Fraendaag 2007 : D’Thema bleiwt, d’Zieler änneren

D’CSV Deputéiert a Vizepresidentin Marie-Josée Frank zum internationale Fraendaag

Fräi Tribune um Radio 100,7, Mëttwochs, de 7. Mäerz 2007

Maar, den 8. Mäez, ass den internationale Fraendaag.

D’Situatioun vun de Fraen huet sech an dene leschte Joerzengten wesentlich verbessert. De Prinzip vun der Chancegläicheet ass zenter kurzem an eiser Constitutioun verankert. Mais d’Frae si nach emmer ennerrepresentéiert an der Politik, an de Chef Etagen vun den Entreprisen, an der Fuerschung. Sie verdengen och haut nach am Duerschnëtt 12 % manner wéi d’Männer. Nach ëmmer gett d’Potential a ginn d’Talenter vu Fraen ënnerschätzt. De Bilan weist, sie sin nach ëmmer wäit ewech vun enger integraler Gleichstellung.

Mei a besser Meiglechkeeten fir Famill a Beruf ze kombineieren, sinn den A an den O vun enger aktiver Gleichstellungspolitik. CSV begreisst duerfir de Wellen vun der Regierung a besonnesch vun der Familljeministesch Marie-Josée Jacobs fir d’Offer u Betreiungsplaazen fir Kanner – Stechwuert Maisons relais – landeswäit auszebauen. D’Maisons relais sin en erzéierescht a wirtschaftlecht Instrument.

E Problem mat dem weider ganz besonnesch Frae konfronteiert sinn, ass den vun der sozialer Ofsecherung. Dese Problem stellt sech bei de Fraen, dei hier beruflich Karriere ganz oder deelweis ennerbrach a bei gescheete Frae. Besonnesch dei Fraen, dei sech exklusiv der Erzeiung vun de Kanner ugehol hunn, befanne sech no enger Scheedung dacks an enger finanziell prekärer Situatioun. De rezenten Debat an der Chamber iwwer Aarmut zu Lëtzebuerg huet gewissen, datt d’Aarmutsfall besonnesch Allengerzeiend – an et sinn dat majoritär Fraen – betreft. Die selwecht Conclusiounen ginn och aus enger Reih Etuden ervir.

Fir d’CSV ass et kloer, datt et zu enger gerechter sozialer Ofsecherung vun de Frae muss kommen. Duefir begreisst d’CSV, datt am Kader vun der Reform vum Divorce no kurzfristige Leisunge gesicht gëtt. Sie setzt an dem Zesummenhang ganz vill Erwaardungen an die gemeinsam Aarbecht dei die parlamentarisch Kommissiounen vun der Famill, der Justiz an der Securité Sociale zesumme mat den drei respektive Ministere mecht. De Conseil National des Femmes luxembourgeoises wäert haut de mëtten hir Positioun den drei Kommissiounen virstellen.

Mir brauche kurzfristig eng op Chancegläichheet axéiert deifgreifend Reform vun eisem Sozialversecherungssystem. Den Objektiv vun der Reform ass d’Individualiseierung vun de Rentenuspréich. Jidder Eenzelen, op Mann oder Frae, an onofhängeg vu beruflichen a familiäre Choixë, muss obligatorisch d’Méiglechkeet kreien eng Rentecarrière opzebauen. Bei dëser grondleeënder Refom däerfen Iwwergangsregelungen an Spezialmesuren fir die sozial Schwaach nët vergiess ginn. An op enger aanerer Säit muss de Mann oder d’Frae och d’Obligatiounen akzeptéieren, dei sech aus der Individualiseierung vun de Rentenuspreich erginn. De Rentesplitting ass an dem Kontext eng Iwwergangsmesure um Wee zur Individualiseierung vun de Renterechter.

Doriwereraus ass d’Individualiseierung mei wei eng Froe vu Gerechtigkeet vis-à-vis vu ville Fraen. De Conseil National des Femmes luxembourgeoises huet mat Recht an engem rezenten Avis drop higewissen, datt ouni Individualiseierung an der Sozialversecherung eise System vu Sozialer Solidariteit a Gefor ass. Eise jetzige System baséiert nach op der gesellschaftlicher Situatioun an op der Rolleverdeelung aus dem leschte Joerhonnert. Eis gesellschaftlich Situatioun huet sech awer grondleend verännert an duerfir ass et d’Responsabiliteit vun der Politik dëse Verännerungen Rechnung ze droen, mat dem Ziel Ongerechtigkeeten aus dem Wee ze raumen an d’Chancegläichheet a -Gerechtigkeet ze stärken. Duefir hun Männer a Fraen zesummen Verantwortung ze droen.

Niewt méi Chancegläichheet a Chancegerechtigkeet fir Fraen a Männer ass d’Individualiseierung vun de Rentenusprech och e wichtige Beitraag fir d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiouns- a Rentesystem ze assuréieren. Duerch d’Individualiseierung ginn d’Leeschtungen op mei Schelleren verdeelt. Et ass jo net vu Mutwell, datt de Premier Jean-Claude Juncker nom leschte Regierungsrot erëm op d’Erausfuerderungen higewissen huet, déi am Renten- a Pensiounssystem op eis a besonnesch och op die jonk Generatioune waarden.

Kommt mir stellen eis dësen Erausfuerderungen an encouragéiere Fraen hir eegen Liewenscarrière opzebauen, well die lescht Hürde zur Gleichberechtigung féiert iwwert d’Selbstännegkeet.