D’Nelly Stein ass Rapportrice zum Projet iwwert d’Rockhal

Fit sinn fir d’Kulturjoer 2007 – duervir brauch Lëtzebuerg och déi néideg kulturell Infrastrukturen
Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

1995 war d’Stad Lëtzebuerg Kulturhaaptstad vun Europa. Dese Mega-Event war ouni Zweifel e groussen Succès, vun deem mer haut nach zieren. Et gouf sëcherlech villes waat e konnt besser maachen. Mä et bleiwt ennert dem Strech eng gelongen an prestigeträchteg Experienz, déi et gëllt ze toppen, 2007, wann et heescht, daat Lëtzebuerg an d’Groussrégioun erem beoptragt sinn, daat Joer kulturell ze ennermolen. Daat setzt awer viraus, daat eist Land um kulturinfrastrukturellen Plang eppes ze bidden huet. Deser Erausfuederung ass d’Regiirung an denen läschten 5 Joer nokomm, an deems zum engen verschidden Infrastrukturen färdeggestallt huet, ech denken do un d’Coque um Kirchbierg, d’Philharmonie op der Place de l’Europe oder d’Abtei Neumünster, an zum aneren am gaangen ass des ze finaliséiren. An dorënner fällt d’Rockhal op de Frichen op Esch/Belval.

D’Diskussiounen ronderem de Bau vun enger Rockhal zu Lëtzebuerg datéiren bis an 70ger Joeren zeréck. D’Demande koum souwuel vun den jonken Leit, déi un Concerten interesséiert woren, wéi och vun Gruppen, déi sech am Cader vun enger adequat équipéierter Hal verwirklechen wollten. Och déi kulturell Kreeser an eisem Land hun emmer erem op dese Manko hingewisen, deen sech emmer méi stark an den 80ger an an den 90ger Joeren bemierkbar gemaach huet. Et goufen emmer Concerten zu Lëtzebuerg, mä et stoungen oftmols an de Geméngen ueschter d’Land nëmmen Sports-an Kulturzentren zur Verfügung, déi weder e grousst Fassungsverméigen haten, nach déi néideg technesch Equipementer virweisen konnten. Ech kann mech zum Beispill ganz gudd un un Concerten an der Schëfflenger Sportshal, déi zwar e groussen Succès beim Public kannt hun, mä déi och emmer erem d’Noutwendegkeet vun enger richteger Rockhal zu Lëtzebuerg verdäitlecht hun.

De Projet deen den 9.Mé 1999 an der Chamber adoptéiert gouf, huet sech als net ausreechend erausgestallt. D’Adaptatioun, sprëch d’Renovatioun, vun der Gebléishal alléng, an d’Ausgestaltung vum Daach hätten d’Käschten an d’Onermésslecht gedriwwen, sou daat en neien Projet huet missen an d’Wéer geluecht ginn, deen d’Strooss dës Kéier besser hällt.

Am Dezember 2000 huet de Regiirungsrôt eis Kultur- an Bauteministesch Erna Hennicot-Schoepges domadden beoptragt, fir e Projet auszeschaffen, deen mam Vote am Fréijoer 2003 konnt adoptéiert ginn. D’Gesetz vum 15.Mé 2003 gesäit dann och de Bau vun engem sou genannten ?Centre de Musiques amplifiées” op de Frichen op Esch/Belval vir. De Gesetztext vum 2.Juni 1999 haat ursprünglech virgesinn, fir eng ?Salle de concert pour jeunes” ze bauen. Den Auteur vum Gesetz vum 15.Mé 2003 huet awer en aneren Terme geholl, deen engersäits méi prézis, anerersäits awer och méi oppen ass, waat de Genre vun den eenzelnen Musikrichtungen ubelaangt.

