Fuerschung an Innovatioun: D’CSV mat Nodrock

Fuerschung an Innovatioun sinn de Motor fir datt Lëtzebuerg seng Spëtzeplaaz och am 21. Joerhonnert behale kann. De Marcel Oberweis, CSV Deputéierten an Héichschoulexpert um 100,7 iwwert den Ausbau vun dësem Zukunftsberäich

De Marcel Oberweis op csv.lu

Den Débat iwwer d’Orientatioun vun eis neier Universitéit an iwwer d’Recherche an d’Innovatioun zu Letzebuerg stinn am Mettelpunkt vu villen Diskussiounen. Dee viru kuerzem virgestallte Rapport weist eng ganz Rei vu interessante Pisten iwwer eis Fuerschunglandschaft op.

D’Schaffung vun der Universitéit Lëtzebuerg am Joer 2003 gëtt do als ee Quantensprong ugesinn. Mat der Créatioun vun den Centres de Recherche Public ass viru bal 20 Joer de Grondsteen vun der Recherche geluegt ginn.

D’Lissabon-Strategie verlangt vun ons bis 2010 bis zu drei % vum Bruttoinlandsprodukt fir d’Fuerschung anzesetzen. 15 privat Entreprisen bedeelegen sech schons an et muss eis Suerg sinn, och déi Kleng- an Mettelbetriiber an dësen Innovatiounsprozess anzebannen.

An enger rezenter Etude hunn 65% vun dëse Betriber gesoot, datt sie eng Kooperatioun mat der Fuerschung sichen. Ongeféier 15 % hunn dee couragéierte Schrëtt bis elo awwer schons gemeet. Do läit also nach e grousst Potenzial fir eis Universitéit. An dem Zesummenhang musse mir duerfir eng vernetzte Recherchestruktur an Innovatiounskultur opbauen, a mir mussen den eenzelen Akteuren um Terrain hir Rollen kloer definéieren.

Een éischte Schrëtt ass schon duerch d’Zesummenaarbecht tëschent den dräi CRP’en an der Universitéit ënnerholl ginn. Projeten, wéi de Galileo-Programm an d’Telekommunikatioun, d’Notzung vun den erneierbaren Energien an déi nowuessend Ressourcen, d’Geeschteswessenschaften, déi nei Technologien an der Metallurgie, d’Beräicher vu Finanzen an Droit erlaaben et der Universitéit sech erfir ze doen.

Uni Lëtzebuerg: e Phare an der Groussregioun

AfficheXXL_07.gifEt läit op der Hand, datt mir d’Zesummespill vun der Universitéit iwwer den Enseignement supérieur nom Bologna-Prinzip an déi ugekoppelten Fuerschung – privat oder public – ennerstëtze mussen, fir datt Lëtzebuerg seng Spëtzeplaaz och am 21. Joerhonnert behale kann. An doniewend soll d’Politik an d’Zivilgesellschaft zu enger “entente cordiale” am Beräich Héichschoulwiesen an Innovatioun zesumme geschweest ginn.

Daat geschitt sécherlech duerch d’Zesummenschaffen vun den dräi Ministèren – fir d’Héichschoulwiesen a Fuerschung, de Mëttelstandsministère an de Wirtschaftsministère. Hei erginn sech déi neideg Synergien fir nei Nischen ze entwecklen an ze besetzen. Esou kann eis Universitéit als e Phare an der Groussregioun vun zeng Millioune Menschen wirken.

Eendäiteg: d’Fuerschung zu Letzebuerg ass e wichtegt Element vun der Wëssensgesellschaft a mir brauchen elo de neidegen universitäre Geescht. Wa mir eis déi langfristeg Visioun ginn, da wäerte mir sécherlech vill jonk Lëtzebuerger begeeschtere kënnen, fir sech mat Dévouement op dësem faszinéierenden Wee vun der Fuerschung an der Innovatioun ze engagéieren.

Wéi huet schons den chineschen Philosoph Laotse 300 v. Chr. gesoot: “Deen deen ëmmer an den Trëtt vun dem Virdrunn trëppelt, kann ni iwwerhuelen”. D’CSV wäert sech duerfir an dësem wichtege Prozess mat vill Nodrock engagéieren.

Marcel Oberweis, CSV-Deputéierten an enger Freier Tribune um 100,7, 28. Juni 2006