Interview mam Jean-Claude Juncker op RTL Télé Lëtzebuerg
Caroline Mart: An am Studio begréissen ech elo den EU-Rotspresident a Lëtzebuerger Staatsminister. Jean-Claude Juncker, gudden Owend.
Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.
Caroline Mart: Dat do war jo awer alles erstaunlech fein, dobäi wier jo elo eng gutt Geleeënheet, Dir sidd vun der Presidence schwéier absorbéiert, da kéint d’Oppositioun e bëssche méi schaarf schéissen. Ass se esou solidaresch am Numm vun Europa oder fäert een Iech esouguer wann Dir de Réck gedréit hutt?
Jean-Claude Juncker: Ech menge si fäerte mech esouguer net vu vir. Mä ech fannen, datt d’Kollege vun der Oppositioun, besonnesch Déi Gréng an d’Demokratesch Partei sech responsabel behuelen, well se ganz genau wëssen, wéi zolidd datt d’Ustrengung ass. Ech sinn dankbar dofir.
Caroline Mart: Lëtzebuerg huet d’Presidence, mir hunn et gesinn, d’Lëtzebuerger, esouguer d’Oppositioun, ass houffreg op hiren dichtege Premier. Mir gëllen ëmmer nach esou als Zort Musterschüler vun Europa an als Musterschüler soe mir och, mir wëllen den EU-Referendum esou séier wéi méiglech maachen, e gëtt elo nach duerchgezunn an deenen nächste 6 Méint an Dir setzt Iech selwer esouguer als Joker an an Dir sot, e gewëssen Drock ass jo dann do, wann net, da ginn ech. Wéi ass dat, kéint dat net och kontraproduktiv sinn, datt d’Leit sech awer iergendwéi e bësschen iwwerdubbert fillen, esouguer wann ee Jo erauskënnt, datt se soen, mir ginn dora gedréckt, mir hu quasi keng Wiel.
Jean-Claude Juncker: Also, Dir erstaunt mech haut net fir d’éischt, mä och haut. Et ass ëmmer verlaangt ginn, datt bei wichtegen europäesche Weichestellungen d’Lëtzebuerger géife gefrot ginn. Dat maache mer dës Kéier. Mir maachen dat zu engem Datum, vun deem jiddweree weess, datt dat net mäi Lieblingsdatum ass, well ech einfach wosst, well ech dat scho véiermol matgemaach hunn, datt d’Presidence een esou an Usproch hëlt, datt een deen demokratesche Minimum, deen de Respekt virum Wieler verlaangt, net ka leeschten. Dat heescht wochelaang duerch d’Land ze zéien an ze erkläre wourëms et geet bei deem europäesche Verfassungsvertrag. Déi Zäit feelt enger Rei vun eis an dat ass net gutt. Ausserdeem hunn ech de Lëtzebuerger net gedroht, et gëtt der jo och vill, déi dat net als Drohung ëmpfannen, wann ech géif d’Blad botzen. Ech si gefrot ginn, bei Iech op der Antenn, wat mer dozou géif afalen, wann d’Lëtzebuerger géifen Nee soen a wéi et da géif virugoen an dozou fällt mer näischt an, well ech weess dann net, wa Lëtzebuerg alleng géif Nee soen, wéi mer virufueren an ech hu spontan meng Meenung gesot. D’Leit musse sech dru gewinnen, datt een heinansdo einfach vun der Long op d’Zong seng Meenung seet. Ech wëll domat keen erpressen, mä et ass jo awer gutt, wann ee seet, wat geschitt, wann eppes geschitt, wat een net wëll. Ech hänken un där Saach, verstitt Dir? Ech hänke esou laang drun, wéi d’Leit och drun hänken. Ech hu keng Loscht, ech kann dat och net, ech kann dat wierklech net, fir Lëtzebuerg opzetrieden an Europa an ech hätt d’Gefill, wéi wann d’Leit net hannerun engem géife stoen. Ech lafen net gär mam Fändel an dann dréien ech mech ëm an dann ass kee méi do. Ech kann dat net an dat wollt ech de Leit soen. D’Leit maache souwisou wat se fir richteg fannen, ob Juncker oder net Juncker, dat ass net hir éischt Suerg.