Här Präsident,

Den Auteur vum Projet de loi 5055 hat an séngem Entworf proposéiert fir autonom an flexibel Structure de gestion an d’Liewen ze ruffen, an verschidden Pisten virgezeechent, ausgoend vun enger Gestion publique bis zu enger Gestion Privée bis hin zu engem Etablissement public. D’Regiirung war och dovunner iwwerzeecht, daat besonnesch an der Ufanksphas, en adequaten Suivi vun den Préparatiounsarbechten, souwuel vum Bau, wéi och vun der Programmatioun vun den Evenementer, garantéiert muss ginn. D’Bautenkommissioun haat an sengem schreftlechen Rapport vum 6. Februar 2003 festgehalen, daat en Etablissement public daat richtegt Instrument wier, fir de Missiounen an den Objectiver vum neien Centre am béschten gerecht ze ginn.

De virleienden Text, dréit deser Fuerderung Rechnung, well en souwuel d’Missiounen wéi och d’Gestiounsstruktur vum neien ?Centre de Musiques amplifiées” op de Frichen op Esch/Belval gesetzlech définéiert. De Projet ass den 11.März 2003 vun der Kultur-a Bautenministesch Erna Hennicot-Schoepges an der Chamber déposéiert ginn. De Staatsrôt huet den 30.März 2004 säin Avis ôfginn. Den 1.Abrëll huet déi zoustänneg Kulturkommissioun hieren Rapporter zu desem Text bestëmmt, an den Text vum Gesetztext, wéi och vum Avis vum Staatsrôt analyséiert. De schrëftlechen Rapport konnt den 21.Abrëll 2004 ugeholl ginn.

Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

Den neien Centre huet sech héich Zieler gesaat, déi sech esou wuel op den kënschtlereschen an kulturellen Austausch bezéien, wéi och op d’Schafen vun Musék an d’Integratioun vun neien Informatiouns-an Kommunikatiounstechnologien. Et ass also en interdisziplinarescht Schaffen, waat gefuerdert ass. Den neien Centre huet doriwwer eraus eng interregional, voire international Approche, déi duerch d’Zesummenarbecht matt aneren nationalen, régionalen an internationalen Kulturinstitutiounen emgesaat gëtt. Et ass virun allem déi kulturell Offer an der Groussrégioun, déi duerch den neien Centre komplétéiert an opgewert gëtt. Et ass deemno kloer, daat sech d’Programmatioun komplémentaresch matt desen Institutiounen ausgestalten muss. Och d’Zesummenarbecht matt aneren nationalen an internationalen Organisateuren vu Concerten, Produzenten an Agenten gehéiert zum Aufgabenberäich vum neien Centre, an daat virun allem am Beräich vun Co-Productiounen a Festivalen.

Den neien Centre riicht sech virun allem also un Muséker, Produzenten, Agenten an Promoteuren vun Evenementer an Concerten. Mä den neien Centre muss och à l’écoute vum Public sinn, an sech der Demande unpassen, ouni op Qualitéit ze verzichten. D’Musék déi présentéiert gëtt soll breedgefächert sinn. Och nei Muséksrichtungen, déi vläicht e bëssen méi experimentell ausgeriicht sinn, sollen zum Zuch kommen. Den interdisziplinären Geescht spillt hei eng wésentlech Roll. D’Ziel ass et heibäi, fir eng méiglechst breetgefächert Offer ze entwéckelen, déi souwuel vu bekannten Muséker, wéi och vun mannerbekannten Muséker assuréiert gëtt.

D’Missiounen vun neien Centre des musiques amplifiées loossen sech an 5 Voleten katégoriséiren. Niewt der Diffusioun vun Musék, spillt natirlech d’Productioun eng gewiichteg Roll. De Centre ass nämlech net nëmmen en Complexe vun Concertssäll, mä och eng Plaz wou Musek kréiert, astudéiert an enregistréiert gëtt. De Centre stellt an desem Gebidd déi téchnesch Equimenter, déi um neisten Stand wärte sinn, zur Verfügung, déi sech virun allen un déi méi kléng Gruppen riichten, fir deenen d’Méiglechkeeten ze ginn fir sech weiderzeentwéckelen. Deemno kënnen Gruppen och prouwen an denen Säll, déi speziell fir d’Prouwen ugeduecht sinn. Doriwwer eraus ass de Centre och eng wichteg Informatiounsquell fir d’Muséker, déi sech matt administrativen an organisationnellen Froen eremploen mussen. Last but not least assuréiert de Centre de Kontakt zwëschent nationalen an internationalen Artisten, déi schon eng gewëssen Experienz an e groussen Bekanntheetsgrad virweisen kënnen. De Centre sicht och de Kontakt matt aneren Institutiounen zu Lëtzebuerg an am Ausland, déi eventuell Formatiounen unbidden, déi eise Museker zu Gudd kommen.

