Ausschnëtter aus dem RTL-Interview mam Jean-Claude Juncker vum 26. Dezember
Tom Graas: Här Staatsminister, gudden Owend.
Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.
“Deem europäeschen Zuch ëmmer d’Virfahrt ginn…”
Tom Graas: Ären Job ass mat ganz vill Stress verbonnen, grad elo och a Momenter wou eng Présidence preparéiert gëtt. Spillt Är Gesondheet ëmmer ouni Problemer mat?
Jean-Claude Juncker: Nee, déi huet heiansdo Problemer.
Marc Linster: Elo kënnt jo nach vill méi Aarbecht op Iech zou mat der Présidence, à propos d’Présidence, d’Lëtzebuerger Regierung investéiert vill Zäit an Energie an déi Présidence, ass dat exklusiv am Déngscht vun Europa oder bréngt dat Lëtzebuerg ganz konkret eppes?
Jean-Claude Juncker: Off, dat ass schwéier soen. Wann et esou wier, datt et Lëtzebuerg eppes géif bréngen, well et bréngt Lëtzebuerg nämlech eppes, dann däerf een dat net zevill haart soen. Wann een an der Presidentschaft vun der Europäescher Unioun ass, da muss een deem europäeschen Zuch ëmmer d’Virfahrt virun deem nationale ginn, mä an der Aart a Weis wéi een d’Wagonen uneneen hänkt, kann een awer heiansdo eng Voiture mat akrämpen, déi däitlech de Lëtzebuerger Fändel an d’Lëtzebuerger Faarwen dréit an déi een, fir datt dat net esou opfällt, e bëssen iwwertüncht an deem europäeschen Zuch. Dat hu mer nach bei all Presidentschaft fäerdeg bruecht, besonnesch wa mer Steierfroen ze klären haten, mä där hu mer dëst Joer net esouvill ze klären. Also e bëssen Egoismus ass erlaabt, mä wann een eng lëtzebuergesch Lokomotive virdru setzt, da gëtt dat näischt, dat däerf een net maachen. Dat gëtt och näischt wann déi aner et maachen. Déi probéieren dat heiansdo, déi grouss Länner, dat féiert séier zur Entgleisung.
Tom Graas: An engem rezente Foruminterview sot den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit, den Handlungsspillraum vun enger Présidence wier relativ kleng, well ee Land deem nächsten d’Dossiere weidergëtt. Kann een dann effektiv keng Prioritéite méi setze mat enger eegener Présidence?
Jean-Claude Juncker: Et ass relativ schwiereg, am Ufank vun enger Présidence komplett ze reprioritiséieren. D’hollänesch Kollegen halen elo Sylvester op an da kann een net maachen, wéi wa se déi 6 Méint näischt gemaach hätten oder net während 6 Méint probéiert hätten den Zuch, fir bei deem Beispill ze bleiwen, an eng bestëmmte Richtung ze bréngen. D’Prioritéite gi jo och net méi vun all Présidence selwer festgeluecht, mä ginn op ee méi groussen Zäitraum festgeluecht. Mir hunn eis Prioritéiten zum Beispill mat den Iren, mat den Hollänner, mat eis selwer a mat den Englänner, déi no eis d’Présidence iwwerhuelen, festgeluecht. Mä an deem Kader deen een huet, kann een awer Akzenter setzen. Et ass een Ënnerscheed zum Beispill ob de Stabilitéitspakt ënner hollänescher Presidentschaft, ënner englescher Presidentschaft oder dann, wéi mir dat wëllen, ënner lëtzebuergescher Presidentschaft probéiert gëtt an drëchen Dicher ze bréngen. Bei eis landt e méi drëchen, mengen ech.
Tom Graas: Dat heescht, a wéi eng Richtung wëllt Dir en da reforméieren? Ginn déi sougenannte Maastrichter Critèren, ginn déi opgeweecht oder bleiwe se bestoen?
