JO: well et ëm Lëtzebuerg geet!

Michel Wolter: “Déi Europäesch Verfassung ass eng Noutwendegkeet, fir datt Europa ka weiderkommen.”

Dëse Sonndeg ass et esouwäit. No enger Campagne, déi méi intensiv war wéi laang Zäit gemengt gouf, stëmmen d’Lëtzebuerger iwwer déi europäesch Verfassung of. D’Argumenter si kloer a leien um Dësch. Béid Säiten, d’Verfechter vun der Verfassung an och hir Géigner, hu sech wärend Woche mam Text der Verfassung ausernee gesat an hir Iddië matenee konfrontéiert. Trotzdeem sollt een elo, zwee Deeg virum Referendum, nach eng Kéier widderhuelen, ëm wat et eigentlech geet. Et geet nämlech am Fong ëm näischt anescht wéi d’Zukunft vun Europa – an domat och ëm eis Zukunft an Europa.

Europa huet eis 60 Joer Fridden, Wuelstand a sozial Entwécklung bruecht. Ni virdrun an eiser Geschicht hu mer 60 Joer ouni Krich kannt, 60 Joer, déi et erlaabt hunn, eis als Natioun an als Land ze entwéckelen. Dëst huet Europa méiglech gemaach. Ouni Europa wir et net gaangen.

Lëtzebuerg ass vun deem äermste vun dene sechs Grënnerstaaten zu deem haut räichste vu 25 Memberstaate ginn. Och wa weider Memberstaaten derbäikommen, ännert sech näischt un dëser Positioun. Mir wire net déi, déi mer haut sinn, wa mer Europa net gehat hätten.
Bei all Erweiderung huet sech d’Fro gestallt, wéi et dann elo viru geet, an no all Erweiderung hunn déi al an déi nei Memberstaaten zesummen Europa weiderbruecht. No all Erweiderung war d’Roll vu Lëtzebuerg méi eng staark, eis Wirtschaft huet duerch déi nei Mäert profitéiert, an et si nei Aarbechtsplazen an nei Aktivitéiten entstanen.

Lëtzebuerg ass haut esou staark, esou respektéiert an esou unerkannt wéi nach ni. Dës Stäerkt, dëse Respekt an dës Unerkennung hu mer als Memberstaat vun der Europäescher Unioun. Wa mer dat wëlle bleiwen, wat mer haut sinn, da musse mer Europa weiderbréngen.

Déi Europäesch Verfassung ass eng Noutwendegkeet, fir datt Europa ka weiderkommen. Mir brauchen dës Verfassung, fir datt d’Unioun hir Institutioune kann un hir nei Gréisst upassen, hir Politike verdéiwen, hir Aktioun uechter d’Welt verstäerken.

Fir Lëtzebuerg ass déi Europäesch Verfassung noutwenneg, fir am Kader vun Europa eis eegen Entwécklung kënne fortzesetzen. Lëtzebuerg brauch Europa. Europa brauch déi Verfassung. De Choix vum 10. Juli ass am Fong ganz einfach.