Här Präsident,

Aus denen uewenzitéierten Missiounen an Zielsetzungen ergëtt sech ganz kloer eng Feststellung. Déi nei geschafen Gestiounsstruktur muss autonom an flexibel zugläich sinn, fir déi ambitiéis Zieler matt Musék ze erfëllen. Aus desen Ursaachen eraus ass en Etablissement public sëcherlech daat geégenst Instrument, daat verschidden Charakteristiken opweist:

– En huet eng Personnalité juridique an eng Autonomie de gestion, waat em erlaabt eegenstänneg ze schaffen, an eng eegenstänneg Personalpolitik ze bedreiwen.

– De neien Etablissement public kann en eegenen Budget verwalten, eng Démarche déi am Sënn ass vun enger Autonomie financière, an deen géréiert gëtt am Geescht vun enger privatrechtlecher Comptabilitéit, sous réserve vum nodréiglechen staatlechen Contrôle.

– E verfügt iwwert ausgedehnten Entscheedungskapacitéiten, waat de Kontakt matt Drëttpersounen- oder Institutiounen wésentlech vereinfacht. – De Staat setzt de Verwaltungsrôt vum Etablissement public zesummen, matt Vertrieder aus der staatlecher Verwaltung, wéi och aus dem Privatsecteur, déi eng gewëssen Experienz am Kultur-an Muséksberäich virweisen kënnen.

Här Präsident,

De Staatsrôt huet an sengem Avis vum 30.März 2004 de Projet an sengen groussen Linnen approuvéiert, an sech erfreet gewisen iwwert d’Approche vun den Auteuren vum Projet, fir d’Recommandatiounen vun der Héicher Kierperschaft iwwert aner Etablissements publics, déi speziell kulturell an sportlech Infrastrukturen betreien, an desen Text ze intégréiren.

D’Arbechten an der zoustänneger Kommissioun waren, wéi schon esou oft, vum ?Matteneeen” geprägt. Als Kommissiounspräsidenten haat ech an dene läschten fënnef Joer daat grousst Gléck, matt gudden a kompetenten Leit aus allen Fraktiounen zesummen ze schaffen. Mir hun all zesummen, en toute sérénité, och dese Projet ennert d’Lupp geholl. Den Text deen mer elo zur Ofstëmmung virleien hun, ass d’Resultat vun den Arbechten, déi vun de Memberen an der Kommissioun an vun de Vertrieder aus dem zoustännegen Ministère begleed goufen. All denen, déi un desem Projet mattgeschafft hun, well ech mäin groussen Merci ausdrécken.

Dir Dammen an dir Hären,

Weider Détailler iwwert dese Projet sinn am schrëftlechen Rapport vun der Kommissioun enthalen. Ech sinn dovunner iwwerzeecht daat matt desem Gesetz eis nei Rockhal, oder wéi en elo heescht, ?Centre de musiques amplifiées”, matt Liewen an matt Musék erfëllt gëtt. Ech wënschen deenen, déi fir d’éischt am Verwaltungsrôt setzen eng glécklech Hand beim Choix an bei der Zesummenstellung vun der Programmatioun. Et gëtt net einfach, well de Centre sech ambitiéis, mä villverspriechend Zieler gesat huet. Ech sinn zouversichtlech, daat eis Rockhal, wéi se jo wärt am Volleksmond emmer genannt ginn, e Meilensteen an der Kulturpolitik duerstellen wärt. Och daat ass e wichtegen Bausteen am Hinbléck op 2007.

Ech wéilt heimadden och den Accord vun menger Fraktioun ginn.

Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.

Nelly STEIN