CSV Nationalkongress

Den CSV Nationalkongress ass Samsdes, den 21. Oktober,de ganzen Daag, zu Rued-Sir, Gemeng Betzder-

D’CSV Generalsekretariat wäert de Kongressdelegéierten Invitatiounen a weider Kongressënnerlaagen zoukomme loossen. Konsultéiert och eis Spezialrubrik Nationalkongress 2006

Daagesuerdnung

(provisorisch)

Samsdes, den 21. Oktober 2006 am Centre sportif et Culturel (20, route de Luxembourg)
zu Rued-Sir an der Gemeng Betzder

9.15 Auer: Aschreiwen an Umeldung vun de Kongressdelegéierten
9.45 Auer: Begréissung vun den Delegéierten duerch de Sektiounspresident
• Opmaache vum Kongress duerch de Parteipresident François BILTGEN
• Bezeechnung vum Kongress- a Walbüro
• Aktivitéitsrapporën
– vum Generalsekretariat a vum Generaltrésorier
– aus den Ennerorganisatiounen a Bezierker
– vun der Chamberfraktioun
– a vun de Keesserevisoren
• Diskussioun an Adoptioun vun de Rapporën (d’Rapporë kënnen telefonesch am Generalsekretariat oder per email ugefroot ginn)
• Interventioun vum Fraktiounspresident Michel WOLTER
• Interventioun vum CSV-Generalsekretär Jean-Louis SCHILTZ
• Virstellung vun de Kandidate fir déi statutaresch Walen
• Wal a getrennten Walgäng (de Wahlbüro ass op bis 13.30 Auer):
vum Parteipresident / vum Generalsekretär
vun zwee Vizepresidente / vum Generaltrésorier
vun aacht Memberen fir den Nationalkomitee
vun zwee Keesserevisoren
• Kompositioun vum Disziplinar – a Berufungsrod
• Proklamatioun vun de Walresultater
• Ried vun neie Parteipräsident
• Usprooch vum Staatsminister Jean-Claude JUNCKER
• Eirewäin géint 16.30 Auer, offréiert vun der Gemeng Betzder

 Gewielt gëtt tëschent 12.00 – 13.30 Auer
 Walberechtegt si nëmmen d’Nationaldelegéiert
 Weider Informatioune ginn den Delegéierten schrëftlech matgedeelt
 D’Dokumenter (Rapporën, asw. .. fir de Kongress kënnen op Nofro per Post zougestallt ginn, oder op dem Internet konsultéiert ginn)