“Politik steet a fällt mat deene Wäerter fir déi si antrëtt”

CSV Nationalkongress 2006, Interventioun vum Generalsekretär Jean-Louis Schiltz

Et gëllt daat geschwaartend Wuert.

Léif Frëndinnen a Frënn,

Den CSV Kongress vum 12. Februar 2000 hat sech grouss an ambitiéis Ziler gesat. D’Zäit war komm fir e groussen Erneierungsprozess unzestoussen. Déi nei gewielte Strukture kruten als Optrag d’Statuten neizeschreiwen. Hinnen ass weider opgedroe ginn, e neie Grondsazprogramm auszeschaffen. Et ass och drëm gaange, fir en neit Organisatiounskonzept ze entwéckelen. Dës weideren sollten d’Strukture vun der Partei iwwerduecht an nei ausgeriicht ginn.

Haut bal 7 Joer méi spéit kënne mer soen “Mission Accomplie”. Ech war frou, a sinn och e bëssen houfreg, datt ech als Generalsekretär dëse Prozess konnt matbegleeden a virun allem konnt matgestalten.

Gudd Statute si Statuten an déi een ni brauch ze kucken. Ufank 2001 huet d’CSV sech um Kongress zu Stroossen nei Statute ginn. Eigentlech war nëmmen een Artikel deemools ëmstridden, zu Onrecht wéi ech mengen – dat war déi Dispositioun iwwert d’Quot. De Mérite, datt mer et fäerdeg bruecht hunn, déi Quot an d’Statuten anzeschreiwen, läit eendeiteg beim Marie-Josée Jacobs a beim Erna Hennicot. D’Quot huet sech méi ewéi bewährt, an dat ass gutt esou, och am Hibléck op d’Wale vun 2009. D’Quot huet sech esouguer iwwer d’Erwaardungen vun hieren Promoteuren eraus bewährt. Wann ee kuckt, datt mer zum Beispill haut op Bezierksniveau dräi vu véier weiblech Presidenten hunn, da musse mer geschwënn drunn denken, d’Quot deen anere Wee erëm, näämlech fir Männer, ze applizéieren. Et ass alt gutt, datt mer am Süden nach de Spautze Marc hunn.

Am Sënn vun deem Optrag, dee mer kritt hunn vum Kongress am Joer 2000, hu mer och d’Strukture vun der Partei adaptéiert. Ech ginn hei net weider doropper an, wollt awer just erwänen, datt mer vun deem Standpunkt och gutt opgestallt sinn am Hibléck op 2009. Et ass elo un der neier Équipe déi Strukture mat Inhalt ze fëllen.

Och d’Organisatiounskonzept vun der Partei hu mer nei ausgeriicht. Dat war vill Aarbecht am Klengen, dat war vill Aarbecht all Dag. Dat ass eng Aarbecht vum Generalsekretär a senger Équipe. Mee, dat ass vrun allem eng Aarbecht vu ville Parteimemberen, déi net am Rampeliicht stinn. Dat ass eng Aarbecht vu ville Parteimemberen, déi der Partei ginn, ouni ze froen, wat d’Partei da fir si mécht oder ka maachen. Dat ass eng Aarbecht vu ville Parteimemberen, deene keng Stonn ze fréi ass, fir e Plakat opzepechen, deene keng Stonn ze spéit ass, fir Ziedelen auszedroen oder Enveloppen ze pechen. Hinne wollt ech haut hei Merci soen. Mäi Merci geet u jidder Eenzele vun Iech deen sech – an ech weess et sinn der vill – hei a menge Wierder erëmkennt. Et ass Ären Engagement deen ech haut wollt hei ervirsträichen. Et sinn net déi, déi hei uewe stinn, déi d’Gréisst vun enger Partei ausmaachen; et sinn déi vill kleng Gesten an Aktioune vu ville Parteimemberen all Dag, déi d’Gréisst vun enger Partei am alleréischten ausmaachen.

Zum Organisatiounskonzept gehéiert selbstverständlech, a vläit esouguer virun allem, de Walkampf 2004, mat deem Resultat dat mer kennen – e Resultat op dat mer kënnen all zesummen houfreg sinn, mee virun allem e Resultat wat verflicht fir d’Zukunft. Zum Organisatiounskonzept gehéiert awer och d’Erscheinungsbild no bausse vun der Partei.