Jean-Claude Juncker: Déi Maastrichter Critèren, déi gi mol net gepaakt, well déi stinn am Vertrag an déi kann een net verréckelen. Mir mussen zwou Saache maachen: Mir mussen deem Stabilitéitspakt engersäits méi Stabilitéit ginn an anersäits méi Flexibilitéit ginn. Méi Stabilitéit dann, wann et der europäescher Wirtschaft oder den nationale Wirtschaftsreim gutt geet, wa se staark wuessen, wann d’Regierunge Steiermëttelen an engem grousse Mooss kréien, sou datt se een Iwwerschoss an hirem Budget hunn, deen Iwwerschoss musse se an d’Reduktioun vum Joresdefizit an an d’Reduktioun vun der Staatsschold bréngen. Fir et däitlech ze maachen, am preventiven Deel vum Pakt, datt een a gudden Zäite soll spueren, fir datt ee Suen huet wann een der manner erakritt, fir déi a schlechten Zäiten haaptsächlech zur Investitiounbedienung auszeginn. Wann dat geschitt, dann hunn d’Staaten och méi Polstere fir ze reagéieren, wann et der Économie schlecht geet. A wann et der Économie schlecht geet, da muss een e bësse méi Flexibilitéit an d’Applikatioun vum Pakt erabréngen, un Hand vun aneren Zäitreim déi ee fixéiert, fir erëm ënnert déi 3% Defizit ze kommen, wann een driwwer ass, an doduerch, datt eng Rei vu Saache musse gekuckt ginn: wéi héich ass d’Staatsschold an engem Land? Si Strukturreformen an deem Land ënnerwee? Wéi héich sinn d’Investitiounen an deem Land. Dat alles gëtt ee komplizéierte Pak, dee mer awer scho ganz vill virverhandelt hunn an deene leschte Méint an och a Gespréicher an deene leschte Wochen an Deeg.
“Ech hunn ee grousst Verständnis fir déi zréckhalend Bewertung an der europäescher Ëffentlechkeet… “
Marc Linster: Vill Europäer, dorënner och bestëmmt eng ganz Partie Lëtzebuerger hunn Angscht virun der Türkei. Wéi eng Argumenter hutt Dir da fir se dovunner z’iwwerzeegen, datt et awer richteg ass, datt d’Tierkei sollt méiglecherweis erakommen?
Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt hunn ech emol ee grousst Verständnis fir déi zréckhalend Bewertung, déi den Optakt vu Verhandlunge mat der Tierkei an der breeder europäescher Ëffentlechkeet, an och an eiser fënnt, an den Ëffentlechkeete vun eise Länner hei, méi südlech. Méi östlech ass dat keen dramateschen Ausernanersetzungspunkt. Dat ass guer net kontroverséiert, mä an eise Géigenden ass et kontroverséiert an do gëtt et ganz Villes wat ze soe wier an dat éischt ass vläicht, datt een déi Décisioun an der Zäit muss richteg aschätzen.
D’Tierkei huet 1964 versprach kritt, si géif eng Kéier Member ginn. Dat ware keng Revolutser déi dat versprach hunn. Dat war den Här Adenauer, den Här Werner, den Här De Gaulle, déi sinn net op d’Barrikaden all Samschdech Mëtteg gaangen, well se soss näischt ze di gehat hätten. Dat ware sérieux Leit. Zanterhier leeft dat, wéi ech muss soen, vun der grousser Ëffentlechkeet eigentlech ni richteg zur Kenntnis geholl. Mir hu keen anert Land, mat deem mer ee sougenannten Associatiounsvertrag hätten, deen hu mer mat der Tierkei, an deem géif stoen, datt se enges Dags kënne Member ginn. Mir hunn 1999 décidéiert si wiere Kandidat, net wéi 97 wou ech nee gesot hunn an zanterhier huet d’Tierkei ganz vill Fortschrëtter gemaach, déi ee muss zur Kenntnis huelen. Wat schwätzt dofir, fir datt ee mat der Tierkei Verhandlungen ufänkt? Ech muss ënnerscheeden, wat schwätzt fir den Optakt vu Verhandlungen, wat schwätzt fir eng Memberschaft vun der Tierkei? Dat sinn zwou verschidde Saachen. Déi leien nëmme vermeintlech no beieneen. Déi leie ganz wäit auserneen, zäitlech an och inhaltlech. Fir mat der Tierkei Verhandlungen unzefänken, schwätzt, datt se grouss Efforte gemaach hunn. Ech widderhuele mech. Fir mat der Tierkei Verhandlungen unzefänken, schwätzt eng total verännert international Lag. Mir hunn et haut mat allen Erausfuerderungen ze dinn, déi den islamesche Fundamentalismus op Europa zoubréngt. Do mécht et Sënn fir dat islamescht Ëmfeld wat et ronderëm Europa gëtt a wat eben an der Tierkei ufänkt, iwwregens och a Bosnien, fir ze weisen, datt religiös Differenzen, kulturell Differenzen oder Nuancen, ënnerschiddlech historesch Irrungen und Wirrungen, wéi de Fontane géif soen, net ausschléissen, datt ee sech an enger Welt, wou déi di anerer Meenung sinn, mussen zesummeréckelen, fir datt dat Ganzt net aus de Fuge geréit, sech kënnen esou begéinen, wéi wa se an engem méi geschlossenen, koherenten, konsequent evoluéiernden Ëmkreess wieren.