Caroline Mart: Dir sot, ech hu keng Zäit, vill vun eis hu keng Zäit fir duerch d’Land ze goen an de Leit z’erklären, mä et ass jo awer wichteg, wann d’Leit gefrot ginn, grad zu esou engem wichtegen Text, zu engem schwiereg komplizéierten Text, musse se jo awer iergendwéi informéiert ginn.
Jean-Claude Juncker: Jo, selbstverständlech gi se och informéiert, just datt d’Regierung un hirer Spëtzt sech net ka perséinlech engagéieren, mä do gëtt eng Informatiounscampagne selbstverständlech gestart vun der Chamber a vun der Regierung, stellen ech mer vir. Et ass onwahrscheinlech vill iwwert dee Verfassungsvertrag geschriwwe ginn. Et ass och net wéi wann nach näischt driwwer ze liese gewiescht wier, mä ech weess awer, datt een dat muss propper duerstellen. Wann ech gesot hunn, et huet ee keng Zäit, da wollt ech domat soen, et huet ee keng Zäit fir sech mat de Leit auserneenzesetzen. Et ass net esou, datt d’Lëtzebuerger automatesch alles schlécke wat d’Lëtzebuerger Regierung hir a Saachen Europa virsetzt. Si géifen och gäre mat den Haaptresponsablen driwwer diskutéieren, wat ech och normal fannen, just datt déi de Moment net total zur Verfügung stinn, wat ech bedaueren, well ech hätt dat gär gemaach.
Caroline Mart: Lëtzebuerg huet jo eng spezifesch Situatioun, gëtt ëmmer erëm gesot. Mir hunn esou een héigen Auslännerundeel, et gëtt gesot mir si Musterschüler, wär et dann do net d’Geleeënheet gewiescht, fir d’Musterschüler ze weisen, andeem ee gesot hätt, mir ginn och den EU-Bierger d’Méiglechkeet fir matzestëmmen, wann ee sech Zäit geholl hätt, wier et jo theroetesch awer dra gewiescht?
Jean-Claude Juncker: Also, ech hunn dat eigentlech net gär wann ëmmer gesot gëtt, d’Lëtzebuerger wiere Musterschüler, ech weess och net richteg, wat dat heescht. Et ass jo net esou, datt déi Ministeren, déi op Bréissel ginn, zu Bréissel alles matmaache, wat do probéiert gëtt mat eis ze maachen. Mir verteidegen eis jo. Mir setze Saachen duerch, am Intresse vun Europa, heiansdo am Intresse vum eegene Land. Ech hunn net d’Gefill, ech selwer, zu Bréissel wéi esou ee brave Jong do erlieft ze ginn, deen dauernd mam Kapp wénkt an dee seet, Dir hätt dat gär, da maache mer dat elo. Ech hätt dat gär gesinn, wann d’EU-Bierger un där Wal deelgeholl hätten, esou wéi se och un den Europawalen deelhuelen. De Staatsrot ass der Meenung, datt mer do an ee Konflikt mat einschlägege Verfassungsdispositioune géife geroden an et huet eis geschéngt, datt dee Risiko, dee Votum beim Referendum an ee schieft Liicht geroden ze loossen, doduerch datt mer de Wielercorps esou zesummegestallt hätten, wéi en net der Verfassung entsprëcht, datt dee Risiko e bësschen ze grouss wier.
Caroline Mart: Wéi geet et dem Jean Asselborn?
Jean-Claude Juncker: Ech war gëschter Muere bei em am Spidol. En hat vill wéi gëschter Mueren. Ech hu mat em geschwat, déi lafend Geschäfter an och Perséinleches. Ech kann net soen, et geet em gutt, mä et geet em och net schlecht. En ass blesséiert, en huet den Aarm gebrach. E muss sech elo e puer Deeg schounen. Ech hunn och gesot e soll dat maachen, well e wollt direkt erëm urappen. Dat ass net déi gutt Method. Ech weess wéi esou eppes ausgeet, wann een erëm direkt urappt.
Caroline Mart: An och datt et kann iwwerall passéieren, datt et d’Ironie vum Schicksal ass, et reest een duerch d’ganz Welt an da geschitt et tëscht Dikkrech a Sténgefort.
