Eng realistisch Weebeschreiwung fir d’Zukunft

Den CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz an enger fräier Tribün op RTL Radio Lëtzebuerg iwwert dem Premier seng Deklaratioun vun de politische Prioritéite vun der Regierung.
De Premier Jean-Claude Juncker huet a senger Deklaratioun zur genereller Politik d’Herausfuerderungen, déi sech dem Land stellen, op de Punkt bruecht.

Dës Ried war eng realistisch Bestandsopnahm. Näischt ass schwarz gemollt ginn. Näischt ass schéin geschwaart ginn. D’Saache sinn beschriwwe ginn, wéi sie eben sinn.

Muenches muss weiderbruecht ginn : Stechwuert Gesellschaftspolitik.

D’Regierung leet an de nexte Wochen e neie Gesetzprojet iwwert d’Stierwbegleedung vir. De Projet Duebel Nationalitéit gëtt weiderbruecht. Am Mëttelpunkt wäert och ënnert aanerem eise Sproochesystem an vir op d’lëtzebuerger Sprooch stoen.

Muenches brauch nei Impulser : Stechwuert Wunnengsbau.

Wunnen a Bauen sinn ze deier zu Lëtzebuerg. De Staat an d’Gemengen sinn gefuerdert. Sie sollen zesummen nei Impulser setzen.

Villes därf nët akzeptéiert ginn. Stechwuert Aarbechtslosegkeet.

D’Aarbechtslosegkeet ass keng Fatalitéit. D’Ziel ass d’Vollbeschäftegung. Wien schaffe wëll a schaffe kann, muss kënnen eng Aarbecht fannen. Fir d’Aarbechtslosegkeet no ënnen ze drecken, muss jiddereen eng fest Hand mat upacken. De Staat, d’Betrieber, d’Gewerkschaften, d’Léit, déi schaffen an déi Léit, déi eng Schaff sichen.

Eppes muss am Mëttelpunkt stoen : D’Compétitivitéit vun eiser Wirtschaft.

D’Lissabonstratégie, d’Formation continue, e kontinuéirlech heeche Niveau bei den Investitiounen an den Infrastrukturen, den solidden Ausbau bei de Fuerschungseffortën an de Betrieber, op a niewt der Uni sinn e puer Punkten, déi hei ze ënnersträiche sinn.

Prioritär bleiwt d’Diversifizeierung. D’Lëtzebuerger Economie gëtt op méi breed Féiss gestallt. D’Schwéierpunkte sinn héi niewt der Finanzplaatz, d’Informatiouns- an d’Kommunikatiounstechnologien. D’Regierung well Lëtzebuerg zu enger Haaptadress vun den e-Technologien maachen. Wichteg Akteuren notze Lëtzebuerg schon’s als Plattform. Mat aneren Akteuren huet d’Regierung villversprechend Kontakter.

Fir datt dës Aktivitéiten hirt d’Potential ganz kënnen entfallen, muss d’Emfeld stëmmen. Fir d’éischt, daat steierlecht Emfeld. Daat gënschtegt steierlecht Emfeld, datt mir wëllen erhaalen an ausbauen. Stechwuert : TVA op den Teles-Servicer. Dann, als zweet ass et wichteg, datt daat gesetzlecht Emfeld stëmmt. Stechwuert : Reform vum Datenschutzgesetz. Dann, als drëtt : D’Infrastrukturen. Et geet drëm, etwaig punktuell Defiziter, waat d’Ubannung vu Lëtzebuerg un die international Datenautobunnen ugeet, ze verbesseren.

All daat a vill aaneres sinn d’Bausteng, déi hiirt zu engem kompetitiven Lëtzebuerg bäidroën.

Lëtzebuerg muss sech fir d’Zukunft opstellen. An enger Reih Beräicher musse mir eis nei opstellen.D’Zesumme kënne mir daat packen. D’CSV ass op jidder Fall gewëllt, hiirt dozou baizedroën.