Wann een haut, dat muss ee sech jo och froen, dat ass d’Alternativ zum Optakt vun de Gespréicher, gesot hätt, dir hutt Iech zwar beméit, dir sidd eis zwar méi nogeréckelt, dir observéiert d’Mënschrechter besser, well do ass nach net alles esou wéi et soll sinn, dir hutt är Militärgewalt zréckgedréckt an dir hutt méi Pouvoire bei d’Zivilregierung ginn, dir verdrot Iech haut mat de Griechen, 1997 war do Rapp a Klapp, mä dat ass eis elo egal, well et gëtt d’Gefor vum Islam an der Welt a mir wëllen domat näischt ze dinn hunn. Dann hätt ee gesot, mir sinn ee Club vu Chrëschten an dir sidd Moslemen an elo klibbert dir eis. An da muss ee sech d’Fro stellen, wat wier dann doraus entstan u méi Spannungen an der Welt, un der Grenz vun Europa, matsen an Europa? Dat wier emfonnt gi vu villen, wéi eng Ofkéier vun Europa anere Reliounsensemblen géintiwwer, anere kulturelle Realitéite géintiwwer. An dat wier genotzt gi vun deene islamistesche Fundamentalisten, déi et jo awer gëtt, denkt un den 11. September, dat spillt eng Roll an der Décisioun déi mer elo hei geholl hunn, dat wier vun deene genotzt ginn, fir ze soen, gesidd Dir d’Feinde vum Glawen, eis Géigner vun ëmmer, déi wëllen näischt mat eis ze dinn hunn. Dat hätt verherend Konsequenze fir d’Stabilitéit an der Groussregioun Europa gehat an dofir ass et keng Alternative ginn, nodeem d’Tierkei ofgeliwwert huet eng Rei vu Bedingungen, déi mer hir gestalt haten, fir den Optakt vun de Verhandlunge fir den 3. Oktober an d’An ze faassen, mä gläichzäiteg éierlech ze sinn an ze soen, mir wëssen awer net ob dat zur Vollmitgliedschaft féiert. A wann dat net esou geet wéi mer mengen, datt et geet, wann Dir Iech nämlech, dir Tierken, erëm vun eis eweg bewegt, dann ass Schluss an da musse mer eng aner Relatioun fannen. Et ass ee komplizéiert Stéck Aussepolitik wat mer do am gaang sinn ze maachen.
Tom Graas: D’Angela Merkel vun Ärer däitscher Schwësterpartei, der CDU, wëll 2006 mam Slogan “nee zur Türkei” Bundestagswahlkampf maachen, ass dat da gesond, Här Staatsminister?
Jean-Claude Juncker: Nee. Ech hu mat der Madame Merkel doriwwer ëffentleche Sträit, via däitsch Zeitungen a perséinlech hefteg Debattë wa mer eis gesinn. Ech halen déi Theorie vun der CDU, fir eng privilegéiert Partnerschaft mat der Tierkei opzebauen, e Konzept deen ech ni verstan hunn, fir net méi passend, no all deem wat geschitt ass, 64, 97, 99, 2002 zu Kopenhagen, wou mer gesot hunn, mir kucken 2004 wou mer sinn. Dat konnt een den Tierken décemment net zoumudden als Optioun, Vollmemberschaft oder privilégéiert Partnerschaft. Mä, e bësse Merkel, wann Dir esou wëllt, ass jo awer an der Décisioun, well mer soen, dat féiert net onbedingt zur Vollmitgliedschaft an da musse mer eng Relatioun fannen, déi d’Tierkei op eng aner Fassong definitiv an Europa verankert. Ech géif et net gutt fannen, wann een dee Tierkeifro, déi eng dramatesch wichteg ass an déi an hirer Portée, am Rescht vun der Welt, an Europa selwer staark falsch ageschat gëtt oder ënnerschat gëtt, ech géif et fir schlëmm fannen, wann een dat zu engem Ausernanersetzungsknackpunkt an iergendenger Innepolitik géif maachen.
