Iwwerléungen vum Marco Schank zu de Gemengefinanzen

De Budgetsrapporteur Laurent Mosar analyséiert am Budgetsrapport och d’Geméngenfinanzen. De Präsident vun der parlamentarescher Intérieurscommissioun kënnt an senger Budgetsried op d’Diskussiounen an der Débatt iwwert d’Kompetenzopdeelung tëscht Staat a Gemengen zeréck.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, e wichtegt Kapitel, wéi Dir wësst, am Rapport vum Budget dëst Joer war d’Kapitel vun de Gemengefinanzen. Ech wollt e puer Wuert doriwwer verléieren, ënner anerem och dowéinst well mer virun engem Joer am Kader vum Débat ?Kompetenze Stat-Gemengen? schonn emol iwwert dee Sujet geschwat hunn a jo eng vun de Konklusiounen och war, datt mer definitiv eng Reform vun de Gemengefinanze bräichten.Mir hunn deemools iwwert d’Moyenen diskutéiert; Moyenen, déi d’Gemengen zur Verfügung hu fir hiren Aufgabe gerecht ze ginn. Dat si selbstverständlech engersäits Ressources humaines, mä virun allem awer déi finanziell Moyenen.

Dir wësst, datt d’Lëtzebuerger Gemengen all Joer ganz vill Suen ewechginn. 2004 hu se am ordinären 1,3 Milliarden Euro ewechginn, 800 Milliounen am extraordinären, also ronn zwou Milliarden Euro hunn d’Gemengen ewechginn, dat maachen dann 1/3 bis 1/4 vun den Dépensen insgesamt vum Stat. A mir sinn eis, mengen ech, och alleguerten eens fir ze soen, datt eng Reform vun de Gemengefinanze selbstverständlech als Objektiv muss hu fir gläichwäerteg Liewenskonditiounen iwwert dat ganzt Land fir all Awunnerinnen an Awunner ze garantéieren.

De Syvicol huet beispillsweis deemools och an deem Kontext gesot, et wier illusoresch fir eng strikt Egalitéit vun de Servicer wëllen ze erreeche fir d’Awunner alleguerten, ech kommen nach dorop zréck. Tatsaach ass, dass net all 118 Gemengen zu Lëtzebuerg gläich sinn, datt net all Gemengen zu Lëtzebuerg déiselwecht Déngschtleeschtungen an Infrastrukturen ubidde kënnen. Mir hunn ebe ganz kleng Gemenge vun 250 Awunner aufwärts; mir hu grouss Gemenge mat grousse Gewerbezonen, wou dann och entspriechend vill Gewerbesteier erakënnt, mä net all Gemeng huet déiselwecht Taille, déiselwecht geographesch Situatioun an och nach laang net datselwecht Akommes.

Et ass definitiv esou, datt d’Grenze vun de Missions obligatoires an de Missions facultatives an de Gemenge méi wéi fléissend sinn, dat hu mer och festgestallt gehat. Deem begéine mer an de Gemengen als Responsabel all Dag, zum Beispill d’Structures d’accueil, den Enseignement musical oder och d’Crèchen, dat si längst Missiounen, déi ee kaum nach als fakultativ ka bezeechnen. Genau dowéinst ass meng Fraktioun der Meenung, datt zu enger Reform vun de Gemengefinanzen ebe munches gehéiert, virun allem awer d’Definéiere vun de Missions de base vun eise Gemengen, also Mindeststandarden, Mindestaktivitéite vu Confort an Déngschtleeschtungen, déi een definéiere muss, déi all Biergerin an all Bierger an all Gemeng ka revendiquéieren.

An dës Missions de base géifen an engem Code communal niddergeschriwwe ginn, dat war deemools eng vun deene 14 Konklusioune vum deemolegen Innenminister. Dat heescht, dee Code communal, deen dann och deen heitegen Innenminister am Fong scho gesot huet, datt hien e wéilt maachen, datt am Fong schonn dru geschafft gëtt, do géifen dann déi Missions de base definitiv verankert ginn.

