollt ausernee setzen, mä dee mat sengen e puer Aussoen een awer dozou verleeft. Den Här Asselborn huet och gemengt den Terror eréischt duerch den Irakkrich dezentraliséiert wär ginn, an da bréngt hien déi trist bevirwuerdend Haltung och nach a Verbindung mat enger konservativer politescher Gesënnung, an en insistéiert an deenen Interviewen, déi e ginn huet, dass eng Partie do populär an d’CSV zesummen an der EVP sinn, an dass (04:47???). Esou war et richteg. Wat awer falsch ass, dat ass iwwert déi Onentschlossenheet vun der lëtzebuergescher Regierung iwwert d’Jugend ze schwätzen, a wat och falsch ass, dat ass
hei d’Krichgéigener an d’Krichbefürworter an zwee parteipolitesch Lageren opzeflecken. Well wat ass dann, de polnesche Premier wann net e Sozialist an de polnesche President dee grad esou ee Sozialist ass, huet dee kee Secteur am Irak ze commandéieren als Chef vu senger Arméi, dee sech fein un d’Vereenegt Staten ugeleent huet während dem Krich am Irak an duerno. Vum Här Blair brauch ech jo net ze schwätzen, deen ass och an der Sozialistpartei, an den Här Chirac ee vun deene gréisste Krichsgéigener , hien ass sécherlech net Sozialist. Et ass och net esou einfach als Situatioun, an et huet hei u sech näischt mat Parteipolitik ze dinn. Déi Choixen déi déi eng an déi déi aner geholl hunn. Den islamisteschen Terror geet net eréischt op den Irakkrich zréck, de Bin Laden war scho laang virdru vun alle Polizeie gesicht an den Terror ass net eréischt säit dem 20. Mäerz 2003 dezentraliséiert ginn. Déi Fro déi sech stellt, dat huet elo näischt méi mam Här Asselborn ze dinn, déi Fro déi sech stellt, dat ass, wat soe mir den Affer vu Bali, wat soe mir hire Familljen. Wat soe mir den Affer vum World Trade Center. Dass mir eis elo solle ganz roueg verhalen, sou wéi wann eng gëfteg Schlaang géing engem iwwer d’Féiss glëtgen, well wann ee roueg ass, se duerno fort geet. De Problem ass jo net just den Irakkrich, mä d’Tatsaach, dass e weltëmspanend Netz vu Fanatiker existéiert, deenen näischt ausser hirer verkorkster Konzeptioun vun engem militanten Islam helleg ass, an deen d’Zerstéierung vun der Welt esou wéi mir se kennen, wëllen. Et geet net dorëms, dass mer solle brav sinn, an näischt maache wat d’Terroriste kéint zu weideren Akte géint d’Zivilisatioun a géint d’Mënschheet beweegen, net eis Akten, stéiere se, mir sinn et déi se stéieren. Eis Aart a Weis eis Léift zum Liewen, eis Toleranz, eis Existenz u sech stéiert se, virun esou Leit leeft een net fort. Esou Leit stellt ee sech entgéint. D’Attentater héieren ni op, wa mir den Terrorismus net un der Wuerzel packen. Glécklecherweis gëtt et vill Politiker, déi sech deem widdersetzen. Ville Politiker vu ville politesche Faarwen, souwuel den Här Chili wéi den Här Cerposi, wéi de Lëtzebuerger Justizminister hunn hei d’Zoustëmmung zum Antiterrorpakt vun der Unioun ginn, an dee wäerte mir ëmsetzen. Well et ëm Villes geet, ëm d’Liewen, ëm d’Fräiheet an ëm eng Gesellschaft déi oppen an tolerant ass, an déi dat och bleift. Mir gi virun de liewensveruechtenden an zivilisatiounsbedrohenden Terroristen net an d’Knéien.
Sou, Här President, ausnahmsweis verhandelen ech elo net nach den Aussenhandel, bilateral Bezéiungen, d’UNO an aner international Organisatiounen, well éischtens ass dat wat ech d’lescht Joer an déi Jore virdrun zu deem Thema scho gesot hunn, nach ëmmer wouer, an zweetens gesinn ech déi Saachen eigentlech genau d’selwecht, wéi d’Madame Ausseminister dat an hirer Deklaratioun an allem Detail ausgefouert huet. Ech wëll domat da mat dëser Interventioun ophalen, an ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet.