Eng Fräi Tribün op RTL 92,5 vum CSV Parteipräsident François Biltgen: ” Mär mussen direkt hellefen. D’Lëtzebuerger EU-Présidence ass amgaang, des Hëllef ze koordinéieren. Daat kaascht Suen, vill Suen. D’Letzebuerger Regirung huet dofir hiir ursprünglech Hellef vun 1 Millioun Euro op 5 Milliounen opgestockt.”
“Léiw Nolauschterinnen an Nolauschterer. D’Joer 2005 fänkt schlecht unn, well d’Joer 2004 schlecht opgehaal huet. D’Naturkatastroph an Ostasien huet eis all schockéiert. Mär fillen eis all betraff. Nët nëmme well vill Leit an Europa traueren oder baangen em Frenn, Famillje a Bekannten. Mä well mär sinn eis méi ewéi je bewosst ginn, datt an der Groussregioun vum Indeschen Ozean Milliounen vun ganz aarmen Leit liewen. Elo schons kann een dowunner ausgoën, datt op t’manst Honnertfoffzégtausend Leit, also emgerechent en Drëttel vun den Awunner vun eisem Land em d’Liewen komm sinn. Elo awer sinn déi Dausenden, déi iwwerliewt hunn, an enger neier Gefoor.
Mär mussen direkt hellefen. D’Lëtzebuerger EU-Présidence ass amgaang, des Hellef ze koordinéieren. Daat kaascht Suë, vill Sueën. D’Lëtzebuerger Regirung huet dofir hiir ursprünglech Hëllef vun enger Millioun Euro op fënnef Milliounen opgestockt. An d’Lëtzebuerger spenden massiv. Fräiwelleger mellen sech. Daat ass en Zeechen, datt et eis nët nëmmen em eise kuerzfristege Wuelstand geet, mä datt mer iwwer eis Grenzen eraus denken. An deem Sënn huet d’CSV décidéiert hiren traditionnellen nationalen Neijoersempfank muar den Owend ofzesoën an sech amplaz un der nationaler Spendenaktioun ze bedeelegen.
D’Letzebuerger EU-Présidence fänkt also enner denkbar schlechte Viirzeechen unn. Trotzdeem wärte mir eis all Méi ginn an eis asetzen, datt déi zerstéiert Gebidder erem obgebaut ginn, fir datt déi Iwerliewent vläit op eng besser Zukunft hoffe kënne. Et ka keen dauerhaften Fridden ginn esou laang et Aarmut op der Welt gëtt.
Och am westlechen Europa gëtt et Aarmut. Och bei eis ginn et Leit, déi ausgeschloss sinn vun der Gesellschaft. Dofir waert d’CSV sech asetzen, datt d’Lëtzebuerger EU-Présidence dat sozialt Europa weiderdreiwt. Besonnesch de sou genannte Lissabonn-Prozess, deen natiirlech Europa méi Kompétivitéit an méi Aarbechtsplazen beschaafen soll, dierf dës Kompetivitéit an dest Schaafen vun Aarbechtsplazen net als Ziil mä als Zweck betruechten. Als Zweck zu engem héicheren Ziil, fir datt all Biirger d’Chance hunn, vum Europäesche Sozialmodell ze profitéieren.
Europa ass eisen Asaz wäert. Lëtzebuerg ass grouss, unerkannt a räich ginn duerch d’oppen Grenzen an duerch d’Friddensgeschicht vun Europa. Mär wëssen daat. Dofir wäert d’CSV sech stark maachen fir ee Jo zur Europäescher Verfaassung, wuelwëssend, datt den aktuelle Vertrag keen Zill mä eng Etapp ass. Hie verankert dat sozialt Europa, wat mer hunn an weist nei Zukunftsperspektiven op. En Neen zur Verfassung bréngt eis nët weider – am Géigendeel.
D’Letzebuerger EU-Presidence wärt all eis Kräften fuerderen. Nët nemmen déi vun de Ministeren, mä déi vun Honnerten an Honnerten Beamten, déi all Daag sech asetzen, fir Europa no vir ze bréngen.
An trotzdeem wäert d’Lëtzebuerger Nationalpolitik net rouen. Mär leeën d’Hänn nët an de Schouss. Eléng d’Aarbechtslosegkeet, fir nemmen ee Problem ze nennen, verlaangt eise permanenten Asaz. Mär tréischten eis nët domatter, datt d’Aarbeschtslosegkeet zu Letzebuerg déi niddregst an Europa ass. Jidder eenzelen zielt. Dofir si mer amgaang, wéi mer et an der Regirungserklärung ugekennegt hunn, déi néideg Studien duerchzeféieren, fir eis Aarbechtsbeschaffungsmoosnamen an och d’Funktiounsweis vun der Adem op hir Effikazitéit ze hannerfroen. Dat maache mer elo, an net eréischt no dem Enn vun der Présidence.
D’CSV weess, datt hiirt Walresultat vum 13. Juni e grousst Vertrauen vun der Wieler bedeit. An esou och eng grouss Verantwortung. Mär wäerten dat Bescht maachen, fir datt den 31. Dezember vun dësem neien Joer méi Leit besser liewen an méi berouegt an d’Zukunft kucken kennen wéi haut.”
Eng Fräi Tribün op RTL 92,5 vum Parteipräsident François Biltgen