Eng weider Konklusioun vun deem Débat vun de Kompetenze war – do war d’Kommissioun sech eens -, datt et keng Alternativ gëtt zu Kooperatiounen an och deelweis zu Fusioune vu Gemengen. Et gëtt also keng Alternativ zur Virgehensweis vun der Landesplanung mat de Plans régionaux, mat deem proposéierten Découpage wéi en ebe virgesinn ass, fir datt och duerno Syndicats régionaux an deene sechs Planungsregiounen entstinn; an dann natierlech och doru gekoppelt déi entspriechend Finanzéierung.

Am Numm vu menger Fraktioun wëll ech och ganz däitlech soen, datt eng Reform vun de Gemengefinanzen ouni eng Reorganisatioun vun de Gemenge kaum denkbar ass, well Gemengefinanzen definitiv eben och eppes mat der Gréisst, wéi ech virdru gesot hunn, vun de Gemengen ze dinn hunn. Am Koalitiounsofkomme steet, datt d’Regierung déi néideg Démarchen entaméiert fir d’Land mat engem Service public, wou mer jo och vill driwwer geschwat hu virun engem Joer, an territoriale Strukture wëllt équipéieren, déi an d’21. Jorhonnert passen, deemno eng territorial Reform preparéieren, déi dem Programme directeur an dem IVL entspriechen.

Mir wäerte ganz sécher mar am Kader vun där Resolutioun oder deenen zwou Resolutiounen op deen Thema zréckkommen; eng Resolutioun vun de Majoritéitsfraktioune fir eng Spezialkommissioun ze chargéiere fir eben iwwer ënner anerem d’administrativ Struktur vun eisem Land ze debattéieren. Fir mech ass dat déi logesch Konsequenz aus deem wat mer als Konklusioun d’lescht Joer am Débat ?Kompetenze Stat-Gemengen? gezunn hunn.

Ier ech elo vun eenzelne kommunale Finanzinstrumenter kuerz schwätze wëll, wollt ech genau dee Lien do maachen, nämlech den Zesummenhank Gemengefinanzen an territorial Strukturen, also d’Gréisst vun de Gemengen an d’Kooperatioun tëschent de Gemengen am Sënn vun enger effikasser Raumuerdnung a selbstverständlech och enger effikasser Regionalentwécklung.

D’Intérieurskommissioun huet scho virun engem Joer gefuerdert, datt ee méiglechst séier soll dat Gesetz vum 21. Mee ?99 ëmsetzen, mat deene véier Instrumenter, ech erënneren dorunner, selbstverständlech de Programme directeur, da virun allem déi sechs Plans directeurs régionaux, d’sektoriell Pläng, wou den Innenminister jo eng Partie och ugekënnegt huet, an d’POSen. Fir eis ass dat deen eenzege Wee zu enger integréierter Landesplanungspolitik, déi dat Wuert och verdéngt, fir d’21. Jorhonnert.

Ech selwer hat och am Numm vu menger Fraktioun eng Motioun déposéiert, fir ze soen, datt d’Regierung soll hëllefen d’Viraussetzungen ze schafen, fir datt déi Syndicats régionaux kënne geschaf ginn ier d’Pläng fäerdeg sinn – am Gesetz steet dat jo e bëssen anescht -, fir datt een d’Ausschaffe vun deene Pläng méiglechst séier ka maachen, dat heescht d’Démarche aus dem Süde géif gewëssermoosse generaliséiert ginn, wou et de Pro-Sud jo gëtt, fir datt de Plang no an no entsteet, well esou laang wéi mer et net mat engem Groupe mixte ze dinn hunn, ass et eben esou, dass d’Gemenge méi individuell argumentéieren an dat bremst éischter de Prozess wéi datt et e beschleunegt.

