De Klimawandel huet keng Parteikart – et muss elo gehandelt ginn

Klima- an Emweltschutz. Et muss elo couragéiert a resolut gehandelt ginn. Eng fräi Tribune vum CSV Deputéierten a Klimaschutzexpert Marcel Oberweis op RTL 92,5

De leschte Rapport vun de Wëssenschaftler zum Thema – Klimachangement a seng Konsequenzen fir de Mensch an eis Äerd – stinn am Mettelpunkt vun allen Diskussiounen.

D’Europäesch Unioun geseit an dësem Changement eng Gefor fir de Fridden an der Welt an och den UNO-Secherhéetsrot well sech dem wichtegen Dossier unhuelen.

Mir mussen dervun ausgoen, datt duerch Hongersnout, Iwwerschwemmungen, Kriech ëm Drenkwasser – Milliounen Menschen hir Héemecht verlossen wäerten.

Et sinn awer d’Menschen an den Entwecklungslänner, déi am méeschten vun dëser Katastrophe betraff sinn, si – déi guer net derzou bäigedroen hunn.

D’Europäesch Union huet op hirem Sommet am Mäerz kloer Farw bekannt. Si wellt bis 2020 d’CO2-Emissiounen ëm 30 % reduzéieren, d’Energie ëm 20 % besser notzen, 20 % méi erneierbar Energien an 10 % méi Biobrennstoffer asetzen.

D’Temperaturerhéichung vun eiser Atmosphär dierf net méi wéi 2 °C bis Enn vun dësem Joerhonnert bedroen.

D’CSV huet dat erkannt an an hirem Pabeier zum Klimachangement Léisungen proposéiert, si well sech och an dé Prozess abrengen.

Eleng d’Tatsaach, datt déi nokommend Generatiounen vill méi stark duerch den Klimachangement belaascht ginn, fuerdert ons all op, hei matzemachen.

An hunn nët 93 % vun de gefrote Menschen bei enger Emfrou gesoot, datt d’Klimaverännerungen fir sie dat wichtegst Thema wieren?

Fir d’CSV ass et aliichtend: “De Klimawandel huet keng Parteikart – et muss elo gehandelt ginn”. Mir zielen op jiddferen Eenzelen an eiser Gesellschaft.

De Staat, d’Gemengen, d’Betriber an d’Haushalter: iwwerall muss et vir d’eischt zu engem kloren Bekenntnis kommen, Energie ze spueren an domat eis Atmosphär net weider opzehëtzen.

Duerch eng gudd Berodung sollen d’Leit all déi Informatiounen kréien, déi si brauchen, fir an hiren Häiser den Energieverbrauch ze reduzéiren.

Genau wéi de Staat an d’Gemengen sollen och sie opmierksam gemaach ginn, datt déi erneierbar Energien ée wichtegt Instrument fir den Embau vun eiser Energielandschaft sinn. Dem gringe Stroum welle mir eng Prioritéit araumen.

Nei Akzenter sollen am Verkéier geluecht ginn: et ass keng Liewensqualitéit all Dag am Stau ze stoen! Den Öffentlichen Transport nach méi attraktiv machen, fir datt méi Leit hien benotzen, daat muss eis Devise sinn.

Nëmmen duerch ee responsabelt Verhalen géintiwwer den drei Liewensressourcen: Buedem, Wasser a Loft ruffe mir eng nohalteg Opbrochstemmung ervir.

Vill Zeit verbleiwt eis net méi fir eng engagéiert Äntwert op de Klimachangement ze liweren.
D’CSV wärt sech awer mat vill Nodrock an dësem wichtege Prozess engagéieren.

Merci fir d’Nolauschtern.

Dr.-Ing. Marcel Oberweis op RTL 92,5, 23. Abrëll 2007