Mat Leidenschaft kämpfen

Referendum vum 10. Juli: Auszich aus dem Premierminister Jean-Claude Juncker senger Deklaratioun an der Chamber den 21. Juni 2005
Klickt hei fir den integralen Text

Decisioun vum Parlament ass d’Decisioun vum Parlament. (…) Déi Decisioun ass vun der Regierung ze respektéieren, a vun der Regierung och net ze diskutéieren, a vun der Regierung och net ze disputéieren, a vun der Regierung och net ënner Kontrovers ze stellen.

Ee Reckschrëtt ouni Verfassung

Déi, déi soen, “et soll alles bleiwe wéi et ass” a “mir brauchen näischt Neits, et ass jo alles gutt esou wéi et ass”, déi liwweren d’Fudder an d’Munitioun fir déi, déi dat Europa wat mir hunn, a wat mir zwar an enger Rei Aspekter net gefällt, wëllen zréckdréinen op déi europäesch Situatioun, déi mir haten, ier mir déi Politiken stoen haten, déi äis et erlaabt hunn an Europa virunzekommen.

Zwou Konzeptiounen vun Europa

Et gëtt déi fir déi ass d’Europäesch Unioun soss näischt wéi ee grousse Maart. Ee grand Magasin, wou een all Produit blanc ze kaafe kritt, déi bëlleg sinn, déi näischt kaschten, vun deenen een net weess, wou se hierkommen a vun deenen een net weess, wat vun Aarbecht an deene Produkter drastécht. Eng grouss Fräihandelszon (…)

Da gëtt et déi, déi deem Marché, dem Maart wëlle Solidaritéit ginn. (…) D’sozial Marktwirtschaft, déi als Prinzip an deem neie Verfassungsvertrag fir d’Éischt an der europäescher Geschicht ageschriwwe gëtt, déi gëtt dem Maart eréischt déi richteg Faarw, déi richteg Kräften, de richtege Jus, deen erdräeglech maache fir d’Leit, déi mat de Marktgeschehen ze dinn hunn an déi net nëmmen der renger Gesetzesmässegkeet vum exklusive Maart ënnerworf sinn.

Dat sinn déi zwou Konzeptiounen vun Europa déi sech géintiwwer stinn. Déi, déi d’Fräihandelszon wëllen an déi, déi d’politesch Integratioun wëllen. An ech soen Iech, fräi a frank, mir mussen äis wieren géint ee rücksichtslose Maart. Mir mussen äis dogéint wieren, datt falls mir dee Verfassungsvertrag net kréien, déi Recht behalen, déi en net wollten, an déi de Maart eleng wëllen, an deenen d’Solidaritéit ee Graus ass.

wëlle mer eng Europäesch Unioun, déi d’sozial Martkwirtschaft a seng Verfassung geschriwwen huet? Déi an der Verfassung stoen huet, datt all Politik muss iwwerpréift ginn, ob et de sozialen Exigencen entsprecht,

D’Verfassung verankert d’Eegestëmmegkeet an de Steieren

Bei de Steieren muss et bei der Eestëmmegkeet bleiwen. An deem neie Vertrag bleift et bei der Eestëmmegkeet. A mir wëllen dach jo och net, datt duerch en EU-mehrheitleche Beschloss vun den europäesche Regierungen driwwer decidéiert gëtt wéi den normalen TVA-Saz hei zu Lëtzebuerg ass, oder wëlle mer dat?

An dofir musse mir – ech maachen dat – mat Leidenschaft kämpfen, fir datt d’Lëtzebuerger den 10. Juli Jo soen – wéinst Europa a wéinst dem eegene Land.

Et geet drëms, ob mer äis versöhne mat deem, wat mer an der Vergaangenheet gehollef hunn opzebauen, a wat mer wëlle mathuelen an d’Zukunft eran.

An dofir, et ass eng Saach vum Häerz!