Här President, et ass immens wichteg, datt dee Prozess vun der Ausaarbechtung vun deene Pläng séier virugeet, mat enger éischtens personaliséierter Démarche fir all Regioun, mat enger Politik vu staatlecher Ënnerstëtzung, dat ass enorm wichteg, soss ass et schwéier d’Gemengen dozou ze bewegen. An drëttens d’Gemengen awer och ze encouragéieren Entwécklungspläng zesummen opzestellen en fonction vun hiren Eegenaarten, en fonction vun de Prioritéite fir déi jeeweileg Regioun, well net all Regioun d’selwecht ass; mir hu méi ländlech Regiounen a mir hu méi urban Regiounen.

De Minister fir Landesplanung huet also gesot, datt hien eng Partie Plans sectoriels ausschaffe wëllt, donieft parallell zum Regionalplang Süden de Regionalplang Westen, en éischte Plang am ländleche Raum am Réidener Kanton, den Naturpark Öewersauer, d’Gemenge Wolz a Géisdref. An ech muss soen, ech hunn och Versteesdemech, datt de Ministère net déi personell Ressourcen huet, déi mënschlech Ressourcen huet fir se alleguerte beiëneen ze maachen, an trotzdeem wier et awer wichteg, datt all déi Pläng méiglechst séier géife realiséiert ginn.

Ech sinn och där Meenung, datt grad am Laf vun der Realiséierung vun esou engem Regionalplang déi beschte Geleeënheet ass an déi gréisste Chance ass, fir innerhalb vun enger Regioun d’Kooperatioun an och d’Fusioune virunzedreiwen, an déi Chance soll een dann notzen, fir ebe genau dat doten, d’Kooperatiounen an d’Fusiounen an eenzelne Gemengen unzekierbelen an och schmackhaft ze maachen. D’Fusioun ass dobäi keen Zil, huet de fréieren Innenminister eng Kéier gesot, mä d’Fusioun wier ënner Ëmstänn d’Resultat vun enger Démarche, fir ee moderne Secteur communal ze schafen an eben dat grad am Kader vun deene Missiounen, wat ech virdru gesot hunn, wou ëmmer rëm neier op d’Gemengen duerkommen.

Här President, wa mer iwwert d’Gemengefinanze schwätzen, da fält engem natierlech direkt emol d’Gewerbesteier an. An de Budgetsrapporteur huet gesot, dass d’Recetten aus der Gewerbesteier grad sou réckleefeg si wéi déi aus der Kollektivitéitssteier. D’Dotatiounen iwwert de Fonds communal huelen zou, wat doru läit, dass de Stat signifikant Progressioune bei de Recetten aus der Akommessteier an aus der TVA ka verbuchen. Op där anerer Säit awer ass den Undeel vun der Grondsteier – do wäert ech nach drop zréckkommen – un de Gemengerecetten, mat ronn 2% vun deenen net affektéierte Ressourcen, also verschwannent kleng, sou dass dës Steier de Gemengen, sou wéi se lo fonctionnéiert, näischt bréngt. Ech mengen, dass souguer den Opwand méi grouss ass fir déi 25 Milliounen eranzekréien, wéi dat wat se schlussendlech da bréngen.

D’Intérieurskommissioun huet och virun engem Joer majoritaire gesot, dass een iwwert d’Gewerbesteier eng grondleeënd Iwwerleeung ustelle soll an de Budgetsrapporteur huet och seng Meenung dozou gesot. Ech wollt lo net hei op d’Propositioun vu mengem Fraktiounskolleeg Laurent Mosar agoen, fir zum Beispill beim Impôt commercial d’Halschent vun hirem Saz ze reduzéieren an deen dann ze verdeelen. Ech muss soen, bei deenen dräi Optiounen, déi am Rapport stoungen, gefält mir déi mat de Regionalfongen am beschten, well domat d’Investissementer gemengeniwwergräifend finanzéiert géife ginn. Dobäi kënnt, dass dës Variant quasi optimal och an den Démarchage vun de Plans régionaux an dem IVL géif erapassen.