Referendum iwwert europäesch Verfassung
Marc Linster: Mä riskéiert déi Türkeifro da net awer de Referendum iwwert d’europäesch Verfassung negativ ze beaflossen, dat och hei zu Lëtzebuerg méiglecherweis?
Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung, datt, obschonn déi zwou Saachen näischt mateneen ze dinn hunn, bei de Referenden, déi mer elo an op manst 12 Länner ofhalen, iwwert een Zäitraum vun 18 Méint verdeelt, datt do déi Türkeifro eng Roll spillt, och zu Lëtzebuerg. Ech hu mer zu Lëtzebuerg, iwwregens wahrscheinlech sinn ech ee vun deene wéinegen, ni eng Illusioun driwwer gemaach, datt dat esou einfach géif rëtsche mat deem Referendum. Déi Illusioun hunn ech mer ni gemaach. Ech weess aus dausende Gespréicher mat de Lëtzebuerger, wéivill Europanodenklechkeet, wéivill Europamiddegkeet datt et och zu Lëtzebuerg gëtt. Do musse mer ganz ferme mat de Leit diskutéieren, streiden, plädéieren, fir datt se jo zu där Verfassung oder zu deem Verfassungsvertrag soen.
Tom Graas: Rechent Dir da ronderëm dee Referendum mat engem regelrechte Walkampf, dat heescht datt en och vläicht Parteien oder Gruppe sech weisen, déi carrément soen, déi oeuvréieren am Sënn vun engem Nee bei deem Referendum
Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt et eng Animatioun ronderëm dee Referendum do gëtt an ech fannen deen Datum vum 10. Juli och net glécklech. Et gëtt just kee besseren. Dir musst gesinn, datt mer 6 Méint an der Presidentschaft sinn, do kënne mer wierklech net an enger innepolitescher Explikatioun fir d’europäesch Verfassung eis regelrecht aschalten. Dat geet einfach zäitlech net. Da mussen anerer déi Debatte féieren, d’Chamber a grouss Deeler vun der Zivilgesellschaft a mir kënnen eis réischt ganz zum Schluss vun däer Ausernanersetzungscampagne wierklech an d’Explikatioun amëschen. Mir hu wéineg Zäit fir dat ze maachen. Ech bedaueren dat am héchste Mooss, well ech fonnt hätt, datt déi relevant politesch Kräften, och déi politesch Käpp, déi hei am Land awer fir d’Leit eppes duerstellen, sech mateneen iwwert déi Fro, och kontrovers, wann et muss sinn, ënnerhal hätten. Deen Deel demokratesch Explikatioun fällt wéinst der Wiel vun deem Datum zum Deel ewech. Dat ass net gutt.
Marc Linster: Zanter dem 13. Juni gouf et nach net schrecklech vill an der nationaler Politik. D’nächst Joer dann, hu mer wéi gesot de Referendum, d’Gemengewalen, d’EU-Présidence. Leeft dem Reformäifer vun der CSV-LSAP Koalitioun net e bësselchen d’Zäit ewech?