Jean-Claude Juncker: En hätt missen de Fliger huelen.
Caroline Mart: Eng Zäitbomm, e juristesche Chaos, den Aus fir Sozialeuropa. Seele gouf et eng deraarteg Masseprotestwell géint eng europäesch Directive. Déi geplangten total Liberaliséierung vun de Servicer an Europa gëtt, ee Joer nodeem se zu Bréissel vum deemolegen EU-Commissaire Frits Bolkestein virgeluecht gouf, net nëmme vun de Gewerkschafte strikt ofgelehnt, mä och grouss Regierungen, wéi déi zu Paräis, wëllen d’Bréisseler Diktat net akzeptéieren. Op Invitatioun vum Landesverband huet den europäesche Gewerkschaftsbond an Antiglobaliséierungs-gremium Attac gëscht zu Lëtzebuerg iwwer weider europäesch Initiativen informéiert.
[Reportage iwwert d’Directive Bolkestein vum Frank Goetz.] Caroline Mart: Dir sot, dat gehéiert an d’Dreckskëscht. De President Chirac, den däitsche Kanzler sinn op Ärer Linn, si denoncéieren den onsoziale Charakter.
Jean-Claude Juncker: Et ass alt dat.
Caroline Mart: Mä ass net elo den ideale Moment fir ze soen, mir kippen dat?
Jean-Claude Juncker: Nee, ech hunn, et ass jo elo grad agespillt ginn, an enger, ech mengen dat war eng Walemissioun, mech zum Problem geäussert, ob d’Aarbechtsrecht, wat mir hei zu Lëtzebuerg hunn, muss vu jiddwerengem agehale ginn. An ech hu kloer an däitlech dofir plaidéiert, datt zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuerger Aarbechtsrecht, Lëtzebuerger Aarbechtsléin zielen. Dat war d’Diskussioun, déi mir do op der Televisoun haten an dat, wat do an där Directive steet, oder vun deem ee kann unhuelen, et géif drastoeen, dat géif am Zweifel dozou féieren, datt hei ënnert eise Léin kënnt geschafft ginn an deemols op der Televisioun, an där Walemissioun an och zanterhier konstant, soen ech, dat kann net gemaach ginn. Ech hu virum Europaparlament gesot, mir wiere fir d’Liberaliséierung vun den Dingscht-leeschtungen. Mir hunn als Land een eminent Intresse dorun. D’Dingscht-leeschtunge stelle 70% vum geschafene Mehrwert an Europa duer. Mä alles dat, wat zu sozialem Dumping féiert, muss aus där Directive entfernt ginn. De President vun der Kommissioun, och no Gespréicher déi ech mat em hat, huet den 2. Februar erkläert, datt d’Kommissioun déi Directive géif iwwerpréifen an dat muss geschéien, an a menge Gespréicher zu Berlin an zu Paräis hunn ech däitlech gemaach, datt d’lëtzebuergesch Presidence an deene Ministerréit, déi dofir zoustänneg sinn, déi Directive do net virundréckt, mä am Géigendeel se unhält, bis mer op alles, wat d’Rechter vun de schaffende Leit kann a Fro stellen, eng kloer Äntwert hunn.
Caroline Mart: Ganz intensiv Negociatioune lafen am Moment fir d’EU-Presidence mam Iran. Dir, Här Juncker, hutt gëschter den iraneschen Ausseminister Kamal Kharrazi zu Budapest gesinn, haut war en zu Lëtzebuerg an am spéiden Nomëtteg gouf en am Sennenger Schlass empfaang. Thema ass den iraneschen Atomprogramm. Et gëlt, d’Iraner z’iwwerzeegen, net hiren zivilen Atomprogramm opzeginn, mä d’Méiglechkeet, nuklear Waffen ze bauen. Den iraneschen Ausseminister huet d’Hoffnung ausgedréckt, datt d’Diskussioune mat der EU zu engem gudden Enn kommen a verséchert, datt säi Land keen Atomwaffeprogramm hätt. Mä d’Iraner refuséieren awer op de Bau vun engem Reakter ze verzichten, deen och fir militäresch Zwecker genotzt gi kéint, esou d’Agencen. Dir setzt op Diplomatie an op Verhandlungsgeschéck. Wéi sérieux ass d’Gefor?