Op d’Méiglechkeeten, fir zousätzlech Suen an de Gemengefong erafléissen ze loossen, wëll ech op dëser Plaz net agoen. Och hei stinn eng Rei Saachen am Budgetsrapport, zum Beispill d’Unhiewe vun de Participatiounssätz vu bestoende Steieren, wéi d’Akommesteier, d’TVA oder och nei Steieren, wéi d’Retenue à la source. Ech mengen, dass et eng Partie Modeller ginn, déi een ëmmer muss kucken a Relatioun mat der ekonomescher Entwécklung vun eisem Land an eben der Wettbewerbsfäegkeet insgesamt. Ech wëll och net do den Diskussioune virgräifen, engersäits an engem Conseil supérieur des finances communales an och net enger Spezialkommissioun, déi mer ënner Ëmstänn mar géifen asetzen.

D’Kommissioun hat och mat dem FCDF, also mat dem Fonds communal, am Kader vun der Debatt iwwert d’Kompetenzen eigentlech e gutt Fonctionnement beschäinegt. Op där anerer Säit hat se awer och gesot, dass et wichteg ass, dass een op eng Vereinfachung an eng Beschleunegung vun de Prozeduren drängt, fir dass d’Versementë méiglechst séier an de Gemengen ukommen, respektiv och méi op Transparenz, wat d’Verdeelungskritären ubelaangt.

An hei sinn ech där Meenung – ech soen dat nach eng Kéier -, dass déi Gemengen, déi eng grouss Fläch hu par rapport zu hirer Bevölkerungsdicht, also éischter eng kleng Populatioun hunn, also ganz dacks ländlech Gemengen, eigentlech do misste besser duerch de Fonds communal ënnerstëtzt ginn, well et si virun allem déi Gemengen, déi am mannsten dicht besiedelt sinn, mat villen Uertschaften, déi also laang Réseaue musse bauen an och op laange Réseaue wéineg Abnehm hunn, also eigentlech insgesamt méi schlecht ewechkommen. An aus dësem Grond wollt ech nach eng Kéier plädéieren – ech hunn dat virun engem Joer gemaach – fir d’Aféierung vun engem weidere Répartitiounskritär, dee sech eben aus dem Volume vun den infrastrukturellen Investissementer par rapport zur Awunnerzuel géif erginn.

Da kommen ech zu mengem Lieblingsthema am Kontext vun der Reform vu Gemengefinanzen, an dat ass d’Reform vun der Grondsteier. De Rapporteur huet eng Rei Saachen dozou gesot: 400 Milliounen Euro Gewerbesteier, 500 Milliounen Euro Fonds de dotation a 25 Milliounen Euro Grondsteier, also éischter lächerlech 2% Grondsteier, wann een de ganze Kuch kuckt vis-à-vis vun enger Belsch oder de Fransousen, déi iwwer 15% Undeel hunn, wat d’Grondsteier ubelaangt, oder och vun England, wou den Impôt foncier déi eenzeg Steier ass, aus där d’Gemengen autonom Recetten zéien.

A mir waren eis och an der Kommissioun – iwwregens mat der DP zesummen – eens, dat heescht d’Intérieurskommissioun hat also am Kader vun dem Débat “Kompetenz Stat-Gemengen” däitlech gefuerdert, datt ee soll dës Grondsteier enger déif gräifender Reform ënnerzéien.

A mir hunn deemools och dës Reform net ausschliesslech an där Optik gesinn, dass dat zousätzlech Sue si fir d’Gemengen, mä och als ee Mëttel fir d’Spekulationen op Bauterrainen ze ënnerbannen. Dat ass gëschter vum Här Fayot och nach eng Kéier ganz däitlech gesot ginn an dat ass och gesot ginn am Kader vun enger Orientéierungsdebatt iwwert de Logement am Fréijoer 2003, wou eng Partie vu Moossnamen an d’A gefaasst goufe fir d’Spekulatioun ze reduzéieren.

