Appel fir e “JO” zum Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa

66 Personalitéite aus Lëtzebuerg maachen en Appel fir den Jo den 10. Juli

Léif Leit,

Den 10. Juli 2005 sidd Dir opgeruff, Äer Meenung zum Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa ze soen. Den Text, iwwert deen Dir ofstëmme sollt, ass bei wäitem net perfekt. Hie stellt ower e wichtege Mäilesteen am Opbau vun engem reconciliéierten Europa duer. Den Haaptverdéngscht vun dësem Europa ass d’Schafe vun engem Raum vu Fridden, Sécherheet a Wuelstand. Lëtzebuerg huet vill zum Opbau vun Europa bäigedroen an ass eent vun de Länner, déi am meeschten vum europäesche Projet profitéiert hun.

Den Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa (deen mir verkiirzt elo hei Constitutioun nennen) ass e Kompromisstext vun de 25 EU-Memberstaaten. Ouni d’Schwächte vun dësem Text wëllen ze ignoréieren, si mir der Meenung, datt et zwielef gutt Grënn gi fir “Jo” ze soen:

1- D’Constitutioun ass ausgeschafft gi vun engem Konvent, dee sech zesummegesat huet aus Memberë vum Europäesche Parlament, den nationale Parlamenter a Vertrieder vun de Regirungen. D’Regirunge vun de 25 Memberstaaten hunn d’Constitutioun eestëmmeg adoptéiert. Si huet also eng demokratesch Legitimatioun kritt.

2- D’Constitutioun setzt d’Europäesch Unioun an de Kontext vun der Joerdausender aler Geschicht vun Europa a berifft sech dofir op hiert “kulturellt, reliéist an humanistescht” Ierwen. Dëst Ierwe prägt de ganzen Text vun der Constitutioun a gëtt hier hier wierklech Dimensioun.

3- D’Constitutioun begrënnt eng Charte vu Prinzipien, déi rechtsverbindlech sinn (Fräiheet, Gläichheet, Nët-Diskriminiéierung, v.a. d’Gläichstellung vu Fra a Mann, ..). D’Charte ass e Garant fir all Awunner vun der Unioun a schaaft e Grondbestand vu Wäerter, déi all déi Länner musse respektéieren, déi enges Dags wëllen an d’Unioun dobäikommen.

4- D’Constitutioun confirméiert de Raum vu Recht a Sécherheet, deen an de vergaangene foffzeg Joër geschafe ginn ass. D’politesch Beräicher vu Grenzkontrollen, Immigratioun, Asyl a Visa falen an der Zukunft ënnert d’Kompetenz vun der Unioun, dëst ass en imense Fortschrëtt.

5- D’Constitutioun faasst déi bestoend Traitéeen zesummen a suergt domat fir méi Kloerheet an Transparenz am Fonctionnement vun den Institutiounen. Si delimitéiert d’Kompetenze vun den eenzelnen Organer vun der Unioun a mecht et méi einfach, d’Decisiounsprozesser nozevollzéien (e bessert Versteesdemech wien wat an der Unioun mecht).

6- D’Constitutioun féiert zu enger däitlecher Verbesserung vum Fonctionnement vun den europäeschen Institutiounen, well si dat Gemeinschaftlecht an Demokratescht an der Unioun stäerkt: den Ausbau vum Majoritéitsvote, eng Erweiderung vun de Pouvoirë vum Europäesche Parlament, méi eng intensiv Abezéiung vun den nationale Parlamenter, e Biergerinitiativrecht iwwert de Wee vun der Petitioun mat op d’mannst enger Millioun Ënnerschrëften.

7- D’Constitutioun ass zukunftsorientéiert a setzt sech fir de Konzept vun der nohalteger Entwécklung an. Gläichzäiteg ass d’Bäibehale vum héigen Niveau am Gesondheetswiesen an am Ëmweltschutz eent vun hieren Haaptuleies. Doriwwer eraus bleift si der Virreider-Roll trei déi d’Unioun an den Verhandlungen vum Kyoto-Protokoll gespillt huet.

8- D’Constitutioun kuckt no der sozialer Kohäsioun an eiser Gesellschaft a setzt sech a fir eng Economie am Déngscht vun de Männer a Fraen, a fir eng Politik vun der Solidaritéit tëscht de gesellschaftleche Gruppen an Altersklassen. Eng adequat sozial Ofsécherung, d’Verbesserung vun de Liewens- an Aarbechtsconditioune si weider Schwéierpunkter an der Constitutioun. Si wierdegt och déi besonnesch Roll vum Sport a senger sozialer an edukativer Funktioun.