Jean-Claude Juncker: Oh, ech kann dat vun hei aus betruecht net honnert-prozenteg a vollem Ëmfang aschätzen, weess awer, duerch déi Informatiounen, déi mer zougängeg gemaach ginn, datt dat eng sérieux Gefor ass, datt duerch de Programm vun der iranescher Uranuräicherung, dat Land d’Méiglechkeet huet nuklear Waffe sech ze verschafen. Dat wëlle mer net, well mer der Meenung sinn, datt wann an där aussergewéinlech komplizéierter Regioun, an där den Iran läit, esou eng Nuklearmacht entsteet, datt dat exzessiv destabiliséierend Wierkung huet an dofir si mer als Europäer drëm beméit, datt d’Iraner op eng objektiv iwwerpréifbar Aart a Weis sécherstellen, datt se net de Sprong eran an d’Atomwaffe maachen. Doriwwer schwätze mer mat den Iraner. Mir mengen, datt een dat mat de Mëttele vun der Diplomatie muss regelen. Ech hat gëschter Owend zu Budapest ee laangt Gespréich mam iraneschen Ausseminister dodriwwer an déi Gespréicher gi virun. Ech mengen, datt op deenen zwou Säiten de Wëlle besteet, och déi Gespréicher zu engem gudden Enn ze féieren.
Caroline Mart: Gëtt et fir d’EU a fir Iech just Vermëttler mam Iran ze spillen oder och Vermëttlungen mat den Amerikaner? D’Condoleezza Rice huet hiren Untrëttbesuch gemaach, den George Bush kënnt elo. Wann een héiert wéi si iwwert den Iran schwätzen, da kënnt esou dat ongutt Gefill erop, datt een déi Sätz awer schonn eng Kéier héieren huet an engem anere Kontext, an zwar mam Irak.
Jean-Claude Juncker: Jo, esou ongutt Gefiller kann een hunn, grad wéi een ongutt Gefiller muss hunn, wann ee sech virstellt, datt den Iran déi Atomwaff kritt an datt en eventuell ee manner ethesch fundéierten Ëmgang mat esou Waffe kënnt hunn, wéi anerer supposéiert sinn dat ze hunn. Ech hu mat der Madame Rice doriwwer geschwat, ech gesinn den Här Bush den nächsten Dënschdeg zu Bréissel a mir maache kloer, datt mer der Meenung sinn, datt een dat mat de Mëttele vun der feinartikuléierter a gutt ajustéierter Diplomatie muss regelen. Ech sinn dogéint [gëtt ënnerbrach] Caroline Mart: Ass Intressi, datt dat och gehéiert gëtt bei den Amerikaner?
Jean-Claude Juncker: Mir soen dat an d’Amerikaner hunn eis erkläert, si géifen déi Gespréicher, déi d’Europäer mam Iran hei féieren, ënnerstëtzen, an ech hunn den Iraner erkläert, datt wa mer gemeinsam net wëlle beweisen, datt mer naiv Jonge sinn, datt mer dann all Intérêt drun hätten, jiddwerengem deen net richteg gleeft, datt déi Gespréicher zu eppes féieren, ze weisen datt mer dat kënnen, wa mer et wëllen.
Caroline Mart: Dat ass ee ganz décken Dossier. Kënnt Dir iwwerhaapt nach ënnerscheeden, wat elo déi wichtegst Prioritéit ass an all deem, wat am Moment usteet.
Jean-Claude Juncker: Oh, wësst Dir, ech sinn am gaang mech intensiv mat der Reform vum Stabilitéitspakt ze beschäftegen, well ech mar den Owend zu Bréissel an en Donneschdeg muss Sitzunge vun de Finanzministeren doriwwer leeden. Dat ass dat, wat mech de Moment op Trab hält, an ech weess nach net richteg, wéi ech dat soll zesummekniwwelen, fir datt dat eppes gëtt.
Caroline Mart: Ech soe Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt fir den Owend bei eis ze kommen.
Jean-Claude Juncker: Merci och.
RTL Télé Lëtzebuerg, den 15. Februar 2005
Quell: SIP/Service Information et Presse