Eng responsabel Politik fir eis Zukunft

De Maurice Bauer, CSV Generalsekretär-adjoint : « Responsabel Politik heescht fir d’CSV, speziell an eis Zukunft investeieren an ze suergen, datt Lëtzebuerg och weiderhin seng Chancen huet, wirtschaftlech a sozial ze wuessen »

M_Bauer.jpgDe Maurice Bauer, Generalsekretär-adjoint vun der CSV an enger fräier Tribune iwwert de Reformprozess fir eist d’Land

Responsabel Decisiounen fir eis Zukunft huelen, datt ass dei Erausfuederung virun der eist Land am Moment steet. Et geet sécherlech elo am Moment net drëm, fir den Däiwel un d’Mauer ze moolen, mais fir elo die richteg Decisiounen ze huelen, datt mir eiser Zukunft och weiderhin kënnen berouegt entgéint kucken.

Wann een d’Finanzsituatioun vun eisem Staat kuckt, ass et eng Tatsach, datt d’Ausgaben am Moment méi séier wuessen ewéi d’Recetten.
Dëst ass gewosst an huet sech och schons bei den Budgetsdiskussiounen Enn vum lëschte Joer gewissen. D’Gesamtrecetten vun 2006 si manner héich éwei d’Gesamtausgaben, esou datt mir dëst Joer wäerten e Budgetsdefizit kréien; an datt, obwuel mir hei zu Lëtzebuerg eng Wirtschaft hun dei am Joer ëm 4 Prozent wiest.

Virun dësem Hannergronn ginn et zwou Méiglechkeeten: oofwaarden, hoffen an awer duerno a Kaaf mussen huelen, datt irgendwann d’Stéieren gehéicht musse ginn an et zu engem massiven Sozialoofbau kënnt; Nee, dat ass awer ganz kloer net de Wee op den d’CSV wäert matgoen.

Opbrochsstëmmung

Fir d’CSV ass et haut kloer, datt d’Regierung sech elo muss mat den Sozialpartner an der Tripartite zesummen un een Dësch setzen, fir gemeinsam an am Konsens iwwert nei Méiglechkeeten nozedenken, fir an dëser Situatioun Äentwerten ze fannen an eng Opbrochsstëmmung ze schaafen.
Responsabel Politik maachen, heescht fir d’CSV, speziell an eis Zukunft investéieren an dofir ze suergen, datt Lëtzebuerg och weiderhin seng Chancen huet, wirtschaftlech a sozial ze wuessen.

Dëst heescht, datt mir nach méi mussen an d’Fuerschung, an d’Bildung, an de Wunnengsbau, an eis Familljenënnerstetzung, an den Emweltschutz, an och an d’Sécherung vun eisem starke soziale Netz investeieren.

Mir mussen awer och bereet sinn, iwwert d’Finanzéierung vun eiser sozialer Sécherhet ze schwetzen a verschidden Ausgaben an Déngschtleeschtungen op hier Zweckméissegkeet an Effizienz hien ze iwwerpréifen.

Fir d’CSV geet et drëm, elo eng Politik ze gestalten, fir datt och eis Kanner nach an engem wirtschaftlech staarken Lëtzebuerg vum Sozialmodell profitéiere kënnen an nach Chancen an Zukunftsperspektiven hunn.

Et geet drëm mëttel- a laangfristeg de Lëtzebuerger Sozialmodell ofzesécheren a gläichfalls gesond Staatsfinanzen ze behaalen.

Ëm datt geet et, an dofir sinn d’Politik an d’Sozialpartner, mais awer och mir alleguer gefuerdert, fir an denen nechste Méint responsabel a solidaresch Décisounen ze huelen am Sënn vun eiser Zukunft.

Maurice Bauer, CSV Generalsekretär-adjoint um RTL/92,5, Meindes, den 13. Feburar 2006