Wunnéngsbau a Wunnraumerschléissung : Neel mat Käpp !

Die Wohnraumerschliessungspolitik wird dynamisiert. Im Bewusstsein der völligen Überhitzung des Wohnungsmarktes und der sich daraus ergebenden Preisexplosion wird eine Politik in die Wege geleitet, die das Angebot von Wohnraum durch steuerliche Anreize für den Verkauf von Bauland erhöhen will. Positiven Massnahmen wird so Priorität gegenüber einer ebenfalls möglichen Politik der Santionen eingeräumt – bis 2005. Sollte sich wider Erwarten die auf Vertrauen basierende Politik nicht im notwendigen Masse als erfolgreich erweisen, wird ab dann die Zurückhaltung von Bauland steuerlich geahndet. Wir wollen an dieser Stelle jene Massnahmen, die noch vor den parlamentarischen Sommerferien zur Abstimmung kommen und in Kraft treten werden, noch einmal darlegen – und zwar in der Form von Aussagen von Staatsminister Jean-Claude Juncker und dem CSV-Abgeordneten Norbert Haupert, so wie sie anlässlich der Erklärung und der Debatte zur Lage der Nation formuliert worden sind.
ELO KONKRET

Fir d’Jooren 2002, 2003 an 2004, gëtt d’Besteierung vun den Plus-Valuen massiv erofgesaat. Privatleit, déi Terrainen oder Immobilien aus hirem Privatverméigen zu Wunnzwecker verkafen, bezuelen dann nëmmen hallef esouvill Steiere wéi bis elo. Wann hir Bauterraine an engem Lotissement leien, gi si net méi wéi bis elo zum volle Steiersaz besteiert, mä nëmme méi zu engem Véirel vum globale Steiersaz. Och Promoteure gi steierlich entlaascht, wa si Terraine verkafen.

Den 1. Januar 2005 trëtt déi al Besteierung erëm a Kraaft.

Den Amortissementssaz klëmmt, réckwierkend op den 1. Januar 2002, vu 4 op 6 Prozent.

Den éischten Volet betrëfft d’Enregistrements- an d’Hypothéikentaxen, wou et zu enger substantieller Neiausriichtung kënnt.

An Zukunft brauch een nëmmen Enregistrementstaxe beim Kaaf vun engem Eegenheem oder engem Terrain ze bezuelen, wa se méi héich leien wéi d’Fräigrenz, déi fir den Eenzelnen 20.000 Euro an fir eng Koppel 40.000 Euro ausmëcht. Wann d’Enregistrementstax méi héich wéi dës Fräigrenz ass, dann muss ee just d’Differenz tëschent der ermëttelter Tax an der Fräigrenz entriichten.

Entfale manner Taxe wéi d’Fräigrenz, da kann een deen net erreechte Betrag spueren a spéider beim Kaaf vun engem neien Eegenheem geltend maachen, ennert der Bedingung, datt een daat fréiert Eegenheem verkaaft huet.

Den zweeten Volert betrëfft d’Logements-TVA. D’Waardezäite fir den Remboursement gi ganz substantiell erof geschrauwt andem den administrativen Opwand verklengert get.

Um aktuelle Prinzip, dee wëllt, datt 15 Prozent TVA vum Handel verrechent ginn an datt se bis op 3 Prozent TVA vun der Enregistrementsverwaltung un den Klient zréckbezuelt ginn, gëtt festgehaalen. Mee bei Embau, Ausbau a Renovatioun ginn direkt 3 Prozent TVA vum Handwierker un de Klient verrechent.

All dess Neierungen triede réckwierkend a Kraaft. Domat gëtt verhënnert, datt et zu engem Verkaf-, Kaf- a Renovatiounsstop kënnt.

All dës steierlech Moosnahme sollen d’Kafen an d’Verkafe méi gënschteg maachen. Geet dës Rechnung net op, dann trëtt am Joer 2005 eng zolidd Baulandzréckhalungssteier a Kraaft. Esou eng Steier wärt selbstverständlech Rücksicht op d’Taatsaach huelen, datt ee Steierzueler pro Kand eng Bauplaz kann halen. An denen anere Fäll gëtt awer d’Baulandzréckhalung an d’Baulandspekulatioun streng besteiert.

Am Beräich vun de Baulandreserven, ginn Arealer vun Akerland, déi gréisstendeels dem Staat oder de Gemenge gehéieren, zu Baulandterrain transforméiert, op deem spéider ee Lotissement aménagéiert soll ginn.

Wann een Terrain aus der Reserv, deen a privater Hand läit, ze verkaafen ass, dann huet d’ëffentlech Hand ee Virkaafsrecht. Den Verkaafspräiss gëtt fixéiert op Grond vun deem Wäert, deen den Terrain ee Joer virun der Schafung vun der Reserv haat, also zu engem Zäitpunkt, wou nach keen Equipement de Wäert vum Terrain konnt an d’Luucht drécken. D’ëffentlech Instanz verkeeft den Terrain zum Akaafspräiss, mat engem Zouschlaag vun den Ausgaben, déi fir den Aménagement vum Terrain noutwendeg waren. Si kann awer och den Terrain iwwer de Wee vum “bail emphytéotique” den Interessenten zur Verfügung stellen.