Palliativmedizin : Eng Erausfuerderung un den humanitäre Charakter vun äiser Gesellschaft

De Gesetzesprojet iwert Palliativmedizin a Stierwbegleedung. Marie-Josée Frank, CSV Deputéiert a spezialiséiert Infirmière an der Palliativpfleeg, an enger Fräier Tribune um Radio 100,7, 20. Juni 2007

De Schutz vum mënschliche Liewen gëtt hautesdaags ëmmer méi a Froe gestallt. An engem besonnesche Mooss gëllt daat fir d’Liewensënn. Der CSV hiir grondsätzlich Positioun an dem Kontext ass kloer : De Mensch muss seng Wiird behaalen, och a grad am Stierwen. Hien huet d’Recht die lescht Momenter vu sengem Liewen, esou weit et geet, ouni Schmerzen ze verbrengen. Daat ass d’Positioun, déi d’CSV an hirem Grondsatzprogramm « Jidder Eenzelen zielt » 2002 festgehaalen huet.

Et ass d’Suerg vun eis alleguer, mënschewiirdeg ze stierwen a nët onmënschlech mussen ze leiden. Et ass e Mënscherecht, sech géint eng Liewensverlängerung ëm all Präis ze wieren an duerfir huet all Mensch e Recht op eng respektvoll Pfleeg an Encadrement beim Stierwen. Die zentral Elementer fir dee Respekt ze assuréieren, sinn eng adäquat, individuell Prise en Charge, wou Schmerztherapie ee vun dene wichtigsten, wann nët de wichtigste Facteur ass, och wann domat Liewenszäit verkierzt gëtt.

Et sinn och dat d’Kärelementer vum Gesetzesprojet iwert d’Palliativmedizin an d’Stierwbegleedung, dat d’lescht Joer an der Chamber déposéiert ginn ass, fir dat entre-temps och schon ganz vill Avisën erakomm sinn a wat hoffentlech nach dëst Joer der Chamber zum Vote virgeluecht gëtt.

De Gesetzprojet iwert d’Palliativmedizin schreiwt den Usproch op palliativmedizinisch Betreiung fest. De stierwende Mensch gëtt medizinisch, psychisch a spirituell betreit a begleet. Dës Begleedung kann och Familljememberen zegudd kommen. D’Pfleeg kann an der Klinik, am Pflegeheem oder doheem ugebuede ginn. Kompléteiert gëtt dësen Dispositif duerch de Bau vum « Centre d’accueil pour personnes en fin de vie » zu Hamm. An dësem Hospiz kreien onheelbar krank Mënschen die beschtméiglech Betreiung – eng Betreiung wou probéiert gëtt, d’Famill an d’Frënn matanzebezeien.

Fir die adaptéiert Aus- a Weiderbildung vun den Dokteren a vum Pflegepersonal ass de Staat zoustänneg a responsabel. Et ass onerlässlich, datt d’Mediziner, d’Infirmierën, d’Psychologen an och aanert Begleedpersonal en adäquat Wëssen iwert d’Palliativmedizin, d’Schmerzbehandlung an die richtig psychologisch, sozial an ethisch Approche hunn.

E ganz besonnesch wichtigen Aspekt vum Gesetzprojet iwert d’Palliativmedizin an d’Stierwbegleedung ass d’Oflehnung vum Acharnement thérapeutique. Jo zum Stierwe loossen a net onnëtz weider thérapéieren. De Patient huet d’Méiglechkeet ze entscheeden, op hien seng Behandlung wëll fortsetzen oder ofbriechen. Den Therapieofbroch an dem Kontext ka weder strof- nach zivilrechtlech eng Poursuite kréien. De Patient kann sei Wëll a seng Wënsch an enger Patientenverfügung schrëftlech festhaalen. Dës Patientenverfügung, déi e weider d’Kärelement vum Gesetzesprojet ass, kann zu all Moment ofgeännert oder zrëckgezunn ginn. Der Patientenverfügung muss Rechnung gedroe ginn, och wann de Patient seng Bedierfnisser nëmme nach zum Deel oder iwerhaapt net méi artikuléieren kann. Wann den Dokter den Dispositiounen vun der Patienteverfügung nët well Rechnung droen, dann ass hien verpflicht de Patient bannen 24 Stonnen un en aaneren Dokter ze iwerweisen.

E weidere wichtige Pillier vum Gesetzprojet ass de Begleedungsurlaub, den de Familljememberen vu stierwende Menschen d’Recht op d’Spezialcongé gëtt an esou d’Chance bidd, déi nach verbleiwend Zäit wärtvoll ze notzen.

Den Ausbau an d’Entwecklung vun enger menschewiirdeger Stierwbegleedung, sinn fir d’CSV prioritär. Fir d’CSV bleiwt d’Wiird vum Mënsch duerch d’Stierwen an den Doud onberéiert. An dem Sënn ass d’CSV fir den Ausbau vun alle Formen vun der Palliativmedizin, seef dat Doheem, an der Klinik, am Pflegeheem oder am Hospiz. D’CSV steet fir eng adäquat Schmerztherapie an ass geint den Acharnement Thérapeutique. De Gesetzesprojet geseit do mei Rechtssecherheet vir.

All Méiglechkeet notzen, fir dat de Mensch dee stierwt, un der Hand a nët duerch d’Hand vun aanere Mensche stierwt. Et ass den humane Charakter vun eiser Gesellschaft, de sech un dëser Erausfuerderung miesst.

Marie-Josée Frank, CSV Deputéiert, Radio 100,7, 20. Juni 2007