Luc Frieden am Interview

De Budgetsminister Luc Frieden op RTL Radio Lëtzebuerg

Eric Ewald: No gëschter also laangen Debatten um Krautmaart an um Kierchbierg ass de Budgetsminister Luc Frieden elo, wéi gesot, live bei äis am Studio. Gudde Moien, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Moien.

Eric Ewald: Firwat ass et gëschter um Kierchbierg zu deene siwe Stonne laangen an haarde Kontroverse komm? Et hat ee jo gemengt, deen europäeschen Dossier, deen ëmmerhin eng Virgeschicht vu ronn engem Joerzéngt huet, wier esou wäit kloer.

Luc Frieden: Jo, ech muss soen, mir haten dat och gemengt, mä mir hunn äis nach eng Kéier misse während siwe Stonne mat Hänn a mat Féiss wieren, fir datt déi Conditiounen, déi mir ofgemaach haten, och wierklech géinge respektéiert ginn. Ech mengen, datt verschidde Memberstaten, déi awer op eemol eng Avalanche vun aneren Ënnerstëtzunge kritt hunn, wollten op eng Rei Saachen zréckkommen, déi am Fong schonn ofgemaach waren. An dofir hu mir nach eng Kéier gesot, mir halen drop, datt mir eng europäesch Regelung fannen, déi d’Konkurrenzfähegkeet vun der Finanzplaz Lëtzebuerg assuréiert, dat heescht, datt jiddwereen no de nämmlechte Regelen an deem Europa spillt, an och ronderëm Europa. Mir sinn ëmmer op där Schinn bliwwen, an dofir huet dat esou laang gedauert, well mir äis net do op d’Säit drécke gelooss hunn.

Eric Ewald: Ee vun de Punkten, un deem sech d’Debatten gëschter festgebass haten, war dee vum Applicatiounsfeld vun der Directive, dat heescht, wat fir Zorte vun Investitiounsfongen drënner falen, a wat fir eng net. Hu Dir do missen nogi vis-à-vis vun deem, wat bis elo gesot war? A ginn der Bankeplaz doduerch Geschäfter verluer?

Luc Frieden:
D’Europäesch Kommissioun war der Meenung, datt eng Rei vu Konstruktioune vu Fongen, Fongen, déi indirekt an Zënsprodukter investéieren, zu Lëtzebuerg géingen an der Applicatioun erausgeholl ginn, woubäi déi an anere Länner dra wieren. D’Kommissioun ass dobäi vun 23 Memberstaten ënnerstëtzt ginn, an d’Kommissioun huet och gesot, wa mir dat net géingen änneren, da géing si äis direkt op d’Geriicht huelen. Mir hu gesot, mir si fir eng eenheetlech Uwennung vun der Directive, mä mir wëlle sécherstellen, datt och an den Drëttstaten dat hei esou ugewandt gëtt.

Dat ass eppes, wat net an eisem Gesetz steet, dat ass also einfach eng Ausféierung déi herno gemaach gëtt, an dofir hu mir gesot, bon, wann dir sot, an der Schwäiz an a Liechtenstein géing dat och esou gemaach ginn, dann hätte mir dat gäre schrëftlech. Ech gesi gären dat schrëftlech do stoen, datt dat wierklech esou gemaach gëtt, an dofir hu mir gesot, déi Garantie hu mir haut net, also musse mir am Juni, am Conseil vun de Finanzministeren am Juni, dodrop zréckkommen, fir ze gesinn, datt iwwerall déi nämlecht Zënsen, Fongen, ënnert déi Directive, respektiv déi Traitéë mat deene State falen, a wa mir dat net gesinn, jo, da gëtt et och zu Lëtzebuerg net esou gemaach.

Eric Ewald: Dir hutt eegenen Aussoen no och vill Iwwerzeegungsaarbecht misse leeschten, bei der Interpretatiounsfro, dat heescht, vu wéini un d’Zënsen der Directive no besteiert ginn.