Jean-Claude Juncker: Also déi Tatsaach, datt mer elo 6 Méint an der Présidence sinn, ass fir d’Weiderkommen an der innepolitescher Décisiounstäerkung natierlech net ideal. Et gëtt Ministeren, déi hunn net esouvill mat der Présidence ze di wéi anerer. Déi hunn ech opgefuerdert hire Programm ze accéléréieren, fir datt wéinstens an deene Beräicher, déi net duerch d’EU-Présidence staark an der innepolitescher Gestaltung beeinträchtegt ginn, awer eng Rei vu Projeten, vu Reformen, Initiative kënne geholl ginn. Do wou Ministeren täteg sinn, déi staark agebonne sinn an d’Geschéie ronderëm d’Présidence ass dat schwiereg. Wann ech mäi Beispill däerf huelen, ech hu 7 Sitzunge vun de Finanzministeren ze presidéieren, 7 Sitzunge vun deenen 12 Euroministeren ze presidéieren, 2 Sommeten ze leeden, plus 4, 5 Sommeten tëschter der Europäescher Unioun an dem Rescht vun der Welt ze copresidéieren. Wann ech dat mat mengem hollänesche Kolleg vergläichen, deen hat zwee Sommeten ze presidéieren. Deen hat net nach 14 Ministeschsitzungen ze presidéieren an an deem Fall befanne sech e puer Ministeren zu Lëtzebuerg, déi méi wéi ee Portefeuille hunn. Dat heescht, déi si ganz staark an Usproch geholl, net nëmme wéinst de Sitzunge selwer, dat Wichtegt fënnt net an de Sitzunge statt, mä tëscht de Sitzungen.
Marc Linster: Wär et da vläit besser Dir wäert just Premier?
Jean-Claude Juncker: Wann ech no de Walen dee Choix getraff hätt, fir just Premier ze ginn, dann hätten der jo vill de Schüttelfrost kritt a gesot, elo wier definitiv séchergestalt, datt ech mech an den Héichten definitiv ofgesat hätt, fir eng schauerlech Diktatur zu Lëtzebuerg anzeleeden. Et wier nach ni ee ginn, deen nëmme Premier gewiescht wier, deen nëmmen hätt wëlle Chef spillen. Et war d’Rücksicht op meng Frënn an op d’Zärtlechkeet déi mech entouréiert, déi mech dozou bruecht huet mer dat doten nach eng Kéier zouzemudden. Déi di mer dat ëmmer virwerfen, ech hätt zevill ze soen, géife sech et och net zoumudden.
Tom Graas: A senger Budgetsried sot de Rapporter, Laurent Mosar, 2005 géifen d’Sozialtransferten an d’Ausland d’Barrière vun 1 Milliard Euro iwwerschreiden an et misst ee sech dofir esou lues froen, ob d’Frontalieren net méi kaschte wéi se dem Staat bréngen. Ass dat net eng Afrostellung carrément vun eisem Modell vu Wirtschaftswuesstum?
“Wéi geife eis Wirtschaft an eisen Aarbechtsmaart funktionnéieren ouni déi vill Grenzgänger…”
Jean-Claude Juncker: Jo, och wa mer en a Fro stellen, hu mer nach keen anere fir a Plaz ze setzen, well ech weess net wéi mer eis Wirtschaft kënnten dréinen dinn an eisen Aarbechtsmaart funktionnéiere loossen, wa mer net déi vill Grenzgänger hätten, déi op Lëtzebuerg kommen.
Ausserdeem mengen ech, dat hu jo aner Étuden och gewisen, déi sinn e bëssen a Vergiess geroden, datt déi Tatsaach, datt mer esouvill Grenzgänger hunn, déi all Dag op Lëtzebuerg kommen an ouni déi mer net géifen eens ginn, si si frou datt se kënne kommen, mä mir sollen och frou sinn, datt se iwwerhaapt bereet sinn ze kommen, datt se hei sinn, datt déi Frontalieren och enorm vill zu Lëtzebuerg consomméieren an déi loossen, fir dat emol salopp auszedrécken, vill hei hänken. Déi maachen de Portemonnaie jo net mueres zou wa se iwwert d’Grenz fueren an erëm réischt op wa se d’Land verloossen. Déi consomméieren och hei vill op der Plaz, mä dat ass och net de Punkt. De Punkt ass, datt mer effektiv ee wuessenden Undeel vun eise Sozialtransferten an d’Ausland bréngen, wat awer een normale Virgang ass, wann een esou laang, esou vill Grenzgänger, notamment hei zu Lëtzebuerg beschäftegt huet. Ech hunn dat ronderëm de Rentendësch schonn e puermol thematiséiert gehat, datt ee ganz gutt muss oppasse wat ee mécht, well enorm vill potentiell Kafkraaft sech dann awer an d’Ausland déplacéiert an net méi zu Konsumzwecker hei am Land feststeet. Woubäi ech muss soen, datt et mer awer relativ normal schéngt, wann ee Mënsch e Liewe laang zu Lëtzebuerg geschafft huet, datt en awer déi selwecht Pensioun kritt wéi d’Lëtzebuerger, wann en eisen Aarbechtsmaart verlooss huet. Do stëcht keen Aspuerungspotenzial dran.
