Gemengewalen, Landesplanung an kommunal Entwécklungspläng

Aus enger fräier Tribün vum Paul Weimerskirch, Nationalsekretär vun den CSV-Gemengeréit, op RTL Radio: “Den IVL, een ambitiöse Programm, wou all Partner, déi fir d’Entwécklung um nationalen oder regionalen a kommunale Nivaeu Responsabilitéit droën, gefuerdert sinn, matzeschaffen a matzehandelen. An dat iwwer all Partei- a Gemengengrenzen eraus.”

An e puer Méint si Gemengewalen. Och wann d’Parteien nach nët am Walkampf stinn, esou laafen op ville Niveauë, déi präparativ Aarbechten un. An eenzelne Gemenge si schons Lëschte bekannt, et gëtt fläisseg un de Programmer geschafft, de Kontakt zum Bierger gëtt gesicht. Mat engem speziellen Bildungsprogramm ginn d’Kandidate vun der CSV op hir Aufgab als Conseillje präparéiert. Demno also dach vill Bewegung am Virfeld vun de Walen.

Zesummenaarbecht a koordinativt Schaffen erwënscht

Dat ass gutt, well op eis Gemengen kommen nei a schwiereg Aufgaben zou, wou mir engagéiert a kompetent Leit brauchen, déi als Buergermeeschter, Schäffe oder Conseillje responsabel sinn. Op Gronn vun den economeschen a sozialen Entwécklungen an eisem Land, stinn och eis Gemengen virun Erausfuerderungen, wou et noutwendeg ass mat entspriechende Gesetzer, Reglementer a Konzepter drop ze reagéieren, fir dat och weiderhinn Liewesqualitéit, Wuelstand an eng harmonesch Entwécklung méiglech ass.

Et ass kloër, datt eis Gemengen dobäi eng gewëssen Autonomie brauchen fir optimal ze fonktionéieren. Et ass awer och wichteg, dat all eenzel Gemeng nët einfach isoléiert fir sech aleng Decisiounen trëfft. An eisem klengen Land sinn d’Gemengen op Zesummenaarbecht a koordinativt Schaffen ugewisen.

Mir brauchen méi ewéi je virdrun eng koordinéiert, kohärent an effizient Entwécklung an eise Gemengen, an dat mat enger regionaler Planungsapproch, mat kohärenten Konzepter a mat intelligenten Reglementer. Et ass dëst d’Basis fir d’Liewes- a Wunnqualitéit vun all eenzel Gemeng weiderhinn ze garantéieren.

Gutt Viraarbecht ass geleescht ginn

Fir dës Politik ëmzesetzen, sinn en deene leeschte Méint vu Säiten vum Innenministär wichteg Viirarbechte geleescht ginn. Ech denken hei un éischter Plaz un dat Integrativt Verkéiers- a Landesentwécklungskonzept, kuerz IVL genannt. Den IVL ass baleiwe keng Bibel, et sinn vrun allem Äentwerten, Visiounen a Léisungsmodeller fir d’Zukunft vun eisem Land an eise Gemengen. Et geet hei ëm kohärent Mossnahmen am Beräich vun der Landesplanung, an domatter ëm déi regional a kommunal Entwécklung.

D’Ziler si kloër: e.a. manner Verkéiersbewegungen, den Ausbau vum öffentlechen Transport, d’Schaffe vu regionalen Zentren, eng moderat Bebauungspolitik an den Erhalt vu Gringflächen. Een ambitiöse Programm demno, wou all Partner, déi fir d’Entwécklung um nationalen oder regionalen a kommunale Nivaeu Responsabilitéit droën, gefuerdert sinn, matzeschaffen a matzehandelen. An dat iwwer all Partei- a Gemengengrenzen eraus.

Qualitéit a Nohaltegkeet

Dat selwescht gëllt fir dat neit Gesetzt iwwer den Aménagement vun de Gemengen, daat jo indirekt mat dem IVL verbonnen ass. Et ass e wichtegt Gesetz, well et reegelt, wéi an ënner welche Konditiounen zu Lëtzebuerg gebaut kann gin. Et ass vrun allem een innovativt Gesetz, well et den Akteuren vill nei Méiglechkeeten gëtt, fir zukunftsorientéierten a qualitativen Städtebau ze maachen. Ouni Zweifel verstärkt daat neit Gesetz d’Verantwortung vun de Gemengen am Beräich vum Urbanismus an erméiglecht eng méi nohalteg Wunnengsbaupolitik.

Eng kohärent Entwécklung vun eisem Land, fänkt an de Gemengen un. Liewes- a Wunnqualitéit garantéieren ass een Uleies, datt nët zum Nulltarif realiséiert ka ginn. De fréieren Innenminister Michel Wolter an den aktuelle Innenminister Jean-Marie Halsdorf hu mat hirer Politik d’Basis geschaff, et ass un de Gemengen an dëser Philosophie weiderzefueren, ouni datt Gemengen hire Charakter an hir Eegenart verléieren. Am Géigendeel.

(aus enger fräier Tribün op RTL Radio vum Paul Weimerskirch)