An déiselwecht Meenung wéi d’Intérieurskommissioun huet iwwregens och d’Associatioun vun de Gemengereceveure scho puermol vertrueden, ebe fir deen déplacéierte Mechanismus vun där Steier ferme op de Leescht ze huelen an e modernt Instrument draus ze maachen. Mir hu proposéiert den Taux de base un der reeller Valeur vum Terrain oder dem Gebai ze orientéieren.

An ech wollt och dem Kolleeg Meisch soen, dass d’DP-Fraktioun déi Motioun matgestëmmt a matënnerschriwwen hat. An am Kader vun där Motioun vum 27. November 2003 ass d’Regierung opgefuerdert ginn, direkt den Artikel 1 aus dem Arrêté grand-ducal vum 27. Juni 1967 aus dem Code fiscal ze sträichen, deen ebe virgesäit, dass den Taux A an den Taux B liéiert sinn, an dës Moossnam géif de Gemengen erlaben, den Taux B ze erhéijen – an ech mengen dat kéint een direkt maachen.

Une voix.- Wou si mer dann do drun?

M. Marco Schank (CSV).- Majo, wann ech den neien Innenminister richteg verstanen hunn, da wëllt en an déi Richtung goen.

La même voix.- Très bien.

M. Marco Schank (CSV).- De Stat misst, am Fall wou dës Moossnam lo géif a Kraaft trieden, natierlech e Plaffong fir den Taux B fixéieren. D’Gemenge kéinten dann hir Tauxe fir d’Ënnerkategorien vum Taux B staffelen; an ech mengen och dass gëschter den Här Helminger sech nach staark gemaach huet an deem Kontext vun der Erhéijung vun enger Grondsteier, an do sinn och eng Partie Beispiller gesot ginn.

Ech wollt vläicht eent hei erausgräifen – an d’Stad Lëtzebuerg huet jo par rapport zu de ländleche Gemengen éischter en héijen Taux – an zwar fir en Appartement vun 80 m2 um Cents, rue des Muguets, also eng excellent Lag, maachen dat 33 Euro op d’Joer. Ech mengen, dass dat awer lächerlech Montantë sinn an do kënnt ee sech awer liicht eng Verdräifachung oder nach méi virstellen. Ech kéint elo aner Beispiller nach soen, mä wéi gesot, do leie mer par rapport zum Ausland enorm niddereg. Déi Recettë wieren also sënnvoll a géifen engersäits de Gemenge gutt dinn an ech wollt och dobäi soen, dass d’Gemengen iwwert déi Manéier och hir Terraine besser géréiert kréichen an d’Spekulanten och méi héich kéinte besteieren.

Nach ee Wuert dann zum Regionalfong. Fir déi regional Zesummenaarbecht – do hate mer och virun engem Joer driwwer geschwat – wollt ech drun erënneren, dass d’lescht Joer d’Kommissioun proposéiert hat, sou Fongen an d’Liewen ze ruffen. Mir haten och all zesummen eng Motioun gestëmmt fir ee Regionalfong, dee sech virun allem un déi Gemengen orientéiert, déi eben zesummeschaffen an déi am Kader vu Syndikater – Syndicats à vocations multiples – kooperéieren. Mä ech gesinn et virun allem och am Kader vun dem Gesetz vun 1999, datt d’Gemengen, déi sech zesummen dinn als Syndicats régionaux, vun esou engem Regionalfong kéinte profitéieren.