9- D’Constitutioun bestätegt déi kulturell a sproochlech Diversitéit vun de Memberstaaten an der Unioun. Si respektéiert d’Identitéit vu jidderengem a verziicht op all Striewen no Vereenheetlechung; domat gëtt si dem Slogan vun der Europäescher Unioun gerecht: “Verenegt an der Diversitéit “.

10- D’Constitutioun steet an der Traditioun vun eisem Land, dat zënter dem Opruff vum Robert Schumann 1950 all europäesch Beméiunge positiv opgegraff huet. D’Constitutioun ofzeleene géing heeschen, eis Vergaangenheet ze leegnen. D’Constitutioun schreift d’Zuel vun eisen Députéierten am Europäesche Parlament fest a stäerkt Lëtzebuerg als europäesch Haaptstad a Siège vu wichtegen Organer an Institutiounen vun der Unioun.

11- D’Constitutioun stäerkt d’Positioun vun Europa an der Welt duerch d’Schafe vum Poste vun engem europäeschen Ausseminister a vum Poste vun engem President vum Conseil européen fir d’Dauer vun zweenhallef bis fënnef Joer. Méi eng staark gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik gëtt der Unioun um internationale Plang vill méi en däitlecht Profil.

12- D’Constitutioun schaaft kee Federalstat a si deklasséiert d’Unioun och nët op den Niveau vun enger einfacher Confédératioun. Si verdeelt d’Kompetenzen tëscht der Unioun an de Memberstaaten nom Prinzip vun der Subsidiaritéit: deemno agéiert d’Unioun nëmmen dann, wann d’Memberstaaten dat nët selwer a geeegenter Form kënne maachen. De Charakter vum europäeschen Opbau an de Schutz vun der nationaler Identitéit fannen hiere stäerksten Ausdrock an dësem Prinzip vun der Subsidiaritéit.

Wat fir Konsequenzen hätt d’Ofleenung vun der Constitutioun? D’Unioun misst sech weiderhin un den Traité vun Nice (2001) halen, deen Europa bremst. Neen ze soen heescht Réckschrëtt, grad well och nët unzehuelen ass, datt en neien Text fir eng Constitutioun, deen dann och neess eestëmmeg misst ugeholl ginn, eng Verbesserung brénge géif.

D’Constitutioun gëtt vill kritizéiert. Fir déi eng geet si nët wäit genuch an der Integratioun, fir déi aner geet si vill ze wäit. Si schéngt sech méi mat der economescher Integratioun ze befaassen (Konkurrenz) wéi mat der sozialer Harmoniséierung. An awer ass dat Sozialmodell, wat si beschreift, dat fortschrëttlechst op der ganzer Welt. Et wor eben zu 25 nët besser ze maachen.

D’Constitutioun verbarrikadéiert kee Wee an d’Zukunft, a si bréngt och keen sozialen Réckschrëtt. Am Géigendeel: si mecht de Wee fräi fir en Europa, dat politesch, wirtschaftlech a sozial staark ass. Natierlech nëmmen da wann d’Regirungen an d’Vëllker dat och wëllen. E Jo vun Iech geet an déi richteg Richtung.

D’Signatairen:
Guy Aach, Henri Ahlborn, Serge Allegrezza, Charles Barthel, Hubert Bauler, Romain Bausch, Tom Bellion, Hubert Clasen, Alwin de Prins, Guy Dockendorf, Romain Ernst, Fernand Ernster, Danièle Faltz, Carine Federspiel, Liliane Fisch, Lily Gansen, Norbert Geisen, Erny Gillen, Pierre Gramegna, Hubert Hausemer, Marc Hengen, Frank Hoffmann, Jean-Claude Hoffmann, Maryse Hoffmann, Jean Hoss, Edmond Israël, Ginette Jones, Camille Kerger, Joseph Kinsch, Anne Kremer, Charles Krombach, Jean-Paul Lehners, Raymond Lies, Marc Limpach, Ger Maas, Roger Manderscheid, Jean Meyer, Charles Muller, Frantz-Charles Muller, René Nuss, Marc Olinger, Josianne Peiffer, Marienne Pesch-Dondelinger, Jean Petit, Paul Philipp, Patrice Pieretti, Gilbert Pregno, Marie-Paule Prost-Heinisch, Gérard Rasquin, Paul Reckinger, Isabelle Schaefers, Francis Schartz, Romain Schmit, Paul Schummer, Denis Scuto, Roger Seimetz, Patrice Silverio, Gaston Stein, Marc Theisen, Gilbert Trausch, Alex Weber, Nicole Weis, Marie-Anne Werner, Joé Wirtz, Michel Wurth.