2002 hu mer – ech soen e bësselchen am Hauruckverfahren – eiser Partei eng nei Faarf verpasst. Dat Orangt huet sech eendäiteg duerchgesat, an dat ass eng gutt Saach op déi ech selwer mee awer och de Paul Weimerskirch net onhoufreg sinn.

Dee wichtegste Chantier war awer dee vum Grondsazprogramm. De Grondsazprogramm ass zur Leitlinn vun eiser Politik fir Chancegläichheet, Solidaritéit, Leeschtung a Partnerschaft ginn. Mat deem Programm hu mer d’Zukunft fest am Bléck. E verbënnt sozial Verantwortung, op der enger Säit, a wirtschaftlech Kompetenz op der anerer Säit, ganz am chrëschtlech soziale Sënn. E bréngt Solidaritéit, Subsidiaritéit a sozial Gerechtegkeet op e gemeinsamen Nenner. E positionnéiert d’CSV als Partei vun der fortschrëttlecher Mëtt. Ech hunn den 12. Februar 2000 a menger Ried als Kandidat fir Generalsekretär gesot, d’CSV wär déi Partei hei zu Lëtzebuerg an där jiddfereen seng Plaz hätt, ech hunn och gesot, dorunner dierft sech näischt änneren, an dofir ass et och net anormal datt de Grondsazprogramm den Titel “Jidder Eenzelen zielt” dréit. De Programm mecht et awer virun allem kloer, datt – fir eis – d’Werter d’Basis vun aller politischer Aktioun sinn. Werter, déi oft, mee net ëmmer vum C hirkommen, Werter déi ech gemenkerhand als déi vum Basis C beschriwwen hunn.

“Politik steet a fällt mat deene Wäerter fir déi si antrëtt” dat war ëmmer meng Iwwerzeegung – ech hunn dat schon am Joer 2000 gesot. Dat ass nach haut meng Iwwerzeegung an dat wäert se och nach muer sinn. Eise Grondsazprogramm erlabt et eis, der CSV, sech nët nëmme par rapport zu deenen anere politesche Parteien ze positionnéieren, en erlaabt et eis och, kloer ze maachen datt mir keng kierchlech oder konfessionnel gebonne Partei sinn – ech hunn um Kongress vum 18. November 2002 meng Iwwerzeegung zum Ausdrock bruecht, datt dat gutt esou wär, an aus deem selweschte Grond och drop gehalen, datt kee Gottesbezuch an de Programm stoe kéim.

Een anere Punkt, dee mir ganz besonnesch um Häerz louch a weider läit, ass, datt de Grondsazprogramm sech och mat der Fro vum Dialog vun de Kulture beschäftegt. Dat ass eng wichteg Fro. D’Äntwert déi mer op dës Fro wäerte ginn, bestëmmt entscheedend mat, wéi d’Welt am Joer 2020 an doriwwer eraus wäert ausgesinn. Ech soen Iech, datt mir als Europäer – mee och anerer – do net um gudde Wee sinn. Et muss nach vill geschéien, wa mer d’Blat hei definitiv am Sënn vum Dialog an der Toleranz nom Gudden hi wëlle wenden. Mir brauche méi Gespréich a méi Versteestemech fir deen aneren. Mir brauchen a villem méi eng ethesch Approche. Mir brauche méi Demokratie op ville Plazen an der Welt. Mir brauche manner Angscht an Zréckhalung. Intoleranz an Ofweise brauche mer iwwerhapt net, vun Haass guer net ze schwätzen. Dës Fro, léif Frëndinnen a Frënn, vum Dialog vun de Kulture wäert – esou färten ech – eis leider an der Zukunft nach dacks a réigelméisseg beschäftegen. An dann, wa mer no Äntwerte sichen, da kommt mer denken emol heiansdo och drunn e Bléck an de Grondsazprogramm ze werfen. Dat gëllt fir deen hei Beräich, mee och fir anerer.

De Grondsazprogramm war awer och, léif Frëndinnen a Frënn, eng Zäit vun intensiver Diskussioun an der Partei, mee och mat aneren – därer, déi der Partei no stinn, mee och doriwwer eraus. Et war an deem Sënn eng spannend Zäit. Dat nämmlecht gëllt am iwwregen fir de Walprogramm, dee mer a villen Aarbechtsgruppen a Sitzungen zesummen ausgeschafft hunn, ganz am Sënn vum Fränz Biltgen sengem Motto “Zesumme si mer staark”.