An ech wollt der Vollständegkeet halber och nach eng Kéier un dee Modell erënnere vun de Contrats de développement, déi zumindest Agang fonnt haten an de Programme directeur. Et ass en ähnlecht Instrument, e Modell deen aus Frankräich kënnt, dee seet, dass Gemengen, déi a spezifesche Politikberäicher zesummeschaffen, finanziell ënnerstëtzt ginn. Ech wëll lo net weider op dee Modell agoen. Ech wëll just soen, dass den Avantage vun deem Modell deen ass, dass et ee ganz flexibelt Instrument gëtt fir Regiounen ze stäipen, dat heescht esou eng Aart Dispositif, dass dee regionale Partner, dat heescht déi regional Gemengesyndikater, hir ureege regional Politik kéinten ëmsetzen; de Regionalfong kéint awer a mengen Aen ähnlech agesat ginn.

An et wier dann de Gemengesyndikater virbehalen, d’Initiativ ze huele fir déi Aktiounen an déi Projeten, déi si wëllen, no Négociatioune mam Stat, eben entspriechend finanziell gestäipt kréien.

Da wollt ech nach eng Saach soen, dat der aktueller Logik, wat lo d’Gemengefinanzen ubelaangt, also der aktueller Logik, dass all eenzelne Ministère seng spezifesch Kreditter alouéiert, dass een där och eng Logik vu méi globaliséierte Kreditter kéint entgéintsetzen an dass fir all Regioun en fonction vun de Projeten an de Besoinen, déi ufanks eng Kéier festgeluecht goufen, géif gehollef ginn. Ähnlech fonctionnéiert dat schonn oder huet dat scho fonctionnéiert bei Leader-Programmer oder och den europäesche Strukturfongen. Perséinlech ass et mir egal, ob een d’regional Entwécklung also besser op engem Regionalfong opbaut oder enger Aart Contrat de développement. De Prinzip ass deeselwechten. Wichteg ass awer, datt keen Arbitraire entsteet, datt d’Regiounen insgesamt d’selwecht behandelt ginn – dat mengen ech ass enorm wichteg -, datt een also ee fir allemol festgeluechte Kritären huet, datt d’Transparenz an och d’Fairness do gewährleescht ginn.

Här President, ech kommen zu menger Konklusioun oder zu menge Konklusiounen. Déi 118 Gemengen, ech hunn dat scho gesot, déi mer de Moment nach am Land hunn, hunn nach laang net déiselwecht Interessen, hunn net déiselwecht Erausfuerderungen an och net déiselwecht Moyenen, schwätz déiselwecht finanziell Méiglechkeeten. Mir kommen also definitiv net laanscht d’Fro vun der Masse critique. Déi Fro stelle mer eis net nëmmen an de Gemengen. Déi stelle mer eis och an de Regiounen, wou regional Syndikater scho fonctionnéieren, ob dat Naturparke sinn oder aner Syndikater, a genau dowéinst ass meng Fraktioun der Meenung, datt zu enger Reform vun de Gemengefinanze munches gehéiert, virun allem – ech soen et nach eng Kéier – d’Missions de base, also d’Mindeststandarden, d’Mindestaktivitéite vun eise Gemengen definéieren; dann zweetens een déif gräifenden Débat, dee mer brauchen iwwert d’territorial Strukture vun eisem Land, Strukturen, déi den Erausfuerderunge vun dem 21. Jorhonnert entspriechen, mä déi awer och mat de Moyenen dotéiert ginn, déi dem 21. Jorhonnert entspriechen, an dat am Kontext vun der Landesplanung, wéi ech gesot hunn, vun engem Programme directeur an dem IVL.

Ech gleewen och hei un eng politesch Démarche, wou gläichzäiteg a parallell ?bottom up? an ?top down? geschafft gëtt. Hei mengen ech passt och perfekt d’Initiativ dra vun der Resolutioun, iwwert déi mer muer schwätzen, vun de Majoritéitsfraktiounen, fir den Débat do iwwert d’Zukunft vun eisem Land ze féieren, dat mat der Regierung, dat mat den Acteurs économiques, dat mat de Gewerkschaften, mat der Société civile, virun allem mat de Gemengen, an dat Ganzt – dat ass och wichteg – an engem kloer ëmrassenen Zäitkader.

9