Nei Impulser um Wunnengsmaart

De Gilles Roth, Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer an CSG-President ass zouversichtlich, datt d’Mesuren vun der Regierung fir de Wunnengsbau d’Situatioun wäerten verbesseren

A senger Deklaratioun iwwert d’Laag vun der Natioun huet de Staatsminister Jean-Claude Juncker kierzlech eng Rei vu Mossnahmen géint verschidde Feeléntwecklungen um Wunnengsmaart ugekënnegt.

D’Propositioune vun der Regierung dierften an hierer Gesamtheet den iwwerdriwwenen Terrainspräisser hei am Land entgéint wierken.

Fakt ass, datt ze wéineg Bauland um Immobiliemaart disponibel ass. Dëst trotz de steierleche Mossnahmen aus dem Joer 2002, déi jo vum Prinzip hier d’Ziil haaten, de Wunnengsbau steierlech méi gënschteg ze machen. D’ Nofro un Terraien ass méi grouss ewéi d’Offer. Daat féiert dozou, datt zur Zäit ëmmer nach d’Bauland zu Hechstpräisser ugebuede gëtt. Eng einfach Wiss op compromis zu engem Präis vu 15.000 € pro Ar unzeschaafen ass fir de Baupromoteur bal ouni Risiko. Bezuele muss de Promoteur nämlech an der Regel erréicht, wann d’ Genehmigungen do sinn.

Méi efficace ob d’Baulanderschléissung awierken

Spéider da gëtt daat klasséiert Bauland mat déckem Gewënn fir de Präiss vu 50. 000 Euro pro Ar a méi verkaaft. Dobäi kënnt, datt de Kefer sech och nach dozou quasi verflichte soll, säin neit Haus mat enger vum Promoteur schons virbestëmmtener Firma ze bauen.

Décisioun vun der Regierung zesumme mat de gemengen d’Offer u Bauland méi grouss ze maachen, geet demno an déi richtig Richtung. Et ass eng Mossnahm fir méi efficace ob d’Baulanderschléissung an d’Baulandpräisser awierken ze kënnen. Nom Motto d’Konkurrenz beliewt d’Geschäft gëtt esou versicht, déi iwwerdriwen Terrainspräisser no ënnen ze drécken. An dem selwëschte Sënn ass och e Virkaafsrecht fir déi öffentlech Hand beim Verkaaf vun Terrainen eng gudd Saach.

Staat a Gemenge ginn och nach op engem aanere Plang méi aktiv um Immobiliemaart. Esou sollen d’Terrainen ënner der Form vun engem “bail emphytéotique” fir Wunnengsbauprojeten zur Dispositioun gestallt ginn. Hei ass de Staat bereet, de Gemenge 50 Prozent vun den Uschaafungskäschte vun esou Terrainen bäizeleeën. De Bail emphytéotique, daat as een laangjähregen Pachtvertrag vun bis zu 99 Joer, soll als Mëttel agesaat ginn, fir d’Baupräisser substantiell ze reduzéieren. Jonk Familjen dierf et wuel wéineg stéieren, amplaaz Proprietär vun engem iwwerdeierten Bauterrain ze sinn, souzesoen een Terrain ze lounen, de vun der öffentlecher Hand bereetgestallt gëtt an dorops hiert Haus opzeriichten. Een Wäertverloscht fir een Eegenheem wat zu akzeptabelen Präisser gebaut gouf, gëtt et dann jiddenfalls nët.

National Responsabilitéit

Schliesslech ass och eng allgemeng Upassung vun der Grondsteier ubruecht. Onbebauten Terraien déi am Kader vun engem Lotissement zu reng spekulativen Zwecker längerfristeg nët verkaaft ginn, mussen och méi staark kënnen besteiert gin.

Et bleiwt deemno ze hoffen, datt déi vun der Regierung an d’Aa gefaasste Moossnahmen kuerzfristeg ëmgesaat kënne ginn.

All um Immobilienmaart täteg Akteurë stinn hei an enger nationaler Responsabilitéit. Fir datt de Bau vun engem Eegenheem fir jonk Familljen hei am Land nach méiglech bleiwt.

Gilles Roth, CSG-President, an der Emissioun d’Parteien hunn d’Wuert ob RTL 92,5, Meindes, de 29. Mai 2006