CSV on tour, CSV bei Iech

Eng fräi Tribüne vum Sandra Scheer, CSV Generalsekretärin adjointe um 92,5 an um 100,7

Csv1__2_.jpgDe 9. Mee huet den Jean-Claude Juncker Ried zur Lage vun der Natioun gehaal an d’CSV huet sech op den Tour gemacht. D’CSV-Generalsekretariat mat senge Ministeren an Deputéierten ass bei d’Leit gaangen fir sech hiir Suergen an Ängscht un ze héieren an hiire Froen Ried an Äntwert ze stoen.

Op mir am Norden, Süden, Zentrum oder Osten waren, goufe mir oft vun besuergten Mammen an Pappen gefrot, wei et mat der Betreiung an der Zoukunft vun hiiren Kanner wär an op sie speider nach eng Aarbecht geife fannen.

D’CSV ass sech senger Verantwortung bewosst a genau aus der Ursaach huet eise Premier- Minister drop gehalaen, datt och wann d’Resultater aus der Wirtschaft besser wei erwaard sinn, mir viirsichteg mat den Dépensen musse emgoën. Well mir haut nik mat absoluter Secherheet wessen, wat mir muer vun Recetten hunn a wat an eise Keessen ass, musse mir mat Viirsicht a Wäitsicht haushalten an eis Prioritéiten setzen.

An enger Zait dei am strukturelle Wandel ass, mussen mir mei Suën fir d’Betreiung vun eisen Kanner aplangen. Mammen an Pappen mussen frei Wiel hunn, op sie fir d’Erzéiung vun hiren Kanner wellen a kënnen doheem bleiwen oder Ennerstëtzung vun ausgebildten Strukture wëlle beansprochen. Iwert 100.000 Kanner hunn mir zou Letzebuerg, sie all mussen eng bestmeiglechst Betreiung kreien an dofir wëllle mir a Plaatz vun 84 Millionen Euro fir d’Joer 2005- fir d’Joeren 2007 bis 2009 390 Millionen Euro am Budget aplangen.

Ee weideren enorm wichtige Punkt ass eise Kanner hir Ausbildung. Wann mir wëllen, datt sie am Erwuessenenalter kee Problem hunn eng Arbechtsplatz ze fannen, musse mir hir Ausbildung verbesseren. Am Joer 2005 an 2006 sinn iwwer 21.000 Aarbechtsplaatzen hei zou Lëtzebuerg entstannen an awer ass den Chômage an d’Luucht gaangen. Eis Betriiber brauchen qualifizeiert Leit a vill vun eise Leit, déi Platzen sichen hunn keng richteg Formatioun. 52,8% vun den Leit déi eng Aarbecht am Mount Abrëll gesicht hunn, hunn just d’Schoulpflicht absolvéiert. Mir kommen zeguer am selwechten Mount insgesamt op 87,2% vun den ageschriwwenen Demandeuren dei eng Formatioun hunn déi dem Niveau inférieur, respektiiv Niveau moyen entsprëcht. Aarbechtsplaazen ginn permanent geschaaffen, awer stellt d’Arbechtswelt aaner Uspreich wei déi, déi eis Chômeuren momentan erfellen. Mir mussen elo d’Aarbechstwelt an d’Mënschen, déi wëlle schaffen zesummebrengen. Ee ganz wichtegt Element ass do sëcherlëch an hiir Ausbildung ze investéieren.

Et mecht dofir Sënn, datt eng Reform vun der Grondschoulausbildung soll kommen an d’Schoulgesetz vun 1912 reforméiert soll ginn. Et mecht och Sënn, datt déi sougenannt Aktiveierungskonventioun den 1. Juli a Kraaft trëtt a mir eise jonkken Aarbechtslosen besser a mei individuell kënnen hëllefen.

Aus all denen Iwerleeungen eraus, ass et évident, datt mir mei an d’Schoulen mussen investéieren Dofir ginn tëschent 1100 an 1200 Milliounen am Schnëtt an de nächste Joër de Schoulen zur Verfügung gestallt. Dat ass mei wei dat duebbelt wei am Joër 2000.

An och d’Beschäftigungsfongen kreien bis 2009 ee Budget vun 1,9 Milliarden Euro.

Mat enger verbesserter Ausbildung vun eise Kanner, déi op d’Berufswelt ugepasst ass, a mei enger individueller Betreiung kreien mir hiir Chancen enorm verbessert an hiire Wee an d’Zukunft gesechert.

D’CSV bleiwt och an Zukunft op hiirem Wee an könnt bei Iech. Mir bleiwen am Gespréich mat Iech an Äer Problemer sinn eis wichteg. Loose mer zesummen mat Viirsicht anWeitsicht de Wee goen an dann sin mir um séchere Wee.

Sandra Scheer, CSV Generalsekretärin adjointe, Fräi Tribünen um 92,5 an um 100,7, de 4. an de 6. Juni 2007