Luc Frieden: Dat war e ganz wichtege Punkt. An eisem Gesetz, dat wat gëschter Owend mat enormer Majoritéit, 55 Deputéierte, gestëmmt ginn ass, steet, datt et just d’Zënse sinn, déi ufalen an déi bezuelt ginn nom 1. Juli 2005. D’Kommissioun ass der Meenung, datt et all Zënse sinn, déi bezuelt ginn nom 1. Juli, déi kënnen awer virdru schonn ugefall sinn, dat kënnen Zënse vum leschte Joer sinn, déi elo eréischt ausbezuelt ginn.

Ech hunn och do plädéiert, datt d’Lëtzebuerger Interpretatioun net nëmme juristesch déi richteg wier, mä och, datt dat géing verlaangen, datt mir d’Gesetz nach eng Kéier missen zu Lëtzebuerg änneren. Datt also dann den Datum vum 1. Juli nach méi a Gefor wier. En ass och elo nach e bësschen a Klammere, well mir jo net wëssen, wat an Drëttstaten iwwerall geschitt, mä ëmmerhin, herno hunn du d’Kommissioun an déi aner Memberstaten [un], d’Lëtzebuerger Positioun sech ralliéiert. Si waren net dovun iwwerzeegt, mä d’Argument, datt mir missen d’Gesetz änneren, mengen ech, huet se finalement iwwerzeegt, dat heescht, zu Lëtzebuerg sinn et nëmmen déi Zënsen, déi nom 1. Juli 2005 ufalen, an dofir och da bezuelt ginn.

Eric Ewald: Lescht Fro un Iech, Här Minister. 22 vun den 25 EU-Memberlänner féieren also am Prinzip, wann all d’Conditiounen erfëllt sinn, vum 1. Juli un, en automateschen Informatiounsaustausch iwwer d’Placementer vun hire Leit an engem aneren EU-Stat an. Lëtzebuerg, Éisterräich an d’Belsch maachen dat net an erhiewen eng Quellesteier fir Net-Residenten, déi bis no 2010 op 35% klëmmt. Mä kann d’Bankgeheimnis dann och laangfristeg ofgeséchert ginn?

Luc Frieden: Jo, ech mengen, et ass dofir, wou mir dëse Steierpak 2003 an och gëschter ugeholl hunn, nämlech datt mir domat assuréiert hunn, datt mir zu Lëtzebuerg Rechtssëcherheet hunn, mir wësse wat an deenen nächsten 10 Joer geschitt. Mir hunn d’Konkurrenzfähegkeet vun der Finanzplaz assuréiert, well mir mat deenen nämmlechte Moyene kënnen eis verdeedege wéi déi aner, notamment d’Schwäiz, a mir hu fir d’éischte Kéier eng europäesch Garantie, datt d’Bankgeheimnis [bleift], an dofir och d’Quellesteier zu Lëtzebuerg kënnt. D’Bankgeheimnis wat d’Schwäizer hunn, wat d’Liechtensteiner hunn, hu mir och. An elo hunn déi aner gesot, jo, mir sinn domat d’accord, well dir eng Quellesteier aféiert, no deene Conditiounen op déi mir wäerte pochen. Dir hutt dat virdru gesot, ech widderhuelen et nach eng Kéier, zu Lëtzebuerg féiere mir déi Quellesteier fir Non-Residenten den 1. Juli an, mä nëmmen, wa mir bis dohin d’Garantie hunn, datt an Drëttstaten, a virun allem och an all deenen Territoirë vun England a vun Holland, déi nämmlecht Regelen dann applizéiert ginn. Jo, d’Bankgeheimnis bleift bestoen.

Eric Ewald: Déi nächst Episod am Dossier Zënsbesteierung ass elo emol ufanks Juni, wann nach emol gekuckt gëtt, op dann all d’Conditiounen och fir e Lëtzebuerger Accord gi sinn. Merci, Här Frieden, fir dës Explicatiounen de Moien.

Luc Frieden: Gär geschitt.

RTL Radio Lëtzebuerg, 13. Abrëll 2005/SIP-Service Information et Presse