Och wann hei an do mol behaapt gëtt an der CSV kéint ausser dem Jean-Claude Juncker keen e richtege Gedanke faassen, da well ech hei ganz kloer soen datt et mir als austriedende Generalsekretär en evident Uleies ass, fir datt déi Kultur vun der Diskussioun an der CSV weider héich gehale gëtt.

Net eng Diskussioun fir de Plëséier vun der Diskussioun, awer eng Diskussioun fir gemeinsam Léisungen ze fannen, an dann och ëmzesetzen. Dat hu mer nach ëmmer färdeg bruecht an et gëtt och kee Grond, datt mer dat an Zukunft net méi solle fäerdeg bréngen. Ganz am Géigendeel, mir hunn haut – a schons säit praktesch engem Joer – iwwer 10.000 Memberen. Déi Liberal géife soen: “Dat ass een zolidd Kapital”; mir soen: “Jidder Eenzelen zielt” an ech géif gär derbäifügen: “Jidder Eenzele soll sech mat an d’Parteigeschéien abréngen, mat sengen Talenter a Kompetenzen” – dat ass dat Wichtegst – doropper kënne mer opbauen.

“Politik steet a fällt mat deene Werter fir déi se antrëtt”, d’Formel kennt Dier entre-temps.

Mir brauchen eng Politik, déi op zolidd Wäerter opbaut an déi d’Inhalter an de Mëttelpunkt stellt. Elo sinn ech mer bewosst, datt dat wat ech hei soen e bëssen à contre-courant vun deem ass wat mer als generellen Trend vun der Evolutioun vun der Gesellschaft, där politescher, an Europa observéiere kënnen. Kuckt emol nëmmen zum Beispill wat a Groussbritannien de leschte Walkampf geprägt huet. Dat ware Biller wou den Nummer 1 vun enger Partei – wat kee “parti ami” vun eiser Partei ass – senger éiweger Nummer 2 als Zeeche vun hirer nach méi éiweger sou genannter politescher Frëndschaft e schmieregt frësch gezaapten englescht Soft Ice iwerreecht. Dat Ganzt, nodeems en sech selwer och esou eng exzellent Glace gezaappt huet. An dann natiirlech, lutschen déi zwee och viru lafende Kameraen wéi zwee kleng Schoulbouwen, déi grad eng gestiicht hunn un dem Produkt vun héicher englescher Gastronomie. Wann et esou Biller sinn, léif Frëndinnen a Frënn, déi eenzeg an exklusiv e Walkampf bestëmmen, da si mer schons wäit fort; da si mer schons wéinstens deelweis an deem Stadium ukomm, deen de Colin Crouch a sengem Buch aus dem Joer 2004 als Post-Demokratie beschreiwt. En Zoustand, wou dem Inhalt nach null Wert bäigemooss gëtt a wou soss näischt zielt wéi Show-Effekter, Spektakel an eidel Rieden, déi vu Spindoktere gestreamlined gi sinn. Keng Plaz méi fir Inhalter a scho guer keng Plaz méi fir dat Perséinlecht – alles Mise en scène. Nun, well ech hei net falsch verstan ginn, Politik huet sécherlech och eppes ze di mat der Envelopp an déi se agepaakt ass – ech si wirklech dee läschten deen dat géif niéieren, mee wann d’Envelopp eidel ass, wa mer keng Inhalter méi hunn – an zwar där uerdentlecher, déi op Wäerter opbauen, da funktionnéiert dat Ganzt net méi, da fällt dat Ganzt wéi e Kaartespill zesummen. An dofir ass et ëm sou méi wichteg, datt eis Politik eng bleiwt, déi op Wäerter opbaut an déi Inhalter an de Mëttelpunkt stellt. Dat mecht eis staark, an dat ënnerscheed eis vun deenen aneren.

Ech hunn elo grad de Colin Crouch zitéiert, der Vollstännegkeet halber wëll ech soen, datt ech seng Analys nach laang nët op alle Punkten deelen, aner Auteure schwätzen an engem ähnleche Kontext iwwregens vu contre-démocratie.