“Ech sinn et gewinnt, wann et e bësse komplizéiert gëtt, meeschtens alleng do ze stoen…”
Marc Linster: De Laurent Mosar huet iwwregens och betount, am Fall wou et en entspriechend Uerteel géif ginn, misst een och d’Leeschtunge vun der Mammerent exportéieren. Kënne mer eis dee Luxus dann iwwerhaapt leeschten?
Jean-Claude Juncker: Jo, firwat wier dat méi Luxus wéi den Export vun anere Leeschtungen?
Marc Linster: Et gi scho Leit déi soen, d’Mammerent wier e Luxus an e Gadget.
Jean-Claude Juncker: Jo, mä ech waarden op déi Motioun an der Chamber, datt se soll ofgeschaf ginn. Ech ënnerschreiwen se net, ech huelen se och net un, mä wann eng Majoritéit esou kënnt, dat wier interessant fir d’Bénéficiairë vun der Mammerent ze wëssen. Well et ronderëm déi Diskussioun, an déi ech mech jo net méi gemëscht hunn zanter e puer Méint, mä ech kommen awer nach erëm, mëscht sech jo eigentlech d’Iwwerzeegung vu villen an, datt déi Leit, déi elo eng minimal Unerkennung kréie fir eng netbezuelten Liewensaarbechtskraaft déi se opbruecht hunn, datt dat net néideg war. Dat ass eng arkaesch, almoudesch Opfaassung vun der Aarbecht, fir nëmmen ze mengen, nëmmen déi Aarbecht déi bezuelt gëtt, déi dierft zu enger Unerkennung am Alter féieren. Mä et huet een ëmmer géint d’Kräfte vun der Vergaangenheet ze kämpfen, wann een nei Saache mécht.
Tom Graas: Zanter de Koalitiounsverhandlungen heescht et carrément, et wier een Diktat vum Staatsminister, datt d’Mammerent sollt iwwert d’Pensiounskeese finanzéiert ginn. Heiansdo huet een d’Impressioun, Dir stéingt ganz alleng do, keen anere wéilt eppes dovunner wëssen. Hutt Dir Iech dann ieren do an eppes verrannt, Här Staatsminister?
Jean-Claude Juncker: Ech sinn et gewinnt, wann et e bësse komplizéiert gëtt, meeschtens alleng do ze stoen an ech sinn et och gewinnt, wann ech eng fest Absicht hunn, déi ech begrënne kann, fir da mat deenen, déi se net deelen, sou laang ze diskutéieren, bis een eng Eenegung fonnt huet. Ech ka jo net alleng hei am Land decidéieren. Dat ass och iwwregens gutt, datt ech net alleng kann decidéieren. Doriwwer gëtt geschwat mat de Gewerkschaften a mat aneren an da kucke mer, wéi mer déi Fro do klären.
Marc Linster: Sidd Dir da prett nozeginn?
Jean-Claude Juncker: Mä et gëtt ëmmer an Termë raisonnéiert, déi ech net sou ganz gär hunn. Et ass jo net esou, datt ech mech duerchsetzen, dann hunn all déi aner noginn oder wa mer ee Kompromis fannen, hunn ech noginn. Sou analyséieren ech d’demokratescht Grondgeschäft net. D’Demokratie lieft och dovun, datt ee gemeinsam Léisunge sicht, net iergendwelch Léisunge fir eng gemeinsam Léisung ze hunn, mä datt ee bei der Entzündung vun enger Debatt ronderëm eng Fro, déi Fro an aner Froen nach, déi sech dann an deem Zesummenhang stellen, an engem gemeinsamen Effort ugeet, fir eng Léisung ze fannen.