“Politik steet a fällt mat deene Werter fir déi si antrëtt”. Dat heescht och, datt mer eis géint dat wiere mussen, wat den Umberto Eco a sengem leschte Buch als déi total Karnavalisatioun vum Liewe beschreiwt. Eist Liewen ass just nach Fuesend; déi Welt an där mer liewen ass en eenzege Lunapark, eng risegrouss Spillplaz. Alles muss haut Spaass maachen, Efforte sinn net méi gefrot. Amusement gëtt mat engem rieseg groussen A geschriwen, Aarbecht mat engem ganz klengen, esou laut d’Thes vun der totaler Karnavalisatioun vum Liewen. Wann mer éierlech sinn, musse mer dach zouginn, datt un der Thes eppes drun ass. An dofir ass et emsou wichteg, datt d’Politik, mee och anerer, zum Beispill déi sougenannten Zivilgesellschaft, sech domatter ausernaner sëtzen a géigesteieren. Andeems se d’Inhalter an de Mëttelpunkt stellen a Werter héichhalen. Et hat emol eng Keier ee gesot, et wär mat der Spaassgesellschaft eriwwer….

Et geet nët vum selwen. Et kommen eis net all Dag a fir déi nächst honnert Joer a méi gebroden Dauwen an de Mond geflunn. Dat kléngt evident, ass et awer anscheinend net méi – an dofir muss een et heiansdo soen.

Wat mer hei zu Lëtzebuerg brauchen, ass méi Goût zur Innovatioun an zum Risiko. Risiko am entrepreneuriale Sënn vum Wuert. Mir hunn op jidder Fall haut net méi genuch dovunner. Verschiddener schéngen esou wéineg motivéiert ze sinn, datt se null Energie opbrénge fir nach iergend eppes iwwerhapt emol a Bewegung ze setzen. Anerer kréie schon den Ausschlag, wann se dat Wuert “Reformen” nëmmen héieren – Klammer op – ech wollt am iwwerege proposéieren, datt mer dat Wuert Reformen dëst Joer zum Unwort des Jahres deklaréieren – Klammer zou. Anerer nach – an net där mannster – jéimmere just nach an erklären eis, et wär jo dach nëmme well den X an den Y näischt géife maachen – nët awer si selwer -, datt mer nët virukommen. Alles dat bréngt dach näischt. Mir mussen et fäerdeg bréngen, datt Innovatioun a Fortschrëtt e feste Bestanddeel vun eisen dagdeeglechen Aktioune ginn. Wat hëllefen dann “Trau dech” an änlech Kampagnen, wa soss de Message awer nët klappt an all Signaler a Richtung permanent Pouponnière ginn? Franséisch Auteuren (Mathieu Laine) schwätzen esouguer vun der Grande Nurserie an der Infantilisatioun vun der Gesellschaft.

A wann ech hei en Appell lancéiere fir méi Mut zum Risiko an der Innovatioun, dann heescht dat beileiwen net, datt ech elo dofir plädéiere fir datt mer an Zukunft den S an eisem Numm irgendwéi méi kleng solle schreiwen. Am Contraire, mat enger LSAP, déi ëmmer méi sozialdemokratesch gëtt, ass et un der CSV den S héichzehalen. Et ass un eis fir, Dag fir Dag, weider um sozialen Netz hei zu Lëtzebuerg ze strécken. Esou datt keen duerch de Filet fällt. Esou dat mer et och fäerdeg bréngen, dee Schwaachsten opzefänken. Dat ass eis Flicht. Dat ass dat, wat eis charakteriséiert. Dat ass dat wat eis Grondsäz ausmecht, insbesondere doduerch datt mer d’Zesummespill vu sozialer Verantwortung a wirtschaftlecher Kompetenz an den Zentrum vun eiser politescher Aktioun stellen. Dat Ganzt huet dann alt erëm eppes mat Inhalter ze dinn, an och mat Wäerter.

“Politik steet a fällt mat deene Werter fir déi se antrëtt”. Eng Partei, déi bei deene leeschte Wale méi ewéi 36% vun de Stëmme kritt huet, steet an der Flicht, eng Politik ze gestalten, déi och nach muer an iwwermuer Bestand huet.

Fir datt och nach muer an iwwermuer jidder Eenzelen zielt. Dat ass dat wat zielt.

Et zielt, datt jidder Eenzelen zielt. Den een an den aneren. Jiddfereen a mir alleguer. Egal vu wou en hir kënnt, egal wou en hi wëllt.

Dat ass dat wou mer kënnen drop opbauen. Dat ass dat wat mer eis ëmmer musse bewosst sinn.

Et zielt jidder Eenzelen, well jidder Eenzelen zielt.

Ech soen Iech Merci.

“Jidder Eenzelen zielt” Ried vum Generalsekretär Jean-Louis Schiltz iwwert den CSV Grondsazprogramm um ausseruerdentlichen Nationalkongress den 18. November 2002