Tom Graas: D’nächst Joer gëtt hei zu Lëtzebuerg mat 4 bis souguer 4,5 Prozent Wirtschaftswuesstum gerechent, si mer domadder nees endgülteg iwwert de Bierg?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt mer jemols eng Kéier erëm wäerten endgülteg iwwert de Bierg sinn, well mir waren nach ni endgülteg iwwert de Bierg. Wann Dir mol meng Rieden noliest, wat ech Iech ka recommandéieren, heiansdo, net ëmmer, da gesidd Dir, datt ech an den 1990er Joren ëmmer gesot hunn, loosse mer eis net un déi héich Wuesstumsspréng zu Lëtzebuerg gewinnen, dat ka ganz séier eriwwer sinn. Ech hunn an den 90er Joren, ëmmer mat Hiwäis op d’1960er Jore gewarnt a gesot, kuckt emol an de 60er Jore si mer méi lues gewuess wéi eis Noperen, mir haten och méi grouss Budgetsdefiziter wéi Däitschland a wéi Frankräich an esouguer wéi d’Belsch an dat ka ganz séier erëm geschéien, wann europäesch Wirtschaft sech an déi falsch Richtung entwéckelt. Dann ass mer jo ëmmer gesot ginn, ech géif Schwarzmalerei maachen, ech géif de Sozialofbau préprogramméieren, ech géif de Leit näischt vergonnen, et soll de Leit schlecht goen. All deen Thater, deen ech mer do ëmmer muss unhéieren, wann ee sérieux iwwert d’Problemer vum Land schwätzt. Elo si mer jo an engem Joer ganz drastesch gefall, vun 2000 op 2001 an zanterhir gi mer erëm konsequent an d’Luucht, fir vläit erëm Wuesstumsniveauen z’ereechen, déi awer net konstant an durabel da wäerte sinn, vun 3,5, 4%, wat am europäesche Verglach jo schonn eng enorm Performance wier a wann et zu esou Situatioune kënnt, da solle mer dat, wat mer da méi verdingen, erëm op d’Säit leeën, fir datt mer et hunn, wann et erëm eng Kéier méi lues geet. Ech ginn ne midd déi konservativ reaktionär Finanzpolitik ëmmer erëm frësch ze begrënnen.
Tom Graas: Wéivill Prozent bräichte mer da fir de Chômage wierklech probéieren an de Grëff ze kréien?
Jean-Claude Juncker: Et gëtt gesot, mir bräichte 5% Wirtschaftswuesstum d’Joer fir de Chômage an de Grëff ze kréien. Ech weess net ob dat stëmmt, ech mengen, datt empiresch Erfahrung net erugezu ka ginn, fir dat ze beleeën, mä Tatsaach ass, datt trotz Wirtschaftswuesstum an trotz enger relativ héiger Nettoschafung vun Aarbechtsplazen, kuckt Iech dat emol un, am Joer 2004 wat do am gaang ass um Aarbechtsmaart ze geschéien, de Chômage nëmme marginal résorbéiert gëtt, sou datt déi Virstellung, Chômage kéint een nëmmen duerch ee mëttelméissegt gutt Wirtschaftswuesstum begradegen eng falsch ass, grad esou wéi et falsch wier ze mengen, nëmme mat aktiver Beschäftegungspolitik an abzëns vu Wirtschafts-wuesstum géif een d’Situatioun um Aarbechtsmaart an de Grëff kréien. Mir brauchen déi zwee Elementer.
Tom Graas: Villmols Merci a virun allem, mir wënschen Iech dann och da ganz vill Gléck a ganz vill Geschéck fir dat Joer 2005.
Jean-Claude Juncker: Ech wënschen och Iech, alle Leit déi eis nokucken, fir dat Joer wat kënnt, wat emol einfach a mol schwiereg wäert ginn, an der Gestaltungskraaft vun hirem individuellen Ëmfeld eng glécklech Hand. Ech hoffen, datt et eis als Land, als Natioun, zesumme mat deenen déi bei eis wunnen, gutt geet am Joer 2005 an ech géif och gären dës Geleeënheet notzen, fir dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse an hire Kanner, déi eis jo no banne Rou ginn an no baussen duerstellen, all Guddes ze wënsche fir d’Joer 2005.
Et puis à ceux qui m’écoutent au-delà de nos frontières, je voudrais dire que l’année 2005 sera une année où le Luxembourg essaiera de se montrer à la hauteur et de continuer l’œuvre de solidarité vers l’extérieur qui fut toujours la sienne. Bonne année.
“RTL Télé / RTL Radio” vum 26.Dezember 2004 / SIP – Service Information et Presse